Interviews vom Wahlabend

Interview mit Renée Wagner (GAP) und Jupp Weber

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

forum: Du wars Spätzekandidatin bei den Grängen an Du bass nät erakomm. Bass t’enttäuscht?

RENEE WAGENER: Dat as ganz falsch. Mir hate kloer gesot, mir géife keng Spätzekandidaten erausschécken a mir géife mat engem Programm kandidéieren. An der Stat hate mer et esou gemacht, dass mer ons Frae virgesat hun, well mer et ganz wichteg fannen, dass eng Fra erakënnt. Dat hu mer jo och erreecht.

forum: Et steet elo fest, dass d’GAP an alle Gemenge wu s’eng Lëscht hat, een erakritt huet. Dat as jo ouni Zweiwel en Erfolleg. Dir hutt och iwwerall méi Prozenter wi bei de Chamberwalen. Domatt schéngt di gréng Partei zu Lëtzebuerg définitiv établéiert ze sin.

RENEE WAGENER: Dat kann ee sécher soen. Di gréng Idee hat ouni Zweiwel vill Succès bei dëse Walen. ‚T muss een allerdéngs derbei soen, dass d’Wieler grad wi d’Press keen Ennerscheed gemaacht hun tëscht denen zwou gréngs Lëschten. Et kann een also soen, dass méi e Wonsch oder eng Idee gestëmmt gin as wi eng Réalitéit. D’Leit hu nät weider gekuckt, wat soen dës oder déi prezis zu deem an deem Punkt, oder wat hun se bis elo geschafft.

forum: Du bass nät zefridde mam Resultat vun der GAP an der Stat?

RENEE WAGENER: Nee. Ech mengen, dass di 4 Joer Aarbecht, di mir geleescht hun, nät onbedéngt honoréiert gi sin par rapport zu deem wéinegen, wat d’Ekologesch Initiativ um Gemengenivo gemaach huet an deene ville Stëmmen di se dofier kritt huet. Do menge mir, dass mir hinnen zum Deel Stëmmen zougeschafft hun. Dofier mengen ech och, dass d’Leit sech nät onbedéngt gudd informéiert hun, ir se wiele gaang sin. Ech stelle mer einfach Froe, wéi d’Leit wielen. Ech fannen et am Fong en Desaster, dass mir manner Stëmmen hu wi si. Dat stellt jo och ons Aarbecht a Fro. Du kënns Der jo e bëssche blöd fir am Walkampf, wanns de um Terrain schaffs. Du hues jo besser, dech su gudd wi méiglech mat iergendwelleche Journalisten ze halen, an op Réceptiounen ronderëmzedanzen, wi eng Aarbecht um Terrain ze man. Dat fannen ech schlëmm. Wat ech awer positiv fanne bei dene Walen, dat as dass relativ vill Leit bei eis komm sin, och zréckkomm sin. Do si mir ganz frou driwer. Och dass mer nei Kontakter kritt hun, z. B. mat der Emweltbewegung an esou. Dat leeft vill besser wi virdrun an do as d’Situatioun well méi kloer wi fréier.

forum: Wéi gesi Der d’Zesummenaarbecht tëscht denen zwee Grängen am Gemengerot an der Stat? Konsultéier der iech oder hu der wëlles weider laanschteneen ze schaffen?

RENEE WAGENER: Dozou kann ech nach nät vill soe, well mer nach nät driwer diskutéiert hun. Ech giff mengen, ‚t geet ähnlech wi an der Chamber: bei Motioune gët een deem anere séng Ennerschreift, mä dobei wäert et wuel bleiwen.

forum: "forum" krut vun där aner grénger Lëscht en Hiweis, dass si interesséiert sin un enger mi enker Zesummenaarbecht, haaptsächlech och fir ze weisen, dass eng gréng Oppositioun am gaang as Gestalt unzehuelen, an zwar op nationalem Plang. Gëss De där Idee eng Chance?

RENEE WAGENER: Ech géif där Idee eng Chance gin, well ech och nät onbedéngt en Ennerscheed tëscht eis an dene Leit gesin, di bei der ekologescher Initiativ zu Jonglënster oder och an der Stat kandidéiert hun, mä et gët nun och emol de Problem Jupp Weber. Ech gesin immens schwireg, wéi do eng weider Zesummenaarbecht kënnt sin, no all deem, wat mir mat him erlieft hun. Mä di Leit di bei him matman, si sech och nät onbedéngt all bewosst, wat do alles an der Vergaangenheet geschitt as.

forum: As dat nät positiv, dass se d’Vergaangenheet nät kennen? Muss ee nät och kënnen e Stréch zéien a soen: wichteg as, dass eng bestëmmte politesch Idee efficace vertruede gët?

RENEE WAGENER: Dat as dofier nät méiglech, well de Jupp versicht di Zweedeelung weiderzeféieren andeems e seet, hie wär de real-politesche Fligel a mir wären de Fundi-Fligel. Hie vergréissert domat eigentlech d’Kluft, well de Problem war am Ufank reng perséinlecher a finanzieller Natur, a nät onbedéngt e politeschen. Dee

gouf eréischt dono konstruéiert.

forum: Huet deemools nët och eng Roll gespillt di Tatsach, dass eng Rei Leit eng éischt Gei gepillt hun, di tatsächlech mi "Fundi" waren, an di elo awer erstaunlecherweis nët mi op ärer Lëscht an der Stat opgedaucht sin? Oder wéi erklärt s De, dass Leit mat rouder Vergaangenheet, di bei de Chamberwalen zu äre führende Perséinlechkeete gehéiert hun, nët mi op der Lëscht woren?

RENEE WAGENER: Zu der Lëscht muss ee soen, dass all di Leit di drop woren ofgestëmmt goufen. A wann déi Leit sech nët gemellt haten, da well se wossten, dass se do keng Majoritéit hannert sech kréichen. Natierlech gin ët och bei eis Leit di besser oder nët su gutt mat aneren eens gin, mä politesch Ennerscheeder gin ët su gutt wi keng. Eis Walplattform as am Juni mat enger iwerraschend grousser Eenegkeet ugeholl gin.

forum: An der Stat as jo elo d’Koalitioun gestaerkt aus de Walen erfiergaang: der DP hir Gewënner si méi grouss wi der CSV hir Verloschter. Di zwou grëng Parteien an d’KPL hun op Käschte vun der LSAP gewonnen, och wa nach Stëmme vun dem PSI ze verdeele waren. Si dir frou doriwer, oder hä der dach nët léiwer gehat, d’LSAP wär mat der DP oder der CSV zesummen an eng Koalitioun komm, wi dass et esou weidergeet wi bis elo?

RENEE WAGENER: Ech mengen, dass dat kee groussen Ennerscheed mecht. D’Haltung vun der LSAP as eben esou, dass de Wieler se nët kann honoréieren. Si entscheed sech nët vun denen aneren zwou Parteien. Dofir hun se och eng op den Deckel kritt. Besonnesch a Froe wi där vum Contournement huet d’LSAP kloer gewisen, dass se entweder nët ëmstand as oder nët wëlles as, fir wierklech eng konsequent ekologesch Politik duerchzesetzen. Si huet jo och op nationalem Nivo gewisen, dass si keng Alternativen ze bidden huet. Um Plang z. B. vun der Bautepolitik hätt se konkret Méiglechkeeten a se gräift awer nët an. Och hiren Emweltministär huet wichteg Fuerderunge vun der Emweltbewegung wi d’Commodo/Incommodo- an och d’Naturschutzkompetenz nët duerchgesat, an dat as eng Saach vu politeschem Wëllen.

Interview mit Jupp Weber

forum: Jupp, Déng Lëscht huet d’Wale gewonn?

JUPP WEBER: Jo, ech krut Aarbecht derbäi.

forum: Hu der da nët dru geduecht, dass eventuell ären zweetplazéierten d’Mandat an der Gemeng iwerhëllt. Dat gëng iech erlaben, eng weider Perséinlechkeet opzebauen.

JUPP WEBER: Neen, doriwer hu mer ni mateneen diskutéiert. Do hu mer ni dru geduecht. An ech menge, wee gewielt as, soll senger Flicht dann och nogon.

forum: Vun der GAP-Säit kënnt de Reproche, oder d’Bedauere fir si. Du häss am Fong geholl vun hirer Aarbecht profitéiert.

JUPP WEBER: Ech hun dat héieren. Ech fannen dat onfair. An der Chamber as ët esou, dass wann eng Motioun eragigët, sief et vum Muck Huss oder vum René Urbany oder vum Aly Bisdorff, an déi as mat ekologesche Prinzipien ze vertrieden, da gin ech selbstverständlech meng Enner-

schrëft, an de Muck Huss huet dat och ëmmer bei menge Saache gemaacht. Konkret Aarbecht? D’lescht Joer wor ech deen Députéierten, deen di meescht parlamentaresch Froe gestallt huet. Ech hun am Ufank vun dësem Joer eng Interpellatioun gemaach. Du kanns einfach nët soen, ech géif vun iergendengem senger Aarbecht profitéieren, ët sief dann vun der Aarbecht, déi vun onser ganzer Grupp am Hannergronn gemaach gët.

forum: Um Plang vun der Gemeng hues De bis elo awer nach nët vill geschafft. Du hues nët di Terrainsaarbecht gemaach, di d’GAP awer gèleescht huet. Si haten Aarbechtsgruppe, wi z. B. iwert den Urbanismus an der Stat Lëtzebuerg, di wierklech aktiv waren.

JUPP WEBER: Bei ons as et esou gelaf: Mir haten Aarbechtsgruppe gemaach, di all déi Emweltproblemer behandelt hun, di op Gemengnivo ze léise wieren, z. B. iwert de Nitrat-Problem, z. B. iwert d’Commodo/Incommodo-Kompetenz, asw. Um energipolitesche Plang huet d’Gemeng d’Méiglechkeet, wa se wëllt, fir hiert Elektreech selwer op eng emweltfrëndech Aart a Weis ze produzéieren. An där Saachen hate mir ganz vill erschafft. Mir hun och, zu Jonglënster z. B., Leit bei ons, di schon Erfahrung an de Gemengeréit hun, wi de Rob Brimer, deen ët och elo neess gepackt huet. Zu Jonglënster hu mer jo bal 13% gemaach: dat as en immens gudde Score fir eng ekologesch Lëscht.

forum: Wéi gesäis De d’Zukunft an der Stat? Kanns De Der virstellen, dass De do am Gemengerot mat der Kollegin vun der GAP zesummeschaffs?

JUPP WEBER: Ech hoffen, dass ët do leeft wi an der Chamber, dass mer ons géigesäiteg mat Ennerschrëfte bei Motiounen asw. ënnerstëtzen. Ech gesi nët a firwat nët, wann ët ëm e gemeinsaamt Ziil geet.

forum: Hues De da nët awer d’Impressioun, dass sech och bei der GAP verschiddenes gedoen huet? Di Lëscht bei de Gemengewalen an der Stat war dach eng aner wi bei de Chamberwalen. Muench Leit mat mi rouder Vergaangenheet hu gefeelt.

JUPP WEBER: Dat wëllt jo awer nët soen, dass di Leit keen Afloss méi hun. A wann s De d’Struktur vun der Partei kucks, da mussen hir Mandatären dat soen, wat de Koordinatiounsrot festgeluecht huet. Dat wor jo eng vun denen Uersaache, firwat ech deemools gesot hun, ech kënnt nët méi matschaffen.

forum: Déi Leit goufe jo awer nët mi op hir Lëscht gewielt. Si hu keng Majoritéit mi hanneru sech.

JUPP WEBER: Majo, ech soe klipp a kloer, ‚t misst een eng Kéier matenee schwetzen.

forum: Wéi versteess De, dass dir als Ekologesch Initiative méi Stëmmen hutt an der Stat wi d’GAP, di jo awer op Landesnivo versicht sech durchzusetzen a sécher méi Mëttelen huet wi är Initiativ?

JUPP WEBER: Mir sin och am gaang ons op Landesnivo duerchzesetzen. Mir haten e ganze Koup Gemenge, wu mer su jhust keng hallef Lëscht zesummekritt hun. Mä mir hu Leit am ganze Land, am Eisléck, am Osten, … Et stëmmt nët, wat behaapt gin as, dass ët negativ wir, wann zwou grëng Bewegungen do sin. Et si sécher Stëmme baikomm vu Leit, di ni eng GAP géife stëmmen. De Wieler konnt entscheede, wéi en den Emweltschutz

wollt vertrueden hun.

forum: Zesummen hu der iwert 10 Prozent. Dat as am
Fong e fantasteschen Erfolleg.

JUPP WEBER: Dat fannen ech och. An et sollt een
elo nét een op een anere klappe, mä
sech iwerleen, wat ee mat deenen 10% kennt
ufänken. Zu Jonglënster hu mer bal 13%. Do as
also immens vill dran. – An Eisterräich gouf et
virun deene leschte Walen 8 verschidde gréng
Parteien, an si hu sech op eng gemeinsam Prasi-
dentschaftskandidatin géenegt an dat as gudd
gaang.

forum: Dat féiert ons zu enger mi allgemenger
Aschätzung vum Walresultat. An der Stat
huet jo di bestehend Koalitioun gewonn. Fënns De
dat positiv, oder wäer et nét awer besser
gewiescht, wann d’LSAP gestäerkt gi wier? Hir
Verloschter si jo sécher virrangeg op di zwou
gréng Lëschten zréckzeféieren.

JUPP WEBER: Wann eng vun den traditionelle Parteie
bereet as, a Saachen Emweltschutz ep-
pes ze man, da wahrscheinlech d’LSAP, well se an

hierem Programm jo villes vun ons iwerholl hun,
muenches suguer wuertwiertlech. A wat jo finale-
ment wichteg wier, dat wär, dass een eng Majoritéit
krit fir eng ekologesch Politik, well wat
notzt ét, wann ech elo säit zwee Joer zu Lëtze-
buerg jäitzen: Mir brauchen e "Fernwärmenetz",
da kenne mer onse Stroum ëmweltfrëndech produ-
zéieren a mer maache konkret eppes géint Cattenom,
an du kriss keng Majoritéit derfir, weder am
Gemengerot nach am Parlament. Et as also nét on-
bedéngt positiv, wann d’LSAP verluer huet.

forum: Awer di Gréng si mat schold dodrun …

JUPP WEBER: Nee, schold dru sin di traditionell
Parteien, di den Emweltschutz bis elo
nét genug seriö huelen. Wann d’Leit ons stëmme,
soen se, ‚t wär wichteg, dass Parteie mat Ver-
steestemech fir d’Emwelt erakommen, an de Wieler
huet décidéiert, dat wär eleng duerch di Gréng
méiglech. Do as eng Partei wi d’LSAP ebe nét
iwerzeegend genug, trotz Emweltatlas an ähnleche
Publikatiounen op Glanzpobeier. Och hier Wider-
sprech a Saache Contournement hun dozou bäige-
droen.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code