Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
No méi wéi 10 Méint steet se neess op hirem 21 Meter héijen Obelisk op der Place de la Constitution an der Stad. Et waren der net vill komm, fir d’Gëlle Fra beim Retour wëllkomm ze heeschen. Déi ganz Aktioun, fir d’„Monument du Souvenir“ neess komplett ze kréien, huet vläicht eng hallef Stonn gebraucht, awer et dierft Joren, wann net Joerzéngten dauern, ier déi gëlle Statue sech neess eng Kéier erof, ënnert d’Vollek wot. De Claude Mangen kuckt op hiren ongewéinleche Parcours 2010 zréck, an dobäi ass him eppes opgefall, iwwer dat déi mannst an de Medie geschwat hunn.
Den 3. Mäerz 2010 war dem Claus Cito seng „Gëlle Fra“ vun hirem Sockel geholl ginn, nodeems sech am Virfeld d’Mailer zerrass gi waren, op et gutt a richteg wier, en nationalt Monument op d’Weltausstellung op Shanghai ze schécken oder net. Nodeems d’Gemidder sech neess berouegt haten, koum et bei hirem Retour zu enger weiderer Polemik, an dat wéinst der Ausstellung an der „Hall 75“ zu Bascharage am Dezember. Ech wëll mech an dëser Kulturkronik weder iwwert dat eent nach dat anert ausloossen a jidderengem seng Meenung, wann en dann eng huet, respektéieren. Méi wéi 30 000 Visiteure waren am Claus Cito säin Heemechtsduerf komm, fir d’Ausstellung ze gesinn. Och ech war mer e Bild maachen, fir kënne matzeschwätzen.
Sécher hat de Wee fir eran an d’Hal eppes vun engem lokalen Zeltfest, sécher gouf hei en nationalt Symbol kommerziell ausgeschluecht, sécher huet hannert dem mediale Coup vum Buergermeeschter politesche Kalkül gestanen – mä wann ee bis duerch all dës Ënnerstellungen a Viruerdeeler op de Fong vun der Saach gestouss ass, konnt een der Expo munch Positives ofgewannen.
Der „Gëlle Fra“ hire Liewenslaf dokumentéiert déi politesch a gesellschaftlech Entwécklung vum Land mat e puer vun hire wichtegste Statiounen – d’Aweiung 1923, 1940 d’Nidderräissen duerch d’Nazien, 1955 d’Semaine de la Résistance, d’Redécouverte an den neess Opbau an den 1980er Joren, 2001 d’Lady Rosa
of Luxembourg an elo 2010 Shanghai a Nidderkäerjeng. Niewent der Skulptur selwer war dës Geschicht den zentralen Deel vun der Expo.
D’Statue steet haut net méi sou liicht elegant op enger Kugel wéi nach viru 85 Joer, nach kuckt se riicht aus wéi ufanks. Si léisst de Kapp hänken, steet duerfir awer méi fest um Sockel.
Niewent dem Claus Cito sengem Liewen a Wierk, gutt illustréiert mat anere Skulpture wéi och engem Parcours vu sengen Denkmäler uechtert d’Land, huet mech besonnesch de konschthistoresche Volet intresséiert. Firwat huet eise Lëtzebuerger Friddensengel keng Flilleken, wéisou huet d’Gëlle Fra béid Féiss um Buedem an net wéi griichesch oder réimesch Siegesgëttinne ganz dänzeresch ee Fouss an der Luucht? Firwat hält si de Kranz mat zwou Hänn an net wéi ähnlech Skulpture just mat enger? Firwat krut den Artist sech net tëscht Jugendstyl an Art Déco entscheed? Wéisou en Obelisk als franséisch Siegessail?
Wéi ech mech méi genee mat de Symbolike vun dësem „Monument du Souvenir“ beschäftegt hat, ass mer eppes ganz däitlech ginn: D’Gëlle Fra, iwwert déi sou gär a vill geschwat a geschriwwé gëtt, ass dach nëmmen e ganz klengen, wann och net onwichtigen Deel vum Monument. Genee sou intressant a léierräich ass de Sockel mat der Doudewuecht. E Graf mat engem Gefalenen, deen op engem Sarkophag läit an en anere Mann, deen niewent him sëtzt. Ganz bestëmmt Zaldoten, obscho se allebéid keng Uniformen un hunn. De muskuléise Mann, dee sëtzt, huet keng Uluucht vun Trauer oder Melancholie, hie stäipt
Claude Mangen
weder säi Kapp nach reift e sech Tréinen aus dem Gesiicht. Säi lénken Aarm läit um Sarkophag fir seng Verbonnenheet mam doudegen Zaldot ze weisen, déi riets Hand hält e Schëld, säi Schwert an de Lorbeerkranz leie bei senge Féiss. Säi Kierper ass ugespaant, de Fouss prett fir opzestoen, de Bléck no vir geriicht. E ganz pazifistescht Denkmal deemno, keng Heldeveréierung, keen Houfert a kee Revanchismus.
Wéi ech mer dat ganz Monument sou ugekuckt hat, hunn ech mech gefrot, ob et erlaabt wier, engem Kënschtler säi Wierk ze zerleeën a Stécker dervun uechtert d’Welt ze schécken. Schliisslech ass net d’Gëlle Fra déi zentral Ausso vum „Monument du Souvenir“, mä et sinn déi zwee Zaldoten, déi zwar manner glënneren, dofir awer méi Symbolcharakter bidden.
Schued, datt während deenen 10 Méint, wou d’Gëlle Fra op der Rull war, sech kee Mënsch fir déi intresséiert huet, déi hu missen heiheem bleiwen an d’Stellung halen. Dank der Ausstellung zu Nidderkäerjeng sinn ech mer dees wéinstens bewosst ginn. ♦
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!