An de leschten Deeg gouf sech mat Recht vill driwwer opgereegt, wéi d’Lëtzebuerger Wort engem Pedophilen erméiglecht huet, sech als Affer duerzestellen, dat ze bedauere wär. Ech erënneren drun, dass d’Wort schonn ugangs Mee en deontologesche Feeler gemaach huet, andeems et enger rietspopulistescher Partei d’Dier grouss opgemaach huet.
Op Invitatioun vun der Zäitschrëft forum hunn den 20. Mee 2025 véier jonk Vertrieder vun demokratesche Parteie sech d’Fro gestallt, wat ee kënnt a misst fir d’Stabiliséierung vun eisen Demokratien ënnerhuelen. Déi véier Politiker Jessie Thill, Michael Agostini, Alex Donnersbach a Max Molitor hunn derfir plädéiert, dass déi Algorithmen, déi rietsextrem Beiträg héich spillen, misste gereegelt ginn.1 Am Ënnerscheed zur traditioneller Press ka jo op Facebook, Tiktok, X, Instagram asw. jiddereen egal wat erzielen, well do keng Moderatioun, keng Kontroll geschitt. Ob dat, wéi ugekënnegt, op europäeschem Niveau geléngt, ass nach ze gesinn.
D’Zäitschrëft forum hat virun de leschte Walen d’Press derzou opgeruff, der rietspopulistescher Partei ADR keng Plattform méi ze bidden, fir hir Ligen ze verbreeden. forum huet fir e sougenannte „cordon médiatique“ plädéiert2, wéi en z. B. a Wallounie fonctionéiert, wou bis elo keng rietsextrem Partei Erfolleg hat, am Géigesaz zu Flandern, wou et keng esou eng Brandmauer an der Press gëtt.
Ech sinn dofir entsat, dass och d’Lëtzebuerger Wort dem Fraktiounschef vun der ADR, fir dee Nazisymboler Kanneregkeete sinn, eng ganz Säit gratis zur Verfügung gestallt huet, fir seng Haassrieden, Frechheeten, Ënnerstellungen a Verdréinungen ze verbreeden.3 Fir just ee Beispill ze zitéieren: Den Här schreift: „Die Abneigung [géint Déi Gréng] schürt sich durch die ständigen Angriffe auf die Freiheit: Verbot von Verbrennerautos, Verbot von Gasheizungen, Verbot von Strohhalmen und Plastikbechern, Erhöhung der Benzin- und Dieselpreise“ asw. Dobäi sinn dat meescht Decisiounen, déi op europäeschem Niveau geholl goufen, wou bis elo nach ni e Gréngen eppes ze soen hat. Ganz offensichtlech hat d’Chefredactrice doropshi ferm Kritik missen astiechen, well e puer Deeg drop huet se op enger ganzer Säit erkläert, firwat si dee geféierleche Kabes publizéiert huet.4 Hir Argumenter sinn haarsträubend. Si fënnt, si wär am Kader vu Meenungspluralismus a Pressefräiheet dozou verflicht, och Texter ze publizéieren, déi manifest Onwourechte verbreeden. Si huet nach ëmmer net verstan, dass Artikele wéi dee vun der ADR iwwerhaapt keng Meenung ausdrécken, mä just falsch Aussoen iwwert anerer enthalen an de Lieser géint eng noutwenneg Klimapolitik opstëppele sollen. Hir Zeitung imitéiert also just déi pseudosozial Medien, déi jo och op all Faktencheck verzichten. 2023 hat se souguer behaapt, et kënnt een d’ADR net marginaliséieren, well si géif schliisslech gewielt.5 Domat mécht se genee dee selwechte Feeler, vun deem dem Hitler seng NSDAP profitéiert huet: 1932 war déi mat 230 Deputéierten zur stäerkster Partei am Reichstag gewielt ginn. War dat en Argument, fir den Hitler weider rieden ze loossen? Wou d’Nazie bis KZer gebaut hunn, war et ze spéit, fir hinnen entgéintzetrieden. Dofir: „Wehret den Anfängen!“
Bei dësem Bäitrag handelt et sech ëm eng erweidert Versioun vum Fräie Mikro, deen de 4. Juni 2025 um Radio 100,7 gesent gouf.
1 https://www.forum.lu/event/eng-diskussioun-iwwert-dzukunft-vun-eiser-demokratie/ (letzter Aufruf: 26. Juni 2025)
2 „Plädoyer für ein cordon sanitaire gegenüber der ADR“, in: forum, 433 (2023), S. 10-11.
3 Fred Keup, „Braucht Luxemburg eine Brandmauer gegen Grün?“, in: Luxemburger Wort, 3. Mee 2025.
4 Ines Kurschat, „Wo die Grenzen des Sagbaren liegen“, in: Luxemburger Wort, 7. Mee 2025.
5 Facebook-Profil vun Ines Kurschat, Post vum 18. August 2023.
Michel Pauly ist Historiker und Mitglied der forum-Redaktion.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!