Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Den 28. November hun 9 däitsch Dageszeitungen an enger gemeinsamer Aktioun géint eng Ondugend am Pressewiesen protestéiert. Émmer méi dax fuedere speziell d’Politiker vun de Journalisten, hinnen den Text vun engem Interview ze weisen, ier dee publizéiert gët. Domadder kéinten d’Journaliste liewen, wann et wierklech drëms géing, Mëssverständnisser oder inhaltleche Fehler aus de Féiss ze goen. Tatsächlech awer profitéieren d’Politiker ëmmer méi dax, fir hier Äntwerte bei dëser Geleënheet esou emzeschreiwen, datt een dat ursprünglecht Gespräch nèt méi erëmerkennt.
Romain Kohn
Enn Oktober 1986 huet den amerikanesche Magazin Newsweek en Interview mat dem Helmut Kohl publizéiert. D’Gespréch wäer wahrscheinlech nèt an d’Pressegeschicht agaangen, wann den däitsche Bundeskanzler doranner nèt de Sowjetleader Michail Gorbatschow mat dem NS-Propagandaminister Joseph Goebbels verglach hätt. Oder och nèt.
De Kohl huet bestridden, datt hien dat am Interview, dat op däitsch mat Dolmetscher gefouert gouf, gemaach hätt. Newsweek huet drop bestan, datt d’Redaktioun näischt verfälscht hätt – emsou manner, wéi de Reejhirungsspriecher Friedhelm Ost selwer déi kriddeleg Passage liicht redigéiert an duerno ofgeeeent hat. Wéi de Kanzler sech nèt gin huet, huet d’US-Zäitschrëft geneesou spektakulär wéi ongewinnt reagéiert:
Si huet d’Originaltounband fräigin, op deem de Kohl wuertwiertlech gesot huet, wat Newsweek ofgedréckt hat.
Normalerweis gët d’Öffentlechkeet nèt gewuer, op a wat verännert gët, ier en Interview autoriséiert gët. An den angelsächsische Länner existéiert dës Praxis guer nèt: Wat e Politiker an engem Gespräch seet, as gesot. A wat gesot as, kënnt an d’Zeitung. Pech fir deen, deen sech ze wäit aus der Fënster gehaang huet. An Europa a besonnesch an Däitschland gëllen aner Spillregelen. Bal ëmmer léisst sech de Journalist säin Inter-
view autoriséieren. De Politiker däerf den Text virdru liesen a stilistesch schläifen oder korrigéieren, wann hie mengt, hie wäer falsch verstane gin.
Op deen éischte Bléck verwonnert dës Praxis. Well firwat solle fir d’Presse aner Regele gëlle wéi fir Radio an Televisioun? Wie live virum Micro eng Bautzegkeet vu sech gët, muss mat de Konsequenzen eens gin. Emtausche kann ee séng Wieder am deem Fall nèt – anescht wéi an der Zeitung.
Dozou muss een awer wëssen, datt Interviewën dax vill méi laang sin wéi dat, wat herno am Blad steet. Fir dem Lieser e flëssegt Gespräch kënnen ze zervéieren, kierzt de Journalist, dréit d’Suite vun de Froen em oder mécht aus zwou Äntwerten eng… Hei am Land kënnt nach derbäi, datt een d’Äntwerte vum Lëtzebuergeschen an d’Däitscht oder d’Franséischt muss iwwersetzen – alles Prozesser, bei deenen Ongenauegkeete kënnen entstoen.
Datt e Journalist ënnert deenen Ëmstänn dem Politiker den Text virleet, fir en z’autoriséieren, as ménger Meenung no keng Affär – jiddefalls nèt, soulaang de Gesprächspartner intellektuell éierlech bleift. Wien am Interview fir eng bestëmmte sozialpolitisch Mesüre as, kann nèt herno dergéint sin, well him op eemol agefall as, datt séng Partei am Fong dergéint as a séng exzentresch Meenung duerfir sénger Carrière kéint schueden.
Am Zäitalter vun de Relations publiques versicht de Politiker wéi de Manager vun enger Entreprise, fir dat, wat an d’Zeitung kënnt, esou wäit wéi méiglech ze kontrolléieren.
Am Zäitalter vun de Relations publiques versicht de Politiker wéi de Manager vun enger Entreprise, fir dat, wat an d’Zeitung kënnt, esou wäit wéi méiglech ze kontrolléieren. Also ännert hien iwwert d’Limité vun der Fairness eraus. Beispillsweis sträicht hien eng Äntwert komplett, well si him nët méi opportun erschéngt, oder e redigéiert carrément eng Fro vum Journalist. Der Zeitung bleift dann als Verteidegungsstrategie jhust nach, fir ganz op den Interview ze verzichten.
D’Protestaktioun vun den 9 däitschen Dageszeitunge huet den SPD-Generalsekretär Olaf Scholz provozéiert resp. säi Cabinet. E Journalist vun der gréng-alternativer taz krut beim Parteikongress am November en Interview versprach. Et goung dobäi natierlech an éischter Linn em dat miserabelt Wahlresultat, mat deem de Scholz a sénger Fonktioun konfirméiert gouf. De Sozialdemokrat huet d’Froen brav beäntwert, bis
eng Assistentin gemengt huet, déi wäeren e bësse schaarf an et géif jo wuel och nach aner Saachen ze froen. Wéi de Reporter protestéiert huet, krut hie gesot, da géif hien nët méi op d’Hannergronngespréicher invitéiert gin – fir e politesche Journalist de publizisteschen Doud.
Dobäi gët et eng ganz einfach Regel, fir dem Sträit aus de Féiss ze goen. E Politiker muss de Journalist am Gespréich jhust warnen: "Wat ech elo soen, as nët fir ze schreiwen." Technesch heescht dat: off the record, da stoppt de Journalist säin Tounband. Wann d’Manipulatioun vun autoriséierten Interviewë par conter weider klëmmt, da steet der Presse jhust nach ee Wee op. Da muss si all Kéiers bei e Gespréich, dat iwwerdriwwe staark redigéiert gouf, derbäisetzen: "Dësen Text gouf vum Interviewpartner gelies a verännert."
(Fräie Micro um radio 100,7 vum 3. Dezember 2003)
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!