d'Peffermillen
Ons Chamber war sech eens, ganz diskret, hanner zouen Diren. Well en neit Chambersgebai geet schliesslech nët jidfereen eppes un, besonnesch nët an enger Krisenzäit. A well déi éirewärt Hären sech esou schéin eens waren, konnt jo och eis Parteipress nët anescht. Wou soll een och nët. Mir verstoppen dat neit Gebai nët an der Waassergaass, dat wär ze diskret, ze kleng, ze bëlleg. Neen, ... Ons Chamber war sech eens, ganz diskret, hanner zouen Diren. Well en neit Chambersgebai geet schliesslech nët jidfereen eppes un, besonnesch nët an enger Krisenzäit. A well déi éirewärt Hären sech esou schéin eens waren, konnt jo och eis Parteipress nët anescht. Wou soll een och nët. Mir verstoppen dat neit Gebai nët an der Waassergaass, dat wär ze diskret, ze kleng, ze bëlleg. Neen, mir sëtzen et op eng schéin grouss Parkplaz, an d'Plaz vun engem ellenen renovéierte Verwaltungsbau. Sou daier gët dat jo nët. Zumool wou eis Deputéiert esou fair woren, trotzdeem jo keen et hannert den zouen Diren gesin hätt, fir d'Erhéigung vun hiren Diäten an d'Creatioun vun enger extra honorabler Pensiounskees dës Kéier nach ënnerwee ze loossen. D'Regierung huet bei dëser Geleënheet alt nees en Tromp verspillt. Si hatt sellen d'Letzebuerger an engem Referendum virun d'Alternativ stellen: Atomreaktor oder neit Chambersgebai. Si hart hiren Reaktor kritt. Garanteiert: Awer wa mir schon esou ee scheint groussecht nationalt Gebai kreien, muss et och rentabel profiteiert gin. Dofir mecht de Koschter heimatt feierlech, am Senn vun der ausglaichender Gerechtegkeet, eng Propose vun nationalem Interessi: Mir feieren de Prasenzzwang an de Chambersetzungen fir d'Deputeierten an, a schafen de Wahlzwang fir d'Bierger oof. Duerfir muss aver wahrend de Sessiounen all Bierger jidd Deputeierten, dee schwanzt, op der Minutt an der Chamber oofliweren. csst Eigentlech war de Koschter sech op d'mannst eng Notiz iwert dee rezenten tragikomeschen Intermezzo zur Doudesstroof an der Chamber schlleg ge- -25- wiescht. ma d'Parlament soil am Hierscht hoffentlech Tri&i seriOs – op d'Thema zrdckkommen a mir hun fir deen ZHitpunkt en Dossier viirgesin, Passons. christ
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.18 MB




