Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

D’Tragik vun der MS (multipler Skleros)
ausgedréckt an engem

Lidd op d’Weis vun:

"Mäi Papp deen huet eng Seemaschin".

(d’Roll vu Papp a Mamm sin auswiesselbar)

d’Kand
(oder d’Kanner)

  1. Mäi Papp (Mamm) dee seet et geet
    haut nët,
    t’geet haut nët, t’geet haut nët
    Mäi Papp dee seet et geet haut
    nët et geet haut nët.
  2. Ech hätt sou gär et géng haut gon
    … asw.
  3. Mir kënnte mat him Zodi schloen,
    … asw.

D’Kanner schloen eleng Zodi

de Papp
4) Da sid dach roueg, t’geet haut
nët …
5) Gesit dir nët ech kann nët gon …
6) Ech ka jo haut guer näischt ver-
dron …
d’Mamm
7) Lo sit dach stëll, dir musst ver-
ston …
8) Muer wäert et sécher besser gon ..
9) Da kënne mir spazéiere gon …

deen aneren Dag:

de Papp
10) Ech hat gemengt et géif haut gon
11) Mä leider muss ech nees geston ..
12) Ech ka jo haut nees guer nët gon

d’Kanner
(reprise vu vir) Mäi Papp dee seet et geet haut
nët …

Léif Leit! Sangt dëst Lidd esou oft ewéi méiglech
hannereneen, am beschten all Dag muerges beim Kaffi,
bis et iech zu den Ouren an zum Hals eraushängt, da
wësst der ongeféier wéi frou mir matt deem Gaascht
sin, deen sech an der Persoun vun der Multipler Skle-
rose an eist Haus erageschlach huet an nët méi wëllt
sénger Wee goen. Hie räisst ee Briet no dem aneren
aus dem Buedem, wou mir eist Haus wollten drop op-

bauen. Hie geheit eis Moosstief iwert e Koup an hëllt
nach jhust seng eegen Moosstief, déi haut esou a
muer erëm anescht sin. Kee Wonner wa bei deenen Zou-
stänn onsem Frënd Humor den Humor vergeet; hie wëllt
senger Wee goen an ons an d’Plaz nach héichstens säi
Koseng aus Afrika schécken. (De schwaarzen Humor)

Monique Zeches-Kimmel

Et as fir ze laachen

Mä et stëmmt

An all Dag op en neits

Mä mir waarden!

Jos

SANGER

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code