Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Deen een oder deen anere ka sech villäicht u mäi Lieserbréif am "forum" erenneren, an deem ech bedauert hun, dat déi formidabel Ausstellung "De l’Etat à la Nation" leider net profitéiert gouw, fir audiovisuellt Material fir de Geschichtsunterrecht an onse Schou- len ze réaliséiren.

Lo, wou d’Ausstellung definitiv eriwer ass, a muenech eemoleg Dokumenter nees an hire respek- tiven Archive verschwonne sin, wier et secher inter- essant, gewuer ze gin, wat da schlussendlech an deer Saach geschitt ass.

Fir et gläich ze soen: bis elo guer näischt!!

Mä losse mer der Rei no erzielen:

Nodeem ech nach eng Kéier mam Haaptverantwort- leche vun der Ausstellung, dem Gilbert Trausch, ge- schwat hat, hun ech e klenge Projet geschriwe mat Propositiounen, wéi een déi Aarbecht kennt ugoen. Den 11. Mä hu mer eis an engem klenge Grupp mam Gilbert Trausch an der Ausstellung getraff, fir dee Projet duerchzediskutéiren. Den Trausch huet meng Propositiounen eng gud Idee fonnt, déi onbedingt misst realiséiert gin, huet awer gemengt, sou eng Aar- becht, déi jo en decke Batz Geld géng kaschte, misst offiziell ofgeseent gin. An anere Wierder: ech sollt den hierarchsche Wee anhalen an dem Unterrechts- minister (dat war déizäit nach de Fernand Boden) mäin Text ennerbreeden, an en an engem Bréif bieden, e soll w.e.g. beim Staatsminister intervenéire, fir dass déi néideg Krediter gengen zur Verfügung gestallt gin. Hien (Trausch) sengersäits géng dann am selwechte Senn mam Staatsminister schwetzen.

(Zu Eerer Informatioun: Am Budget vum Staatsmi- nistär sin nämlech fir den "Triple Anniversaire" zwéin Artiklen mat (Art. 00.3.12.26 mat 60 Millio- unen an Art. 00.3.33.03 mat 20 Milliounen), allebéid als "crédit non limitatif" viirgesin!!)

Den 12. Mä hun ech mäi Bréif, zesumme mat méngem Projet, u mäi Minister gescheckt.

De 14. Juni, also e gudde Mount duerno, hun ech, nodeem ech nach emmer keng Äntwert hat, mäi Bréif rappeléiert. (Dat ass normal!)

Den 21. Juni (Datum vum Bréif) krut ech geäntwert, ech soll konkret Propositioune machen, ween alles an déi Aarbechtsgruppen, déi ech proposéiert hat, soll kommen, an ech soll hinne soen, wéivill dee ganze Spaass géng kaschten. (Als löschteg Anekdot wier nach ze soen: dee selwechten Dach, wéi ech dee Bréif a mengem Courrier hat, huet d’Sekretärin vum engem anere Conseiller aus dem Ministär mer um

Telefon gesot, den Här Conseiller géng mor matdeele loossen, daß hie mat méngem Projet averstane wär, a mir sollten dermat ufänken. Vum Minister séngem Bréif, deen ech jhust krit hat, wousst sie leider näischt…)

Obschon ech der Meenung war, sie am Ministär missten dach d’Geschichtsproffen, déi a Fro kéime, besser kenne wéi ech, hun ech mech als brave Beamten hanner den Telefon geklemmt, an hu ver- sicht, Nimm fir dräi Aarbechtsgruppen – am Primär, am Sekondär an am Technique – zesummenzesichen, an e provisoresche Budget opzestellen (wat net sou einfach ass, wann een nach net weess, wat soll gemach gin…).

De 5. Juli hun ech dee Bréif an de Ministär gescheckt. An der Zwischenzäit ware Wahlen. Du koum e neie Minister an duerno d’grouss Vakanz…

Den 30. August hun ech deem neien Unterrechtsmi- nister nach eng Kéier eng Kopie vun deem ganzen Dossier gescheckt an e gebieden, vu dass d’Ausstel- lung bis den 1. Oktober verlängert gi war, sou schnell wéi méiglech eng Decisioun ze huelen.

Mä op dee Bréif krut ech bis elo keng Äntwert…

Paff war ech dun, wéi ech de 6. November am Wort eng Äntwert vum Staatsminister op eng parlamenta- resch Fro gelies hun, an deer hie wiertlech seet: "L’ensemble de l’exposition a été saisi sur différents supports, à savoir sur film cinématographique, sur cassettes-vidéo, ainsi qu’en photographies, de sorte que les suivis pédagogiques et didactiques sont assurés."

Dorop hun ech natiirlech direkt reagéiert a nach dee- selwechten Dag hun ech, net nemmen dem Educatio- unsminister, mä och dem Staatsminister (wat ech als klenge Beamten eigentlich net därft man !) geschri- we, fir sie ze froen, ob dann de Film Scolaire am Fong geholl net eben dee Staatsbetrieb wär, dee, laut sengem Statut, déi "suivis pédagogiques et didacti- ques" misst "assuréiren".

Ech hu bis haut, wou ech dës Zeile schreiwen (21. November – dat si jo réischt gud véierzeng Deeg hiir…) weder vum Educatiounsminister, nach vum Staatsminister, eng Äntwert op meng Bréiw…

An engem gudde Mount, den 31. Dezember, verfällt de Budget vun 1989. Zwar sin am Budget 1990 déi- selwecht Artikle nach eng Kéier viirgesin, mä nemme mat 5 Millioune, respektiv enger Millioun, allerdings nach emmer als "crédit non limitatif".

Et wier secher interessant, gewuer ze gin, wat da schlussendlech mat der Joerhonnert- Ausstellung geschitt.

Et besteet also nach ëmmer eng Hoffnung !! Oder solle mer wirklech op d’Joer 2039 warde mussen??

P.S.: Et ass villäicht interessant ze vermierken, dass an deer Reunioun vum 11. Mä och dee Verantwortleche vum neie "Centre National de l’Audiovisuel" (Affaires Culturelles) derbäi war. Deen hat déi gud Idee, e filmesche Reportage iwer d’Ausstellung ze produzéiren. Säi Minister huet e besse méi schnell reagéiert, de Staatsminister huet "feu vert" an déi néideg Menz gin, an de Film konnt gedréint gin…

Wahrscheinlech ass et dee Film, deen de Staatsminister a senger Äntwert usprecht. Duerzou siew awer bemierkt, dass dee Film, wéi gesot, en einfache Reportage iwwer d’Ausstellung als sollech ass, an deemno, zwar als Dokument interessant, fir de Geschichtsunterrecht awer didaktesch net besonnesch brauchbar ass.

Zum Schluß nach eng léiw Anekdot: ‚Ironie du sort!‘- d’lescht Woch huet de Realisateur vun deem Film bei mir ugeruff, ob ech nët de lëtzebuergesche Kommentär drop kënnt schwätzen… Ed Kohl

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code