d'Peffermillen
Gläich véier Ministere ware kuerz virun der grousser Vakanz ugetruede, fir an enger Déclaration d’intention ze proklaméieren, si géifen elo geschlosse géint d’Iwwergewiicht bei de Schoulkanner wëlle virgoen: den Gesondheetsminister, de Sportsminister, d’Familljeministesch an d’Schoulministesch. No der Vakanz waren hir gudd Intentiounen an der schoulescher Realitéit awer schnell ... Gläich véier Ministere ware kuerz virun der grousser Vakanz ugetruede, fir an enger Déclaration d’intention ze proklaméieren, si géifen elo geschlosse géint d’Iwwergewiicht bei de Schoulkanner wëlle virgoen: den Gesondheetsminister, de Sportsminister, d’Familljeministesch an d’Schoulministesch. No der Vakanz waren hir gudd Intentiounen an der schoulescher Realitéit awer schnell vergiess. Gesondheets- an Erzéiungsspezialisten sin sech zwar eens, dass kleng Kanner pro 60 Minuten Sëtzen 10 Minuten aktiv Paus brauchen, mä an de Lëtzebuerger Primärschoule si just 15 Minute Paus pro Muerje virgesin, also op 240 Minute Schoul. An där Zäit mussen di Butzen hir Schmier oder hiren Apel erofwiergen an duerch Bewegung hir Wibblechkeet ofbauen. Do géif och keng 3. Turnstonn eppes hëllefen. Sulaang Elteren a Léierpersonal sech eens sin, dass et méi wichteg ass, samschdes fräi ze hun wi pädagogesch a gesondheetspolitesch Rücksichten op d’Kanner ze huelen, dierft sech doru wuel net vill änneren. Scho méi wi eng Koppel huet gelungen dra gekuckt wi se vun dem Centre commun d’affiliation de la Sécurité sociale e Bréif heem geschéckt krut mam Titel „Accusé de réception d’une déclaration de sortie“. Mam Koschter sénge minimale Franséischkenntnisser huet dat geheescht: D’Madame oder den Här ass net méi an enger Krankekeess. Wann een da bei der Sécurité sociale nofreet, well d’Madame oder den Här zwar Congé parental hätt, mä awer weider Privatbeamte wär a och neess géif zréck schaffe goen, kritt ee geäntwert: Si wäre jo och nach assuréiert, mä net mi de private Patron, mä de Staat géif wärend dem Congé parental d’Cotisatioun bezuelen. Wéisou dat awer op franséisch mat ‚Déclaration de sortie‘ iwersat gëtt, fir bei de Leit Panik auszeléisen, bleift ee Rätsel vu villen an der Lëtzebuerger Verwaltungswelt. De Koschter bedauert di jonk Pappen, di hire Puppelchen an hir Fra mussen an d’Maternité Dr. Bohler besiche goen. Déi ass elo am neie Spidol um Kierchbierg an all Parkstonn kascht do d’Peffermillen2 Euro. Fir jonk Pappe gëtt dat eng deier, well aus deem selwechte Grond sin di mi bëlleg Parkplaze laanscht d’Stroos su gudd wi ëmmer besat. De Koschter huet missen 2 Euro bezuelen fir eng Pipisanalys ofzegin: dem Parkschäi no wor e ganzer 5 Minutten dobannen, dovun stong en 3 Minuten an der Schlaang fir de Parking ze bezuelen. Bei anere Klinike gëtt et fir esou Fäll op d’mannst eng Karenzzäit vu 15 Minute gratist Parken. Mä am neie Spidol ass alles mi deier, well ’t ass jo och alles mi chic. Beim neie Spidol zu Ettelbréck kascht eng Stonn Parking allerdéngs nëmme 50 Cent an ’t ass awer alles chic. Et géif de Koschter net wonnere, wa geschwënn d’Fuederung kéim, d’Krankekeese missten d’Parkkäschte rembourséieren, well wi gewinnt sin et di kleng Leit di am meeschten ënnert esou Taxe leiden, deenen se sech awer nach laang net ëmmer duerch d’fräi Wiel vun enger Klinik oder d’Benotze vum Autobus kënnen entzéien. m.p.
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.1 MB




