„Fir d’Demokratie ze verteidegen, kann een d’Demokratie net ofschafen“

E Gespréich mam Claude Wiseler

Ass eis Demokratie an enger Kris, ass se a Gefor?

Wann een haut kuckt, wat an der Welt lass ass, da muss ee wierklech soen, datt d’Demokratie ënner Stress steet. Ech ka mech un déi Zäiten erënneren, wéi ech ugefaangen hunn, mech fir d’Politik ze interesséieren, do war Demokratie an déi Fräiheeten, déi mer haten, eppes absolutt Normales. A wärend laange Joren konnt een och gesinn, wéi ëmmer méi Länner zur Demokratie fonnt hunn an ëmmer méi Leit d’Demokratie a Fräiheet ugestrieft hunn. Dat huet awer an deene leschte Jore geännert, wéi d’Kricher an Europa komm sinn, mee och, well ee gesäit, datt laangjäreg Demokratien um Wackele sinn. An enger ganzer Rei europäesch Länner gëtt dat, wat ech als demokratesch Grondprinzippien empfannen, ëmmer méi a Fro gestallt. An dofir soen ech, jo, d’Demokratie ass ganz kloer ënner Stress. Dat huet vläicht haut nach manner an eisem Land en Effekt. An trotzdeem gesäit een, dat ronderëm eis Saachen am­gaange sinn ze entstoen, déi mer schonn extreem Suergen maachen.

Wéi géift Dir den Etat des lieux fir eist Land zeechnen?

Et sinn zwou Saachen, déi een do ka soen. Éischtens, wann ech et vergläiche mat deem, wat an aneren europäesche Länner lass ass, da mengen ech, datt mer nach relativ positiv do stinn. Mir hu momentan keng Extreemparteien, déi esou Gewiicht hunn, wéi dat an eisen Nopeschlänner de Fall ass. Mir hunn och nach keng politesch Forcen, déi ëffentlech froen, fir verschiddene vun eise Fräiheeten ëmzeänneren. An et sinn och nach keng gréisser Tentativen an der Lëtzebuerger Politik do, fir dat ze maachen. Elo ginn et awer eng Rei Elementer, déi mech soe loossen, datt och zu Lëtzebuerg net alles Sonn an am Botter ass.

Et ass esou, datt mer Sondagë gemaach hunn, notamment mat der Chaire vun den Etudes parlementaires vun der Uni Lëtzebuerg, déi beleeën, datt quasi 30 % vun de jonke Leit op déi Fro, ob d’Demokratie nach dee beschte Regimm ass, entweeder mat Neen äntweren oder et net wëssen. An ech muss soen, fir mech ass et jo am Fong eng einfach Fro. Ass d’Demokratie dee beschte Regimm? Jo! Wann een do hesitéiert oder mat Neen äntwert, stellt dat mir awer schonn eng Rei Froen an et seet mer, datt mer iergendwou e Problem hunn. Mat dëse Resultater muss een natierlech, wéi bei alle Statistiken, ganz virsiichteg ëmgoen. Dat kann heeschen, datt een eng Diktatur wëll, dat kann awer och heeschen, datt ee mat eiser Demokratie vläicht net zefridden ass, well se net effikass oder partizipativ genuch ass. Also dass se am Fong genau de Contraire aussoen. Dofir misst ee weider Etüde maachen.

Mir misse méi präzis op déi Froestellung agoen, fir ze verstoen, wat amgaang ass ze geschéien. Nichtsdestotrotz fannen ech, datt een net ka soen, datt sech zu Lëtzebuerg déi Fro net stellt. Net seele stelle mer an der Politik fest, datt Tendenzen an eisen Nopeschlänner matt engem gewëssene Retard op Lëtzebuerg kommen. An dofir soen ech: Et ass elo Zäit, fir sech Gedanken driwwer ze maachen.

Ech gi säit enger Zäit a Schoulen iwwer Demokratie a Fräiheet schwätzen. Ech hunn dat awer och scho viru fënnef oder zéng Joer gemaach. An ech ka soen, datt ech awer wierklech e ganz groussen Ënnerscheed mierke par rapport zu deene Suergen, Froen a Problemer, déi jonk Leit nach viru fënnef, zéng, fofzéng Joer u mech erugedroen hunn. Du kriss elo Froen iwwer Krich a Fridde gestallt, iwwer Zukunftsängscht an Tensiounen. Alles dat ware Froen, déi deemools guer net op der Prioritéitslëscht vu Jugendleche stoungen a wou een elo awer mierkt, datt se anescht reagéieren a si aner Theme beschäftegen.

Déi Iddi fir den Demokratie-Stresstest, e Projet vun Iech an der Cellule scientifique vun der Chamber, geet jo ënner anerem op e Bréif zeréck, deen d’Jugendparteien Ufank vum Joer un Iech geriicht haten. Kéint Dir eis e bësse méi iwwer d’Approchen an d’Krittäre vun dësem Test soen?

Fir un d’Äntwert vu virdrun unzehaken, ass et jo och scho symptomatesch, datt et jonk Leit aus deene verschiddenste Parteie waren, déi bei mech an duerno och bei de Premier gaange sinn. Déi Initiativ wär och net virun zéng Joer geholl ginn. Ech hat eng ganz flott Diskussioun mat hinnen an ee vun de Punkte war d’Fro, ob mir als Demokratie hei zu Lëtzebuerg an eis In­stitutioune resistenzfäeg wieren? Ech hunn dat direkt opgegraff a sinn domadder an d’Conférence des présidents gaangen, wou och all d’Parteie vertruede sinn. An ech muss soen, datt ech net laang hu missen explizéieren, firwat mer dat do géife brauchen. Fir mech war och wichteg, datt deen Exercice net eleng vun der Presidence ausgeet, mee dass dee ganz breet vu sämtleche Parteie gedroe gëtt. D’Zilsetzung ass am Fong déi, fir ze ënnersichen, wa mer hei eng Rei anti-demokratesch Parteien oder Politiker un de Pouvoir géife kréien, ob mir assuréiere kënnen, datt fënnef Joer duerno nach Wale sinn. Eng ganz einfach Froestellung.

© Philippe Reuter / forum

Wann ee kuckt, wéi am Ausland verschidden demokratesch Institutiounen ënnergruewe ginn, kann een sech unhand vun deem eng Toolbox zesummesetzen. An da stellt een sech d’Fro, wann déi zu Lëtzebuerg géif ugewannt ginn, wéi wäit eis Checks and Balances gräifen a wéi schnell se, deemno wat fir een Typ vu Pouvoir een huet, ausser Kraaft ze setze sinn. Mir wëlle kucken, ob do eventuell Ofsécherunge sinn, déi mer zousätzlech an eise System kënnen abauen, fir ze garantéieren, datt eis Demokratie eng Demokratie bleift.

Kënnt Dir eis do e puer konkreet Beispiller ginn? Sinn dat Elementer, déi nëmmen an der Constitutioun geschriwwe sinn, oder geet et och ëm Saachen, déi méi als ongeschriwwe Gesetzer gëllen?

Et geet am Fong ëm déi zwee. Also mir hu mat der Cellule scientifique schonn eng Virbereedungsaarbecht gemaach, wat mir alles ënnersiche sollen. Mir kucken natierlech déi ganz juristesch Situatioun. Wéi sinn eis Institutioune juristesch ofgeséchert? D’Demokratie ass jo net just eng Wal, déi s de all fënnef Joer hues. D’Demokratie ass nach eng ganz Rei aner Elementer. Et muss emol fir d’éischt eng fräi Wal sinn. An dofir musse verschidden Elementer ronderëm garantéi­ert sinn, z. B. d’Informatiounsfräiheet, d’Pressefräiheet, d’Independenz vun der Justiz, d’wëssenschaftlech Fräiheet an eng ganz Rei aner Bausteng, déi konstitutiv sinn. A wann een an anere Länner kuckt, da gesäit een, wann Demokratien ënnergruewe ginn, et net zu engem Coup d’état oder Coup de force kënnt an de System vun engem Moment op deen aneren ofgeschaaft gëtt. Mee lues a lues gëtt mat klenge Schrëtt probéiert, de Pouvoir ofzesécheren an d’Walen esou ze gestalten, datt d’Leit net méi wierklech de Choix hunn, bzw. de Choix quasi eng Obligatioun gëtt.

Et sinn eng Rei Saachen, déi relativ kloer sinn. Wéi kréien ech d’Fräiheet vun der Press, vun der Expressioun lues a lues kontrolléiert? Do muss een da kucken, wat sinn der Press hir Suergen, hir Problemer? Wéi wäit ass eng Press, wann een där d’Finanzéierung eweghëlt, nach autonom fir ze fonctionéieren an fir d’Pluralitéit vun de Meenungen auszedrécken? D’Lëtzebuerger Press ass ganz staark vum Staat ënnerstëtzt, wat jo och gutt ass. Mee wann een dat Finanzement massiv zeréck-schrauft, wat geschitt dann? A wat kann ee maachen, fir déi Fräiheet an dee Plura­lismus an Zukunft weider ze garantéieren? Och de Contrepouvoir vun der Société civile gehéiert zu de Grondlage vun eiser Demokratie. Wéi wäit ka se ­onofhängeg vu staatleche Subside fonctionnéieren?

En anert Beispill ass, wann een der Universitéit d’Fräiheet hëlt fir eng neutral wëssenschaftlech Recherche ze maachen a versicht, d’Recherche ze influenzéieren an domat dann och d’Kontroll ze hunn iwwert dat, wat dobaussen als Wourecht gesi gëtt. Mir hunn do eng besonnesch Situatioun hei zu Lëtzebuerg, well mer nëmmen eng Universitéit hunn a well se massiv vun ëffentleche Subsiden ofhänkt. Bei amerikaneschen Universitéiten ass dat zwar och de Fall, mee si hunn awer weesentlech méi eege Recetten, wéi mir dat hunn.

Eng aner Saach, déi een „Apprenti-­Dictateur“ och sécherstellt, ass d’Placéierung vu senge Leit op wichtege Posten. Ass dat zu Lëtzebuerg méiglech? Wéi kënne mer assuréieren, datt och déi weesentlech Poste vun Administratiounen oder Institutiounen politesch neutral kënne fonctionnéieren? D’Independenz vun der Justiz ass jo dat bescht Beispill. Et gesäit een, wéi a verschiddene Länner probéiert gëtt, déi Onofhängegkeet ewechzehuelen, andeem een déi Jugen asetzt, déi engem geneem sinn a vun deenen ee kann Urteeler erwaarden, déi politesch konform sinn oder wéi Urteeler einfach guer net méi respektéiert ginn. Oder wéi ongesetzlech Saache gemaach ginn, wëssend, datt en Urteel, opgrond vun der Justiz hiren zäitintensive Prozeduren, eréischt Joren duerno kënnt. Esou bleiwt dat, wat een verfassungswiddreg décidéiert huet, awer eng Zäit a Kraaft a mécht villes futti, éier et vun der Justiz ka verbessert ginn.

Déi Exemplaritéit a Responsabilitéit, déi mer als eenzel Politiker droen, si fir mech ee ganz weesentlecht Element zur Persuasioun vun de Leit.

Bei der Independenz vun der Justiz si mir awer relativ gutt gestallt. D’Verfassung, déi mer 2023 geännert hunn, huet villes un Neiegkeeten erabruecht, déi eis eng Rei Garantië ginn. D’Independenz vun der Justiz ass massiv vergréissert ginn, e politesch onofhängege Conseil national de justice ass geschaaft ginn, dee fir d’Nominatioune vun de Magistraten a fir hir Iwwerwaachung zoustänneg ass.

An Däitschland ass d’Situatioun elo sou, dass ouni rechts- a lénksextreem Parteien eng Verfassungsännerung net méi méiglech ass. Zu Lëtzebuerg kënne mer d’Verfassung nach änneren mat Parteien, déi och bereet sinn, op dee Wee ze goen, wa sech dann eng Noutwännegkeet géif weisen.

Wéi ass den zäitleche Kader vun där Etüd?

Ech denken, datt mer am nächste Joer déi éischt Resultater kënne kréien. An dann hoffen ech, datt mer bis Enn vun der Legislaturperiod déi meescht Diskussiounen a Sujeten opgeschafft hunn. Et ass eng Risenaarbecht. D’Cellule scien­tifique kann dat och net alles eleng maachen. A mer hunn dofir als Chamber d’Autorisatioun ginn, datt se op verschiddene Sujeten och mat auslänneschen Experten, Universitéiten a Recherche­instituten zesumme schafft. Et ass jo net fir d’éischt, wou esou eppes gemaach gëtt. Et ass zwar fir d’éischt, wann eis Informatioune richteg sinn, wou e Parlament als Parlament esou eng Etüd freet. Etüden am Ausland iwwer änlech Sujete waren éischter méi restriktiv an hirer Froestellung oder vun eenzelne Parlamentarier initiéiert.

Wéi eng Ursaache gesitt Dir fir de Riets-Trend weltwäit an och an Europa? A wéi soll en demokratesche System mat antidemokratesche Kräften ëmgoen?

D’Ursaach ass sécherlech eng gewësse Polarisatioun vun den Iddien, déi vu Parteien a Systemer ugedriwwe gëtt a wou och déi nei Medien dozou bäidroen, déi en Isolement vun den Informatioune mat sech bréngen. Duerch déi sozial Medie lieft jiddwereen a senger Bulle a kritt kon­stant Informatiounen, déi dat nach amplifiéieren, an déi zousätzlech net iwwerpréift sinn. Et gëtt ee quasiment ofgeschnidde vun anere kontradiktoresche Meenungen. Dat ass dat eent. Dat Zweet ass, datt ganz oft a Länner, wou et sozial Problemer ginn, eng Polariséierung stattfënnt. Do hu mir d’Chance zu Lëtzebuerg, datt mer nach weesentlech manner deen Typ vu Problemer hunn.

An dann ass et natierlech och, an do muss ee sech selwer als Politiker eng Rei Froe stellen, de Fait, datt d’Demokratien heiansdo als net effikass oder als schwaach consideréiert ginn. An déi Diskussiounen hunn ech ganz oft mat jonke Leit, déi soen, dass si zwar gär Europäer sinn, mee Europa awer elo momentan, par rapport zu China, Amerika a Russland, net als staark eriwwer kënnt – wat och ëmmer staark an deem Kontext bedéit. Dat heescht, et ass och eng Demande un d’Demokratie zur Effizienz, wat an enger Demokratie och duerchaus méiglech ass. Mee an der Europäescher Unioun komme mer a weesentleche Punkten net ëmmer zu Decisiounen, wann ech z. B. d’Schwieregkeete vun der EU-Aussepolitik gesinn, op e gemeinsamen Nenner bei wichtegen Theme wéi Klima- a Refugiéspolitik ze kommen.

Et ass och fir d’demokratesch Parteien eng Erausfuerderung, fir hir eegen Effizienz kënnen ënner Beweis ze stellen an zu Resultater ze kommen. Jonk Leit froen no Resultater. An ech mengen net, datt mer se däerfen enttäuschen. Soss riskéiert een, datt se sech anescht orientéieren. Do ass et och un de Leit, déi Politik maachen, fir e Beispill ze sinn. Déi Exemplaritéit a Responsabilitéit, déi mer als eenzel Politiker droen, si fir mech ee ganz weesentlecht Element zur Persuasioun vun de Leit. An do ass jiddweree vun eis hei an der Chamber, an all, déi Politik am Land an Europa maachen, gefuerdert, sech an de Spigel ze kucken.

Mat wéi enge Mëttel kënne mir eis Demokratie verdeedegen a weiderentwéckelen? A kann een dobäi och eng Volleksentscheedung iwwergoen?

Also ech mengen, fir d’Demokratie ze verteidegen, kann een d’Demokratie net ofschafen. Dat ass emol e Grondprinzipp, deen ech wëll anhalen. Dann ass et och esou, datt eng Institutioun oder e System, dee wëllt lieweg a staark sinn, sech reegelméisseg upasse muss. Eng Demokratie, déi net changéiert, ass dozou verdaamt, hir Stäerkt ze verléieren. Mir probéieren dat op d’Chamber ze applizéieren, an­deems mir verschidde Funktiounsweisen adaptéieren.

D’Demokratieverteidegung geet haaptsächlech duerch d’Persuasioun, déi een iwwert seng Iddien huet. Als Politiker, déi un d’Demokratie an un d’Fräiheet gleewen, musse mir eis Presenz bei de Leit verstäerken. Dat ass déi beschte Waff, fir géint Parteien ze kämpfen, déi d’Fräiheet wëllen a Fro stellen. Wann ee sech Zäit hëlt, fir mat jonke Leit a Schoulen déi Diskussiounen ze féieren, mierkt een, dass si extreem rezeptiv sinn. Se versti ganz genau, wat s de sees. Du muss just den Effort maachen, bei se ze goen. Ech plädéiere wierklech oft fir eng Grassroot-Politik, wéi se dat op amerikanesch nennen, well dat ass zu Lëtzebuerg eppes, wat extreem wichteg ass. D’Leit erwaarden an eisem System, wou net nëmme Parteien, mee haaptsächlech och eenzel Leit gewielt ginn, dass een eng Relatioun vu Vertraue mat de Leit huet. An dat Vertraue muss een ënner Beweis stellen. Mee d’Demokratie a Fro stellen, fir d’Demokratie ze retten … Ech mengen net, datt dat de richtege Wee ass.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code