Op en Hoer no an Afghanistan gelyncht
Mediensplitter
De Robert Fisk as dee vläicht beschte Korrespondent am Mëttleren Osten, ganz sécher awer deen Zeitungsreporter, deen an England déi meeschte journalistesch Präisser mat ewechgeholl huet. Zanter 25 Joer lieft hien zu Beirut, wouhinner hien no der OEilletsrevolutioun a Portugal op Missioun geschéckt gouf. Och haut, mat 55 Joer, refüséiert hien ëmmer nach, fir séng Informatiounen an den Amb ... De Robert Fisk as dee vläicht beschte Korrespondent am Mëttleren Osten, ganz sécher awer deen Zeitungsreporter, deen an England déi meeschte journalistesch Präisser mat ewechgeholl huet. Zanter 25 Joer lieft hien zu Beirut, wouhinner hien no der OEilletsrevolutioun a Portugal op Missioun geschéckt gouf. Och haut, mat 55 Joer, refüséiert hien ëmmer nach, fir séng Informatiounen an den Ambassaden anzesammelen. Hie schafft um Terrain. Dat hat hien am Afghanistan-Krich op en Hoer no d’Liewe kascht. De Robert Fisk as e Reporter vun der aler Schoul. Een, dee forméiert gouf mat dem Stenosblock, op deem hien nockuckt, fir erauszefannen, wat de Yassir Arafat oder de Shimon Peres him virun 10 Joer bei engem Tête-à -tête verzielt hun. De Fisk as e Korrespondent, dee mat séngem pobeiers Telephongsbichelchen uechter d’Welt ditzt. Doranner schreift hien zanter 25 Joer all méiglech Nummere vun alle méigleche Leit aus dem Mëttleren Osten op. De virechten 8. Dezember huet hien dat Bichelchen bei enger liewesgeféierlecher Mésaventür verluer. De Fisk as ee vun deene rare westleche Journalisten, déi bis elo dräimol mat dem Terrorist Osama bin Laden en Interview gefouert hun: am Sudan an zweemol an Afghanistan. Nët ze vergiessen: de Fisk as bal deen eenzegen angelsächsesche Kommentateur, dee vun Ufank u géint d’US-Vergeltungstaktik géint d’Taliban an de Krich géint Afghanistan geschriwwen huet. Nët well hie prinzipiell géint den Asaatz vu Gewalt an engem Konflikt wäer, mee wéinst de politesche Konsequenzen, déi an dësem Fall nët méi ze kontrolléiere wäeren. Den 8. Dezember, wéi gesot, war de Robert Fisk am pakistanesch-afghanesche Grenzgebidd ënnerwee, zesumme mat dem Justin Huggler, séngem Redaktiounskolleg vun der englescher Dageszeitung The Independent. Dee war grad erëm vu Mazar-i-Sharif, vu wou en iwwert de Massaker an der Festung Qala-i-Jangi als ee vun deenen éischte e Reportage publizéiert hat. Matzen an engem klenge pakistaneschen Duerf mat villen afghanesche Flüchtlinge huet hieren Auto eng Panne kritt. Déi zwee Reporter sin erausgeklomm, an d’Leit hun hinnen d’Hand gerëselt – op d’manst am Ufank. Du sin déi éischt Steng geflu komm. De Chauffeur vun engem Bus huet hinne gewénkt, mee jhust den Huggler konnt op d’Gefier opsprangen. De Fisk as zeréckgerappt a mat Steng, Fäischt a Féiss malträtéiert gin, bis e geblutt huet wéi e Rand. Am leschten Ament as him eng Lektioun aus dem Libanon agefall: “Maach eppes, egal wat, mee maach eppes!� Hien huet séng lescht Kraaft beieneegeholl an huet e puer Leit eng op d’Nues geboxt. D’Flüchtlinge ware perplex, e Geeschtlechen huet vun der Situatioun profitéiert an de Fisk bei d’Rout Kräiz bruecht. De Robert Fisk huet déi brutal Attack iwwerlieft, dem Justin Huggler as näischt geschitt. Wat de Fisk an den Träipen huet, da konnt een zwee Deeg méi spéit am Independent noliesen. Et as, wéi hie viru 6 Joer an engem Interview gesot huet: “Engem Journalist säin Job as et, en Zeie vun der Geschicht ze sin. Mir sin nët do, fir eis em eis selwer Gedanken ze maachen.� Dës formidabel Attitüde fënnt een och dës Kéier am Fisk séngem extrem haarde Compte-rendu erëm. Hien huet deen nët geschriwwen, well hie bal gelyncht gi wäer. Wat as schon een doudegen Englänner, freet hien, par Rapport zu Dausende vun afghaneschen Zivilaffer? De Fisk huet séng Geschicht op de Pobeier bruecht, ier en aneren dat a sénger Plaatz konnt maachen, ier et eng Geschicht konnt gin vun engem onglécklechen englesche Reporter, dee vun enger wëller Band vun Afghanen fierchterlech gebeetscht gouf. Well dat as de Kombel: de Robert Fisk versteet déi, déi hien esou schlëmm gepéngegt hun. Wann hien an hierer Plaatz gewiescht wäer – mat däer Iwwerleeung fänkt hie säin Témoignage un, an hie setzt si nach eemol un de Schluss –, an hierer Plaatz also hätt hien “genee dat nemmlecht mat dem Robert Fisk gemaach, oder mat all anerem Mënsch aus dem Westen, deen hie fonnt hätt�. Dat nennen ech politesche Courage an intellektuell Konsequenz bis an d’Zéiwespëtzen. An de Mann huet recht. PS: Dem Robert Fisk säin Témoignage fënnt een op der Web-Site vun der englescher Dageszeitung The Independent: www.independent.co.uk/story.jsp?story=109257 E kuerze Porträt vum englesche Journalist mat zwee Interviewen iwwert séng Aaarbecht an Afghanistan an an Israel kann ee bei der amerikanescher Zäitschrëft The Progressive noliesen: www.progressive.org/webex/wx121001.html De Fisk as ee vun deene rare westleche Journalisten, déi bis elo dräimol mat dem Terrorist Osama bin Laden en Interview gefouert hun. Nët ze vergiessen: de Fisk as bal deen eenzegen angelsächsesche Kommentateur, dee vun Ufank u géint d’US-Vergeltungstaktik géint d’Taliban an de Krich géint Afghanistan geschriwwen huet. 2002 Medien 15 1 6 Schule forum 213 PPS: De Robert Fisk as bei allem Respekt och e Mann, dee kenger Kontrovers aus de Féiss geet. Hie war zum Beispill dee Reporter, dee publik gemaach huet, datt d’israelesch Arméi 1996 e Flüchtlingslager vun der Uno zu Qana am Libanon aus der Loft bombardéiert huet. Et war och hien, dee sech am September 2001 mat der BBC ugeluecht huet. D’Auntie hätt, sou de Reproche vum Robert Fisk, hier Wieder ofgeschwächt, well d’israelesch Ambassade Drock op si gemaach hätt. An zwar géifen d’BBC-Journalisten nët méi vu politeschem Mord (assassination) duerch israelesch Doudesschwadroune schwätzen, mee nach jhust vu “geziiltem Doudmaachen� (killing). Den John Simpson, respektéierten Auslandschef vun der BBC, huet dat ofgestridden. Dat as iwwregens dee selwechte Simpson, dee live um Radio sot, d’BBC hätt Kabul vun den Taliban befreit, well hie virun der Norallianz an der Stad war. Och Spëtzekorrespondenten oder, wéi si a Frankräich genannt gin, grands reporters hun ënnerscheedlech Opfaassunge vun hierem Beruff. Méng Präferenz läit éischter beim Robert Fisk. (Medië-Chronik um honnert,7 vum 16. Dezember 2001) Op en Hoer no an Afghanistan gelyncht
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.17 MB




