Logement zu Lëtzebuerg – What else? – EWB

Dass d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg net déi beschten ass, ass keng erstaunlech Neiegkeet. Dass Wunnalternativen awer just schwéier Fouss ze faasse schéngen, ass dogéint awer scho befriemlech. An dësem Moment misst et nämlech grad sou sinn, dass aner Wunnformen ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir sou zu enger Entspanung um Wunnmarché ze féieren a fir Alternativen zur « normaler » Eenzelwunneng oder dem Eegenheem méi bekannt ze maachen.

Gemeinschaftlecht oder alternatiivt Wunnen huet nämlech eng sëllege Virdeeler an ass eng produktiv a proaktiv Äntwert op dës Zäit, wou Raum a Ressource knapps ginn. Op der Table Ronde « Logement zu Lëtzebuerg – what else? » wäerte mer dësen Ëmstand beliichten an diskutéieren.

Den Owend start mat engem Impuls vum Antoine Paccoud, Fuerscher am LISER (op Franséisch). Un der uschléissender Diskussiounsronn huelen ë.a. d‘Beienhaus asbl, de WG Projet an d‘Architektin a Fuerscherin Céline Zimmer deel (op Lëtzebuergesch). De Publique ass invitéiert, um Gespréich deelzehuelen.

Dës Table Ronde ass den Ofschloss vun enger Serie vun Info-Owender an der EwB, bei deenen sech mat alternativem a gemeinschaftlechem Wunne beschäftegt gouf. Kooperatiounspartner bei dësem Themeberäich ass d’Beienhaus asbl. D’Table Ronde gëtt aussderdeem an Zesummenaarbecht mam forum organiséiert.

Datum: 26.11.2025

Zeit: 18:00 bis 19:30 Uhr

Eintritt: gratis

Adresse: ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse

L-2132 Luxembourg

Information: info@ewb.lu

Eine Initiative der ErwuesseBildung in Zusammenarbeit mit :Beienhaus asbl & forum.lu

Sprache: LU

Forum abonnieren ab 36€/Jahr