Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Onse Mataarbechter John Goldschmit proposéiert, Suen ze sammelen, di en dem Fränz Graffé op sécherem Wee an ouni Fräen zoukomme léisst. Wee säint wëllt dozou bäidroen, ka séng Zomm op den CCP 33965-15 vum John Goldschmit mam Vermierk ‚Mexico‘ iwerweisen.

Léif alleguer,

Et si schons e puer Méint eriwwer, säit ech Iech e Bréif geschriwwen hun iwert d’Sitatioun hei a Mexico, an Dir hutt bestëmmt an de Noriichten op der Televisioun an an der Zeitung gesin a gelies, dass di politesch a wirtschaftlech Situatioun hei nët grad di bescht as. De Peso as iwer 100% entwäert gin. Si hun elo e Wirtschaftsprogramm bekannt gin, fir der Situatioun entgéintzewierken: de Benzin as 35% erhéicht gin, Elektrizitéit a Gas 20%. D’Inflatioun soll nuren 42% am Joer erreechen, mee vill schwetzen dervun, dass ët wuel ëm 80% gin. An de Mindestloun soll nuren ëm 10% erhéicht gin. Da wäert en ëm 2,5 Dollar den Dag leien. Dat as den Honger fir Millioune vu Mexikaner. D’Liewen as ewell ganz deier hei an ët freet een sech, wéi vill Familljen nach kënne iwerliewen. D’Mehrwertssteier gët vun 10% op 15% gehéicht, d’Fleesch soll 42% an d’Luucht goen. De fréiere President, ee vun de gréisste Gangster a Määrder, as an der ganzer Welt als Wirtschaftsexpär gefeiert gin, well hien d’Land un d’Grousskapital verkaf huet. An de neie President, vu séngem Virgänger ernannt, fiert mat der selwechter Politik weider. Si hu

Milliarden Dollar geklaut an d’Vollék weess ët, mee ët as schwéier géint dee System unzegoen, well si hun d’Muecht.

An dësem Gesamtbild wëll ech nuren e puer Saache verzielen, déi vun engem neie Mexico schwetzen, déi am Misär eng kleng Hoffnung bréngen. Virun zwou Wochen sin hei um Zocalo (1) ëm di 30 000 Einheimescher aus dem Chiapas ukomm. Si woren e puer Wochen ënnerwee, 1100 km zu Fouss. Si sin heihi komm, fir dass hinnen hiirt Recht soll unerkannt gin: Autonomie, Schoule, Recht op en Dokter, Elektroscht, Waasser, Stroossen, e Stéck Land fir kënnen ze liewen an d’Entwaffnung vun de Geheimgruppe vun de Groussgrondbesëtzer, déi si ëmleën wann ët hinne gefällt. Ennerwee hun d’Leit, di mat hinne sympathiséieren, se erniert, während d’Police se belästegt huet. Véierzéng Deeg logéieren se op Palmmatten um Zocalo, e Plastik als Daach. Am Dag as ët elo schrecklech waarm, mä nuets gët ët ganz kal. Vill Zivilorganisatiounen hu Kichen improviséiert an d’Leit sin opgeruff, fir hinne Liewensmëttel ze droen an se an hiren Demanden z’ënnerstëtzen. Mä wi ëmmer interesséiert d’Regirung sech nët fir si. De

leschte Freideg sin erëm 3 000 Einheimescher – 500
Dierfer nennen se sech – zu Fouss aus dem Staat
Guerrero hei ukomm. Eenzelner hun iwert 400 km zu
Fouss gemaach, oft ouni Schong, an si haten d’Féiss
bluddeg, well si nët un de Makadam gewinnt sin. Dag
fir Dag 40 km bei Temperaturen iwert 40 Grad. En-
nerwee huet eng Fra hiert Kand kritt. Dun hun een-
zelner hir gesot, si sollt dach heem goen. Si sot neen:
"Wann ech dann zréckkommen, wat soll ech hinnen
da soen am Duerf, wat d’Entwert vun der Regirung
as? Ech kann dach nët mat eidelen Hänn heemgoen."
Aus all Duerf hun der nët méi wi siwen däerfe mat-
goen. Si hun hei an der Par iwernuecht. D’Leit hun
se erwaard mat Déppe mat Iessen. Et war ganz kal
hei an sou hun se an der Kierch geschlof. Ech hat
d’Geleënheet eng Foto ze man, wu d’Teresa dat nei-
gebuerent Kand um Aarm huet. Si hun him de Numm
‚Marcos Consejo Guerrerense‘ gin: Marcos ewéi de
Kommandant vun den Einheimeschen aus dem Chia-
pas an deen anere Numm vun hirer Organisatioun.
An de Marsch no Mexico hun si genannt ‚Mexico ni
méi ouni ons‘. Deen aneren Dag as de Bouf hei an
der Par gedeeft gin. Elo leien si och um Zocalo. Si
soen, si géife nët mi fortgoe bis d’Regirung dat Ver-
spriechen, dat se hinne virun engem Joer gin huet,
och erfëllt. Si sin aarm, mee nët domm, ganz politi-
séiert.

Dëser Deeg soll d’Regirung erëm mat der Guerilla
am Chiapas en Dialog ufänken. Mä nom Verrot vu
virun e puer Wochen as ët nët esou einfach. Et sin ëm
di 60 000 Zaldoten do an déi hun alles an den Dierfer,
di d’Zapatisten ënnerstëtzt hun an an den Urwald ge-
flücht sin, zerstéiert, d’Liewensmëttele vergëft, dat
wéinegt wat se hate geklaut, en trauregt Bild. Dëser
Deeg si verschidde Karawanne mat Liewensmëttelen
dohin; eng kënnt aus de Vereenegte Staaten (Pasteurs
pour la paix), anerer gi vun hei fort, fir dësem Völ-
kermord en Enn ze man. Zivilorganisatioune sin eng
gudd Saach, mee ët as vill Aarbecht, well d’Televi-
sioun sect näischt driwwer an all Organisatioune gi

belästegt vun der Polizei an dem Geheimdéngscht, di
alles wëllen zerstéieren. Mä d’Vollék organiséiert
sech all Dag méi.

Ech mengen, do hu Dir e klengen Iwerbléck iwert
alles, wat sech elo hei deet. Am Numm vun ons zwee
alles Gudds fir Iech alleguer. Bis eng aner Kéier.

Teresa a Francis,
Mexico, den 22. Mäerz 1995

  1. Grouss Plaz zu Mexico-City, wu ët virun en etlech Joer zu blud-
    degen Zesummestéiss tëscht Arméi an Demonstrante komm war.
    (d’Red.)

Romero
in: brennpunkt drëtt Welt

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code