„Selbstänneg sin as fir eis d’Haaptsaach.“

Gespräch mit Jos. Ewers und Romain Zens

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

"forum" sprach in "La Cerisaie" in Dalheim mit Jos. Ewers und Romain Zens von "Autogestion" über die Probleme der Behinderten. Es ist nicht unwichtig zu wissen, dass beide Rollstuhlfahrer sind.

f: Wat si fir Iech di schlëmste Problemer als Handikapéiert?

J.E. Ons Problemer si virun allem psychesch a sozial Problemer. Wann ech mat engem anere, gesonde Kolleg an e Geschäft gin fir mer eppes ze kafen, gët ëmmer deen anere gefrot wat ech gär hätt, wi wann ech och nët schwetzen an denke kënnt. Oder huelt deen Artikel am "Auto-touring" (Nr.2/1981):"Vorfahrt für Handikapierte!" ((vgl. Kasten S.5 ) Dat as jo Blödsinn fir de behënnerten Autofuerer wëllen d’Prioritéit ze gin am Verkëier. Dat as jo guer nët dran. Da misst jo jidfereen e Schëld um Auto hun; wéi gesin déi soss, dass ech handikapéiert sin?

Ech fannen dat eng richteg Schwëngerei, dat as jo ons als Idioten dohinnergestallt, so wéi wa mir nët uerdentlech mam Auto fuere kënnten. Ech ëmpfannen ët op alle Fall esou. Déi Leit déi do dra sin mengen et jo wierklech gudd, awer déi iwerleën nët, dass dat eng Diskriminierung fir ons as. Well fir dass mer de Führerschein krëien, musse mer jo komplett mam Auto ëmgoen kënnen. Si si bei ons wahrscheinlech suguer méi streng wéi bei engem aneren, well ët jo ëm ons an ëm deen anere Verkäiersteilneh-

mer geet. Dat as wirklech eppes wat ech nët gudd fannen. Dat schreiwen se nët aus Garschtegkeet, si mengen et gudd. Awer fir eleng schon driwer ze schwetzen, fannen ech eng Diskriminierung.

f: Wat ech an deem Artikel positiv fonnt hun, dat as déi Sach, dass de Syndicat d’initiative en Hotels-guide erausgin huet, wou dra verzeechent as, wou een als Handikapéierte kann ënnerkommen.

R.Z. Dat as awer ganz vague. An dat stëmmt nët ëmmer. Dann as e Rollstull hannendru gemolt, mee e geet awer nët eran.

J.E. Ech kennen en Hotel ganz gudd. Si hu gesot: wanns du kënns, dann huele mir dech erop. Dat mengen se. Wann sie engem hëllefe wëlle fir datt een erakënnt, da mengen si schon hirt Hotel wär op fir Rollstill. Mee du kënns nët mam Rollstull eran.

R.Z. Dat as iwerhaapt nach eng Sach. D’Leit menge wa mir hëllefen, da geet ët jo. Mä t’as nët dorëm wou ët sech dréint. En aneren wëllt jo och nët dauernd froen, hei kanns de mer do erophëllefen. Hie geet do erop a färdeg. Sou wëllen mir och doragoen an selbstänneg sin. Selbstänneg sin as fir eis den Haaptpunkt.

J.E. Dat as och esou mam Akafen. Ech gin nët an d’Stad akafen. Ech fueren ëmmer entweder an de Mammouth oder an d’Belle Etoile. Du fiers bis virun

d’Diir, du klënnns eraus, du gees eran an eraus, du
kannn deng Saache kafe goen ouni Hellef. Do fillt
een sech wirklech als normale Mënsch. Awer wanns de
muss an d’Stad fueren, dann hues de keng Parkplaatz.
An di Parkplaatzen déi an der aler oder neier Avenue
sin, wou ee lënksäiteg parken muss: Do musse mir zur
Säit vum Verkëier erausklammen mat dem Rollstull. Dat
as jo Lievensgefierlech fir ons an och fir déi aner.
A wanns de dann ënner Lievensgefor aus dem Auto ge-
klomme bass, da steess de nach virum Trottoir, da
kënns de nët do erop. Dat sin sou Saachen … Déi
Leit déi mengen ët gudd, déi Parkplaatzen si jo och
ganz gudd, mee si si ganz oft falsch ugeluegt…

f: …well dat Décisionne sin, déi geholl gin, ouni
da dir selwer gefrot gitt fir matzemaachen.

J.E. Mir gi nët gefrot. Da mengen s’ët gudd, an da
gin op Plaatzen Rampe gebaut, wou een iwerhaapt nët
eropkënnt, wou een d’Koplabunz schleit. Et gi Rampen
do kommen ech bis an Halschent, an da geet de Roll-
stull fir an d’Luucht.

f: Fir um Stéchwuert Hëllefe weiderzefueren: Et ge-
säit een all aacht Deeg an der Zeitung, dass neess
iergend e Veräin Sue spendéiert huet: wéi stellt dir
iech dozou? An dass der oft mat op eng Photo kommt,
wou ee gesäit, dass der Suen entgëinthuelt?

J.E. Jo, u sech as d’Sach jo nët schlecht, well mer
wierklech Geld brauchen. Et as jo esou, wa mer déi
Verbëserunge wëlle man, dat kascht immens vill Geld,
wa mer wëlle Propaganda machen, Prospekter drécken
asw., daat kascht jo terribel vill Geld. Wa mer bes-
ser lafe kënnte, gengen mer eng Bank iwerfalez. Awer
mam Rollstull kënnt ee bis bei en Trottoir oder eng
Trap an da geet ët nët méi virun.

R.Z. Wann déi, déi d’Sue bréien, könne noweisen, wat
se domat machen, dann as dat natierlech eng gudd
Saach. Dass dat natierlech dann ëmmer muss durch
d’Zeitungen transportéiert gin a mat Fotoen veröffent-
lecht gët, dat fannen ech nët gudd. Dat misst méi
diskret gemat gin.

f: An ärem Fuerderungskatalog schwetzt der och vun de
Veräiner oder Heimer déi fir Handikapéiert gegrënnt
si gin, datt déi oft immens vill Suen fir Verwaltungs-
käschen gebrauchen an da bleiwt nët méi vill iweg.
An anersäits och di Leit di d’Verwaltung machen,

dat kënnt dir jo grad esou gudd selwer machen; Dat
gëng iech éischtens eng Aarbechtsplaatz verschafen
an et géif Geld gespuert gin.

R.Z. Dat maache mir jo lo hei an der Cerisaie esou.
Dee Komitee deen lo nei gewielt gin as besteet prak-
tesch nëmmen aus Behënnerten, mat Ausnahm vun zwee
Leit. Si organiséieren elo dat Gänzt. Mä dat as sou-
wäit ech weess dat eenzegt Beispill am Land.

J.E. An dann as onst Haus hei (la Cerisaie) dat een-
zegt Heem, dat wierklech vun eleng liewt, ët as nët
subventionéiert. Mir bréie keng Subsidien, näischt.
Mir hu nämlech keng Conventioun mam Minister. Duer-
fir däerf iwegens keng Assistante sociale een leichi
placéieren. Mir Liewe wierklech nëmme vun de Leit
dobaussen. An déi Leit, déi hei wanne, bezuete jo
18 000 F de Mount, dat as jo och vill a geet emol
nët duer fir d’Käschen ze decken, schon eleng u Per-
sonal. D’ADIPH as wierklech op Spenden ugewisen. Mir
machen zwar nie Reklam extra fir ze soen: lo spend
emol eppes, mir brauche Geld. Mä all Scheck as wël-
komm. De Romain seet zwar, ët soll nët an aller Öf-
fentechkeet geschëien. Mä do si Leit, déi Suen
iwerreechen, déi machen ët nët ouni Journalist. Ech
kann do näischt drop entwerten, ët as jo dat eenzegt
dat se dervun hun. Jidderen wellt jo mol an d’Zei-
tung kommen.

R.Z. Et as eng Tatsach, datt mat deene Scheckiwerree-
chungen d’Verständnis vum Problem ënnerdrëcht gëtt.
Mat deene Schecke könne Leit hir Sue gin, an dann
as jo alles an der Rei. Sou op déi Manéier. Dofir
gët den Handikapéierten awer nët méi seriö geholl.
Op eng Manéier schiedegt ët, och wann ët op der ane-
rer Säit gudd deet, wann een déi Sue kritt.

f: An der Mentalitéit jiddefalls ännert sech guer
näischt, an ‚t as do wou fir iech den Haaptproblem
läit.

R.Z. Dofir hu mir jo vun der "Autogestion" hir eng
Kulturwoch zu Diddeleng gehat, et war eng Fotosaus-
stellung do asw. Ons Konte sin och genau agedeelt:
Mir hun e Kont fir dee kulturelle Programm, mir hun
e Kont fir ons Zeitung asw. Jidder Kont huet e be-
stëmmten Zweck.

J.E. Wéi ech z.B. eng Köer een erwëscht hun, dee mir
Suen op de Schouss geluegt hat, dun hun ech en erëm-

2

um froue Familjenereegnes, der Gebuert

vun Érem léiwe Marc

gratuléiert eis Gesellschaft vu ganzem Hérzen

a wënscht deem klengen Érdebirger

Gléck a Gesondheet op séngem Liewenswee

Denkt wann ech gelift och un déi
Kanner, deenen ét vun Natur aus
nét esou gudd geet, an déi op eis
Hëllef ugewise sin

Merci am viraus!

D’Gesellschaft »Hëllef fir déi behënnert
Kanner aus dem Lëtzebuerger Land« A E H
Déiferdang, Postkëscht 41, Postscheck 666-84

Ee graffen Heeschebréif –

hun dem Marc séng Eltere fonnt;

Behënnerter hun sech nach méi
krass ausgedréckt.

geruff a gesot: "Ech well dat do nèt". Dee wossd dat
dam fir déi next Kéier. Ech war héiflech mat ëm, si
nèt frech gin. Dat si Saachen déi oft geschéien. Wann
ech elo ons Zeitunge "Vivre 81" verkafen, da komme
Leit a gin engem lo F, oder ob der Éimeischen do
koum eng Fra mat Mënz am Grapp a sot: "Wou steet är
Këscht?" Ech sot: "Mir hu keng Këscht, mir verkafen
hei eng Zeitung!" -"Asou!" huet d’Fra gesot, an dun
huet se d’Geld an d’Täsch gestach an si as erëm gaan-
gen, ouni Zeitung.

f: Heiansdo huet ee jo och d’Gefill, wi wa mam Mat-
leed vun de Leit géif gespillt gin. Duerfir gët och
wuel méi fir handikapéiert Kanner wi fir Erwuessener
gemach. Watfer Méiglechkeeten gëtt ët fir Erwues-
sener ausser der "Cerisaie" iwerhaapt fir ënnerze-
kommen?

J.E. Ausser der Cerisaie keng! ausser fir geeschteg
Behënnert: fir déi gët méi gemach. Do as ët och méi
Eiicht Matleed erwechen. An d’Gebeier brauche nèt
adaptéiert ze gin.

f: Wou kommen dann erwuesse physesch Handikapéiert
hin, wann se nèt an d’Cerisaie kënne, well et hei
voll as (21 Leit)?

J.E. Déi kommen an en Altersheem. 24 Joer laang war
ech op der Rumm. Et war soss keng Méiglechkeet do.
Ech sin mat 21 Joer dohikomm. (…) Diddeléng as eng
Schoul mat engem Internat fir 12-15 Leit. Drai Leit
aus der Cerisaie gin och dohin, mee ee wëllt lo nèt
méi, well e seet: et huet jo dach keen Zweck, wat
maachen ech do, ech léieren eppes, wou ech dach keng
Plaatz dofir kréien, ech kréie jo souwisou nie en
Diplom, ech bleiwe souwisou nëmmen Hilfsarbechter,
firwat soll ech mech nach duer ploe goen? Da kritt
en alt neess schéi geschwat bis datt en alt nees geet.
Oder en anert Beispill: De Jemp gouf do ausgebillt
als Comptable. Hien as as ganz kapabel, mä e schwätzt
vill ze lues, wéi en Tounband dat vill ze lues leeft.
Wa mir e Wuert soen, gëtt hien e Bustaf vun sech. Da
verstin d’Leit e nèt. ‚T as eng Fiduciaire bereet
fir hien am Stage unzehuelen, mä nèt fir en anzestel-
len. Lo as dann Diddeléng souwäit, dat se wëlles hun,
selwer sou eng Firma opzerichten an nèt derno ze
kuchen, op ët sech rentéiert oder nèt. Wat se jore-
lang do geléiert hun, kënnen se da wéinstens uwenden.
Si machen hir eege Comptabilitéit do, a versichen
och nach vu baussen Opträg ze kréien. Et as vu vir-

eran kloer, datt se musse mat Defizit schaffen.

f: zum Thema Aarbecht hu mer nach en Artikel kritt
vum Carlo Schmitz (vgl. S. 8 ) …

J.E. Ech kennen och e Jong, deen as bestued. Deen
huet och opgehale mat Schaffen. En huet virdrun
28 000 F verdéngt, nom Akzident hätt e nach lo 000 F
verdéngt. Dofir geet ee nèt schaffen. Da si nach
d’Steieren sou héich, well se zu zwee schaffen, an
en huet d’Invaliderent verluer, wann e schaffe geet.
Do misste wirklech aner Regelen opgesat gin, aner
Gesetzer, mä dat dauert esou laang,… mindestens
5 Joer!

f: Dat hänkt ganz dervun of, wéi staark de Wëllem
as vun der Regierung, fir d’Gesetz z’änneren. D’Fro
stellt sech, ob iwerhaapt bei der Regierung de Wël-
lem do as fir vill ze man. Sie wosste säit 5 Joer,
dass dëst Joer d’Joer vum Handikapéierten kënnt. Am
Budget as kee Su méi virgesin wéi soss.

J.E. Dofir hu mir ons an "Autogestion" zesummege-
schloss fir e bëssche méi haart ze gin. Eise Fuer-
derungskatalog as elo schon vu ganz ville Vereene-
gungen, och vum Nationalkomitee, iwerholt gin. D’EWG

Fortsetzung S. 6

huet jo och elo Resolutioune getraff, wann een se
liest, mengt ee, sie hätten onse Katalog offgeschri-
wen.

f: Wat sin dann är wichtegst Fuerderungen un de Stat?
Ausser der Fro vun de Renten, hate mer riets vun de
finanzielle Laaschten déi dat fir d’Eltern mat sech
bréngt, wann si zoufälleg en handikapéiert Kand hun.

J.E. Ech kenne ee Fall, déi en handikapéiert Kand
hun, déi kréien radikal alles bezuelt. Anerer kréien
iwerhapt näischt bezuelt. Wann ee keng Leit huet,
déi engem hëllefen, as et schwéier eppes ze kréien.
Dat hängt dervun of ob den Handicap unerkannt gët
oder nët.

R.Z. Ech mengen wann de Staat sech nëmmen un d’Richt-
linien vun der Charta vun der UNO géif halen, wär
scho vill geschitt. (vgl. Kasten S.5 ) Déi Charta
"Rechte der Behinderte" as jo geschriwe gin, fir an
deene Länner, wou dat nët esou agehale gëtt, datt déi
sech deem bewosst gin. An Däitschland hun se eng

immens Viraarbecht geleescht. Hei iwerhaapt näischt.
‚T sin zwar eng Rei Saachen do, eng Rei Gesetzer,
mä si gi nët praktizéiert, well keen se kennt. Di
Informatioun di mir an onser Zeitung gin, dat wär
um Stat fir déi ze man. An Däitschland gin ët Sozial-
ratgeber an all Bundesland, di do Bescheed gin.

f: Déi eenzeg Plaatz déi fir Behënnert do as, as jo
um Arbeitsamt …

R.Z. An do as eng Dréidir, sou datt ee mat engem
Rollstull nët hikënnt, wann ee misst dohigoen.

f: En anert konkret Beispill as dat vum Transport.
Do hu der jo awer eng Rei vu Kaarten fir den Trans-
port méi bëlleg ze kréien beim Zuch oder Autobus.

J.E. Mir kréien déiselwecht Reduktioun wéi déi eeler
Leit, 75%, nët ganz gratis. Awer souwisou, een an en-
gem Rollstull kann seng Kart souwisou nët gebrauchen.
Du kënns nët an en Zuch eran, néierens! An där Bei-
spiller géifen ët nach vill …

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code