Nationalfeierdag
Viru Kuerzem war eisen Nationalfeierdag. Ech wees et ass net sonnerlech originell, mä als een, dee sech mat Philosophie beschäftegt, kann ech net anescht als wéi mech an och Iech léiw Lieser froen, wat feiere mir do eigentlech oder e bëssen anescht gefrot, mécht esou e Fest haut nach vill Sënn? Op den éischte Bléck plädéieren nämlech eng ganz Rei vu Grënn dergéint. Sou liewe mer zum ... Viru Kuerzem war eisen Nationalfeierdag. Ech wees et ass net sonnerlech originell, mä als een, dee sech mat Philosophie beschäftegt, kann ech net anescht als wéi mech an och Iech léiw Lieser froen, wat feiere mir do eigentlech oder e bëssen anescht gefrot, mécht esou e Fest haut nach vill Sënn? Op den éischte Bléck plädéieren nämlech eng ganz Rei vu Grënn dergéint. Sou liewe mer zum Beispill scho laang an engem méi oder manner vereenegten Europa a zënter kuerzem an engem Europa vu 25 Länner. Zwar ass déi Eenheet bis elo an éischter Linn wirtschaftlecher Natur, mä si huet awer och scho gesetzleche Charakter a vu munneche Säiten gëtt doriwwer eraus eng sozial a kulturell Eenheet gefuerdert an ugestrieft. Wat stellt do nach eng eenzel Natioun duer, an dann och nach esou eng kleng? D’Fro nom Sënn vum Nationalfeierdag féiert eis also direkt zum Thema Europa an zur Fro zum Sënn vun haut vun deem, wat mir Natioun nennen. Dobäi kënnt dann, datt mir hei an Europa an enger multikultureller Gesellschaft liewen. Mënschen aus aller Häre Länner wunnen ënner eis a mat eis, hunn hir Usiichten a Gewunnechten, hir Wäerter a Liewensweise matbruecht an domat hu mir selwer geännert. An do daucht schonn erëm vun enger anerer Säit déi Fro op, si mir nach eng Natioun oder wat heescht dat, eng Natioun, wann esouvill Auslänner hei liewen? D’Wuert Natioun leet sech jo hir vun enger latengescher Wuerzel, déi souvill wéi Gebuert bedeit. Och Natur, Naissance, kommen do hir. Natioun bezeechent also ursprünglech de Grupp vun deene Leit, déi vu Gebuert aus zesummen a vereent sinn, duerch d’Plaz vu se gebuer gouwen, hei ass Natioun gläichbedeitend mat Heemecht, duerch d’Geschicht an d’Sprooch, déi se mateneen deelen. An engem Land awer, wou bis zu 40% Auslänner sinn, huet d’Natioun an däer Bedeitung ganz kloer kee Sënn méi. Dee Begrëff ass iwwerholl an Nationalfeierdag ass da beschtefalls nach nostalgesche Folkore. Dëst Fest stellt eis also nach virun eng aner Fro, däer no dem Zesummenhalt vun enger politescher Entitéit. All dës Froen ginn awer nach verschäerft doduerch, datt och, vun Europa a Multikulti mol ganz ofgesinn, d’Natioun souwéisou hir klassesch Funktioune greisstendeels verluer an ofgetrueden huet. Hir ass et do ganz ähnlech gaange wéi der Famill, déi och am Laf vun der Zäit hir Rolle bal all agebéisst huet. Fir vill Awunner hei an am Ausland ass d’Natioun net méi d’Heemecht, och net mei de Lieferant vun Aarbecht. Wéi vill Firmen an Entreprisen si vum Ausland aus gesteiert? Och net méi de Lieferant vu Schoul, Erzéiung, Wëssen, berufflech Qualifikatioun. Dat kënnt jo fir vill vun eis alles aus dem Ausland. A si ass och net méi d’Quell vu Kultur, Wäerter a Sënn. Mir liewen nämlech an enger globaliséierter Welt, wou et keng national Enklave mei gëtt, wou alles vernetzt ass, an duerch Transport a Medien alles mat allem verbonnen ass an alles duerch alles bestëmmt a beaflosst gëtt. Ass et domadder awer scho gedoen? Ass domadder den Nationalfeierdag nëmmen nach eng ehrwürdeg awer veraalte Gewunnecht? Sou wei dëst Fest all Joer ofleeft, mengen ech, datt een duerchaus kënnt drop verzichten. Feierlech Usproochen, Ëmzich, Freedefeier, Te Deum, Concerten, Amusement, dofir brauch ee jo keen sou en Ulass, dat kann een och einfach esou organiséieren. Den Nationalfeierdag huet esou kee Sënn. Mä hie kéint awer een hunn, allerdéngs nëmmen wann och haut Natioun nach e Sënn kann hunn, an dat heescht wann an der heiteger Welt nach Plaz ass fir eng bestëmmte Form vu gesellschaftlecher Eenheet an Zesummesinn. D’Konschtstéck besteet doranner oder géing doranner bestoen, de Slogan vun der europäescher Kommunautéit hei zu Lëtzebuerg an d’Wierklechkeet ëmzesetzen, de Slogan heescht nämlech “Unité dans la diversité�. Eng Natioun kann haut net mei eng monolythesch, homogen Eenheet sinn, dat ass eriwwer. Si kann awer och net einfach en niewteneen vu ganz Verschiddenem sinn. D’Existenzberechtegung vun enger Natioun kann haut nëmmen doranner bestoen, Verschiddenaarteges ouni Nivelléierung zu engem Ganzen zesummen ze féieren. Dat geet awer sengersäits nëmmen, wann e gesellschaftleche Projet do ass, fir deem seng Realisatioun d’Diversitéit sech als Räichtum erweise kann, well dëse Projet zu enger Zesummenaarbecht an engem Zesummesi féiert. Fir haut eng Natioun ze sinn, däerf ee sech net nëmme mei un der Vergaangenheet orientéieren, awer och net nëmmen am haut an hei liewen, ouni un e muer an iwwermuer ze denken. Et ass entscheedend, d’Dimensioun vun der Zukunft mat anzebezéien a Form vu Projeten an Zil-Visiounen. An esou stellt eis de Nationalfeierdag nach virun eng leschten, awer déi wichtegst Fro. Huet Lëtzebuerg esou en Zukunftsprojet? Huet et de Leit, déi hei wunnen, respektiv hei wëlle wunne kommen, eng Zukunftsvisioun unzebidden? Fraie Micro um radio 100,7 Huet Lëtzebuerg en Zukunfts-projet? Huet et de Leit, déi hei wunnen, respektiv hei wëlle wunne kommen, eng Zukunftsvisioun unzebidden? 6 2 forum 238 Dossier Chronik Hubert Hausemer Nationalfeierdag
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.12 MB




