Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Hoscheits Jhemp,

In seiner Nr. 200 (Mai 2000) brachte forum im Rahmen eines Medien-Dossiers einen Beitrag von Jhemp Hoscheit über RTL Télé-Lëtzebuerg. Nebenstehend finden unsere Leser eine Replik von Maurice Molitor, Chefredakteur des Nachrichtenprogramms von Télé-Lëtzebuerg.

Ech sinn och en Escher Bouf. Ech sinn och op d’Dellhéicht an d’Schoul gaang, war och Massendenger bei de Juppen, an hunn d’Schwëster Bernardine grad su gefaart wéis du. Du gesäis: Ech hunn däi ‚Perl oder Pica‘ gelies … mat vill Pleséier suguer! A wéi ech ët gelies hunn, ass mer eng al Geschicht nees agefall: eng éischter pénibel, déi mer viru laange Joere bei dengem Papp am Buttek passéiert ass … an un déer däi Papp beileiwen nët onschëlleg war. Wat war geschitt? Ech wollt kee Rouse- krant an och keng Schreiwmaschinn, ech wollt Lastikke bei him kafen. Firwat ech déi bräicht, huet e gefrot – an ech hun iergend eppes getuddelt vu Gebeess, dat meng Mamm amgaang wär ze kachen, a vu Lastikken, déi se ebe bräicht, fir d’Glieser zouzemaa’n – je: e puer sabbeleg ‚petites phrases‘, nët ganz iwwerzeegend virgedroen, an offensiichtlech gelunn. ‚t war nämlech Flitschen-Zäit … an ech wollt deen Trend nët verpaassen. Me däi Papp haat d’Spill duerchkuckt, de Pädagog an him war méi staark wéi de Commerçant – op jidde Fall sinn ech mat kiischte-roude Baacken an ouni Lastik aus dem Buttek gaang.

Firwat ech der dat verzielen? Ma well ech dach kierzlech en ‚déjà-vu- Erlewinis‘ hat. Nees eng Leçon. Nees vun engem Hoscheit. Du has eis wierklech kal erwëscht, deemols, um Escher Walsonndeg-Owend, um Kiosk virun der Gemeng. Onvermudd an iwwerraschend hues du eis virum eegene Micro de Kapp gewäsch … obscho mer dach, Dessange-gesponsert, coifféiert waren.

Pessin, in: Le Monde

An e puer Wochen drop: d’Rediff am forum. Déi Kéier schwaarz op wäiss – fir d’Éiwegkeet. An du huet bei mier deen ale Reflex gespillt – d’"déformation professionnelle", déi s du su léiw op d’Schëpp geholl hues: wee gekëddelt gët, muss kënnen äntweren. Do maa’n ech bei mier keng Ausnahm.

Du schengs jo een treien Nokuckert ze sin: dat freet mech natierlech … nëmme schued, dass mer dech su rose maa’n. Well dat wëlle mer guer nët. An ët bedréckt mech ëmsou méi, well mer eis am Fong dach eens sin.

Telee ass iwwerflächlech. Effektiv. Du bedauers ëtt, ech stellen ët fest. D’Telee huet och nëtt den Usproch, an d’Déift ze goen. Well se weess, dass se dat nët kann. An dat éiert se dach, oder? D’Telee ass jo och nëmmen een Dapp am Mediespill. Niewt aneren, mat anere Missiounen an anere Méiglechkeeten. Me d’Telee huet en anert Gewiicht, sees du elo vläicht. An nach eemol hues de recht. Just dass d’Telee sech hier Impor-tenz nët selwer gin huet. Sie krut se vun deenen, déi se kucken. Also och vun Dir.

An da wënschs de der komplett Reportagen iwwer aktuell Dossieren a kontrovers Diskus-siounen iwwer aktuell Themen. Soll ech der mol eppes verroden: ech wënsche mir dat och. Mir kéinnten dach effektiv z.B. emol eng Kéier am Fong iwwert de BTB discutéieren (wann nach een dat héiere wëll). Oder iwwer Schoulryth-men. Me hate mer dat nët schon? Hu mer ieren nach nie ausféierlech iwwer d’Rente geschwat? Den Index an d’Nordstrooss? Wat bleiwt? D’Steierreform? Déi kéinnten mer eis effektiv nach eemol virkneppen. Jo … an déi aner Woch? Wouriwwer schwëtze mer dann? A mat weem?

Du an ech, mir liewen eben an engem klenge rouege Land, ouni gréisser Problemer an ouni Suergen, déi een erdrécken. Solle mer eis doriw-wer bekloen? Secher nët. Schon éischter iwwer de Manktem u Sträitkultur, de Manktem u Bereitschaft a Fro ze stellen an a Fro gestallt ze gin. Ech kéinnt och heiansdo baschten, wann de Konsensualismus ‚à la luxembourgeoise‘ nees eemol d’Iwwerhand behält. Me wat wëlls de maa’n? Gestreids ass nët erwënscht. A wanns de als Journalist emol eng Debatt lass trëppele wëlls, ass ët och nët geroden. ‚Mir hun déi Telee, déi mer verdengen‘, schreiws du. Piccobello: domat geréits de den Nol op de Kapp. Me: à qui la faute?

Näischt fir ongutt

Maurice Molitor

P.S. So, me dass zu Esch ouni eist ‚Gestëppels‘ keng Neiwalen néideg gi wären – dat gleews de jo wuel awer selwer nëtt…

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code