Kabarett im Schafsstall
Mars Klein, vaterland - mein stück aus deinem testament
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Vor kurzem erschien im Verlag Guy Binsfeld ein weiteres literarisches Werk eines Luxemburger Autors:
Mars Klein, vaterland – mein stück aus deinem testament
mit Fotos von Claude Freising, gestaltet von Claude Fontaine (96 Seiten, 395 F). Das Buch enthält Texte aus Mars Kleins Kabarettprogramm der letzten vier Jahre, rund 70$ seiner Produktion. Gattungsgemäss reichen die Texte vom Limerick bis zur Ballade, von der Konferenzrede bis zur literarischen Parodie (S.64, 24 z.B.) stilistisch gibt es seriöse und ironische Texte, die Sprachverdringung meistert Mars Klein wie jeder gute Kabarettautor, aber der pure Nonsens ist bei ihm abwesend. Als Ein-Mann-Kabarett konzipiert fehlen auch Dialoge, die Stücke sind bislang auch nicht vertont, obschon einige "Song"-verdächtig sind. "forum" unterhielt sich mit dem Autor.
forum: Du hues e Buch erausgin mat Cabaretstexter. Am Buch si nèt all Stècker di s Du schonns opgefouert hues. Has de Critèren, no deenen s De dèi erausgewielt hues, dèi s De an d’Buch opgeholl hues?
M.K.: D’Buch u sech as gewèssermoossen e Rèckblèck op dèi 4 Joer, dèi gespillt sin. Ech hun ewechgelooss wat zevill tagapolitesch as, beispillsweis eng grouss Szen mat Zitaten a Collagen aus der Chamber iwer d’Oofdreiwungsgesetz, sou Saachen sin ewechbliwen. Mer hun dèi lètzebuergesch Texter all ewechgelooss, an hu nèmmen dàitsch Texter geholl. An dann hu mer och keen "double emploi" gemaach: wann een Thema ähnlech an 2 Programmer behandelt war, hu mer nèmmen een Text geholl, beispillsweis hu mer nèmmen een Einleitungstext geholl. Ech hat och z.B. dem Goethe sài Faustmonolog "Da steh ich nun, ich armer Tor" ëmgeschriwen, mee mir hate schon eppes ähnleches, duerfir sin esou Saachen ewechbliwen.
forum: Firwat hues de dèi Lètzebuerger Texter all ewechgelooss?
M.K.: Well mer eng sproochlech Eenheetlechkeet wollten, a well ech am Fong geholl eréischt an deene làschte Programmer lètzebuerger Texter hat, am làschte Programm haapteschlech. Demnächst, wann ech fir Lètzebuerg nees e Programm man, wàert ech wahrscheinlech hallef an hallef spillen. Ech hun am Ufank ëmmer d’Lètzebuergesch si gelooss fir nèt an dem Pir Kremer oder Paul Pütz seng Maschen eranzefalen.
forum: As dèi Wiel vun der dàitscher Sprooch duerch Dèi Studium bedéngt oder mengs de, d’dàitsch Sprooch wàr besonnesch gèegent als Ausdrocksmèiglechkeet?
M.K.: Ech beschàftege mech mam Cabaret sou vun 15-16 Joer un, wou ech schon alles gekuckt hun, och wann ech nèt alles verstan hun, an u sech, as dèi Form, dèi ech spillen, eigentelech den dàitsche politische Cabaret. All Land huet e bèssche seng Form, an esou eppes wèi, d’"Lach- und Schiessgesellschaft" kennen ech nèt am Frankräich. Et gèt vlàicht esou Saachen, mee ech kennen se nèt. Also engersàits spillen ech an der Traditioun vum dàitsche Kabarett, an anerersàits hun ech och durch mài Studium dèi bescht Mèiglechkeete fir an dàr Sproch ze schaffen. Doriwer
eraus gèt et interessant Saachen, wou heiansdo och nach e puer fransèisch Wuertspiller erarutschen. Sou Saachen fènt een z.B. am fransèische Cabaret komescherweis bei eenzelne Kanadier. Dèi hun dann och e ganz anere Genre, deen zum Deel onsem Genre mèi no kènt well se och nèt de fransèischen Originaltoun hun, mee well se och esou eng Brèck schloen.
forum: D’Buch as also nèt op Dàitsch geschriwen, well et elo erauskènt wou den Editeur Guy Binsfeld wèllt op d’Frankfurter Buchmesse dermatt goen?
M.K.: Ech spille scho 4 Joer Cabaret, d’Buch as geplangt gin am làschten Dezember.
forum: Och vum Inhalt hir mierkt een, dass d’Texter vu Lètzebuerg hir sin, et sin eng ganz Rei Allusiounen …
M.K.: Eng ganz Rei Texter sin typesch lètzebuergesch, an eng Rei Texter si mèi allgemeng. Quitte, datt ech och an Dàitschland Erfahrung gemaach hu mat eenzel Texter, dèi zwar op Lètzebuerger Personnage gemènt waren, hannert deenen dat dàitscht Publikum awer hirer Personnage gesin huet. Ech hun z.B. den "Zeitungstext" an Dàitschland virgelies, do hun si ganz einfach hier provinziell Zeitungsleit hannedru gesin. Ech war mat Texter zu Karlsruhe, zu Wien, zu Heidelberg, zu Schwetzingen, an’t as mer nie gesot gin, dat wàr typesch lètzebuergesch. Si hun dèi Provènzatmosphàr, dèi klengbiergerlech Atmosphàr, an all dèi Mentalitéiten, dèi am Buch gewise gin – quitte dass eenzel Pointen ënnert den Dèsch gefall sin – sie hun se prinzipiell op sech selwer bezun.
forum: Dat as och – wann ech d’Buch richteg matkritt hun an och dài Cabaret – den Haaptinhalt vun dèngem Cabaret: dee provizielle Schoofsstall, wèi s du dat nenns, auszemèschten.
M.K.: Jo, dat as een Dèngen, de Provinzialismus, an dèi klengbiergerlech Approchen zum Liewen iwerhaapt, an dann all Forme vu Repressioun. Dofir as och z.B., an dat misst Dech interessèiert hun als Lènkskatholik, esou e virulenten Text géint d’Kierch dran. Cabaret schèisst jo ëmmer e bèssche mèi schaarf, wèi et misst sin. Wann een en Essay géif schreiwen, da géif ee jo wahrscheinlech mèi pondèrèiert schreiwen. Mà de Cabaret as keng pondèrèiert Form, Cabaret as eng Attackform. All Forme vu Repressioun attackèiren ech, d’Polizei beispillsweis, wann dat eng iwerdriwe Buchstawereiderei gèt am Plaz eng menschlech Approche. Also ‚t geet ëm de Provinzialismus, d’Klengbiergermentalitéit an all Forme vu Repressioun, an am Kulturellen all Forme vun Dommheet, ënner anerem d’Dommheet an den Zeitungen. Och bei den Dichterliesungen geet et ëm lauter Portraien vu Leit hei zu Lètzebuerg, och wa keng Nimm derbàistin.
forum: Dèng Texter erstin och zum Deel, wann ech richteg informèiert sin, dodurch dass de am Bistro de Leit nolauschters an hir Sàtz wiertlech matschreifs.
M.K.: Eenzel Szenen sin esou entstanen, awer natiirlech nèmmen eenzel Szenen, mà et sin och, am "Dichtertext" z.B. oder am "Vernissagetext", Originalzitater vun deene betreffenden Auteuren dran. Ech hoffen, dat se et gemierkt hun, wèi se den Text gelies hun.
forum: Eben well ee wees, datt eng ganz Partie Zita-
ter aus dem Liewen dra sin, wonnert et een ëmsou
méi, dass De déi Wuertspiller oft sou fein erauskriss.
Eppes wat ech an déngen Texter bewonneren as jhust
déi Manéier, wéi s De mat de Wieder spills.
M.K.: Dat as en Deel vum Cabaret. D’Pointe as en Deel
vum Cabaret. D’Texter gin immens arem ouni dat. Soss
gét et e soziologeschen Text oder en Essay, soss gét
et e politescht Pamphlet. D’Sprooch, de geschlaffene
Saz muss bleiwen, soss hues de kee Cabaret méi.
forum: Mee du gebrauchs am Fong déi zwou klassesch
Gattungen, d’Prosa an d’Lyrik. Et as jo awer nët on-
bedéngt Usus bei engem Auteur, datt e béides be-
herrscht.
M.K.: Ech schreiwe jo am Fong geholl keng Lyrik, ech
schreiwen eng politisch Gebrauchslyrik, beispillsweis
as déi jo an der Form vill méi – ech gebrauchen elo
bewosst dat Wuert – banal, si gët sech mat einfache
Rythmen zefridden, dogéint wanns du lo Lyrik schreiws
schreiws de vläicht mat fräien oder och mat méi kom-
plizéierte Rythmen.
forum: Dat as zum Deel wahrscheinlech dodurch bedéngt
well s Du se opféiers, well dat bei der Opféierung
vill besser erauskönnt wi bei der Lektür.
Du haas gesot du géngs ophalen mam Cabaret. Wann
ech d’Press richteg a vollständeg gelies hun, as am
Fong kee Journalist deen der bis elo d’Fro gestallt
huet, firwat s De wëlls ophalen?
M.K.: Majo, do gëtt et verschidde Grënn: Eischtens
sin ech der Meenung, dass een sech muss regeneréie-
ren an dass ee keng Masch soll weiderféieren, nëmme
well se op eemol gutt leeft. Ech brauch déi Zäit fir
nei Idéen ze sammelen an fir och nei Formen ze si-
chen, d.h. ech halen nët prinzpiell mam Cabaret op.
Ob ech nees spillen oder nët, dat weess ech elo nët,
mee während zwee Joer spillen ech secher nët, dat as
decidéiert. Ech hätt jo och mol eng Kéier Spaass ge-
hat, fir an enger Grupp ze spillen, mat 2-3 Leit mol
eppes ze maachen; anerersäits maachen ech och elo
rëm aner Saachen; ech wëll mech nët zevill op déi
reng satiresch Form beschränken; ech hoffen datt
d’nächst Joer méng Reesliteratur op de Maart kënnt,
an ech schreiwen elo fir de Radio iwert d’Kultur- a
Sozialgeschicht vum 19. Jorhonnert.
forum: Du hues gesot du géngs vläicht och nees eng
Kéier ufänke mat spillen, wat hues de fir dës Saison
wëlles?
M.K.: Am Cabaret gin ech jhust op Liestournée mam
Buch.
forum: Op Liestournée, dat as hei zu Lëtzebuerg nët
onbedéngt üblech.
M.K.: Ech probéieren e bësschen a kleng Stied an
Dierfer eranzekommen; Veianen, Gréiwemaacher an esou;
ech siche mer en Organisateur, e Syndicat d’initi-
ative, oder e Veräin, e Club des Jeunes oder iirgend
eng Parteisektioun, an ech hun e speziellt Werbepla-
kat fir d’Buch, dat ee kann aushänken, mat engem
Collage vu Photoen aus dem Buch. ‚T as engersäits eng
Promotiounstour fir d’Buch an anerersäits kulturell
Einstimmungschoral
Ich darf ländlich-sittlich – landesadäquat – über Schafe reden. Die Schafe sind nämlich
meine Allergie. Die Schafe sind meine Allegorie, mein ich.
Die Wissenschaft zerteilt das luxemburgische Hausschaf in folgende Familien: erstens
das Lamm. In diesem Land finden wir meist das belämmerte Lamm. Auch das
religiöse Sondermodell ist überproportional vertreten, das Osterlamm. Zweitens das
intellektuell kartrierte Schaf. Der klassische Hammel. Den erkennen wir an der
verängstigten Grundhaltung, dem typischen Hammelbammel. Rarer ist die Art des
Bockes, der sich immerhin durch Bocken wehrt. Echten Seltenheitswert hat der
Widder. Der es über den Widerspruch hinaus bis zum oft notwendigen Widerstand
bringt.
Die Nutzung von Schafen ist vielseitig. Wir lassen uns leicht auseinanderdividieren,
denn wir geraten uns vor Neid gegenseitig in die Wolle, bekommen gewöhnlich
unser Fett ab, lassen uns das Fell über die Ohren ziehen, werden öfters geschoren,
ohne uns um viel zu scheren, reden Käse – und stellen im Kriegsfall das Schlachtfleisch.
Vom Wolf im Schafspelz, der auf die krumme Tour sein Schäfchen aufs Trockene
bringt, über das schwarze Schaf, das sich wahrscheinlich in ein illegitimes Schäfer-
stündchen verstrickt hat, bis hin zum politisch tätigen Leithammel, der auf ein Staats-
begräbnis hoffen darf – die Schafshierarchie ist allgegenwärtig. Gemeinsam
ist der provinzielle Stallgeruch.
Der Schlachtruf von uns Schafen, in den wir immer dann ausbrechen, wenn es längst
zu spät ist, ist bekannt: Ungeschoren zu bleiben ist der stete Wunsch aller Schafe.
(Jesses, was für ein doppelsinniges Wort: Schlachtruf!)
Es wird Zeit, daß ein Kabarett das Ausmisten besorgt.
Regionaliséirung fir mol u nei Leit erunzekommen.
forum: Mengs de, déng Aart Texter wären zougänglech fir all Publikum?
M.K.: Fir all Publikum nèt. Ech mengen, Cabaret wann et eben iwer de Revuesniveau erausgeet, as nèt absolut zougänglech fir jiddereen. Dat wellt nèt heeschen, datt nèt aus alle Schichte Leit am Publikum waren, déi waren aus der Aarbechterklass, déi ware vum Land, déi waren al a jonk. Wie kënnt an de Cabaret? Dat sin emol déi Leit, déi prinzipiell Freed hun un der Kritik, déi prinzipiell méi oder manner bewosst Dialektiker sin an iirgend enger Form, déi Spaass hun um Zweifelen, un der Attack an der Satir. Dofir gin och sou ongär typesch Rietsleit an de Cabaret, well déi sech manner gär matt Attacken ausernanersetzen géif ech soen. Du hues meeschtens e Publikum, dat aus liberalen oder méi lénke Schichte kënnt, am Cabaret en général, nèt nëmmen a mëngem Cabaret. Et gët jo am Fong och kaum rietse Cabaret, iwerraschenderweis. Et muss een sech och emol d’Fro stellen, firwaat dat esou as. Eng Viraussetzung as, dass ee Freed un der Kritik an un der Attack huet. Doniewent muss e gewisse Bildungsniveau do sin. Wann zevill Publikum do as, dat eng Majoritéit vu Pointe nèt
versteet, da gët et e schlechte Cabaretsowend; ech hat där Owenter e puer, 2,3, wou et och um Publikum, nèt u mir eleng geleën huet. Op der anerer Säit war ech awer och ëmmer der Meenung, datt nèt jiddereen all Pointe ze verstoe brauch. Dat as guer nèt néideg. Et geet duer, wann s De d’Tendenz verstees, de roude Fuedem behälls, och wann eng Pointe buede geet. Dofir as et och interessant, d’Texter elo a gedréckter Form ze hun. Duerno hu schon e puer Leit gesot, datt se vill Pointen erëmfönt hun, déi se nèt héieren haten. Wann der nach fënnef laachen, huet een déi next Pointe scho nèt méi matkritt. Also, all Publikum as secher nèt zougänglech, mee mir hu leider keng soziologesch exakt Daten iwert dee Phänomen. Et as och erstaunlech bei mëngem Cabaret, datt mer am Fong geholl relativ vill eelere Publikum dertëschent hun. Doru mierkt een dann op emol, dass Leit vun 50-55 Joer frou sin, dass en Tipp verschiddenes seet, wat si heiansdo denken a nèt haart äusseren.
forum: A grad am Duerfmilieu, därt dat der vläicht e Publikum verschafen, deen s De nèt hei an der Stad erreechs. Well do jo wahrscheinlech grad déi Bauernschläue – déi jo awer do as – der erlaabt och déi Leit awer trotzdem zum Laachen ze brëngen.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!