Recycling fir d’Gesellschaft
Buchbesprechung: Tania Naskandy
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Tania Naskandy: Am Bësch
Myriam
Welschbillig
Ech stinn iwwerhaapt net am Liewen. Ech leien dran.
An zwar ganz ënnen.
An den dräi Romaner vum Tania Naskandy alias Guy Rewenig stinn déi am Mëttelpunkt, mat deenen d’Liewen et net esou gut gemengt huet. A Sibiresch Eisebunn schaaft sech d’Leny Kramp, eng Mamm, déi mat hirem Bouf eleng do steet, hir eege Welt, well se dat wierklecht Liewen net méi packt. De Feierläscher Manou Mangen verkeeft Trouscht a geet bei senger Aarbecht bal selwer zu Gronn, well e grad esou eleng ass wéi seng Clienten. Am drëtte Band vum Tania Naskandy wullen de Branko Rescovic an de Sven Lammar wuertwiertlech am Dreck vun der Gesellschaft, am Recycling-Center. Ma am Bësch, no der Schicht, kënne si erëm opliewen.
De Sven, genannt Cowboy, an de Branko si grad aus dem Prisong entlooss ginn a sollen erëm an d’Gesellschaft integréiert ginn. Si kréien eng Aarbecht am Recycling-Center an hir Betreier, dorënner och de Sébastien, gi sech immens vill Méi ze beweisen, datt d’Resozialiséierung vun deenen zwee klappt. Mä et schéngt, wéi wa weder de Branko nach de Cowboy Loscht op eng Integratioun an dëser Gesellschaft hätten, well si boykottéieren all Versuch, sech an dat gesellschaftlecht „Riederwierk“ eraquetschen ze loossen. Verbal Gewalt géint d’Clienten am Rizeikli, Vandalismus un deieren Autoen, Klauen an Tätlechkeete géint déi, déi sech hinnen an de Wee stellen – dat gëtt net d’Bild vu Matbierger, mat deenen een et gär ze dinn huet. Et ass meeschtens de Branko, dee bei all deem den Toun ugëtt. Zynesch, sarkastesch, aggressiv, ouni Respekt viru kengem, mat zwou Fäischt als Äntwert op all klengste Provokatioun. De Cowboy léisst sech matzëien, rebelléiert manner, profitéiert awer vum Branko sengem Verhalen.
Tania Naskandy: Am Bësch,
ultimomondo, Sandweiler
2010, 155 Säiten, 20 €
De Sébastien, de Kontroller vun hirer Liberté surveillée, ka sech zwar mëndlech duerchsetzen, mä huet um Enn och keen Afloss op dem Branko an dem Sven säi Verhalen. De Branko bleift no der Entloossung deen haarde Kärel, deen ëmmer op Konfrontatioun aus ass a kee verschount ausser dem Cowboy. Deen dogéint schéngt mat Momenter e gewëssent Potential ze hunn, awer nach iergendwéi an der Gesellschaft fonctionnéieren ze kënnen. Op d’mannst huet hie seng kriminell Energie besser ënner Kontroll an e versicht ëmmer erëm, de Branko ze zëssen.
Hir Liberté surveillée verwandelt sech awer an eng Liberté absolue, wa si sech op hir al Hondae sëtze kënnen an domat duerch de Bësch briederen. Och hei huele si keng Rücksicht op Mënsch oder Déier. Sief e Stéier am Verkéier, mengt de Branko: Wie sech hinnen an de Wee stellt, gëtt radikal ewechgedickst. Eréischt op der Honda fille si sech fräi, gi si zu Mënschen, eraus aus dem Dreck an dem Zwang, deen eng Gesellschaft nun emol jiddwerengem operleet. Datt d’Recht vun deenen aneren op genee déiselwecht Fräiheet dobäi mat Féiss getréppelt gëtt, dat ass fir si keen Argument. An genee dat féiert enges Daags riicht an d’Katastroph.
Un d’Vergaangenheet wëll kee vun deenen zwee erënnert ginn. Dogéint wiert sech esouguer de Cowboy vehement: Wann d’Gespenster opdauchen, muss een e bësse rabiat sinn. Et muss ee s’erféieren. Ech ka keng Gespenster brauchen. Sven Lammar! Wëini war
D’Myriam Welschbillig schafft virun allem als fräiberufflech Iwwersetzerin, mat Schwéierpunkt op Iwwersetzungen an d’Lëtzebuergescht. Donieft gëtt hat Coursen an der Lëtzebuerger Schreifweis, huet um däitsche Luxdico matgeschafft a schafft mat um Spellchecker.lu (traduction@mwt.lu).
dat dann? Och déi beschten Therapie kann d’Biller aus der Kannerzäit net läschen an opgerappte Wonnen net heelen: Hei gëtt näischt méi opgerullt. Mäi Kapp ass en däischtert Lach.
Et gëtt näischt schéigeschwat Am Bësch. D’Erzielinstanz, déi aus der Perspektiv vum Sven Lammar schwätzt, entschëllegt näischt, beklot sech net, reflektéiert net. Et gëtt erzielt, ouni Emotiounen, an einfachen, kuerze Sätz. D’Theme reduzéiere sech op dat, wat jonk Männer, Gesetzesbriecher, op hirer Descente infernale erliewen: aggressiven Ëmgank mat deenen anere Leit, Kontakter mat den Autoritéiten, physesch Gewalt a Fraleitsgeschichten, déi sech zum groussen Deel op Sex reduzéieren. An dotëscht gëtt, kuerz an awer däitlech, mam Fanger op en net manner respektlost an onéierlecht Verhale vun „éierbare“ Bierger gewiesen: E Beklaute gëtt bei der Police un, datt e vill méi geholl kritt huet; de Riichter kann de Branko net bei der Police mellen, well e selwer eng gestëbst huet; e Matbierger geheit seng Fra wéi eng benotzte Spillsaach einfach ewech – de Branko bréngt se fir de Cowboy mat an de Recycling: Ech bréngen der eng Braut. … Aus Thailand. Huet engem Lëtzebuerger gehéiert. … Deen hat d’Maischen einfach kaaft.
Ironie kléngt mat an de Sequenzen, an deenen de Branko an de Cowboy a verschiddenen Tategkeeten den challenge vun onentdeckte Méiglechkeete kreativ … attackéieren. Ob s’élo bei Rent a sorrow Partner d’Famill vum Verstuerwenen ersetzen, Politiker bei enger Publicitéitsaktioun ënnerstëtzen oder Loftballone fir Kanner mussen opblosen: Keen ass sech ze schued, Krimineller z’engagéieren, wann d’Mënz stëmmt.
A wann de Branko op enger Plaz mengt: Déi ganz Lëtzebuerger Sprooch ass eng eenzeg Beamtebeleidegung, da muss een och soen, datt dem Branko seng Sprooch eng eenzeg Beleidegung fir de Lieser ass. Aggressiv, voller Kraaftausdréck, brutal an einfach krass. Eng ganz aner Sprooch wéi déi vun de Sozialaarbechter, mat hiren distingueëierte franséische Fachausdréck, mat deene si eng Distanz tëscht sech an hire Clienten opbauen. D’Sprooch als Barriär tëscht deem, deen hëllefe soll, an deem, dee soll gehollef kréien?
Wéi a Sibiresch Eisebunn a Feierläscher beweegt sech alles bannent enger gewësser Zäit op en Héichpunkt zou. Et ass alles eng Eskalatioun, Sven. Déi Spiral vu Gewalt … De Krich geet schonn um Schoulhaff un, mengt d’Léierin, déi hire Schüler ni opginn huet an eng zentral Roll am Roman spillt. D’Zeenen aus der Kandheet déngen als Erklärung fir d’Verhale vum Branko a vum Sven. Als erwuesse Leit hu si awer
trotz Resozialiséierungsversich am Prisong keng Entwécklung matgemaach. Sou wonnert et een net, datt alles eskaléiert a Gewalt um Enn just nach méi Gewalt provozéiert. D’Erzielung geheit vill Froen op. Eng vu villen, déi ee sech sécher stelle kann, ass déi, ob mer et hei net, wéi och an deenen zwee aneren Naskandy-Wierker, mam Bankrott vum System um gesellschaftlechen Niveau ze dinn hunn? E System, dat e Branko an e Cowboy ervirbréngt respektiv e System, dat engem Branko net méi hëllefe kann, en net stoppe kann? Wat sinn adäquat Mëttelen, fir esou Zäitbommen z’entschäerfen? Et kann een Am Bësch sécher als eng Kritik un enger Gesellschaft liesen, déi laang d’Aen an d’Oueren zoumécht, an herno iwwerfuerdert ass mat der Brutalitéit a Gesetzlosegkeet, déi se selwer op déi eng oder aner Manéier opkomme gelooss huet. Et mécht Angscht ze wëssen, dass esou Zäitbommen wéi Branko an och Cowboy an der Gesellschaft erëmlafen a vläicht sollte mer all eise Kartrong déi nächste Kéier, wa mer op de „Rizeikli“ fueren, am Viraus schéi brav falen. ♦
MISSION CULTURE SCIENTIFIQUE ET TECHNIQUE | mcst@uni.lu
LES JEUDIS DES SCIENCES COLLOQUEM GÉNÉRALE
LEÇON 154 DE 1.5.2011
La mort de Tycho Brahe ou la chute du géocentrisme
Peter Andersen Université de Strasbourg
09.06.2011 17:30
Auditoire B02 Campus Kirchberg
En y construisant un château féérique, Tycho Brahe attira les regards du monde entier sur sa petite île danoise. Après de longues années d’observations assidues, le géocentrisme fut chassé de sa patrie et mourut à Prague. Sa mort suspecte coincida avec l’entrée du Danemark dans l’ère de l’astronomie moderne. Le 13 juillet 1602, Copernic fut glorifié à Copenhague par l’ennemi de l’astronomie défunt.
Peter Andersen a fait des études de langue et littérature allemande et française à Grenoble et à Amiens où il a soutenu sa thèse de doctorat en 2000. Il a été chargé de cours à l’Université de Copenhague et maître de conférences à l’Université de Tours et depuis 2006 il est professeur de littérature et d’histoire ancienne au Département d’études allemandes de l’Université de Strasbourg. Il travaille sur l’ensemble des pays germaniques et s’intéresse depuis plusieurs années à la Renaissance scandinave. Il a publié deux ouvrages sur les mythes engendrés par la célébrité de Tycho Brahe.
EN COLLABORATION AVEC LES AMATEURS ASTRONOMES DU LUXEMBOURG
AVEC LE SOUTIEN DU FONDS NATIONAL DE LA RECHERCHE
Attestation de participation sur demande : Technichestätigung auf Anfrage | Confirmation of participation upon request
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!