Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

D’Schoul bleift an eisem Land en Dauerthema: nei Reforme ginn ugesot, anerer solle korrigéiert ginn, et kënnt een ëmmer nees zréck op déi erschreckend Zuel vun den échecs scolaires a vun de Schoulofgänger ouni Diplom, dann och déi relativ wéineg Schüler déi op d’Uni ginn, an esou weider.

Et gëtt vill geklot, mä d’Kloe si natierlech net ëmmer déiselwecht je nodeem vu wellechem Schoulpartner se kommen, ob aus dem Ministère, vun dem Léierpersonal, de Schüler oder den Elteren, fir nëmmen déi 4 wichtegst vun deene Konzernéierten ze nennen.

Heizuland komme vrun allem vun den Enseignante Kloen an Ukloen géintiwwer den Elteren. Si wiere vill schold un dem schoulesche Misär, dorunner z. B. datt d’Schüler wéineger fläisseg wiere wéi fréier, ondisziplinéiert, wéineger konzentréiert an interesséiert a.s.w. Wat ass richteg un dëse Virwërf?

Ech kann héi nëmme meng Meenung soen, déi vläicht selwer net ganz richteg ass an diskutéiert ka ginn. Ech baséiere mech dobäi drop, datt ech laang Zäit Enseignant war an zugläich och zu den Eltere vu Schüler gehéiert hunn, laang genuch, a béid Fäll, fir eng Evolutioun feststellen ze kënnen. Dat mécht natierlech aus mir keen Expert. Duerfir si meng Usiichte mat Virsiicht ze genéissen, mä och net ouni weideres vum Dësch ze wëschen.

Meng Äntwert op d’Fro: si vrun allem d’Elteren um Schoulmisär schold? ass natierlech: neen. Mä ech setzen direkt derbäi: si sinn awer op alle Fall mat schold.

An deene 36 Joer, wou ech Schoul gehalen hunn an en Deel dovun parent d’élève war, huet sech an der lëtzebuerger Gesellschaft vill geännert, wat ë. a. dat deeglecht Liewe vun de Schüler beträfft. Ech géing hei 3 Verännerunge nennen, déi mir entscheedend schéngen:

  • an der Aarbechtswelt: ëmmer méi oft ass et de Fall, datt béid Elterendeeler beruflech täteg sinn an datt se dës Tätegkeet dobäi iwwer mëtteg ausüben. Dat heescht datt d’Kanner mëttes net heem kommen, a wa se nomëttes aus der Schoul kommen, da sinn d’Elteren nach net do. Dat ass fir d’éischt mol eng reng objektiv Feststellung a kee Virwörf un d’Adress vun den Elteren. D’Fro ass just, wéi d’Elteren sech sou enger Situatioun stellen.

  • An der Fräizäit: d’Offer u Fräizäitbeschäftegung, doheem oder ausser Haus, ass immens gestiegen, a well den Duerchschnëttswuelstand och geklommen ass, stinn dës Beschäftegungen, Apparater, Medien, Reesen méi oder wéineger jiddfer Schüler zur Verfügung. Dat kënnt duerchaus positiv Auswierkungen hunn, am Sënn vun anere Léieraarten, Horizonterweiderung, Kontakter a.s.w. De facto awer schéngt mir, datt et éischter zu Demotivéierung, Konzentratiounsschwächt, Duerchenaner a schoulescher Faulheet bäidréit. Och hei erëm d’Fro: wéi ginn d’Eltere mat dësen Emstänn ëm?

  • D’Gesellschaft als Ganzt ass liberal a vrun allem pluralistesch ginn. Dat huet vill Vir-, mä awer och Nodeeler. Positiv ass déi méi grouss Fräiheet an déi grouss Zuel vu Liewensgestaltungsméiglechkeeten. De Problem ass, besonnesch fir d’Schüler, d’Tatsaach, datt dës Gesellschaft permissiv ass an deene jonke Leit kaum Halt an Orientéierung gëtt. Och do wieren eigentlech an éischter Linn d’Eltere gefuerdert.

Wéi ech selwer viru 50 Joer Schüler war, war dat alles anescht. Ech well dës Zäit absolut net idealiséieren, mä ech kann nëmme feststellen, datt déi 3 genannte Verännerungen deemols kaum ugefaangen haten. Sou war ëmmer op d’mannst een Elterendeel doheem present: d’Elterenhaus huet aktiv matgeléiert. D’Fräizäitgestaltung war vill méi léierfreedeg, well d’Offer manner grouss war:

Hubert Hausemer

D’Schüler
doen mir haut
eigentlech e
bësse leed: a
viller Hisiicht si
si eleng gelooss,
an éischter
Linn vun hiren
Elteren, an dann
awer och vum
gesellschaftlichen
Ëmfeld, a vun
der Schoul.

och d’Fräizäit huet matgeléiert. An d’Gesellschaft war méi eenheetlech, si huet materzunn an huet matgeléiert.

Ech géing dat eemol sou formuléieren: mir haten deemols vill Chancen; eng Aart onsichtbaren an onbemierkten Zwang huet sech zumindest wat d’Schoul an d’Erzéiung ubelaangt, positiv op eis ausgewierkt. Emgekéiert doen d’Schüler mir haut eigentlech e bësse leed: a viller Hisiicht si si eleng gelooss, an éischter Linn vun hiren Elteren, an dann awer och vum gesellschaftlechen Émfeld, a vun der Schoul.

Ech bedaueren d’Schüler vun haut. Mä dës Situatioun däerf net higeholl ginn, an all Schoulpartner hunn eng eege Verantwortung:

  • D’Elteren: si mussen aktiv no hire Kanner kucken, se erzéien, motivéieren a begleeden. An dat gëlt fir d’Lëtzebuerger wéi fir d’Auslänner.

  • D’Gesellschaft, an dat heescht vrun allem d’Politik: d’Schoul muss sou organiséiert ginn, datt déi virdru genannten Defiziter kënnen opgefaang ginn.

  • D’Léierpersonal: et muss sech der konkreter Liewenssituatioun vu senge Schüler bewosst ginn an hir Rechnung droen; och dat gehéiert zu sengem Opdrag.

  • Schliesslech d’Schüler selwer: déi genannte gesellschaftlech Verännerunge si keen Alibi fir sech kommen ze loossen a säi Schoulschicksal net selwer an d’Hand ze huelen. Si mussen hir eigentlech Interesse kloer gesinn a sech deementspriechend an der Schoul verhalen.

Fräie Mikro um radio 100,7 all möttwochs um 07.55 an 12.50
Fräie Mikro vum 14.6.2006

forum

Gutschein für die drei kommenden
Ausgaben

Name: …

Vorname: …

Adresse: …

PLZ: … Ort: …

Tel.: … e-mail: …

Bitte ausfüllen und einsenden an :

forum a.s.b.l

1, place Sainte-Cunégonde

L-1367 Luxembourg-Clausen

Konto CCP: IBAN LU83 1111 0611 5444 0000

Tél.: +352 42 44 88

Fax: +352 42 44 99

e-mail: forum@pt.lu

forum

für Politik, Gesellschaft und Kultur

gegründet 1976

Herausgeber: forum a.s.b.l.

Durchschnittliche Auflage: 1 900 Expl.

10 Ausgaben im Jahr

ISSN 1680 – 2322

Ständige Mitarbeiter

Jean-Paul Barthel, Lex Folscheid, Olivier John,

Michel Pauly, Jürgen Stoldt, Viviane Thill

Koordination Lynn Herr

Sekretariat Tanja Schnitzler

Autoren dieser Ausgabe

Stefan Bauer, Meryem Benbrahim, Christoph Butterwegge,

Dieter Ewringmann, Julia Georgi, André Grosbusch,

Gérard Kieffer, Raymond Klein, Hubert Hausemer,

Stephan Müllenborn, Michel Pauly, Luc Reuter,

Tom Schaul, Ingrid Spiller, Viviane Thill, David Wagner

Interviewpartner dieser Ausgabe

Jean-Marie Halsdorf, André Weidenhaupt

Originalillustrationen Olivier John

Foto Cover © Photothèque de la Ville de Luxembourg

Druck c.a. press, Luxembourg-Hamm

Namentlich gezeichnete Artikel geben nicht unbedingt
die Meinung der Redaktion wieder. Nachdruck und
elektronische Verbreitung von forum-Beiträgen nur mit
ausdrücklicher Genehmigung.

© 2006 by forum a.s.b.l.

Bezugspreise

Einzelheft…5 Euro

Jahresabonnement…42 Euro

Jahresabonnement im Umschlag…54 Euro

Studenten, Arbeitslose und

Geschenkabonnements…34 Euro

Jahresabonnement im Ausland…54 Euro

Überweisungen auf das

forum-Postschekkonto

IBAN LU 83111061154440000

mit dem Vermerk "Neuabo ab Nr…"

Wir danken der forum-Fördergemeinschaft
und dem Ministère de la Culture, de l’Enseignement
supérieur et de la Recherche für ihre finanzielle
Unterstützung.

1, place Ste Cunégonde

L-1367 Luxembourg

Tel.: 42 44 88 Fax: 42 44 99

E-mail: forum@pt.lu

Bürozeiten: Montag bis Freitag, 9-12 Uhr

www.forum-online.lu

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code