Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Och de GAG huet dem ‚forum‘ Nr. 7 vu virun der Vakanz d’Petitioun fir e Moratoire beim Bau vun engem Atomreakter zu Remerschen bäigeluegt. Bis elo hun iwer 12.000 Leit des Petitioun ennerschriwen an zréckgeschéckt. Dat geet anscheinend net duer, well nach emmer behaapt de Wirtschaftsminister, et wäre jo nennen eng Minoritéit vu réckschrettleche Letzebuerger, déi géint de Reakterbau géif protestéiren.

De ‚Comité National d’Action pour un Moratoire‘ as endlech am Gaang, duurch regional Initiativen d’Bevölkerung d’Bevölkerung iwert d’Noutwendegkeet vun engem Obschub fir de Bau vun engem Atomreakter opzeklären an se regional z’organiséiren. De GAG begréisst des organisatoresch Neierung, déi dem Vollek erlaabt, sech op den Dag, wou et zur Kraaftprouf mam Minister a séngé Frenn aus der Wirtschaft komme sollt, efficace viirzebereeden.

De GAG invitéiert all séng Lieser an hir Frenn, bei dese regionale Manifestatiounen matzeman an ower och e Samschdeg, 30. Oktober 1976 em 15.00 Auer op dee grousse Meeting géint en direkte Bau vun engem Atomreakter an de Studio vum neien Theater ze kommen.

Elo scho kann de GAG och de ‚forum‘-Lieser mattdeelen, dass e fir déi näxt Nummer vun Enn November e gréisseren Artikel iwert d’Atomenergie plangt, wou e besonnesch op déi wirtschaftlech a politesch Konsequenzen vun esou engem Energiechoix agoe wäert. GAG

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code