Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee et gëtt eng grouss sproochlech Vilfalt. Am Minett schwätzt en anescht wéi am Éislek, op der Musel anescht wéi an der Stad. De Norden huet zwar mat Ofstand am mannsten Awunner, mee den Accent ka vun Duerf zu Duerf änneren. Et ass also schwéier eng ëmfaassend Tabell opzesetzen. Fir Iech awer Ënnerscheeder am Norde selwer ze weisen, hu mir e puer Wierder aus eenzele Regioune fir Iech opgepickt.