Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Jeunesse Rurale Clerf

De Sënn vum Ousterglawen

Wat as eigentlech de Sënn von dem Ousterglawen, von der Operstehung vo Christus?

Denke mer eis mol d’Operstehung weg – wat bleiwt dann nach? Christus wir een interessante Personnage, dee Wonner gewierkt hat an deen sech sou engagéiert a fir d’Menschen agesat hat, da schlussendlich on d’Kräiz geschlo gouf. Jhust d’Operstehung as dat höchst, d’Wesen von eisem Glawen. Mer gläwen an engt Weiderliewen, an eng Operstehung nom Dout.

Mer wëssen, datt mer no dësem Liewen nët virun enger entgülteger Katastroph, virun engem Nichts dostin, mä de Glawen an d’Weiderliewen, an d’Operstehung gët eis Kraaft zu ëmmer neier Hoffnung, ee moralischen Halt an een ausgeglachenen, ënnere Fridden.

Den Operstehungsgedanken soll sech nët an eppes Entferntes riichten, wat eréischt nom Dout antrëtt, mä Dag fir Dag gë mer mat der Präsenz von engem liewege Christus konfrontéiert.

De Paul Claudel hat mol eng Kéier an engem Bréif an den André Gide geschriwen: Eis Operstehung leit nët ganz an der Zukunft, mä si as an eis, si hat an eis agefaangen.

Wéi kann een dat elo konkret op eist Liewen iwerdroen. Mer resuméiren:

CHRISTUS AS LIEWEN, FREED A LÉIFT !

Dat Liewen soll fir eis nët eppes sön, wat ee geschenkt krött. Et versicht een sech eng Zäit erëmzeschloen an et waart ee bis engem dat Liewen erëm geholl gët.

Mä dat Liewen as eppes Liewiges, et wiisst mat eisem Glawen, et bleiwt nët stoen, et entwéckelt sech. Eist Liewen soll keng Aafkapselung sön, mä eppes, wat fir déi aner op as. Et soll een ëmmer berät sön, nei anzefänken, sou wéi d’Operstehung e neien Afank as, en Afank fir d’Eenhät, fir d’Gemeinschaft a fir d’Léift ënnert der Mënschhät.

Ganz oft an alldäglichen Erfahrungen verspire mer d’Präsenz von engem liewige Christus ënnert eis, dän eis séng Fräd a sen Fridde vermëttelt. Dës Fräd an dëse Fridden solle mer weidergin an déi, déi de Misär, d’Angst, d’Trauer, d’Ongerechtegkät an d’Läd verfolgen. Mer sollen eis opman fir déi aner, si an eiser Fräd deelholle lossen.

Christus as d’Léift. Hee gët Léift. Säin Asaz as grouss. Séng Léift fir d’Menschen bréngt hän op d’Kräiz.

  • D’Léift zu eise Matménsche soll éierlech sön a nët den eegene Profit sichen.
  • Si soll d’Fräiheet van de Matménsche respektéiren.
  • Si soll hëllefsbereet sön.

Sou Gedanke solle mer eis nët nëmmen d’Ouschtere man. D’Operstehung soll kän äusserleche Schäin sön, mä eis döglich innerlich Haltung.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code