Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Hubert Hausemer
Zënter de George W. Bush President ass, spillt sech an eenzelne Staate vun den USA eng Tragikomedie of: sougenannt Kreationiste kämpfe viru Geriicht géint d’Darwinisten dorëm, wie vun hinnen seng Léier däerf, oder och net, an de staatleche Schoulen am Biologieunterrecht enseignéieren. Niewebäi gesot: t’ass net fir d’éischt, datt esou Prozesser an den USA stattfannen.
Allerdéngs hunn d’Kreationiste sech en neien Numm beigeluegt an hir Opfaassung e bësse moderniséiert: Si schwätzen elo vun enger Intelligent-Design-Theorie. Domat ass gemengt, datt d’Entstéiung vun dem Universum sou geschnitt ass, wéi dës Leit dat aus der Bibel, genau gesot, aus dem Buch Genesis am Alen Testament erausliesen. D’Welt an de Mënsch sinn net aus dem Zoufall eraus entstan, mä do wär en intelligenten Design(er) mat am Spill, e gestaltende Geescht, e Logos, wéi d’Stoiker bei de Grieche gesot hätten. Dësen intelligenten Designer ass eng Bezeechnung, déi gewielt gouf, fir d’Wuert "Gott" ze vermeiden.
Deem halen d’Darwinisten d’Evolutiounstheorie entgéint, déi behaapt, d’Entstéiung an d’Entwécklung vum Liewen a vum Mënsch wier eenzeg an eleng materielle Prozesser ze verdanken, wéi Mutatiounen an Auswiel no Gesiichtspunkter vun Iwwerliewensfähegkeet.
Neierdéngs ass dëse Sträit anscheinend derbäi och op Europa iwwerzegräifen; duerfir ass et derwäert, emol drop anzegoen. De Kreationismus, och ënnert sengem neien Numm, ass keng wëssenschaftlech Theorie oder Hypothes, mä berout op enger falscher Interpretatioun vun deene betreffende Bibeltexter. D’Schöpfungsberichter (an der Mehrzahl, well et gëtt der zwee, déi sech vill vuneneen ënnerscheeden an net ouni weideres openeen ofgestëmmt kënne ginn), also, déi sougenannte Schöpfungsberichter si keng Tatsachenerzielungen, mä Texter, an deenen e bestëmmt Gottesbild an e bestëmmt Mënschebild duergestallt ginn. An et gëtt gesot, wéi de Mënsch sech dem Gott géintiwwer ze behuelen huet, wéi och deenen anere Wiese géintiwwer, déi d’Welt bevëlkeren.
Dës Bibeltexter géint d’Evolutiounstheorie ze stellen, ass also Onsënn: et ass net nëmme, wéi
wann een Äppel mat Bire géing vergläichen, mä schlëmmer, wéi wann ee Planze mat Déiere géif a Vergläich bréngen. D’Bibel widderleet net den Darwin, sou wéi deen och d’Bibel net widderleet.
Mä d’Darwinisten hirersäits sinn och net ganz onschëlleg bei dësem Sträit: si hunn oft eng dogmatesch Aart a Weis, hir Theorie als eng absolut Wourecht duerzestellen, déi zu Widdersproch ka reizen. Nun ass et awer sou, datt keng wëssenschaftlech Theorie (ausser vläicht déi mathematisch), absolut ofgeséchert ass. All kënne se sech een Dag als ganz oder deelweis falsch, oder op mannst als ergänzungsbedürfteg erausstellen. Ech perséinlech mengen zwar, d’Evolutiounstheorie hätt eng ganz héich Plausibilitéit a Wahrscheinlechkeet. Mä dat gouf och scho vu ganz aneren Theorie geduecht, déi dunn awer hu misse revidéiert ginn.
De Feeler vun den Darwinisten, mä net nëmme vun hinnen, läit hei an engem Mangel un historeschem Bewosstsinn. Si wësse net, wéi vill Theorien an der Vergaangenheet scho gekippt gi sinn. Dat huet vill domat ze dinn, wéi Wëssenschaft an de Schoulen, bis op d’Uni erop, enseignéiert gëtt, nämlech onhistoresch, nëmmen op hirem aktuelle Stand. Do kënnt Liicht d’Iddi op, Wëssenschaft wier per Definitioun wouer a sécher.
Nach eppes anescht wäer zum Schluss ze soen, wou béid Kontrahenten net drop oppassen: zënter de Mënsch opgedaucht ass a sech etabléiert huet, gëtt d’Evolutioun net méi, oder net méi eleng, vu reng materiellen Automatisme geregelt. De Mënsch ass et, dee gréisstendeels d’Evolutioun selwer bestëmmt, op zum Gudden oder Schlechten, dat sief hei dohinnergestallt. Souwuel d’Kreationiste wéi d’Darwinisten déite gutt drun, hire blöde Sträit ze begruewen a sech däer immenser Verantwortung ze stellen, déi de Mënsch huet vis-à-vis vun der Zukunft, vu senger eegener, däer vun de spéidere Generatiounen, a vun der Welt am Ganzen.
Zënter de George W. Bush President ass, spillt sech an eenzelne Staate vun den USA eng Tragikomedie of: sougenannt Kreationiste kämpfe viru Geriicht géint d’Darwinisten dorëm, wie vun hinnen seng Léier däerf, oder och net, an de staatleche Schoulen am Biologieunterrecht enseignéieren.
Fräie Mikro um radio 100,7 all mëttwochs um 07.50 an 12.50
Fräie Mikro – Mëttwoch 14. Dezember 2005
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!