Wouru fuerscht Dir?

Cosimo Suglia

Schonn de Batty Weber huet a sengem Feuilleton, den Abreißkalender, vum 25. November 1914 geschriwwen: „Daß keiner, der bei der Zeiten Wirrnis in der Weltliteratur nach festem Grund sucht, an Goethe vorbeigeht, liegt auf der Hand.“1 D’Zäit, déi hien hei mengt, ass den Éischte Weltkrich. De Goethe, deen 1827 dem Johann Peter Eckermann an engem Gespréich gesot huet, dass den Term „national Literatur“ näischt méi heescht an dass d’Epoch vun der Weltliteratur elo ufänkt, ass souzesoen de „Papp“ vun der Weltliteratur. Mee wat ass den Zesummenhang tëschent dem Batty Weber an dem Goethe? A wisou erwäänt de Weber d’Weltliteratur grad an deem Kontext?

De Schwéierpunkt vu menger Fuerschung läit dorops, de momentane System vun der Weltliteratur ze verstoen (falls dat méiglech ass) an ze analyséieren, wéi eng Plaz d’Lëtzebuerger Literatur an dësem System anhëlt. © Privat

Wann ee sech ukuckt, wéini béid Schrëftsteller op den Term zeréck­gräifen, fënnt ee faszinéierend Zesummenhäng. Den Éischte Weltkrich huet sech erauskristalliséiert duerch Konflikter, déi de Marx an den Engels als nationalen Tunnelbléck géifen definéieren. Esou wéi de Goethe de Papp vun der Weltliteratur ass, sou sinn de Marx an den Engels och Grënner dovunner. Si schreiwen am Manifesto of the Communist Party: „national one-sidedness and narrow-mindedness become more and more impossible, and from the numerous national and local literature, there arises a world-literature“. Si hate Recht: 66 Joer méi spéit huet sech dës Onméiglechkeet mam nationalisteschen Attentat op den éisträicheschen Äerzherzog Franz Ferdinand a senge katastrophale Folgen bestätegt. Wéi geet ee mat esou enger Situatioun dann ëm? Fir de Weber ass d’Äntwert d’Literatur: d’Schreiwen an d’Liesen als e Vehikel vum Iwwerliewen. Änlech fir de Goethe. Hie schwätzt iwwert Weltliteratur kuerz no der Franséischer Revolutioun an den Napoleonesche Kricher. Béid suggeréieren, dass d’Weltliteratur en Halt ka sinn; e Wee, fir national Grenzen ze iwwergoen a sech an anere Kulturen ze verléieren, aner Situatioune kennenzeléieren an d’Geschicht vun der Welt ze verstoen. D’Weltliteratur als internationalt Kommunikatiounsmëttel.

Dass déi Iddien sech awer net grad esou entwéckelt hunn, wéi de Goethe, Weber, Marx an Engels dat villäicht wollten, ass leider kloer. De Schwéierpunkt vu menger Fuerschung läit dorops, de momentane System vun der Weltliteratur ze verstoen (falls dat méiglech ass) an ze analyséieren, wéi eng Plaz d’Lëtzebuerger Literatur an dësem System anhëlt. Spezifesch konzentréieren ech mech op zäitgenëssesch Prosa (den Ufank maachen de Roger Manderscheid mat Schacko Klak vun 1988 an de Guy Rewenig mat Hannert dem Atlantik vun 1985, well béid Wierker als den Nouveau Roman vun der Lëtzebuerger Literatur ugesi ginn) an ech kucken, wéi de Raum an dësen duergestallt gëtt.

Säit dem Weber a Goethe huet sech natierlech och d’Theorie vun der Weltliteratur staark geännert. Esou huet de Franco Moretti a sengem provokante Wierk Conjectures of World Literature (2000) deklaréiert, dass d’Weltliteratur e Problem ass, deen ee léise muss, an dass d’Liesen dee Problem net léise kann. Dat heescht, hie suggeréiert e Wiessel an de Methoden: ewech vun der qualitativer Analys an eriwwer op eng quantitativ. Dëst Iddi huet hien Distant Reading genannt (wat an enger direkter Oppositioun zu der traditioneller Method vum Close Reading läit). A vu dass d’Korpusse méi grouss a puer Millioune Wierder musse verschafft ginn, gräift ee beim Distant Reading oft zu digitale Methoden.

Mäi Projet iwwerhëlt déi Approche, woubäi awer Problemer opkommen, déi spezifesch si fir kleng Literaturen, also d’Literature vun der (Semi-)Peripherie. Wärend dem Moretti seng provokant Approche an der Theorie versicht, Literaturen ze involvéieren, déi oft vergiess sinn, assuméiert hien, dass d’Ressourcë vu klenge Literature gläich si wéi déi vu grousse Literaturen, also d’Literature vum Zenter. Mee dat ass net de Fall. D’Prekonditioune sinn net erfëllt. Am Fall vu Lëtzebuerg zum Beispill läit et um Manktem vun Digitalisatioun, Zougang, Kanonentwécklung (déi mer quasi net hunn), Institutionaliséierung a Lieserschaft. Eréischt, wann déi Prozesser ofgeschloss sinn, kann en effektiven a representativen Distant Reading gemaach ginn. D’Lëtzebuerger Literatur am System vun der Weltliteratur ass, wat de Warwick Research Collective an hirer marxistescher Definitioun vun der Weltliteratur als kombinéiert an ongläich definéieren. Déi grouss a kleng Literaturen entwéckelen sech matenaner, mee den Afloss vum Kapitalismus a vun dësem literareschen Netzwierk a Marché ass an deene verschiddene Länner ongläich. An den Impakt vun dëser Ongläichheet beaflosst och d’Ästheetik an de Stil vun eiser Literatur. Wéi dat ausgesäit, zemools, wann et ëm de Raum geet, ass u mir ze entdecken.  


De Cosimo Suglia ass Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler. Hien huet säi Bachelor a Master op der Uni Lëtzebuerg gemaach. Momentan mécht hien och do e PhD an der Lëtzebuerger Literatur. Seng Schwéierpunkte sinn: Marxismus, spekulativ Fiktioun, Weltliteratur a kleng Literaturen. https://cosimosuglia.lu


1 Batty Weber, „25. November 1914“, in: Abreißkalender. https://battyweber.uni.lu

2 Karl Marx & Friedrich Engels, Manifesto of the Communist Party, 1848.
https://www.marxists.org/archive/marx/works/download/pdf/Manifesto.pdf

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code