Kulturkonsum zu Lëtzebuerg
D’Kulturjoer 2007 ass eriwwer an no dësem grousse kulturelle Projet vum leschte Joer wollt de CEPS-Instead an enger Etude, op Commande vum Kulturministère, déi kulturell Praktiken an de Kulturkonsum vun den Awunner vu Lëtzebuerg analyséieren.
Et woren dëst sécher ganz vaste Froen, op déi hei Äntwerte gesicht goufen an dofir konnten déi och net an enger eenzelner Etude fonnt ginn. ...
D’Kulturjoer 2007 ass eriwwer an no dësem grousse kulturelle Projet vum leschte Joer wollt de CEPS-Instead an enger Etude, op Commande vum Kulturministère, déi kulturell Praktiken an de Kulturkonsum vun den Awunner vu Lëtzebuerg analyséieren.
Et woren dëst sécher ganz vaste Froen, op déi hei Äntwerte gesicht goufen an dofir konnten déi och net an enger eenzelner Etude fonnt ginn.
Den Ufank huet 1999 eng Etude gemaach iwwert d’„Pratiques culturelles“. An de Joren duerno goufe weider Ëmfroe gemaach zu Theme wéi „Pratiques de lecture“, „Pratiques de concerts“, „Pratiques de l’Internet culturel“, „Pratiques culturelles des
6 à 19 ans“ an eng Etude iwwert d’„Equipements culturels“.
Fir dës Etudë gouf e representativen Echantillon vun der „population résidente“ zu Lëtzebuerg iwwer 15 Joer befrot.
Erauskoum, datt de Kino, quasi ouni Konkurrenz, dee populärste kulturelle Beräich zu Lëtzebuerg ass. Bal 95% vun de befrote Leit waren op d’mannst 1x an hirem Liewen am Kino, an 59% vun hinnen an de leschten 12 Méint. Nëmme 5% vun de Leit waren nach nie an engem Kino. Eng kloer Conclusioun: de Kino läit an der kultureller Consommatioun mat Ofstand vir.
Hannendru kënnt op zweeter Plaz den Zirkus. 88% vun de Leit hu confirméiert, datt si op d’mannst 1x an hirem Liewen am Zirkus waren, awer just 15% dovunner an de leschten 12 Méint.
Duerno kënnt den Theater, an deem 84% eng Kéier woren, dovunner 40% an de leschten 12 Méint.
D’„Lanterne rouge“ vum kulturelle Konsum maachen d’Operette an d’Oper: 72 respektiv 70% vun de Befroten hunn nach nie eng Operette oder Oper gesinn. Wat bei der Operette ze verstoen ass, well zu Lëtzebuerg praktesch keng Offer besteet, am Géigesaz zur Oper, däer de Groussen Theater an der Stad an d’Theaterheiser an der noer Grenzregioun vill programméiert hunn.
Am Kontext „Groussregioun“ huet d’Etude erausfonnt, datt d’„population residente“, wa se Kultur consomméiert, dat hei zu Lëtzebuerg mécht. Dräi Véierels vun de Leit si kulturell zu Lëtzebuerg ënnerwee, Ausnam sinn d’Operen, déi sech 4 vun 10 Leit och an d’Ausland ukucke ginn.
50% vun de Befrote ginn nëmmen zu Lëtzebuerg Kultur kucken a lauschteren. Nëmmen 0-3% vun de Lëtzebuerger Residente waren an de leschten 12 Méint an der Groussregioun (ouni Lëtzebuerg) bei engem kulturellen Evenement derbäi.
Eng interessant Fro war weider, wéivill Kultur d’Leit brauchen, wëllen oder acceptéieren. Dësen Taux hänkt mam Formatiounsniveau, dem Alter an anere soziodemographesche Kennzeechen zesummen.
Bei den Opere spillt de Formatiounsniveau eng besonnesch grouss Roll: Leit mat engem Universitéits- oder Héichschouldiplom gi 5x méi oft an d’Oper, wéi Leit mat engem Primaire- oder Secondaireofschloss. Bei Gesangspektakelen ass dësen Taux 36 géint 21%.
Dann de Critère vum Alter: virun allem Leit ënner 45 Joer si kulturell ënnerwee. Mat nees groussen Ënnerscheeder je no Genre: klassesch Concerten, Gesangs- an Operespektakele besiche gréissten-deels Leit tëscht 45 a 74 Joer.
Koppele gi vill manner eraus wéi Singlen, ausser, an dat ass keng Iwwer-raschung, beim Kannertheater si si méi staark vertruede wéi Leit, déi eleng liewen.
E signifikant Resultat gouf et bei klasseschen, modernen oder zäitgenössegen Danzspektakelen: si gi vun 22% Frae géint 15% Männer besicht. Dësen Ënnerscheed gouf nëmme bei dësem Genre notéiert.
Am Resumé kann ee festhalen, datt Kultur maximal 2x am Joer consomméiert gëtt, ausser bei klassesche Concerten a beim Kino, wou d’Frequentatioun méi héich läit. Ë.a. dës Zuele goufen an dëser representativer Etude vu CEPS-Instead erausfonnt.
Vill Leit erliewen also Kultur zu Lëtzebuerg mat, et kéinten der sécher méi sinn, an awer. Et muss een einfach d’Disponibilitéite vun de Leit berücksichtegen.
E Beispill: dacks stinn zu Lëtzebuerg an därselwechter Woch, jo esouguer um selwechten Dag, gläich e puer Theaterpremièren um Programm. Rar sinn awer déi, déi direkt e puer Theaterstécker bannent kuerzer Zäit kucke ginn, ganz ofgesi vun der Budgetsfro. Lëtzebuerg, oder déi kulturell Responsabel missten déi kulturell Offer zu Lëtzebuerg zäitlech besser verdeelen, och an de Summer eran.
A wéi steet et mat der Dezentraliséierung vun der Kultur?
Et ass besser ginn, mä hei bleift nach vill ze maachen. Vläicht géifen och doduerch weider Leit de Wee bei d’Kultur fannen.
Kulturchronik vum 15.1.2008
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.19 MB




