Ons Educatioun – De sëchere Wee
„Elo ass et sou wäit! Dee Moment op deen ech scho säit der Spillschoul higeschafft hunn an all meng Kollegen och... d’Premièresdiplomiwwereechung!“
Dës sinn déi éischt Wierder, déi aus dem Charel Weyler (d’Haaptfigur vum Film) sengem Mond ze héiere sinn an dee Moment och schonn direkt de Kontext vum Kollektiv „Richtung22“ hirem rezenteste Film situéieren. Während e bë ...
„Elo ass et sou wäit! Dee Moment op deen ech scho säit der Spillschoul higeschafft hunn an all meng Kollegen och... d’Premièresdiplomiwwereechung!“
Dës sinn déi éischt Wierder, déi aus dem Charel Weyler (d’Haaptfigur vum Film) sengem Mond ze héiere sinn an dee Moment och schonn direkt de Kontext vum Kollektiv „Richtung22“ hirem rezenteste Film situéieren. Während e bësse méi wéi fofzeg Minutte gëtt dem Charel Weyler säi schouleche Parcours Revue passéiere gelooss, an dat vun deem Moment u wou en am sechste Schouljoer zesumme mat sengen Eltere bei der Schoulpsychologin sëtzt, bis zum Owend vun der Premièresdiplomiwwereechung. Dëse Réckbléck, oder solle mer et léiwer dëse Leidenswee nennen, fällt awer alles anescht wéi langweileg aus.
Fir dee klenge Charel fänkt et nämlech schonn direkt gutt un. D’Schoulpsychologin recommandéiert sengen Elteren, dass hire Jong besser hätt an de „Modulaire“ ze goe well hien ze vill Phantasie hätt an doduerch géif eng grouss Gefor bestoen, dass hie riskéiert eng eege Meenung z’entwéckelen... Et wär awer nach net alles verluer, mengt d’Madame la psychologue, a verschreift deem jonke Schüler dofir e Medikament, dat sech „de séchere Wee“ nennt. Mat Hëllef vun dëse Pëllen kéint de Jong vläicht nach d’Kéier kréien a misst net mat de Portugisen an den Éisleker e Klassesall deelen.
A spéitstens no dësen éischte fënnef Minutte vum Film ass och fir dee leschte Spectateur kloer, op wéi enger Schinn der „Richtung22“ hiert klengt Wierk fiert. Eppes, dat ech perséinlech de Filmemaacher héich urechnen, ass de Fait, dass keng Rücksicht op näischt geholl gëtt an d’„political correctness“, déi sech och am Grand-Duché ëmmer méi ausbreet, einfach komplett iwwer Bord gehäit gëtt. Déi jonk an dynamesch Equipe vun „Richtung22“ fäert nämlech net hir Meenung zum aktuelle Lëtzebuerger Schoulwiesen z’äusseren a phaseweis esouguer richteg unzeprangeren. Obwuel et haaptsächlech eng Satire iwwert d’Schoulwiese vum Lëtzebuerger Ländchen ass, sou bleift déi „gutt“ Lëtzebuerger Gesellschaft mat all hire Macken a Viruerteeler glécklecherweis och net verschount. E Schoulofschloss ass jo nëmmen dofir geduecht, dass d’Famill houfreg op hire Nowuess ka sinn a fir spéider esou vill Geld ze verdénge wéi et nëmme méiglech ass, fir esou d’Pensioun vun der eelerer Generatioun kënnen ze garantéieren. Oder ieren net?
An enger Satire iwwert d’Lëtzebuerger Schoulwiesen dierf natierlech d’Madame Schoulministesch net feelen. Am Verglach zum Léierpersonal kënnt dës awer relativ gutt ewech. Se gëtt zwar karikaturéiert, gëtt awer vun all ze heftege Kritike verschount. Et sinn dann éischter d’Sekretäre vum MEN, déi am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn. Dës gin nämlech als liddereg Staatsbeamten duergestallt, déi sech géint
all Reformpropose vun der Ministesch wieren. Et kéint jo d’Gefor bestoen, dass se eppes misste schaffen oder am schlëmmste Fall souguer eppes missten änneren, dat déi lescht Joerzéngten den Alldag vun hirem Beruff ausgemaach huet.
De Film bedéngt deemno déi gängegste Klischeeën, huet awer de Mérite, datt en se op eng ironesch-witzeg Aart a Weis duerstellt. Dëst gouf zwar vun deem engen oder anere Filmkritiker bemängelt, well de Kollektiv „Richtung22“ doduerch alles anescht wéi innovativ ass. Eng Kritik, déi vläicht berechtegt ass. Dozou muss ech awer soen, dass et déi éischte Kéier iwwerhaapt ass, dass e Grupp vu Schüler a Studenten sech zesummegesat huet fir e Film auszeschaffen, an deem dat ganzt d’Schoulwiesen op déi Manéier op d’Schëpp geholl gëtt. A wann dann och déi al Klischeeë vun den onmotivéierten oder iwwerfuerderte Proffen am Lycée opgegraff ginn, da gouf dat awer selten esou dynamesch a witzeg an enger lëtzebuergescher Produktioun illustréiert. Verschidde jonk Schauspiller verstinn et nämlech wierklech de Public zum Laachen ze bréngen. Och wann den Accent heiansdo vläicht ze vill um „Klamauk“ läit, sou erfrëschen déi frech an energigeluede Picken awer ëmmer erëm op en Neits.
Et soll een awer elo och net mengen, dass d’Schüler sech selwer als Helleger am Film duerstellen a sech just als Opfer vum Schoulsystem ugesinn. Och wann de Charel Weyler konstatéiert a mengt, dass en d’Schoul duerchkuckt a verstanen hätt: „Als Schüler huet een am Ufank vill Froen, mee amplaz déi Froen ze beäntweren huet d’Schoul eng aner Taktik. Si weist eis, dass déi Froe falsch sinn, beziehungsweis dass een net esou vill Froe stelle soll.“
Wann ee weess, dass Ons Educatioun – de sëchere Wee méi eng ironesch Ausernanersetzung mam Sujet virzitt, da versteet een, dass dëst en Opruff un d’Schüler ass, endlech verschiddenes a Fro ze stellen: well, wann eppes iwwer Joerzéngte laang d’nämmlecht gehandhaabt gëtt, heescht dat nach laang net, dass et gutt esou ass oder dass et net dierf geännert ginn.
E ganz konkret Beispill, dat d’Schüler wakreg rësele soll, gëtt et menger Meenung no an där Zeen an där eng Chargée-de-Cours fir Geschicht hirer Klass proposéiert sech zesummen iwwer aktuell Themen z’ënnerhalen, well se esou gutt virukomm sinn am Programm. Praktesch déi ganz Klass wiert sech awer da géint dës Propose. Et géif jo guer kee Sënn maache fir eppes ze léieren oder ze behandelen, dat spéider-
hi net am Premièresexame gefrot gëtt. Bei dëser Zeen gëtt menger Usiicht no ganz kloer illustréiert, dass d’Schüler zwar duerch de System konditionéiert sinn, verschiddener awer onbedéngt eppes un hirer Denkweis ännere sollen. Et geet net duer fir ëmmer nëmmen de Minimum ze maachen an dat aus-
zeféiere wat vun engem gefrot gëtt. Se solle gefällegst ufänke sech hir eege Meenungen zu deenen ënnerschiddlechste Sujeten ze bilden.
Wann de Film dann awer heiansdo ënnert der méi schwaacher technescher Ëmsetzung leit, sief dat bildlech oder a punkto Toun (e Fait, deen ee vläicht net ze vill kritiséieren soll, vu dass „Richtung22“ iwwer praktesch guer kee Budget verfügt huet an net vu professionelle Filmemaacher produzéiert gouf), da kompenséiert déi jonk Schauspilleréquipe dat awer ganz gutt mat enger uerdentlecher Portioun Witz, déi sech wierklech weise loosse kann. An deem Punkt brauch „Richtung22“ sech dann och net hannert professionelle lëtzebuergesche Filmproduktiounen ze verstoppen.
Alles an allem kann ech awer nëmmen e ganz positiivt Fazit zu Ons Educatioun – de sëchere Wee
zéien. Trotz technesche Mängel weess de Film mat senge jonken an talentéierten Amateurschauspiller z’iwwerzeegen. Nieft dem Witz bleift genuch Plaz fir d’Kritik um Schoulwiesen, den Elteren, de Schüler... an doriwwer eraus un der ganzer lëtzebuerger Gesellschaft. Dës Kritik ass vun der Long op d’Zong an ass ganz sécher e Mierkmol vum Film. Eng Sortie op DVD ass bis zu dësem Zäitpunkt nach net geplangt. Awer jiddereen deen interesséiert ass, ka sech de Film gratis, säit dem 17. Februar, online ukucken an dëst um Internetsite: http://richtung22.org/.u
Diesen Artikel als PDF ansehen.
Größe: 0.29 MB




