Eng Fro vun affichéierter Neutralitéit
Mediensplitter
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
E Journalist huet dëser Deeg eng Prisongsstrof vu bis zu 7 Joer an eng Geldstrof vu bis zu 100.000 Dollar rëskéiert. De Mann war opgefuedert gin, fir virum Krichsverbriechertribunal zu Den Haag auszesoen, wat hie refuséiert huet. D’Affär huet sech um Enn a Wuelgefalen opgeléist, well d’Défense op den Zeie verzicht huet. Mee d’Diskussioun dëssäit an déisäit dem Atlantik, op e Reporter soll als Zeie viru Geriicht optrieden, as domadder nët op en Enn.
Am Februar 1993 huet d’Washington Post en Artikel iwwert de Krich a Bosnien publizéiert. Doranner koum och de bosnesch-serbesche Politiker Radoslav Brdjanin, deen elo wéinst Genozid un Honnerte vu Kroaten a Moslemen zu Den Haag viru Geriicht steet, zu Wuert. Et wäer eng gudd Saach, gët hien zitéiert, fir all déi Leit, déi keng Serbe sin, aus Banja Luka erauszepuchen. Wa si fräiwëlleg géifen trëppelen, géif en ethnesch properen Espace entstoen. Dës Aussoen krut den Jonathan Randal, den Auteur vum Artikel, vun engem lokale Journalist, dee fir hien iwwersat huet, diktéiert.
Jhust datt dës Sätz ni an der lokaler Presse ze liese waren. Duerfir wollt den Haager Tribunal vum Randal d’Konfirmatioun, datt dat Gespréich authentesch war.
Den Affekot vum bosnesch-serbeschen Ex-Leader huet drop gehalen, de Randal aussoen ze loossen, besonnesch well dem lokale Reporter séng Identitéit aus Secherheetsgrënn geheim sollt bleiwen. Mee de fréiere Journalist vun der Washington Post huet säin Témoignage refuséiert. Säin Argument: Wann e Krichskorrespondent misst als Zeien optrieden, da wäeren d’Reporter an hier Sourcen an Zukunft hieres Liewen nët méi sécher. Domadder war d’Geriicht nët d’accord an huet am Juni décidéiert, fir de Randal ze zitéie-
ren: kéim hien nët, géif hien eng Prisongsstrof vu bis zu 7 Joer an eng Geldstrof vu bis zu 100.000 Dollar rëskéieren.
Aner Journalisten aus anere Länner, besonnesch an Europa, vertrieden eng ganz aner Linn wéi hiere Kolleg aus den USA. Esou huet déi fréier Korrespondentin vun der BBC zu Belgrad am Summer zu Den Haag géint de serbeschen Ex-President Slobodan Milosevic ausgesot. D’Jacky Rowland huet ausdrécklech vun hierer Flicht geschwat, fir sech op den Zeiestull ze setzen.
Schon am Mee 1998 hat e Reporter vum Londoner Observer géint e bosnesch-kroatesche Generol ausgesot. An engem spéideren Artikel huet den Ed Vulliamy explizéiert, firwat hien dat gemaach huet. Et gët Amenter an der Geschicht, schreift hien, do geet d’Neutralitéit iwwer a Komplizitéit mat de Verbriecher. Souwisou, setzt hien nach hannendrun, as e Korrespondent a Krisegebidder ëmmer a Gefoer: eng 42 Journaliste sin a Bosnien embruecht gin, an den Daniel Pearl vum Wall Street Journal krut ouni direkte Gronn a Pakistan brutal den Hals opgeschnidden. Datt vill lokal Reporter vum Balkan direkt prett sin, fir viru Geriicht auszesoen, versteet sech méi liicht: hier Motivatioun as nët eleng eng journalistesch an hält duerfir nët onbedéngt no Redaktiounschluss op.
Wie léisst scho
gäeren en Zeien
um Liewen, dee
spéider viru
Geriicht vun
engem Massaker,
dat e gesin huet,
ka verzielen an
deen déi Schëlleg
op déi Manéier
kann an de
Prisong bréngen?
Op däer anerer Säit gët et och gudd Argumenter,
firwat e Reporter e schlechten Zeien as. An
engem opene Bréif hu sech 4 Ex-BBC-Journali-
sten doriwwer beklot, datt hier Kollegin Jacky
Rowland eng Autorisatioun krut, fir zu Den
Haag däerfen auszesoen.
Domadder hätt d’BBC de Prinzip blesséiert, datt
Medievertrieder nët an d’Evenementer agräifen.
Hier Reportagen, an deenen si d’Fakten duer-
leën, missten als „Zeienaussoo“ duergoen. Aner
Beruffsvertrieder, dorënner och den Jonathan
Randal vun der Washington Post, gin nach e
Schrack méi wäit. Si mengen, wann d’Journaliste
kënnte forcéiert gin, fir an den Zeiestand ze trie-
den, da kéint hier Sécherheet an Zukunft nët méi
garantéiert gin. Well da gi si vun den Autoritéi-
ten nët méi als Zivilisten ugesin, mee als poten-
tiell Spioune vun däer Säit, op däer d’Uno steet.
An dat as eng quokleg Situatioun.
Wie léisst scho gäeren en Zeien um Liewen, dee
spéider viru Geriicht vun engem Massaker, dat e
gesin huet, ka verzielen an deen déi Schëlleg op
déi Manéier kann an de Prisong bréngen?
Fir muencheree vun de Procureuren um Haager
Tribunal heescht dat, datt de Journalisten e Pri-
vileg zougestane gët, vun deem soss kee ka profi-
téieren. Zum Beispill international Observateur
nët an och nët d’Vertrieder vu Mënscherechtsor-
ganisatiounen. Dobäi iwwersin d’Juristen aller-
déngs, datt dat jhust eenzel Leit sin a kee ganze
Beruffsstand a scho guer nët e Beruffsstand,
deem séng Sécherheet ganz vill vu sénger affiché-
ierter Neutralitéit ofhänkt.
A sénger Sëtzung vum 3. Oktober huet den Tri-
bunal fir Krichsverbriechen an Ex-Jugoslawien
aus praktesche Grënn offiziell drop verzicht, den
Jonathan Randal ze ruffen. Domadder as ee kon-
krete Fall gekläert; déi prinzipiell Diskussioun
geet awer virun, besonnesch mat Bléck op déi
international Cour pénal, déi nach ze schafen as.
(Fräie Micro um honnert, 7 vum 23. Oktober 2002)
Romain Kohn
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!