Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
‚t as mer eng grouss éier an en onbeschreifleche pleséier, haut, hei, des feierlech geleenheet, op deer hiren deiweren hannergrond ech nach waert ze schwätze kommen, net eriiwergoen ze loossen, ouni iech, dei der iech, erfreelecherweis zu esou e sellechen hei afond hutt, fir mat ais zesummen deen honnerzte numero vun eiser zeitung ze feieren, – dat eppes soe wellt, niewebai gesot, honnert nummeroe vun enger net schlechter zeitong, ganz bescheiden ausgedreckt, wei de forum eng as, dat as allerhand -, am numm vum comité vum forum an am numm vun all eise mataarbechterinnen a mataarbechter, ouni deer hir trei an onermidlech mathellef dest "objektiv 100‘ ni an esou enger kuerzer zait hatt kennen erreecht gin, an op dei mer och an der zukunft hoffen zielen an ais verloossen ze kennen,
ouni iech, hat ech gesot, dir dammen an dir hären,
well och eng alternativ press geet net ouni opreegung an ouni eng ganz retsch onbezuelten iwwerstonnen iwwert d’buhn, dei jo bekanntlech aus deene brieder gemat as, dei aner leit virum kapp hun, well all alternativ press as eng stresspress, a wat fir eng: wat mei alternativ, wat mei stress, dat soll och mol eng kéier öffentlech gesot gin
ouni iech, hat ech gesot, dir dammen an dir hären,
an dobäi net ze vergiessen, dir jofferen an dir jongen, dir mei jonk an dir mei eeler, dir aus dem éislék an dir aus em minett, dir vun der musel an dir vun der sauer, dir vun der uelzecht, an dir vun de baggerweieren, dir dammen an dir hären alleguerten, och dir, dobaussen ueter d’land, dir bei de radioen, – deenen alternativen, gutt gemierkt, – bei den televisiounen, dir all, dei der och emol genëschelt duerch rout fuert, wa kee flic wei derbäi nach no as, dei der iech blo iergert, wann et iech emmer nees schwaarz get virun den aen, an och dir, dei der am léifsten op der lenkser sait falsch parkt an heemlech drop waart, datt der ofgeschleeft gitt, dir alleguer, léif matbiergerinnen a matbierger, dei der och mol ganz gären eng kéier esou richteg derbäi maacht an op dei deck tromm facht, datt ar stèbsech oueren mol eng kéier esou richteg geleft gin, an dir all, o meng léif schwësteren a bridder am här an am frack an a maansgréisst, dir net onsim-
patesch kadette vun der sprëtz, dir lëschteg bacchusbridder, dir nobel forumabonnenten, dir gespréicheg kaktusschwësteren
ouni iech, hat ech gesot, dir dammen an dir hären,
awer nach virdrun eng fro ze stellen, eng wichteg fro, eng eenzeg, op deser plaz, ganz kuerz, oder net ze stellen: wat as eng alternativ press, kuerz AP genannt? wat bedeit eng AP zu lëtzebuerg? wie sin dei leit, dei eng AP ze lëtzebuerg maachen? wie sin dei leit, dei eng AP zu lëtzebuerg liesen? wien ennerstëtzt se? wie beschäisst se? wie léisst se lénks leien? wei an duerch wat, wann awerhaapt? ennerscheet eng AP sech vun deer normaler, rietser, rout-blo-schwaarzer press? watfir eng zukunft, oder besser gesot, watfir en avenir huet eng PA, eng presse alternative, zu lëtzebuerg? firwat huet d’AP, oder besser gesot, de forum, jhust an deene leschte joeren esou en enormen opschwonk geholt? froen iwwer froen, op dei ech, dir dammen an dir hären, am weidere verlaf vu mengen exposé nach mei am détail waert ze schwätzen kommen,
ouni iech, hat ech gesot, dir hammen an dir dären, alleguerten, ouni feel,
am zäitalter vun de medien, wou mer dag fir dag mei mettele kréien, fir manner ze soen, wou dat, wat soll gesot gin, am groussege mediebräi riskéiert ennerzegoen, wou alles all ablack dat al-
lerwichtegst as, sou datt zu gudder lescht guer
näischt méi wichteg as, alles egal as, wou mer
ëmmer nach méi an nach aner, besser, satelliten
an den himmel schéissen fir wéi geckeg mateneen ze
kommuniquéieren, bis mer äis näischt méi ze soen
hun, tëschent geräischer liewe mer, festgepecht,
matzen am mediegeräisch, dat mer net méi entzif-
fere kënnen oder wëllen, wou der vun iwwerall
hir an engem stëck schwätzen, braddelen, téinen,
tootzen, déckhalen, pësperen, keimen, sangen,
blären, haulen, jäizen, birelen, kreesch din,
schéissen, rennen, rosen, fachen an dropknuppen,
an äis virsoen a virmaachen, wéi mer liewe soll-
ten, liewe missten, d’sprooch vu mar, dir flamen
an dir stären, as de kaméidi, néierens komme mir
zu äis, dir mammen an dir kären,
ouni iech, hat ech gesot,
néierens méi: virum fernsehbild hu mer, endlech,
d’sprooch verluer, virum apsebild aus der zentral
afe mer nach jhust, den apparat denkt fir äis,
schwätzt an eisem numm, rechent äis alles vir an
aus, an dann? an elo? ech froen iech elo allegue-
ren, dir dämmen an dir haren, an elo? wat ge-
schitt elo? amplaz hannendran ze geroden an han-
nendrun ze humpelen, hale mer op mat goen, bleiwe
mer stoen, loosse mer äis goen an nidderfalen, an
d’fotell, ee fir allemol, sëtze mer do, kanapees-
gromperen, als gutt patrioten de friemenhaass ze
généissen, de krich, den honger, den terror, dee
reliéise fanatismus an der welt, mir sëtzen op
eng kéier hei, dës säit, an déi verréckte welt
as do, déi aner säit, do an deër klenger këscht,
an der bonbonnière, mir gehéiere nët méi rich-
teg derzou, sin exterritorial, keng krätzbéck
méi, déi alles schlécken, ouni sech ze wieren,
einfach, kleng bierger, brauche mer déi biller fir
ze iwwerliewem, awerhaapt, nët dru geduet hun
ech, no deem kuerze réckbléck, fällt mer lo an,
d’zukunftsperspektiven fir eng AP hei zu lëtze-
buerg ze entwéckelen, erlaabt mer, datt ech elo
gläich a mengem exposé méi genä dorop zréck-
kommen, ‚t schéngt mer eng saach vun eminter im-
portenz ze sin,
nodeem ech all autoritéiten aus stat a gemeng mer-
ci gesot hun, fir hir hëllef an hiirt entgéint-
kommes, dir daumen an dir zären,
ouni iech, hat ech gesot,
alleguerten heibannen härzléch ze begréissen.
Roger MANDERSCHEID
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!