Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
De Mënsch
brauch an
enger Stat
Repèren, wou
en all Dag
laanscht
geet, fir sech
wuelzefillen.
Keng Schwemm fir Zwergen
D’"Revue" huet en Artikel iwert den Embau vun der Stater Badanstalt publizéiert. "forum" huet mat dem implizéierten Architekt Romain Hoffmann geschwaat.
Dem Romain Hoffmann no huet et guer kee wäert op d’Eenzelheeten anzegoen, well ‚t as alles Quatsch wat am Artikel steet. Den Auteur huet sech iwerhaapt nët driwer informéiert, wat an der Badanstalt gemaacht gët.Et kënnt nämlech keng Schwemm méi dohin am traditionelle Sënn, wou ee séng puer Längte schwamme kann. Dat huet de Schefferot guer nët mi gewollt. Gefrot wor eng "relaxation aquatique": e Fräizaitzentrum mat Waasserspiller, wou d’Leit sech kënnen ameséieren, mat Waasserstrale, Sprudele, Massagedüsen ansouvirun. Do däerf d’Waasser nëmmen eng bestëmmten Déift hun.
Wann d’"Revue" wollt kritiséieren, dann hätt se sech sollen driwer oprégen, dass an der Stat di mannste Leit eppes vun deem neie Konzept wëssen, dat de Schefferot hei réaliséiere gelooss huet, well vill Stater waarden ongedëlleg drop, dass endlech hir Schwemm neess opgeet! Fir schwammen ze goen, gët awer an der neier Schoul an der Stroossbuerger
Strooss eng Schwemm gebaut, besonnesch fir d’Schoulkanner. An ‚t gët d’Schwemmen um Kierchbierg an zu Bouneweg. Also feelt ët nët u Schwammgeleënheeten, mengt de Schefferot. An de Jongelycée um Lampertsbierg krit eng Schwemm an der ieweschter Hal.
"An der "Revue" geet jo och guer nët iwert de Bau als solche rieds. Doriwer schreift keng Zeitung zu Lëtzebuerg. Mir hun hei iwerhaapt keng Architekturkritik. Als Architekt kann ech déi nëmme vermëssen. Et geet einfach nët duer, dass ët bei all Neibau heescht: ‚ein schmuckes Gebäude‘ oder ‚ein gelungener Bau‘. Aner Adjektive kennen d’Journalisten hei nët. Firwat gët ët jhust Konschtkritik fir Molerei? Natierlech mussen d’Leit sech ëmmer selwer mol e Bild man. Da kritt een och Echoën. Mä vun engem Fachkritiker jugéiert ze gin, as mir nach ëmmer wichteg."
"forum" fënnt ët schued, dass och e Gebei wi d’Badanstalt huet missen ausgehielegt gin, sou dass jhust di historesch Fassad erhale bliwwen as. Am Fong as ët e Neibau, deen eng al Fassad huet. Muss dat sin?
De Romain Hoffmann mengt, ‚t misst een ëmmer den Zoustand vum Gebei kucken, an dee wor hei guer nët
Weider S.47
gudd. D’Gebei wor krank. ‚T wore Mauren dran, di faul woren. An de leschen 20 Joer wor schon esouvill drun erëmgedoktert gin … "Si haten einfach Lächer an d’Mauere gebuert, fir d’fiicht Loft ofzëien ze loossen. Mir hun d’Gebei och vergréissert, well mer den Haff mat bäi geholl hu fir d’Duschen an d’Bieder, fir di Leit, di doheem keng Buedzëmmer hun. Do hu mer deen ale Kamäin ofgerappt. Mer hun och missten eng Entlüftung abauen. Mä grosso modo hu mer d’Dispositioun bannenan bäibehalenm och wa Beton bäikomm as. A mer hun iwert der aler Entrée an der Biedergaass e Stack drop gesat, deen hei eigentlech gefeelt huet, well rechts a lénks niewendrun woren ausgebaute Mansarden. An di elle Glasbausteng an de Fënsteren hu mer duerch richtegt Glas ersat."
"Beim Erhale muss ee natierlech och bedenken, dass een d’Käschten oft am viraus ganz schwéier ofschätze kann. Dat as also eng politesch Décisioun, di muss geholl gin, ob ee wëllt erhalen. Ech fannen ët scho flott, dass een dat erhällt. De Mënsch verdréit ët nët, wann alles su schnell ofgerappt gët. E brauch an enger Stat Repèren, wou en all Dag laancht geet, fir sech wuelzefillen. An d’Badanstalt as an deem Sënn nët ewegzedenken aus dem Statbild. Dat wor 1970 am Gespréich. Deemools sollt en Hotel hei gebaut gin. Dat as gescheitert, well se nët héich genug konnte bauen a nët genud Zëmmere kruten. Dann hätt missen dee ganzen Ilot iwerduecht gin. A niewendrun, um Beispill "Forum Royal" gesi mer jo watfereng Katastrof dann erauskomm wär."
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!