De Polanski am Bing
1977 gouf de Roman Polanski zu Los Angeles festgeholl, well hien en 13 Joer aalt Meedchen sexuell mëssbraucht hat. Hien huet d’Dot gestanen, a kuerz virun enger Reunioun tëscht sengen Affekoten an dem Riichter huet de Filmregisseur am Januar ’78 de Fliger geholl a Richtung Europa. Virun e puer Woche gouf deen haut 76 Joer ale Filmrealisateur Roman Polanski – 30 Joer no der Dot – zu Züre ...
1977 gouf de Roman Polanski zu Los Angeles festgeholl, well hien en 13 Joer aalt Meedchen sexuell mëssbraucht hat. Hien huet d’Dot gestanen, a kuerz virun enger Reunioun tëscht sengen Affekoten an dem Riichter huet de Filmregisseur am Januar ’78 de Fliger geholl a Richtung Europa. Virun e puer Woche gouf deen haut 76 Joer ale Filmrealisateur Roman Polanski – 30 Joer no der Dot – zu Zürech an der Schwäiz festgeholl. D’Medien hu sech iwwerschloe mat Kommentären a vill vu senge Kënschtlerkollegen halen dem Artist seng Partie. Ma däerf een dat an dësem Fall?
Fir de franséische Kultur- a Kommunikatiounsminister Frédéric Mitterrand ass d’Arrestatioun vum célèbre citoyen français «absolument épouvantable». Eenzock gouf de Président de la République vun him iwwert de Virfall informéiert an den Nicolas Sarkozi soll dem Mittérand verséchert hunn, den Dossier «avec la plus grand attention» ze suivéieren fir «une résolution rapide de la situation» erbäizeféieren. Fir de Mittérand ass et näischt anescht wéi «une histoire ancienne qui n’a pas vraiment de sens». De polneschen Ausseminister Radoslaw Sikorski sengersäits huet sech u säi franséischen Homologue Bernard Kouchner adresséiert, fir gemeinsam bei der amerikanescher Staatssekretärin Hillary Clinton z’interventéieren «pour qu’elle envisage la possibilité de recours au droit de grâce par le président Barack Obama». Wat fir eng Staatsaffaire kann een do nëmme soen!!
Datt Kënschtler-Kollege sech fir de Polanski asetzen, kann een novollzéien, datt awer franséisch a polnesch Politiker sech amëschen, schéngt mer dach «démesuré». Natierlech stellt sech d’Fro, ob ee fir de Polanski däerf Partei ergräifen oder net:
De Crime, fir deen de Filmrealisateur zanter iwwer 30 Joer ugesicht gëtt, ass de Viol un engem mannerjährge Meedchen. Och wann hien offiziell gestanen huet, bleift d’Dot bis haut ongestrooft. D’Washington Post an d’Los Angeles Times wëlle wëssen, datt de Roman Polanski 1993 mat der Samantha Geimer, 15 Joer nodeems en aus Amerika geflücht war, e finanziellen Accord fonnt hätt. 3 Joer drop waren déi 500.000 Dollar awer nach ëmmer net un d’Victime bezuelt ginn. Ob de Polanski d’Sue schlussendlech iwwerwisen huet, wees keen, ma 1997 hat d’Samantha Geimer hir Haltung radikal geännert an huet d’Tribunal wësse gelooss, datt fir si d’Saach erleedegt wier. An hirem Schreiwes vu Mee 1997 seet si dem chargéierte Richter, datt eng héich Strof hir géing iwwerdriwwe schéngen an de Polanski kéint hiretwegen nees an Amerika areesen.
Net den Artist, mä de Mënsch Roman Polanski ass hei ugeklot. Biswell huet hie sech weder beim Affer offiziell entschëllegt, nach huet de Polanski seng Strof ofgesat. Mir hunn et mat enger Justice à deux vitesses ze dinn. Wier de Polanski Monsieur tout le Monde, hätt et keng 30 Joer gebraucht, fir e festzehuelen. Eng dramatesch Kandheet am zweete Weltkrich, schwéier Schicksalsschléi, eng grouss Carrière a Weltberühmtheet däerfe kee Fräibréif sinn, fir ongestrooft dovunn ze kommen. Doriwwer eraus ass de Fait, sech fir sou e Verbriechen mat Geld fräizekafen, iwweraus diskutabel. Hei spillt de Promi-Bonus well laang genuch.
Firwat gouf elo eréischt nom Polanski gesicht, wou dach gewosst ass, datt hien zanter éiweg e Chalet an der Schwäiz huet a sech dacks méintelaang do ophält? D’Amerikaner hätten e well laang am Bing kënne setzen hunn.
De Fall Polanski schéngt deemno méi komplex ze si wéi sou, an et schéngen aner Interessë matzespillen. Déi däitsch Wochenzeitung Die Zeit schreift, datt hanner der Ausliwwerung vum Polanski un Amerika, wirtschaftlech Interessë stinn. Léiwer e Polanski ausliwweren, wéi Informatiounen iwwer 52.000 US-Cliente vun der UBS-Bank un den amerikanesche Fiscus viruginn. Eng Hand wäscht déi aner an d’Schwäizer konnte bal net anescht wéi de Filmrealisateur festzehuelen. Doraus kéint een eventuel d’Conclusioun zéien, datt Mënschen aus der Wirtschaft, déi dem Staat Suen ënnerschloen, manner bestrooft ginn, wéi Kënschtler, déi kleng Meedercher mëssbrauchen. An dat ass jo och net ganz gerecht. u
Kulturchronik vum 6.10.2009
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.2 MB




