Goss – von Guy Rewenig

Editions Guy Binsfeld, 2024, 672 S., ISBN: 978-2-919822-18-8

A Goss geet et nëmme scheinbar ëm Goss. „Scheinbar“ ass dat eigentlecht Schlag­wuert, well et geet ëm de Schäin, deen ee Mënsch sech opbaut, wann em dat feelt, wat mir eigentlech all am meeschte brauchen: verléisslech Relatiounen, Opmierksamkeet an (jo, et klengt verkläert, mee et ass awer esou) opriichteg Léift. De Sascha Rink, de säi Curriculum schreiwende Protagonist, ass ee selbsternannte Philosoph, deem säi professionellt Liewenszil et ass, héichkarätege Simulant ze ginn.

De Lieser gëtt invitéiert op eng Rees: E begleet de Sascha Rink op sengem Werdegang zum Stär um Simulantenhimmel. Wéi de Sascha nach ganz kleng war, hat hie schnell spatz, wéi hie sengen Elteren ee Bier opbannen a si géinteneen, zu senge (finanzielle) Gonschten, ausspille kann. Dat geet monter weider; Joer fir Joer bidde sech dem Sascha ëmmer méi Geleeënheeten, fir sech d’Leit an d’Gesellschaft gutt unzekucken a vun hinnen an hir ze léieren – a se sou als Mëttel zum Zweck ze benotzen. Mol lëschteg, mol nodenklech, mol kalbliddeg an dann awer och mol ganz besuergt, beweegt hie sech duerch säi Liewen an dreemt sech an existenziellem Drift déi geckegst Biografie ëm seng eege Persoun zesummen; wie bass du Sascha Rink? Et schéngt ëm alles oder näischt ze goen.

An deen Drang kënnt net vun ongeféier an ass och keng kanneresch Fantasie, well de Sascha mierkt vu Klengem un, dass jidderee ronderëm hien eng Roll spillt a probéiert, hien an eng ranzedrécken. Hien ass ni gutt genuch, wéi en ass. E kritt stänneg mat op de Wee, dass et am Liewe virun allem ëm pompööst Optrieden an ëm e „gudden“ Image geet. Souwuel säi Papp, e ganz consternéierte Versécherungsagent, dee sech ganz, ganz ëmfaassend ëm schlëmm sinistréiert Frae këmmert, wéi och seng Mamm, an där hirem Coiffeurssalon Gebraddels a Geflunkers vu moies bis owes stattfënnt, maachen dem Sascha fréi Räim op, an deenen et ëm villes geet, mee net ëm Éierlechkeet oder Authentizitéit am Mateneen. Fir do ranzekommen an „Erfolleg“ ze hunn, muss ee sech schonn eng iwwerleeën.

Där Aufgab ass hie gewuess; hien erzielt op 650 Säite vu senge 24 éischte Joren, an deenen hie seng Simulanteroll no an no bis hin zur Perfektioun spillt. Sou heeft hien zwar massiivst Goss un, mee wat ass scho Geld an enger Welt, an där een net si kann, wien een ass?

De Mënsch léiert vu sengem Entourage, a kee kënnt där Prägung aus de Féiss, well radikal fräi, wéi de Sartre et ëmmer fir de Mënsch wollt hunn, si mer dann nämlech awer net. Sou wiisst de Sascha Rink an eng Gesellschaft eran, an där sech Mënschen a Selbstduerstellung a verzweiweltem Sichen no Unerkennung verléieren. Hie passt sech deem un, andeems hie sech ë. a. een onverschimmt intellektuellen an eloquente Vokabulär (!) uneegent, op deen hien och masseg stolz ass. Schnell mierkt een, dass dem Sascha seng Rollen, an déi hie sech dreemt, oder déi hien anhëlt, komplett fabuléiert sinn – oder dann dach awer net? D’Realitéit vun der Fantasie ënnerscheede gëtt ëmmer méi komplizéiert, an op eemol weess ee guer net méi, wat ee lo verluer huet – de Bezuch zur Realitéit, oder de Glawen un eng fantastesch Welt.

D’Realitéit aushalen ass och net einfach, besonnesch, wann een no Unerkennung vun de Leit verlaangert, a se einfach net kritt. Et gi Passagen an der Erzielung, wou dës Vulnerabilitéit vum Sascha Rink ganz däitlech gëtt, da fënnt een nämlech keng opgeblose Floskelen, mee d’Gefiller vun engem klenge Kand, wat a Rou wëll a Sécherheet bei senger Famill sinn. Well seng Elteren a säin Entourage him dat net bidde kënnen, probéiert de Sascha, dëse Vide ze iwwerkommen a sech iwwerall sou ze inzenéiere, wéi hie sech säi Bild vu sech selwer virstellt. Attraktiven Images, wéi déi vum stoesche Philosoph, vum kreative Mënsch, vum räiche Krösus, leeft de Sascha no, an och ni ouni Succès, wann een et him gleewe sollt. Substanzschwanger Zitater wéi dem Adorno säin „Das Ganze ist das Unwahre“ ënnerdeelen d’Kapitele vum Sascha Rink senger Biografie a ginn op en Neits en Hiweis dorop, dass ee vläicht net alles fir bor Mënz dierf huelen, wat do steet.

Dës Indicen ënnersträichen, wéi noutwendeg d’Schäiwelt fir de jonke Sascha Rink ginn ass; well hie keen Netz huet, dat hien opfänkt, schaaft hie sech selwer eent. Dass hie sech domat awer wéi den Narziss, dee sech an ee Bild vu sech selwer verkuckt, dat en ni erreeche kann, ëmmer weider a weider an ee Weltschmäerz manövréiert, schéngt dem grousse Philosoph Rink awer net opzefalen: Hie mécht alles, fir eemoleg ze sinn, fir sou ze sinn, wéi hie mengt, dass e misst sinn, fir dass op mannst hie selwer sech gäre kéint hunn. De „grousse“ Sascha Rink, deen no an no an der Business-Welt Fouss faasst, sief et als kreative Slogans- a Pseudonimm-Erfanner, als Garçon an engem stärendotéierte Restaurant oder als House-Sitter vun extravagante Villen am Lëtzebuerger Upper-Class-Milieu, erënnert sech awer nieft all deem Luxus a Pomp, an deem e liewen däerf, ëmmer nees u verschidden Episoden, déi him scheinbar d’Häerz bludde gedoen hunn. Zum Beispill, wou seng Mamm am Coiffeurssalon engem klenge Meedche probéiert, eppes Guddes ze doen, hatt opzemonteren, andeems si him eng schéi Coiffure verpasst. Do gëtt de klenge Sascha ganz rosen an ass iwwermoosseg gemeng mam Jenny. An un dat denkt de grousse Philosophicus zeréck, wann en a gliesene Villen op 124 000 € deiere Better vu Bästens läit?

D’Realitéit aushalen ass och net einfach, besonnesch, wann een no Unerkennung vun de Leit verlaangert, a se einfach net kritt.

Huet de Sascha Rink d’Minima Moralia: Reflexionen aus einem beschädigten Leben, dem Theodor W. Adorno säin düüstert Wierk, dat en tëscht 1944 a 47 am amerikaneschen Exil geschriwwen huet, nëmme ronderëm gedroe, fir aner Mënsche viru sengem Intellekt kuschen ze doen, oder huet hien et och wierklech am Detail gelies? An deem Wierk huet den Adorno eng schaarf Kritik un der Gesellschaft ge­äussert, un der Gier no Goss a Kapital, natierlech och um Faschismus an Totalitarismus. Et gëtt däitlech, dass den Individuum aus sou enge Systemer net méi onbeschiedegt erauskënnt. Wat d’Gesellschaft méi friem gëtt, wann alles just nach ëm Geld a Muecht geet, dann ass ee „richtegt“ Liewen net méi méiglech. Wien dann och nach vun doheem flüchte muss, a sech an enger Welt voller Manipulatioun erëmfënnt, wou ee sech konform weise muss, fir net ënnert d’Rieder ze geroden, dee brauch ganz vill Kraaft an Halt, fir sech net selwer ze verléieren
– wann dat net souguer onméiglech ass.

Huet de Sascha Rink dat gemierkt, dass hien eigentlech keng Chance huet, wann hien d’Spill net spillt? Ass säi Spill vläicht eppes wéi eng Kritik un der Farce an um Schäi vun der Gesellschaft? Vläicht erkennt hien duerch seng Simulatioun ganz genee un, dass hie sech an enger absurder Situatioun befënnt, aus där hien net ongebrach rauskomme kann, wann hien sech net explizit opleent. An dësem Fall wier d’Simuléieren eng Zort Rebellioun géint déi sub­stanzlos an eidel Realitéit, déi sech just nach duerch Schäin erhält. Ganz am Sënn vum Albert Camus kéint een also soen, dass de Sascha Rink dat Absurd u senger Situatioun ganz kloer erkannt huet, a bejot d’Absurditéit duerch säin absurd Verhalen: wéi de Sisyphos, deen all Dag op en Neits de schwéiere Steen de Bierg roprullt, fir en nees rofrullen ze gesinn. Hien akzeptéiert dat a mécht dat zu sengem Sënn. De Camus nennt hien den Held vum Absurden. Nëmme sou kann hien net ënnergoen, nëmme sou kann hie sech selwer all Dag nees oprappelen an net u Verzweiwlung zergoen.

De Camus schwätzt vun der Spannung tëscht Wonsch no Sënn an enger Welt, wou et kee Sënn gi kann, wou dat Vergänglecht sech am Alldag weist, an dem Drang vum Mënsch, iergendwéi un der Éiwegkeet deelzehuelen, ee Stréch duerch d’Rechnung mécht. Huet de Sascha Rink dat och erkannt, a spillt dowéinst sou gär eng Roll? De Camus weist dorop hin: Den Theaterschauspiller ass dee Kënschtler, deem seng Wierker am vergänglechste sinn. En zappt säi ganze Momentum an eng bestëmmte Roll, vun där um Enn vun der Opféierung näischt méi bleift, wéi vläicht e puer verblatzten Erënnerungen. An awer hëlt hien ëmmer nees de Schäin un a spillt sech an ee Liewe vun engem Personnage, wou hie selwer keen ass. D’Vollendung fënnt den Duersteller an der Welt vum Schäin – an dat Schicksal schéngt och de Sascha Rink heemzesichen.

Well wat d’Simulantendasein méi laang dauert, wat d’Flüchtegkeet vun der Roll net méi erkannt gëtt. D’Oflenkung vun der Vulnerabilitéit, vum Wonsch no Ukommen an no opriichteger Léift, no engem Verschmëlze mat sech selwer an engem authentesche Liewen, gëtt zur eigentlecher Realitéit. Am leschte Kapitel kritt de Sascha Rink dat, op wat hie laang higeschafft huet: ee fette Prêt bei enger Bank, fir säi Simulanten-Zenter opzebauen. De Banker gëtt zou, „d’Simulatiounspotenzial muss amélioréiert ginn“, an „de weltwäit acclaméierte Lëtzebuerger Simulatiounsmodell muss onbedéngt on top bleiwen“. Wie der Schein zum Sein wird, kéint ee ganz ofgekläert soen – wann et een dann net un de momentanen Zoustand vun eiser Gesellschaft géif erënneren.

Wou een net weess, wéini et eigentlech kloer gëtt, dass et am Gronn guer net ëm Goss geet, an et am Gronn och ni ëm Goss goe wäert.

Ech schreiwen dës Zeilen an engem Moment, wou een net weess, wéi vill Afloss déi substanzlos Parole vu pseudo-politesch motivéierten Strateegen, vu steeräiche Multi-Entrepreneuren oder vu very famous YouTubisten nach wäerten op d’Mënschen hunn. Wou eis Biller virun Ae gehal ginn, wéi mer solle sinn, wéini mer eppes geleescht hunn, a wéisou et sech lount, „besser“ sinn ze wëlle wéi déi aner, sech ze vergläichen – an „een“ ze sinn.

Wou een net weess, wéini et eigentlech kloer gëtt, dass et am Gronn guer net ëm Goss geet, an et am Gronn och ni ëm Goss goe wäert. Zwar gëtt dat ëmmer virgespillt a bréngt ee vläicht och nach an enger Welt voller Schäin(er) ganz wäit, mee virun allem wäit ewech vun deem, wat een eigentlech brauch: Tëschemënschlechkeet, Relatiounen an Ukommen. Alles, wat de Sascha wuel gebraucht hätt, fir sech net an engem erfonnten Alter-Ego ze verléieren, wär een, deen him vun Ufank u gesot hätt: Alles gutt, du muss net op eng Bün klammen, du bass gutt, genau esou wéi s du elo bass!

Dem Guy Rewenig säi Wierk Goss kéint sech also als gelongenen Exercice mat vill Witz verstoen, deen engem no an no dann awer ëmmer méi kloer virun Ae féiert, aus wéi enge(n) (Of)Grënn eigentlech d’Sucht no Muecht a Goss, getarnt mat staarkem Optrëtt a wéineg Substanz a Contenu, entsteet, a wéi däitlech sech déi Tendenze schonn an eiser Gesellschaft weisen – a vläicht och, wee weess, bei engem selwer?


Den 20. Mee 2025 ëm 18 Auer fënnt an der ErwuesseBildung (EwB) eng Liesung an een Diskussiounsowend zum Wierk mam Otör héchstperséinlech statt. De Guy Rewenig an d’Nora Schleich ënnerhale sech iwwer Simulanten, Goss an d’Gesellschaft a stelle sech d’Fro, wat de „Mateneen“ an enger Zäit wéi haut iwwerhaapt nach ausmécht.

Méi Infoen: www.ewb.lu an umellen via: info@ewb.lu.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code