„National Identitéit kann ee nët lassléise vu Klasseninteressen“
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Aloyse BISDORFF
"National Identitéit kann ee nët lassléise vu Klasseninteressen"
Den Här Aloyse BISDORFF as Deputéierte vun der Kommunistescher Partei vu Lëtzebuerg.
forum: Bei der Diskussioun an der Chamber iwwer d’Lag vun der Natioun as vun der Säit vun der Regierung sougutt wéi vun der CSV, e puermol de Begrëff "Lëtzebuerger Aart" gefall, "déi onbedéingt misst erhale gin". Déi Lëtzebuerger Aart as awer keng Kéier definéiert gin. Hut Dir eng Iddi, wéi een se kéint definéieren?
Aloyse Bisdorff: Ech mengen, datt deen Ausdrock wuel fir d’éischt gefall as am Zesummenhank vun der nationaler Solidaridéit, déi
verschidde Leit wëllen an de Vierdergrond setzen, fir am Kader vun der Krisis elo hir Auswierkunge méi op d’Bevölkerung kënnen ofzewälzen, an der Bevölkerung dat éischter schmackhaft ze maachen; a wann ech méch gudd erënneren as dat do och gesot gin an engem Zesummenkank, deen un de Krich erënnert huet. Et gouf gesot, dass och do a schwirigen Zäiten duerch d’national Bewosstsin oder duerch d’Zesummeston vun der lëtzebuerger Bevölkerung d’Schwirigkeeten ofgewandt gi sin. Ech mengen, ‚t as also eng Saach, déi am Zesummenhank mat der wirtschaftlecher Entwécklung muss gesi gin, an déi haaptsächlech an déi Richtong geet, fir de Leit, a
besonnesch der schaffender Bevölkerung, déi souge- nannt national Solidaritéit schmackhaft ze maachen, déi doranner besteet, datt si mussen Opfer brengen fir dass verschidde Leit an hire wirtschaftslichen Aktivitéite kënne weiderfueren. Dat as menger Mee- nong no den déiweren Inhalt; dat geet och dorau- ser ervir, dass eben déi Leit, déi deen Ausdrock gebraucht hun, selwer keng kloer Definitioun dovun- ner gin hun.
forum: Heescht dat, dass et jhust ëm e Slogan geet, deen eventuell guer nët se definieren as? Gët et tatsächlech eng national Identitéit? Oder as dat e politësche Begrëff, deen nëmmen aus Propa- gandazwecker forméiert gin as?
A.Bisdorff: Neen, et gin effektiv Natiounen an do- doduerch gin et jo och national Identi- téiten, déi bedéngt sin durch historesch Entwëck- longen, durch Charakteristiken, déi sech aus dem Laf vun der Zäit ergin. Awer als Marxisten musse mer oppassen, a kloer soen, dass national Identi- téit oder Nationalismus nët ka gesi gin lassgeléist vu Klasseninteressen. Wat vill méi déif as wéi na- tional Identitéit oder national Eigenschaften, dat sin déi Differenzen, déi et innerhalb vun esou Gruppe gin, an déi op Masseninteresse berouen. Op een déi nämmlecht Faarw vu Pass huet heescht nach laang nët, dass een déi nämmlecht Interessen huet; ech fille mech vill méi verbonne mam südafrikanes- chen Aarbechter, dee vun der ganzer Kultur hir a- ner Viraussetzunge matbrängt wéi ech selwer, wéi mat dem lëtzebuerger Grousskapitalist. Marxisten schwätzen dovir vum sougenannten proletareschen Internationalismus.
forum: Ech mengt, et héint een ouni z‘ iwwerdreiwe soen, datt een e gewässene "renouveau" vu nationalen oder patriotëschen, wa nët souguer na- tionalistesche Gefiller ka feststellen. Dat gesäit een z.B. un enger méi grousser Bedeelegung un Na- tionaldaagsfeierlechkeeten oder u folkloristischen Duerffester oder Radiosemissionen. Kann een dat esou erklären, dass schon een Deel vun der Bevöl- kerung op dee Slogan eragefallt as vun der natio- naler Identitéit, déi mir nees mussen eremfannen, a vun der nationaler Solidaritéit, oder gët et duervir och nach eng aner Erklärung?
A.Bisdorff: Et as eng allgemeng Feststellung, dass an der Entwécklung vun der Krisis d’Na- tionalismen méi erem an de Vierdergrond gestallt gin; dat gesi mer och um ökonomische Plang. Nach ni waren d’Schwiregkeete vun der ökonomischer Inte- gratioun an och d’Ausenaerstriewen vun nationalen Interessen innerhalb vun der EG esou grouss ewéi elo. Dat as eng objektiv Saach, déi kann ee nët aus der Welt schafen. D’Interesselage sin eben ënnerschidlech. Wa mer vun engen Fëschereikrich schwätzen, wann Dänemark oder wa Grönland hir egen Interessen nët wëllen oggin am Kader vun deene gréisseren supranationalen Organismen dann as dat eng Saach, déi ze verstoen as. Mer sin souguer der Meenung, dass een do déi national Interessen muss an de Vierdergrond setzen, aus deem einfache Grond well eng international Zesummenaarbecht och nëmme ka Funktionéieren wann deem engen an deem anere säng Interessen oprecht erhale gin, wann also ge- schafft gët am géigesäitegen Interessi. Eng zweet Saach as déi heiten, déi nët um ökonomes- sche Plang läit: et gi verschidde Wärter um Plang vum Folklore, um Plang vun den historeschen Tat- saachen, déi riskéiere verluer ze goen, wann een se nët opsicht oder nët opbewaart. An deem Sënn as esou eng Bewegong nët negativ. Et as scho gutt, dass Leit sech drëm këmmen, dass de lëtzebuerger Folklore, dass déi lëtzebuerger Gebräicher nët ver- luer gin a weidergedroe gin. Dat as e bestëmmte kulturelle Besëtztum, deen een nët soll sou ouni weideres oggin.
forum: Besteet trotzdem nët eng Gefor, dass dat grad an Zäite vu Krisis vu politescher Säit ka mëssbraucht gin zu nationalisteschen Zwecker, besonnesch wann een eis demografesch Situationu bedenk: 1/4 vun der Bevölkerung si jo Nët-Lëtze- buerger?
A.Bisdorff: Mir si jo eng kleng Natiou; mer kën- nen nët an deem Sënn nationalistesch ausgenotzt gin, datt mer eisen Nationalismus engem aneren déiten opdrängen. Dee Nationalismus, deen a sänger weiderer Entwécklung jo zum Chauvinismus gët, deen doranner besteet dass ee säng eegen Na- tioun, säng eegen Eigenschaften oder Virzich méi héich aschätzt wéi déi vun den aneren an doduerch déi ideologesch Basis schaaft fir kënnen anerer ze ënnerdrëcken; déi Gefor, déi besteet jo kaum an ei- sem Land, an deem Sënn, dass mir kënnten elo no baussen nationalistesch optrieden. Op där anerer Säit huet d’Tatsaach datt mer zënter dem Ufank vun dësem Jorhonnert e groussen Undeel un Auslänner hun, och Problemer mat sech bruecht, mä si bedeit och e bestëmmte Räichtum, nët nëmmen doduerch, datt déi auslännesch Matbierger produktiv matschaffen, mä och doduerch, datt se eege Gebräi- cher, national Gepflogenheeten mat erabrängen. Et as schon eng Beräicherung, wannne nëmme kuckt, wéi eis Iessgewunnechten, eis Kichen sech geännert hun duerch den Afloss souwuel vu Frankräich, mä virun allem och vun der italéinescher Bevölkerung, déi schon iwwer Jorzinge bei eis as. Duerfir gesin ech nët eng direkt Oppositiou an der Oprechterha- lung vun eisen Eigenschaften vis-à-vis vun deenen vun den auslännesch Matbierger, mä eng Integra- tioun oder eng Additiou an eng géigesäiteg Beräi- cherong si ganz gutt mëlglech.
forum: Als Ideal géing ech dat duerchaus ënner- schreiwen, mä sin d’Tatsachen esou?… Et huet een öfters Geléënheet iwwer sou Saachen ze diskutéieren. Dann huet een heiansdo Angscht, well et dach staark antiauslännesch Tendenzen gët, déi déi Situationu guer nët als Beräicherung ugesin, mä éischter als Verfremung.
A.Bisdorff: Deem muss een entgéint wierken, dat as ouni Zweifel richteg; Friemenhaass as an eisem Land nët denkbar, weder ökonomesch nach a soss engem Sënn. Et as selbstverständlech esou, dass Schwiregkeeten optrieden, wann den Un- deel vun der auslännescher Bevölkerung iwwer ee bestëmmten Ausmooss uwiesst. An déi Schwiregkeete gin da méi grouss wann ökonomesch Problemer derbei kommen.
forum: Dir hut virdrun d’Immigratioun éischter als
eng Beräicherung vun eiser Kultur dohinner-
gestallt; den Afloss vun der auslännescher Tele-
visioun z.B., vun der auslännescher Press am allge-
mengen, gesitt Dir deen och als Beräicherung oder
éischter als Gefor fir eis national Identitéit?
A.Bisdorff: Den Afloss vun der Televisioun, a be-
sonnesch vun der westdäitscher Televi-
sioun gesin ech am politesche Sënn nèt als eng Be-
räicherung, am Géigendeel, souguer als eng bestëmm-
te Gefor, wann een d’Inhalter kuckt, déi do gewise
gin. Dat as net nëmmen fir d’Televisioun de Fall,
mä dat bezitt sech och op d’Schrëfttum. Wann ee
gesäit, wéi grouss d’Verbreedung vun enger BILD-
Zeitung hei an eisem Land as, dann as dat a kengem
Fall eng Beräicherung, mä am Géigendeel, dat as
schon éischter eng Veraarmung um geeschtesche
Plang. Et wier souguer eventuell noutwendeg, dass
eis eegen Institutiounen um Gebitt souwuel vun der
Televisioun wéi och vum Radio nach méi Sendungen
géngen erméiglechen, déi sech op eis Bevölkerung
géingen bezéien an eiser Sproch géife gemaach gin.
forum: Dir hut virdru gesot, als KP géingt Dir
verstoen, dass déi national Interessen, an
dat jo dann och um Niveau vun der Press z.B., kloer
géife verteidegt gin; anerersäits hut Dir och be-
tount, dass d’Klassesolidaritéit fir Iech méi wich-
teg as ewéi déi national Identitéit. Kënnt een
dat nèt als e gewisse Widersproch verstoen?
A.Bisdorff: Dat kënnt een als e gewisse Wider-
sproch verstoen, wann een et nèt ge-
säit am Kader vun de Bestriewungen, déi bestin um
wirtschaftlechen a politesche Plang supranational
Strukturen dohinner ze setzen déi eisen eegenen
Interessen entgéintgeriicht sin. Et geet nèt, dass
am Parlament Gesetzter op d’Dagesuerdnung kommen,
déi soss näischt sin wéi d’Afschrëft vun enger EG-
Direktiv ouni Bezuch op eis eege Situatioun. Et
besteet e Widersproch vläicht an deem Sënn, dass
mer op der enger Säit national Interesse verdeede-
gen, wat eiser Meenung no och vollstänneg gerecht-
fertegt as, wann et am allgemengen Interesse vun
eiser Bevölkerung as, an op där anerer Säit awer
un der Ausenanersetzung deelhuelen déi sech mécht
um internationale Plang, an déi doduerch besteet
dass zwee sozio-ökonomesch Systemer op der Welt
existéieren, déi a Konkurrenz leien. An an där
Ausenanersetzung, sti mér natirlech op der Säit
vun där Klass, déi dat neit System opbaut an ent-
wéckelt, an dat as ganz kloer dat sozialistescht,
an do hannendrun als Klassestruktur steet d’Aar-
bechterklass. An duerfir as de Begrëff vum prole-
tareschen Internationalismus fir eis eben d’Soli-
daritéit mat deene Bevölkerungsschichten an deene
verschiddene Länner, déi fir déi Entwécklung
kämpfen, egal op dat elo politesch as oder op et
heiansdo muss mat der Waff geschéien, wou dat lei-
der noutwendeg as, z.B. a Südafrika oder a Mëttel-
amerika.
forum: Ech hun d’Impressioun wéi wann an der prak-
tescher Politik vun der KP- mol nèt nëmmen
zu Lëtzebuerg, mä ech denken do virun allem och u
Frankräich- déi national Interesse vill méi staark
betount gin ewéi de proletareschen Internationa-
lismus. Ech denken z.B. u Plakater, op deenen na-
tional Faarwen z.B. ëmmer nees matgebraucht gin ..
A.Bisdorff: Et kann een esou guer soen, dass ver-
schidden allgemeng Gesetzmässgekeeten,
wéi Entwécklungsstufen, fir de Sozialismus opze-
bauen, heiansdo nèt genuch berücksichtegt gin vis-
à-vis vun eenzelnen lokalen oder nationalen Beson-
nerheeten, déi vläicht als iwwerspëtzt durgestallt
gin. Dat stëmmt, mir sin nèt der Meenung, dass et
e franséische Sozialismus oder een italéineschen
oder souguer een euro-kommunistesche géing gin,
grad esou wéineg wéi et een Austro-Marxismus gët.
Dee Feeler mécht déi lëtzebuerger kommunistesch
Partei nèt; mä mir kënnen natirlech nèt deenen
aneren diktéieren, wat fir eng Haltung si sollen
anhuelen.
forum: Ech soen Iech merci, Här Bisdorff.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!