As e Link op eng Zeitungssäit illegal?
Mediensplitter
De 5. Juli huet en dänescht Geriicht en Uerteel gesprach, vun deem déi eng behaapten, et géif de fräien Informatiounsfloss am Internet a Fro stellen, an déi aner, et wäer jhust e Verdikt an engem ganz spezifesche Kontext. Gewonnen huet de Rechtssträit — virleefeg jiddefalls — d’Associatioun vun den däneschen Zeitungséditeuren. Si hat geklot, well e kommerzielle Service fir Internet- ... De 5. Juli huet en dänescht Geriicht en Uerteel gesprach, vun deem déi eng behaapten, et géif de fräien Informatiounsfloss am Internet a Fro stellen, an déi aner, et wäer jhust e Verdikt an engem ganz spezifesche Kontext. Gewonnen huet de Rechtssträit — virleefeg jiddefalls — d’Associatioun vun den däneschen Zeitungséditeuren. Si hat geklot, well e kommerzielle Service fir Internet-Recherchen deep linking bedriwwen huet. Dat heescht, dës Firma huet nët nëmmen op d’Homepage higewisen, wa si en Artikel aus enger Zeitung lieseswert fonnt huet, mee si huet carrément déi direkt Adress vun dësem Text un hier Clientë geschéckt. Zu deene flottsten Innovatiounen duerch den Internet zieler ménger Meenung no d’Newsletteren. Zwar gouf et scho laang virdrun Revue-de-pressën, mee wien als Privatpersoun konnt sech sou eng scho leeschten? Eng vu ménge léifsten Adressen as de Perlentaucher, e Site, deen all Dag sämtlech Artikelen aus dem däitschproochege Feuilleton sammelt an u séng sëllech Abonnente fir näischt verschéckt. Méindes gët et esouguer nach eng zweet Liwwerung mat kultur- a gesellschaftspoliteschen Artikelen aus enger Partie vu wichtegen internationale Wocheblieder. Praktesch as un deem Service, datt ee jhust nach op e Link muss klicken, a schons gët een direkt bei dee gesichten Artikel gefuert, ouni laang Ëmweër iwwert d’Homepage vun der jeweiliger Zeitung mussen ze maachen. Dat erliichtert dem Lieser d’Liewen a spuert him e ganze Koup Zäit. Mee d’Vertrieder vun den dänesche Qualitéitsblieder sin do anerer Meenung. Duerfir hu si dem Recherchedéngscht Newsbooster de Prozess gemaach. D’Editeuren hu gemengt, si hätten e kommerzielle Schued, well d’Annoncen op hieren Homepagen duerch d’Praxis vum deep linking u Wert géife verléieren. Ausserdem hu si der Firma Newsbooster virgehäit, si géif sech un den Zeitungen hierem Copyright vergräifen. D’Geriicht huet hinne Recht gin. Dat huet engersäits mat de spezifische gesetzleche Bestëmmungen vum Marketing an Dänemark ze din. Deemno däerf eng Entreprise keng Suë verdéngen mat Produkter oder Servicer vun enger anerer Firma. Newsbooster huet nämlech Suën opgehuewen, fir hiere Clientën d’Linke vun den Artikelen aus der Presse ze schécken — eng Offer, déi normalerweis näischt kascht. An d’Editeuren hätten duerfir ganz gäeren, datt si e bëssen un dësen Abonnementer kéinte matverdéngen. D’Uerteel stäerkt also hier Verhandlungspositioun. Op däer anerer Säit baséiert den Dänen hiert d’Gesetz iwwert de Copyright op europäeschem Recht. Mat anere Wieder: de Richter huet nët nëmmen opgronn vun enger lokaler Legislatioun séng Décisioun geholl. Sou en Uerteel kann och anzwousch anescht an Europa gesprach gin. Resp. soss op der Welt. Newsbooster gesäit d’Situatioun manner dramatesch. D’Entreprise huet 20 dänesch Zeitungen aus hierer Offer erausgeholl; domadder bleiwen der ëmmer nach 4.480 uechtert d’Welt iwwreg, vun deene sech bis elo nach keng beklot hätt, sot hieren Direkter. A mat deem néidege Gefill fir Ironie, fënnt een op dem Internet-Site vu Newsbooster eng ganz Lëscht vun ganz präzise Verweiser op Artikelen, déi sech mat dem Uerteel an dem Prinzip vum deep linking befaassen. As e Link op eng Zeitungssäit illegal? De 5. Juli huet en dänescht Geriicht en Uerteel gesprach, vun deem déi eng behaapten, et géif de fräien Informatiounsfloss am Internet a Fro stellen, an déi aner, et wäer jhust e Verdikt an engem ganz spezifesche Kontext. Gewonnen huet de Rechtssträit — virleefeg jiddefalls — d’Associatioun vun den däneschen Zeitungséditeuren. Si hat geklot, well e kommerzielle Service fir Internet-Recherchen deep linking bedriwwen huet. Dat heescht, dës Firma huet nët nëmmen op d’Homepage higewisen, wa si en Artikel aus enger Zeitung lieseswert fonnt huet, mee si huet carrément déi direkt Adress vun dësem Text un hier Clientë geschéckt. 7 Wa genee Linken nët méi erlaabt sin, dann as de Fonctionement vun alle Sichmaschinnen a Fro gestallt. Mee déi si jhust dann efficace, wann een grad nët op enger Homepage land. Och fir d’Privatleit huet esou e Verbued erstaunlech Konsequezen, well wat as eng Bookmark aneschteres wéi en deep link? 36 forum 219 Dossier Medien De Verband vun den däneschen Zeitungséditeuren as nët deen éischten, dee sech géint de Prinzip vum deep linking wiert. An de conditions générales vun enger Partie Internet-Sitë steet, ouni ausdrécklech Autorisatioun wäer dës Praxis verbueden. De Finanzdéngscht Bloomberg vum New Yorker Buergermeeschter Michael R. Bloomberg zielt beispillsweis dozou. D’Geriichter décidéieren bal esou, bal esou. Am Fall vun zwou Agencen, déi iwwert Internet Concerts- an aner Biljheë verkafen, huet e Riichter zu Los Angeles viru gudd zwee Joer festgestallt, e Link setze kënnt kee Copyrightsgesetz verletzen, well näischt kopéiert géif. Wa genee Linken nët méi erlaabt sin, dann as de Fonctionement vun alle Sichmaschinnen a Fro gestallt. Mee déi si just dann efficace, wann een grad nët op enger Homepage land. Och fir d’Privatleit huet esou e Verbued erstaunlech Konsequezen, well wat as eng Bookmark aneschteres wéi en deep link? An dann däerf een nët vergiessen, datt et och vill Zeitungen gët, déi hier eegen Newsletter mat präzise Verweiser verschécken. Bei deenen engen rentéiert et sech, si ze versuergen, well si och nach no Wochen a Méint fonktionéieren, bei aneren as schon deen nächsten Dag e komplett friemen Artikel ënnert däer Adresse ze fannen oder d’Ofruffe vun däer Säit kascht Suën. Sécher as, et gët genuch technesch Léisungen, fir d’Publicitéit un den Internet-Surfer ze bréngen, wann deen direkt op eng bestëmmte Säit gelootst gët. Ech perséinlech hu jiddefalls nët d’Gefill, manner vu Reklamme geplot ze gin, wann ech en deep link notzen. PS: E Münchner Geriicht huet Enn Juli en ähnlecht Uerteel gesprach wéi de Riichter vu Kopenhagen — mat dem Argument, et léich e Verstouss géint déi europäesch Directive iwwert d’Datebanke vir. Deen däitsche Rechtssträit geet tëscht der Sichmaschinn fir Neiegkeeten Newsclub an der Regionalzeitung Mainpost. Eng ganz Partie vun de juristeschen Dokumenter a weider Linken fënnt een ënnert www.newsclub.de/prozess. Iwwert deen dänesche Fall fënnt een Informatiounen ënnert www.newsbooster.com. (Fräie Micro um honnert,7 vum 24. Juli 2002) Romain Kohn 219 35 2 Kohn, Romain Mediensplitter As e Link op eng Zeitungssäit illegal? Medien Beitrag 200 2 35Dossier
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.17 MB




