Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
D’Fête de la musique, den Numm seet et jo schonns, bedeit: e grousst Museksfest.
Et soll kee Festival sinn am Genre vun den Open Air Summer-Festivaler, mä d’Fête de la musique ass ursprenglech eng Manifestatioun, déi sech u jiddwere riicht.
An och déi ënnerschiddlechst musikalesch Stiler, vu Klassik iwwer Jazz bis Pop a World, musse bei dëser ‚Manifestatioun populaire‘, wéi de Jacques Lang et deemools ufanks den 80er Jore formuléiert huet, berücksichtegt ginn.
An anere Wierder heescht dat awer och, dat et am schlëmmste Fall e risegen Duerchernee kéint ginn. D’Fête de la musique huet als But an als Haaptaufgab, de Museker d’Méiglechkeet ze ginn, op engem bestëmmten Dag, dem 21. Juni, an d’Stroossen an an d’Bistroten ze goen, fir hir Musek ze presentéieren. Virun engem zesummegewierfelte Publikum, vu Jonk bis Al, opzetrieden, dee keng Entrée ze bezuele brauch. Op der Fête de la musique sinn d’Concerten alleguer gratis. D’Gruppen an d’Artisté kréien allerdéngs am beschte Fall e Cachet.
D’Concerte gi vun de lokalen Organisateuren an de verschiddene Stied, Dierfer a Gemengen zesummegestallt an der ASBL Fête de la musique proposéiert, déi dat Ganzt koordinéiert.
Obwuel déi franséisch Fête de la musique hir éischt Editioun schonn 1982 hat an et bis 2000-2001 gedauert huet, ier mir d’Fête de la musique zu Lëtzebuerg kruten, fënnt dëst Museksfest ëmmer méi Uklank bei de Leit. Och wann et nach net dee gewënschten Uklank ass, sou sinn et all Joers méi Leit, déi op d’Fête de la musique luussen a lauschtere ginn.
Bei eis ass et esou, dass d’Fête de la musique net nëmmen op engem Dag ass. Dëst Joer waren et am ganzen 9 Deeg, vum 13. Juni bis bei den offiziellen Dag vun der Fête de la musique, den 21. Juni. Während dëser Zäit sinn am ganze Land verspreet
Evenementer a Concerten. Nonzéng Dierfer an Uertschafte waren dës Kéier dru bedeelegt.
Zu Diddeleng gëtt et d’Fête de la musique scho méi laang. Ouni op déi national Fête ze waarden, huet déi Diddelenger Gemeng schonn iwwer 15 Joer, an dat meeschtens mat groussem Succès, de Goût an den Intressi un dëser Formule fir sech entdeckt.
De Virdeel vun der Fête de la musique ass et, dass ee wéi bei engem Volleks- oder Déppefest keen Entrée ze bezuele brauch. Et kritt een nieft Iessen, Gebraddels a Gedrénks och nach Musek gebueden!
Heiansdo huet een d’Gefill, dass d’Leit dëst awer net ëmmer esou appreciéieren, wéi dat misst sinn. Dacks spillen d’Gruppen, a bal kee lauschtert wierklech no.
Bei engem richtege Festival oder Concert ginn d’Leit Suen aus, fir bestëmmte Formatiounen ze gesinn. Bei der Fête de la musique trieden déi verschiddenst an deelweis och nach onbekannte Gruppen op, an déi mussen dann net onbedéngt de Leit, déi een drénke wëllen, gefalen. Dat ass sécher ee groussen Defizit vun der Fête.
Et ka par conter awer och geschéien, dass grad esou d’Bands en neie Publikum fannen, well se virun engem gemëschte Publikum optrieden, dee se net kennt. Meeschtens ass et allerdéngs de Contraire: d’Leit fille sech deelweis esouguer gestéiert, wéinst däer „haarder“ Musek.
An dat soll et jo net sinn.
Am Géigendeel: D’Museker, well et ass hiren Dag, misste schonn einfach nëmmen esou respektéiert ginn, fir hiren Asaz.
Et muss een awer feststellen, dass eng Rëtsch Leit vläicht net ëmmer ganz verstinn, wat den Zweck vun der Fête de la musique ass: nämlech zesummen ze feieren, mat de Museker a mat der Musek!
Mä dacks wëssen eng Partie Leit mol net, dat et en Deel vun der Fête de la musique ass oder si
Mike Tock
Et muss een awer feststellen, dass eng Rëtsch Leit vläicht net ëmmer ganz verstinn, wat den Zweck vun der Fête de la musique ass: nämlech zesummen ze feieren, mat de Museker a mat der Musek!
kennen d’Fête de la musique guer net, well se net richteg informéiert sinn.
En anere Schwaachpunkt vun deem Ganzen, mat der positiver Intentioun, déi am Fong dohannert stëcht, ass déi ze grouss Offer – et kéint ee scho bal vun enger Iwweroffer schwätzen.
Zevill Concerten mateneen, zevill schlecht programméiert Zäiten, zevill Duercherneen an der gesamter Programmatioun. Den Internetsite liwwert och net genuch Informatiounen iwwert de geneeë Programm an den offizielle Programm am Täschenheftformat stëmmt net honnertprozenteg. Et weess een net wien wéini optrëtt. Par conter sinn d’Plazen ëmmer richteg indiquéiert, wou d’Concerte sinn.
Well dat Ganzt sech iwwert anerhallef Woch an 19 Uertschaften hinzitt, verléiert een iergendwann – wann een d’Fête elo national betruecht – den Iwwerbléck.
Am Fong däerf jo jiddweree matmaachen, dee wëllt. An de Programm ass herno e Potpourri vun de komeschste Concerten, vu Fanfare bis bei Rockformatiounen. Op däer anerer Säit ass grad dat och neess sympathesch. Et ass souzesoe fir jiddwereen eppes derbäi. Allerdéngs sollt ee sech froen, ob d’Rechnung esou opgeet: andeems ee fir jiddwereen a fir all Goût eppes organiséiert, kéint et sinn, dat um Enn kee richteg zefridden ass.
Wichteg ass awer, dat jiddweree bei esou enger grousser Manifestatioun wéi der Fête de la musique, op seng Käschte kënnt: d’Museker, d’Organisateuren an natierlech de Publikum.
Fir dass d’Fête zu Lëtzebuerg richteg opgeet an nach eng besser Resonanz a méi Iwwersicht kritt, musse mer eis nach e wéineg gedëllegen.
Gutschein für die kommenden drei Ausgaben
Name:…
Vorname:…
Adresse:…
Tel.:… E-Mail:…
Bitte ausfüllen und einsenden an:
forum a.s.b.l.
52, route d’Arlon
L-1140 Luxembourg
Tel.: + 352 42 44 88
E-Mail: forum@pt.lu
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!