Nekrolog oder Revival?
E puer Iwwerleeungen zum Jéineschen
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
De 26. November 2011 huet am Pafendall de „Jéineschen Owend am Dällchen“ stattfönnt.¹ Mat mir waren ëm di 150 Leit an de Sang a Klang komm, fir méi iwwert d’Jéinescht gewuer ze ginn. Am Uschloss un den Owend hunn ech mech e bësse mat de „Lakerten“ an hirer Sprooch a Kultur auserneegesat.
Fränz Conrad
Jéinesch?!
„Jéinesch“. Vill Leit hunn de Begrëff schonn héieren. Wat sech genee hannendru verstoppt, ass allerdéngs dacks net gewosst. Ech war do keng Ausnam. Bis op de Begrëff an e puer Wierder, déi ech op deene verschiddenste Plazen opgeschnaapt hat (ouni ëmmer ze wëssen, datt et Jéinesch wier), waren och meng Kenntnesser geréng. Ech hunn den (net ganz repräsentativen) Test gemaach an e puer Leit aus mengem Emfeld an a mengem Alter gefrot, wat Jéinesch ass, ob si Wierder kennen a wou d’Lakerten (vun däitsch „Laken“, mat deem d’Ween bespaant waren) liewe géife resp. gelieft hunn. Resultat: Déi eng hunn de Begrëff nach ni héieren, anerer waren an der richteger Richtung ënnerwee, ouni genee ze treffen („aalt Lëtzebuergesch“, „Geheimsprooch am 2. Weltkrich, fir datt d’Nazien d’Leit net verstinn“), nach anerer hate par contre zimlech exakt Kenntnesser („Lompekrëimersprooch“). Als jéinesch Begrëffer goufe virun allem de „Straubejitzer“ (= Coiffeur) a „Kuff d’Schmull“ (= hal de Mond) genannt. An och d’Plaz, wou déi Jéinesch liewe resp. gelieft hunn, gouf mat Pafendall a Gronn vun e puer Befrote relativ exakt erëm ginn. De Wëssensstand ass also ganz ënnerscheedlech, allgemeng schéngt a menger Generatioun awer net allze vill Präzises iwwert d’Sproochform gewosst.
Kaum Literatur zum Jéineschen
Wëll ee sech selwer iwwer d’Jéinescht informéieren, stéisst ee séier u Grenzen. Iwwert den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff (www.pfaffenthal.info) kënnt een zwar un eng Rei youtube-Videoen an Internet-Sitten, déi e gewëssen Abléck verschafen (esou gëtt een z. B. gewuer, datt de Grupp Lompekrëimer²
ënnert anerem jéinesch Lidder séngt an den Änder Bausch Gedichter a Lidder mat lokal-patrioteschen Zich op Jéinesch schreift³). Nieft e puer Zeitungsartikele⁴ muss een um wëssenschaftleche Plang awer laang sichen, fir och just e puer Texter zum Jéineschen zu Lëtzebuerg ze fannen. An der Regel fänkt ee mam Tockert sengem Wierk vun 1937/38⁵ un – an hält och domatter op! De grousse Verdéngscht vum Joseph Tockert ass sécherlech, eng gutt Parti jéinesch Wierder niddergeschriwwen ze hunn. Seng Aleedung beschreift op e puer Säite Geschicht a Géigewaart vum Jéineschen. De Wourechtsgehalt vun enger Parti Informatioune gëtt allerdéngs vu ville Leit haut a Fro gestallt, wat am Hibleck op den Alter vum Wierk och net verwonnerlech ass. Fir en éischte Kontakt féiert awer kee Wee laanscht Das Weimerskircher Jenisch.
Dat lëtzebuergescht Jéinesch steet mat dëser Problematik awer net aleng do. Och an eisen Nopeschlänner ass d’Literaturlag ganz dënn.⁶ Vu datt d’Sprooch primär als Geheimsprooch benotzt gouf, déi just Ageweter sollte verstoen, ass dat och net weider verwonnerlech. Et ass trotzdeem bedauerlech, datt an der Regel d’Wëssen, un dat ee kënnt, net iwwer eng gutt Handvoll Wierder erausgeet. Iwwer aner linguistesch Beräicher ewéi d’Lautung oder d’Grammatik gëtt ee praktesch näischt gewuer.⁷
Jéinesch zu Lëtzebuerg, Jéinesch an Europa
D’Jéinescht, dat zu Lëtzebuerg v. a. zu Weimerskierch an am Pafendall geschwat ginn ass, ass keng Erscheinung, déi op Lëtzebuerg beschränkt ass. Dës
De Fränz Conrad promovéiert an der Linguistik vum Lëtzebuergeschen un der Universitéit Lëtzebuerg.
D’Jéinescht, dat zu Lëtzebuerg v. a. zu Weimerskierch an am Pafendall geschwat ginn ass, ass keng Erscheinung, déi op Lëtzebuerg beschränkt ass.
Sproochform, déi an der däitscher Linguistik zu de „Sondersprachen“ gezielt gëtt, kann een och z. B. an der Schwäiz, an Däitschland, an Holland, Irland an Italien héieren (kuckt Kaart S. 12), mat enger Rei „dialektalen“ Ennerscheeder natierlech. Si gëtt aus haiteger linguistescher Siicht als Ennergrupp vum sou genannte Rotwelsch, dat als „Sammelbezeichnung für Sondersprachen von Teilen der untersten Sozialschichten in der Funktion von Geheimsprachen, die Kommunikation ermöglichten, welche für Außenstehende (z. B. Polizisten) unverständlich blieb“ betruecht gëtt. Als „Trägergruppen“ ginn „so genannte ‚unehrliche Leute‘: Hausierer, Landstreicher, anderes ‚fahrende Volk‘ (Schausteller, Lumpensammler, Viehhändler u. a.) und ‚Gauner‘ aller Art“ genannt.⁸ Fir all dës „Sondersprachen“ gëtt, datt si net als Vollsproochen ugesi ginn,⁹ mä virun allem duerch lexikalesch Besonneschheeten opfalen. Sou ginn eng Rei Wierder an engem Saz geschwat, dee grammatesch komplett deem entsprécht, wat een ze héieren an ze soe gewinnt ass: Et ersetzt een einfach e puer Wierder duerch déi jéinesch (oder entspriechend) Equivalenter. E Saz ewéi „Kuff d’Schmull!“ z. B. huet genee déi selwecht Struktur ewéi „Hal de Mond!“ (= Imperativ, bestëmmten Artikel, Substantiv am Akkusativ). Den Zweck vun der „Geheimsprooch“ ass domat trotzdeem erfellt – et gëtt ee kaum verstanen.
Jéinesch haut
An de Quartieren, déi fréier mat de Lakerten assoziéiert goufen (Pafendall, Weimerskierch), gëtt et praktesch keng Jéinere méi. Schwätzt den Oliver Kayser a sengem Virtrag de 26. November vun „ongeféier 3 000“ Jéineren am Lëtzebuerger Land haut, handelt et sech a ville Fälle ëm Nofueren vu fréiere Lompekréimer, déi sech selwer awer méi oder manner eiser Gesellschaft assimiléiert hunn.¹⁰ Mat de Sprecher huet sech och d’Sproochform verstreet an zum Deel opgeléisst. Wat de Klaus Siewert fir d’„Masematte“, ee Rotwelsch-Dialekt, deen ëm Münster heemesch ass, feststellt, kann och fir dat lëtzebuergescht Jéinesch gëllen: „[So] sind einzelne Wörter und stereotype (Ver-)Satzstücke das einzige, was von der ehedem lebendigen Sondersprache geblieben ist. Noch vorhanden ist hingegen das schlummernd Sprachwissen der alten Sprecher, auf das sich die Dokumentation und Erforschung der Masematte heute konzentrieren muß.“¹¹ Ähnlech also haut a Lëtzebuerg: Eng Rei jéinesch Ausdréck, déi an d’Allgemengsprooch iwwergaange sinn (an do zum Deel méi oder wéineger heefeg benotzt ginn) oder a Lidder, Gedichter, etc. iwwerdaueren, gi gefestegt an erhalen. Vun enger „lieweger“ Sprooch ass hei awer kaum nach ze schwätzen.
Donieft wiist de Risiko vun enger „Folklorisierung“ (Kurt Kehr¹²), besonnesch, wa sech net duerch wës-
De Grupp Lompekréimer de 26. November 2011 am Sang a Klang
senschaftlech Fuerschung ëm d’Dokumentatioun gekëmmert gëtt. Datt d’Jéinescht zu Lëtzebuerg sech festegt, sech nees „erkritt“, halen ech fir onwahrscheinlech. Den Interêt net un der Sprooch an sech, mä um Gebrauch vun der Sprooch ass deen, un deem et mangelt. Et gëtt elo éischter dat ze erhalen an ze dokumentéieren, wat nach do ass. Dat Sproochwëssen, vun deem de Siewert uewe schwätzt, ass nach bei e puer, mëttlerweil an der Regel net méi ganz jonke Mënschen hei am Land ze fannen. Wann ee wierklech dëse Patrimoine, dës Sondersprooch mat lëtzebuergeschem Stempel an déi duerch si tradéiert Kultur a Bräich konservéiere wëll, wier nieft der linguistescher Dokumentatioun och eng Dokumentatioun z. B. am Kader vun der „oral history“ vu groussem Wäert. Vläit a wahrscheinlich droen Owenter wéi deen am November am Pafendall dozou bäi, datt eenzel Leit inspiréiert a motivéiert ginn, sech méi genee mam Jéineschen (Kultur a Sprooch) ze beschäftegen. Allze vill Zäit bleift dofir wuel net méi.
Eng Visite am Musée
Nostalgie a Virwëtz dierften déi meeschte Leit de 26. November an de Sang a Klang gelackelt hunn. D’Initiative ass ze begréissen an de Succès vum Owend, dee sech besonnesch an der Zuel vun den Visiteure weist (ausverkaf), gëtt hir Recht. Mech selwer huet villes allerdéngs un e Besuch am Musée erënnert. Et weess een elo zwar méi iwwert dësen intressanten Aspekt vun der eegener (Landes-)Geschicht. Trëtt een an den Alldag, begéint engem dës al Zäit awer kaum nach. Just eben a Geschichten, e puer Nimm, e puer Wierder. Emmerhin kann ech elo selwer eppes iwwer d’Jéinescht weiderginn an erzielen an droe mäi klengen Deel dozou bäi, datt et net komplett a
Eng Rei jéinesch Ausdréck, déi an d’Allgemengsprooch iwwergaange sinn oder a Lidder, Gedichter, etc. iwwerdaueren, gi gefestegt an erhalen. Vun enger „lieweger“ Sprooch ass hei awer kaum nach ze schwätzen.
Vergiessenheit gerät. Ob sech en Evenement ewéi de „Jéineschen Owend am Dällchen“ leschtendlech als Nekrolog oder als Chance fir e Revival – a wat fir enger Form och ëmmer – vum Jéineschen erausstellt, steet awer nach an de Stären.
E Bekannte vu mir huet vum Jéineschen haut als engem „Fun-Soziolekt“ geschwat, deen hie regelméisseg bei bestëmmte Kolleegen héiert: Wann den Owend méi laang gëtt, fänken déijéineg, déi z. B. vun hiren Elteren e puer Wuert Jéinesch geléiert hunn, un, där Wierder an d’Gespräch ze streeën – well dat gutt kënnt, well dat witzeg ass. An dëse Fäll wier ee bei der „Folklorisierung“ ukomm. ♦
1 Eng Mëschung aus Informatioun (Virtrag vum Oliver Kayser; Geschichten an Erënnerungen vun an zu de Jéineren), Musek (Lompekréimer an Ander Bausch) an Theater (Atelier Zeralda) gouf ge-bue-den. Andréck vum Owend fënnt een ënnert www.pfaffenthal.info.
2 www.myspace.com/lompekremer
3 Op www.net-tv.lu, ënnert der Rubrik „movies“ > „culture“ fënnt een eng Rei Videoe vum Ander Bausch.
4 „De Lakert kufft d’Schmull“, an: Le Jeudi vum 4. September 2008, S. 2; „De Pafendall ass kee Klontebeies“, an: Le Jeudi vum 4. September 2008, S. 3; ROTH, Lex (1980): „Rondrëm eis Sprooch an d’Jéinescht“. An: Ons Stad 3, S. 28-30.
5 TOCKERT, Joseph (1937/38): „Das Weimerskircher Jenisch. Auch Lakersprache oder Lakerschmus genannt. Eine Händlergeheimsprache von Joseph Tockert“. In: Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, Volks- und Ortsnamenkunde, Heft 12-13. Nei opgeluecht 1989 an den Editions Emile Borschette.
6 Kuck z. B. SIEWERT, Klaus (1996): Rotwelsch-Dialekte. Symposium Münster. 10. bis 12. März 1995 (Wiesbaden), S. 9: „Die Dokumentation und Erforschung der deutschen Sondersprachen vom Typus der sogenannten Rotwelsch-Dialekte liegt weiterhin im argen.“
7 Wee selwer probéiere wëll, méi erauszefannen, fënnt z. B. bei SIEWERT, Klaus (1996): Rotwelsch-Dialekte. Symposium Münster. 10. bis 12. März 1995 (Wiesbaden) éischt Pisten; och www.jenische.info, en internationale Site iwwer d’Jéinescht, bitt eng Rei Informationen, genee sou wéi d’Wikipedia ënner „jenische“ (natierlech mat alle bekannte Virbehälter zu dëser Wëssensplattform). Eng méi populärwëssenschaftlech Aféierung an d’Rotwelsch mat Verweiser op d’Jéinescht ass GIRTLER, Roland (1998): Rotwelsch. Die alte Sprache der Gauner, Dirnen und Vagabunden (Wien). Wat fir Literatur an Dokumenter bei Privatleitz ze fannen ass, weess ech weider net, wier awer intressant, erauszefannen.
8 GLÜCK, Helmut (Hg.): Metzer Lexikon Sprache (2005) (Stuttgart/Weimar), S. 549, Eintrag: Rotwelsch.
9 Ob eng Sproochform eng (Voll-)Sprooch ass oder net, ass allerdings allgemeng ëmmer schwiereg ze soen an hänkt vu ville Facteuren a besonnesch vun der linguistischer Perspektiv of. Der Einfachheit halwer benotzen ech hei nieft „Sproochform“ och de Begrëff „Sprooch“ fir d’Jéinescht.
10 Detailer zur de Jéineren haut gëtt et an engem Interview mam Oliver Kayser an enger vun den nächste forum-Ausgaben.
11 SIEWERT (wéi Anm. 6), S. 11.
12 KEHR, Kurt (1996): „Geheimsprachen im Dialekt: Köddingen und Neroth heute“. In: SIEWERT, Klaus: Rotwelsch-Dialekte. Symposium Münster. 10. bis 12. März 1995 (Wiesbaden), S. 73-80: „Ferner ist mir klargeworden, wie wenig Zeit noch verbleibt, um die letzten lokalen Sondersprachen wenigstens in ihren Resten zu dokumentieren, was Lautung, Intonation und den Kontext ihrer Wörter betrifft, selbst wenn ihre Funktion als Geheimsprachen dahin ist und die Gefahr einer Folklorisierung und Verfälschung […] besteht.“ (S. 80)
Lebensräume der Jenischen (Quell: wikipedia commons, Stéchwuert: jenische)
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!