D’(On)ofhängegkeet vun de Medien zu Lëtzebuerg
Am 13. April 2012 sprach Jacques Drescher, Mitherausgeber der satirischen Wochenzeitung Den neie Feierkrop, auf Einladung von Déi Lénk im Rahmen der Veranstaltungsserie „Vendredi Rouge“ zur Lage der Luxemburger Printmedien. Eine vom Autor gekürzte
Fir Iech Pleséier ze maachen, fänken ech un mat engem Zitat, deen ech am Monde vun haut fond hunn vun engem Blogger um Site vum Jean-Luc
Mélenchon: « La déontologie du journaliste est un mythe, il lèche la main qui le nourrit, celle du financier qui le possède… »
Wann ech elo bei der CSV misst e Virtrag halen, hätt ech natiirlech mat engem Zitat aus dem Figaro oder vum Site vu ...
Fir Iech Pleséier ze maachen, fänken ech un mat engem Zitat, deen ech am Monde vun haut fond hunn vun engem Blogger um Site vum Jean-Luc
Mélenchon: « La déontologie du journaliste est un mythe, il lèche la main qui le nourrit, celle du financier qui le possède… »
Wann ech elo bei der CSV misst e Virtrag halen, hätt ech natiirlech mat engem Zitat aus dem Figaro oder vum Site vum Sarkozy ugefaang, mee bei der CSV wir ech jo och bezuelt ginn, ergo géif ech et net wéint dem Pleséier, mee wéint dem Geld maachen, wat niewebäi gesot och mat Pleséier verbonne ka sinn.
Dat Zitat vum Site vum Jean-Luc Mélenchon, den eenzege Politiker, dee séch am Wahlkampf a Frankräich traut, séch och emol mat der Press unzeleeën, passt bei eisen Thema. Ech maachen eng Klammer op: ech fannen, dass et gutt ass, wa Politiker mat der Press polemiséieren, amplaz hir just ze schmeechelen, nëmme fir einegermoossen anstänneg behandelt ze ginn.
Ech soll jo eppes soen iwwert d’Ofhängegkeet oder d’Onofhängegkeet vun de Medien. D’Press gët vu Mënsche gemaach, vu Journalisten, déi normalerweis ofhängeg sinn vun hirem Patron, a wann ee net wëllt permanent a Konflikt mat séngem Patron sinn, ass et natiirlech am bequemsten esou ze denken an ze schreiwen, wéi deen et gäer hätt. Ech behaapten net, dass dat onvermeidlech ass, well ech der Meenung sinn, dass et och aanescht geet, an dass een am Prinzip an all Zeitung ëmmer iergendwéi genuch Spillraum huet, wann een dofir intelligent genuch ass. Vläicht ass heiansdo och e bësse Courage erfuerdert, mee Intelligenz ass natiirlech besser.
Zu Lëtzebuerg ass d’Press net am Besëtz vu groussen Entreprisen an Industriegruppen, sou wéi dat a Frankräich, England oder Däitschland dacks de Fall ass. Mir hunn, wann ech méch elo emol op d’Printmedien beschränken (ech lossen RTL bewosst ewech) trotzdem zwee grouss Editiounshaiser, déi net nëmme méi d’Wort an d’Tageblatt produzéieren, mee eng Partie aner Zeitungstitelen, mat dene se séch géigesäiteg Konkurrenz maachen.
Hannendrun steet natiirlech ëmmer en Aktionär. Bei St Paul ass et de Bistum, wéi mer wëssen, bei Editpress sinn et niewt zwou Gewerkschaften nach eng Partie kleng Aktionären, dorënner de Monde an d’LSAP. Intressant ass, dass d’DP, also d’Sociétéit, déi de Journal erausgët, séch mat 8 Prozent bei Editpress akaaft huet, esou dass déi Liberal elo méi eng grouss Part am Gewerkschaftsbetrieb hunn, wéi d’Sozialisten a wahrscheinlech mengen, sie kréichen elo do eppes ze soen. Mee wann eng liberal Partei Aktionär an enger Gewerkschaftszeitung gët, ass dat schon speziell.
Ech sollt eppes zur Gläichschaltung vun der Presse soen. Dat schéngt e bëssen iwwerdriwwen, well mer jo permanent héieren, mir hätten e grousse Presseplura-
lismus hei am Land. Ech mengen och et misst een deen Ausdrock relativéieren, well d’Gläichschaltung ass natiirlech net an alle Medien unzetreffen, aparti net an dene klengen. Mee et si jo déi Grouss, op déi et ukënnt.
D’Press ass ëmmer och ofhängeg vun Annonce-
clientën. Et ka jo och net aanescht sinn: dee Moment wou eng Zeitung gefouert gët als normal Entreprise, déi de Gesetzer vum Maart ënnerläit, muss se natiirlech en Deel vun hirem Revenu aus Annoncen be-
zéien. Si ass also an enger kommerzieller Logik.
Et gët keng prezis Informatiounen, wéi grouss den Undeel vum Annoncegeschäft um Gesamtrevenu vun den Zeitungen ass, well dës hir Lieser doriwwer net informéieren. Mee sie finanzéiert séch zu engem groussen Deel vun der Publicitéit. Dat ass kee Virworf, et ass eng Feststellung. Wann also den Taux vun der finanzieller Ofhängegkeet vun der Publicitéit héich ass, seet dat och eppes aus iwwert d’Ofhängegkeet am allgemengen.
Keng Bank a keen Annonceclient mécht op Dauer Publicitéit an engem Medium, an deem en ugegraff, kritiséiert oder och nëmmen a Fro gestallt gët. Firwat sollt en och? Dat erklärt och, firwat d’Wirtschaftssäiten an de groussen Dageszeitungen dat sinn, wat se sinn. Eng Zort Bäiluecht mat Artikelen, wou d’Patronatspropaganda verbreet gët, wéi
z. B. d’Fuederungen fir de Mindestloun ze kiirzen, den Index ofzeschaafen oder d’Renten erof ze setzen. Et gët emol keng kontrovers Beiträg. Wirtschaftsjournalisten sinn do fir dës Propaganda ze verbreeden, de Patronatsorganisatiounen an de Krom ze schwätzen. Kaum ee vun hinnen kënnt op d’Iddi, dass et och ekonomesch Alternative gët. Wann d’Economiste vun der Chambre des salariés hir Avisën iwwer Froen wéi Index, Inflatioun, Renten oder Kompetitivitéit ofginn, da gët dat meeschtens net am Wirtschaftsdeel, mee am politeschen Deel vun der Zeitung kommentéiert. Esou wéi wann Economie eng Zort chasse gardée vun dene wir, déi den ekonomesche Pouvoir hunn. Dofir steet an de Wirtschaftssäiten dacks de Contraire vun deem, wat a Leitartikelen oder op de politesche Säite steet.
Wéi ass dat ze erklären? D’Äntwert fënd séch an enger Publikatioun mam Titel „Médias et médiations culturelles au Luxembourg“, déi elo rezent vun der Uni Lëtzebuerg editéiert gouf. Do gët dëse Widersproch als „dialogue permanent entre les deux parties (le business et l’intérêt public)“ erklärt, an dat och nach aus der Fieder vun engem Journalist, dee fir déi selwecht Zeitung schafft, iwwert déi en an engem sougenannte wëssenschaftleche Beitrag fir d’Uni Lëtzebuerg schreift. Dat seet natiirlech och eppes aus iwwert d’Uni Lëtzebuerg.
Dat Zitat « La déontologie du journaliste est un
mythe, il lèche la main qui le nourrit, celle du financier qui le possède ! » wat ech am Ufank ugefouert hunn, passt am Fong ganz gutt op dës Situatioun.
D’Publicitéit, an domat d’Ofhängegkeet, spillt also eng ganz grouss Roll, besonnesch a Krisenzäiten, wou d’Publicitéit ofhëllt an d’Zeitungen mussen em hiirt Iwwerliewe kämpfen. D’Konkurrenz spillt net nëmmen tëscht Medien vu verschiddener Obe-
dienz, mee och intern an de Verlagshaiser selwer. Déi zwee grouss Verlagshaiser hei zu Lëtzebuerg maache sech selwer Konkurrenz. Si hunn an de leschte Joerzéngter eng Politik vun Expansioun verfollegt. D’Imprimerie St Paul huet kleng Dréckereien op-
kaaft. Editpress huet nei Zeitungen gegrënnt wéi de Quotidien an de Jeudi, déi keng oder wéineg Lieser an Annoncen hunn. Da koum och nach d’Gratispresse derbäi, wou déi zwee Editionshaiser séch bekämpfen bis op d’Blutt a hiirt eegent Annoncegeschäft mat Dumpingpräisser futti maachen. Saint Paul huet dräi Zeitungen missen astellen: d’Wochenzeitung für Europäer, d’Sonndesblat an hir franséischsprocheg La Voix.
E Wuert zur Pressehëllef: et gët dacks gesot, dass d’Pressehëllef géif zu enger Ofhängegkeet vun de Medien vum Staat oder der Regierung féieren, nom Motto „Wes Brot ich ess, des Lied ich sing“, also e bësse wéi d’Parteiefinanzéierung. Dat ass ménger Meenung no iwwerdriwwen, ech fannen dass d’Pressehëllef wichteg ass, vu dass d’Rentabilitéit vun den Zeitungen ganz kleng ass oder Zeitungen esouguer Defizit maachen. Et muss een och wëssen, dass d’Pressehëllef zwar relativ héich ass (sie besteet jo aus direkte Subventiounen, amtlechen Annoncen an aus gënschtege Posttarifer), mee sie geet laang net duer fir eng professionell Zeitung ze finanzéieren. Do-
riwwer eraus kann een awer der Meenung sinn, dass d’Pressehëllef ongerecht verdeelt ass, well déi, déi vill hunn, vill kréien, a well et do och zu Abusën kënnt. Et kënnt een iwwer Alternativen nodenken, wéi et se am Ausland mat méi oder manner Succès gët.
Et schéngt mer kloer, wann ee vun Ofhängegkeet vun der Press schwätzt, den Haaptproblem deen ass vun der pensée unique, déi vun de Medien verbreet gët, a wichtege Beräicher wéi der Wirtschaftspolitik oder der Aussepolitik. Nëmmen zwee Beispiller:
Dat éischt ass d’Berichterstattung iwwert d’EU-
Politik. Wéi 2005 virum Referendum iwwert d’EU-
Verfassung séch erausgestallt huet, dass méi Lëtzebuerger wéi geduecht Nee kënnte soen, hunn déi dominant Medien zu Lëtzebuerg hir Kolonnen opgemaach fir eng méi breet Debatt. Sie konnten, och aus kommerzielle Grënn, net aanescht, well sie hu gemierkt, dass hir Lieser net mat hinnen d’accord waren. Mee d’Ligne éditoriale blouf di selwecht. Dat heescht, et ass gesot ginn: D’Géigner vun der EU-Verfassung si séch net eens, et ass e Sammelsurium vu Leit, déi d’Verfassung net gelies hunn an hir Grënn fir Neen ze soen sinn diffus oder ganz ënnerschiddlech. Dat selwecht hätt ee natiirlech och kënne soen vun deene Leit, déi derfir gestëmmt hunn.
En zweet Beispill ass d’Berichterstattung iwwert d’Kricher, vum embedded journalism bis bei d’Kommentären, vu Jugoslawien iwwert den Irak bis Libyen. Et fonktionnéirert all Kéier. Et gët e Staatschef/Diktator diaboliséiert (Slobodan Milosevic, Saddam Hussein, Muammar Gaddafi) fir vun den eigentlechen ekonomeschen a geostrategeschen Uursaache vun de Konflikter ofzelenken an eng Diskussioun iwwert friddlech Alternativen bal onméiglech ze maachen, well déi Leit, déi géint de Krich sinn als nëtzlech Idioten, Komplizen oder am beschte Fall als naiv kënnen duegestallt ginn. Intressant dobei ass, dass vill Journalisten dat all Kéier matmaachen, an herno ginn dann Tables rondes organiséiert, wou se hire Mea culpa maachen bis dann de nexte Krich kënnt, an da geet et nees vu vir un. Dee Moment mierke se zum Beispill, dass et nieft Libyen e Land gët wat Mali heescht.
Nach e Wuert zu de Relationen tëscht Politik a Presse. Dacks gët vu Connivence geschwat, well Journalisten a Politiker séch kennen, séch duzen, séch op Iessen invitéiere lossen asw. De Kritär vun de politesche Parteien fir ze soen, op eng Zeitung hinne gefällt oder net, hänkt meeschtens dermat zesummen, op d’Presse d’Parteipropaganda gënschteg eriwwer bréngt oder net. Natiirlech ass et och net schéin unzekucken, wann de Premier oder aner Ministeren Journalistinnen an d’Äerm fällt oder se kësst, oder wann en hinnen hir Journalistekaarten verdeelt, wéi hien dat emol an der Vergaangenheet gemaach huet. Mee och dat soll ee net iwwerbewäerten. D’Politiker maachen hire Match, et ass un de Journalisten fir opzepassen, dass se net op déi falsch Proximitéit erafalen, an dat ass och normalerweis kee Problem. E Journalist gët éischter respektéiert, wann e keng falsch Rücksichten hëllt.
An der Invitatioun vun haut stoung och nach, dass d’Gratis- an Internetzeitungen aus de Lieser „Piraten“ maachen. Dat soll heeschen, dass d’Gratispresse, op se elo um Pobeier oder am Internet verbreet gët, eng Mentalitéit encouragéiert, wou d’Leit mengen, sie missten alles fir näischt kréien. Eng Zeitung maachen, kascht awer Geld, dofir ass et wichteg, dass d’Leit dofir bezuelen. Do gëlt de Prinzip: Wat
näischt kascht, ass näischt.
Zum Schluss en Zitat aus dem Canard enchaîné (Les Dossiers du Canard – Les nouveaux censeurs politiques, économiques, Oktober 2007): „Confrontée à des prix de fabrication les plus élevés d’Europe et à la baisse de son électorat et de ses recettes publicitaires, la presse écrite française n’est plus aujourd’hui en situation de résister aux pressions des annonceurs. Pour deux raisons toutes simples: elle n’a pas su assurer son indépendance financière en renforçant ses fonds propres, et elle a trop souvent oublié que la seule richesse durable d’un journal, c’est son lectorat avant ses annonceurs.“
Ech mengen, dass dat och op en Deel vun der lëtzebuergescher Presse zoutrëfft, sinn allerdings der Meenung, dass villes vun de Journalisten selwer ofhänkt. u




