Liewen op Lëtzebuergesch!

Iwwert dem Roger Manderscheid säi neit Buch

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Iwwert dem Roger Manderscheid säi neit Buch

An den Editions Binsfeld as am Dezember wuel dat erstaunlechst Buch erauskomm, dat zënter laangem hei zu Lëtzebuerg erauskoum: dem Roger Manderscheid sëng Sammlung vu Gedichter a Prosastëcker "mam velo bei d’gëlle fra".

Eleng schons d’Buch als Objet as eng Geschicht fir sech. Op der Vignette vum Emschlag gréisst e Cyclist mat rouder Kap, roudem Tricot a schwaarzer Box, dee nët wëineg huet vum bekannte Champion, deen de Kutter gemoolt huet. An dach drëckt dem Manderscheid säi Cyclist eppes aneschtes aus. Hie steet nët ewëi de Champion vum Kutter an engem donkel ëmhaangene Molerstudio an enger liicht süffisanter, gläichgülteger an zouëner Pose e puer

iwwermëisseg winzeg Magréidercher widdert sech ze halen. Neen! Dëse Cyclist hei steet virun engem Hannergronn vu wäisse Wollëcken, bloem Himmel a grëngen an donkle Faarwflecke mat engem grousse Bouquet Magréidercher eis zouzewënken. D’Lut as op, de Kierper geet aus sech eraus, keng Schwëierkraaft schëngt dem Manderscheid säi Mann mam Velo mëi ze bannen.

Esou befreiend ewëi d’Vignette as och d’Buch. Et brëcht mat der Flucht an d’Biller a mat der Flucht an d’Politik, déi der esou vill an hiren Texter bei eis untrieden, well se sech nët trauen, ouni dëck Wierder zu sech selwer ze stoen. De Roger Manderscheid gebraucht seng Wierder nët fir eis ze

beniwwelen oder ze bekéieren, mä fir a sënge Gedichter iwwert sech an an de Geschichten iwwert déi Figuren ze schwätzen, déi sëng Ängscht an Hoffnungen droen. Wéi wäit a wéi staark hien zu sech selwer steet, dorop weisen direkt zwou Eegenheete vum Buch hin: De Roger Manderscheid schreiwt op Lëtzebuergesch an hie veröffentlicht sëng Texter an der eegener Handschrëft. Op eng duebel Aart a Weis réiert hien un de Kär vun deem, wat Literatur as: aus dem Fong vun der Mammesprooch fräihiewen a mam Kierper nidderschreiwen, wat u Wierder, Biller, Spréch an Handlungen esou staark a wichteg as dat ët eng Form kréie muss, déi ët fir de Lieser grad esou staark a wichteg mécht ewéi fir de Schrëftsteller.

CHRÉSCHDAG

De Roger Manderscheid geet a sëngem neie Buch aner Weeër wéi déi vun der Depressioun oder der Verbasenheet vu ville Lëtzebuerger Literaten, ouni awer sëng Wonnen ze verstoppen. Esou as dat éischt Gedicht nach e Gedicht vu grousser Trauer fir eng Fra, di hie gär hat an di doud as, am Gedicht an an der Wiirklechkeet. Dat, wat do steet, as Literatur an Erfarong zugläich, gesot an där Sprooch, an där hie mat där Fra geschwat huet. Nach ni huet e Lëtzebuerger Schrëftsteller sëng Lieser esou u sech erugelooss.

"lo sëtzen ech do an d’äschen ze kucke bis se näs liichten"

seet am "gedicht" den trauernde Schrëftsteller. Duerno liichten d’Aeche nees mat enger Serie vu Liebesgedichter, wéi ech se bis elo nach ni an eiser Sprooch gelies oder gehéiert hun a fir déi am Moment och d’Nopeschliteraturen di lëtzebuergesch beneide kënnen. "am gras", "sonndes mueres", "am park", "du gees mer", "de boxmätsch", "steegaart", a besonnesch "wéi op kuelen" schwätze vu Verlaangen an Zäartlechkeet, awer och vun Erfällung. D’Wieder vum Roger Manderscheid beweisen, dat sech

trotz dem Feelen vun engem Verb fir aimer, lieben oder to love auszedrécken, d’Lëift sech op Lëtzebuergesch soe léisst, ouni an de Kitsch ze falen oder mat der Hesperkutsch ze reesen. Fir den Décor daachen de Park oder eng Wiss grad esou gudd ewéi e Lannebam, eng Paraïser Mansarde oder eng stürmesch Héicht. An d’Virlëft vun de Lëtzebuerger vir gudd Iessen a lëschteg Spréch kritt an dem Manderscheid sënge Gedichter eng iwwerraschend witzeg erotesch Dimension:

"zweetens bas de keng plaum
drëttens kënnt ech dech jo och
an de grapp huelen
wanns d’e gebakene fësch wiers"

heescht et an "du gees mer". Wéi räich eis Sprooch as, fir d’Ertaaschte vun engem Kierper ze begleeden, dat seet "wéi op kuelen":

"ech kënnt dech tëlteren, triwwelen, druddele, rëselen, drécken an heemelen
stuckelen, tesselen, dréien a këieren,
këssen a knutschen …

an esou weider, well ët gin nach drësseg Wendungen a Verbe méi gebueden. Wem dëst awer nach ze heemesch oder provinziell virkënnt, dee soll d’Neruda Iwwersetzung "schéint meedchen" liesen. ‚t misst him da klor gin: Lëtzebuergesch as eng Sprooch mat ville verstoppte Méiglechkeeten, di mam Roger Manderscheid an och mam Guy Rewenig hir nei Entdecker fonnt huet.

Dat vill méiglech as, soen och d’Ausschnëtter aus dem "Leonce und Lena" vum Büchner, déi an d’Geschicht "em Karolin seng expeeditiounen" agebaut gi sin. Si kléngen an der Geschicht esou vertraut an onerwaart zegläich, dat se nët fir näischt der Fantaisie vun engem Meedchen de Wee an d’kreativ Fräiheet an an d’Dreem opschléissen, déi och schons deem säi Papp hat, ee hien aus Lëtzebuerg verschwonnen as, well hien ët nët méi hei ausgehalen huet. D’Meedchen awer huet d’Sprooch fonnt, déi ët fräi mécht, ouni dat ët d’Land verloosse muss. Datselwecht gëlt fir de Roger Manderscheid, well mat der Aledung zu dëser Geschicht leet hien e Stéck Prosa vir, dat fir eng romanesk Erzielweis op Lëtzebuergesch grad esou grondleeënd as, wéi dem Büchner säi Stéck fir de modernen Theater:

"d’karolin heut mat senger mamm zesummen an engem alen häus gewunnt, uewen ënnrem daach, op enger mansar mat dräi zëmmeren, dat aalt häus war en immenst laangt an héicht gebai, dat an U-form ronderëm e bannenhaff luch. fir derbäi ze kommen huet ee bäussen op der stross fir t’éischt missen eng schwéier nélze paart opdrécken, laanscht e coiffeursalon goen, äus deem een d’schéiere vun de léierbouwen héieren huet sausen an ziselen, iwwerdeems wolléke vu parfüm dorueter geflu sin, an hannen am eck, op déer aner säit vum haff, un enger verstoptener dir an eisene rank ophiewen a fale loossen, dat gouf e plompe knuppert, deen d’mamm bis uewenäus héieren huet."

Di véier aner Geschichten aus dem Buch handelen
all vun Aarbechter esou ëm véierzeg Joër, déi
nach voller Tatendrang sin, awer duerch hir Aar-
becht oder där hire Verloscht un de Rand vun der
Gesellschaft gedréckt gin an duerchdréien.
Si fänken un, ewéi geckeg ze knipsen an alles mam
Tonband opzehuelen, sou wéi wann hinnen eppes ent-
goe kéint. Oder awer si klammen op d’Beem fir nach
emol d’Liewe vu fréier ze fillen, oder si gin an
en Tunnel fir do dem Doud a Form vun engem eru-
rosenden Zuch ze begéinen an duerno ewéi neigebu-
eren aus dem Tunnel erauszetrëppelen. Oder si fue-
re mam Velo an d’Land an an d’Erënnerung. D’Zäit
wëllen se unhalen, hirt Recht op dat Gléck, dat
se verpasst hun, nach eng läschte Kéier behaapten,
soen, dat se nach do sin an nët dat Näischt sin,
dat se schéngen.

Mam Velo kommen an zwou Geschichten d’Haaptfigu-
ren der Fräiheet méi no. Si si nach di gléck-
lechst. Si genéissen op hire Faarten d’Landschaft
an hire Kierper, deen sech vu villem lassléisst.
Deen een danzt geschwënn um Seel, deen aneren
dreemt dovun, bei d’gëlle Fra op den Obelisk ze
klammen, well se him esou gudd gefällt. Dobäi hu
se all därmoosse Pech mat de Fraen, déi se nët
verstin, déi se verloossen oder op Ettelbréck
stiechen. A wa bei dem engen an enger agefuerener
Bezéiung nach emol eppes ewéi Léift opflackert,
esou gët deen anere vun engem Frënd, bezeechnen-
derweis engem Italiener, virun der gëlle Fra ge-
warnt: "pass op, (…) déi damm as a wiirkléch-
keet bal 3 meter héich." D’Fra, dat Onerreech-
baart, fir de Lëtzebuerger a fir den Italiener.
Nët nëmmen d’Beatrice vum Dante léisst gréissen.

Esou erfëllt oder awer fräi trotz sénge Wonnen de
Schrëftsteller an de Gedichter as, esou verhënnert
geprigelt, verlooss a gemidde si séng Figuren an
de Geschichten, trotz dem Liewen an der Kraaft,
déi an hinne stiechen a mat deene se näischt ufän-
ke kënnen. Mat der Aarbecht klappt ët nët, mat de
Frae klappt ët nët, a wann se esou liewe wëlle wéi
ët hinne passt, gi se Fräiwëld fir Viruurteler,
di hinnen dat och verbidden. D’Männer hun ët zu
Lëtzebuerg schwéier mat hirer Identitéit.

Mat dësem sou wouere Buch schéngt de Roger Mander-
scheid allerdéngs Weeër fir sech fonnt ze hunn,
op deenen hien deen depressiven an donkel ëmhaan-
gene Champion vum Kutter hannert sech léisst. Hie
brauch séng Kraaft an déi vu sénge Wierder nët
fir eng literaresch oder aner Pose, mä fir d’Lie-
wen a lieweg Literatur.

Victor WEITZEL

D’Illustratiounen zu dësem Beitrag sin aus dem Roger Manderscheid sengem Buch a vun him selwer gemoolt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code