Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Claude Feltgen
Säit Joren, wann net Jorzéngten, ass de Fraenundeel op de Kandidatelëschte vun de Parteie regelméisseg en Thema am Walkampf.¹ An dat ass och gutt esou. Nëmme wann déi jeeweileg Parteien ëmmer rëm drop higewise ginn, datt hir Kandidatelëscht drop hiweise géingen, datt Fraen (an och aner Persounegruppen) an der Partei benodeelegt ginn, ginn se gezwongen sech ëmmer nees mam Thema intern ausenaner ze setzen.
D’blo-rout-gréng Regierung ass der Meenung, datt an de leschte Jorzéngte genuch geschwat gouf, awer sech nach ëmmer net genuch an dëser Thematik gedoen huet. Dowéinst soll d’Parteiefinanzéierungsgesetz elo esou geännert ginn, datt just nach déi Parteien den hinnen zoustoende volle Montant ausbezueelt gëtt, wann se bei de Landeswahlen op mannst 40 % Fraen (a Männer), also jeeweils op mannst 24 vu 60, op hire Lëschten hunn. Bei manner wéi 18, also ënner 30 %, sollen d’Parteie just nach 25 % vun der Parteiefinanzéierung kréien. Bei dësen harsche Strofe ginn ech perséinlech fest dovunner aus, datt bei den nächste Walen all déi etabléiert Parteie genuch Fraen op hire Lëschte wäerten hunn. Keng Partei kann et sech erlaben ob esou vill Geld fräiwelleg ze verzichten, well se soss net méi sou schaffe ka wéi se et gewinnt war. Bei de Pirate weess ech souguer, datt et praktesch onméiglech wier weiderhi Politik ze bedreiwen. Alleng dat sollt scho Grond genuch sinn fir d’Saach mat der gesetzlecher Geschlechterquot grondsätzlech a Fro ze stellen. Et ginn awer och nach aner Punkten, déi e bedenke sollt, wéi beispillsweis, ob dës nei Regelung dann och dozou féiere wäert datt Fraen an der Gesellschaft an an de Parteien als gläichwäerteg ugesi sinn, an ob doduercher effektiv méi Fraen an d’Chamber gewielt ginn. Ech sinn a beide Punkte skeptesch an hunn och nach e Problem mat enger oft benotzter Argumentatioun.
Méi Fraen op de Kandidatelëschten féieren net dozou, datt méi Frae gewielt ginn oder datt se vun de Parteie méi an d’Effentlechkeet gestallt ginn. Manner Fraen op der Lëscht ze hunn heescht donieft genau sou wéineg, datt der manner gewielt géinge ginn. Als Beispiller hunn ech mer do déi gréng an déi Lénk mat interner Quot an d’DP ouni esou eng erausgesicht.
Déi Lénk hate mat 29 Fraen op de Kandidatelëschte mat deene Gréngen den héchsten Taux bei de leschte Landeswahlen. Och hunn si 2 paritéitesch gewielte SpriecherInnen. Sou wäit sou gutt also. Mä ech muss éierlech zouginn, datt ech bis elo just Männer mat de Lénken a Verbindung bruecht hunn (Hoffmann, Urbany, Wagner, Turpel, Baum, Delvaux), an ech hätt virun der Recherche fir dëse Bäitrag och richteg Problemer gehat, fir och nëmmen eng Fra ze nennen, déi mer duerch hir politesch Aarbecht bei de Lénken opgefall wier. A wann mir dat schonn esou geet, als een deen politikinteresséiert ass, da kann ech mir net virstellen, datt et aneren, manner u Politik interesséierte Leit anescht ergeet. Dës mangelnd Effentlechkeet vu Frae bei de Lénken – bei de leschte 5 Pressekonferenze souze beispillsweis cumuléiert 15 Persounen, dovunner 1 Fra – féiert dann och onweigerlech dozou, datt keng Fraen direkt an d’Chamber oder souguer an de Gemengerot gewielt ginn. Just op Grond vum lénke Rotatiounsprinzip wäerten an dëser Legislatiounsperiod 2 vun dann 2 mol 7 kommunale Mandater vu Fraen iwwerholl ginn. D’Deputéiertemandater si komplett vu Männer besat.
Méi Fraen op de Kandidatelëschten féieren net dozou, datt méi Frae gewielt ginn oder datt se vun de Parteie méi an d’Effentlechkeet gestallt ginn.
De Claude Feltgen, 21 Joer al, ass säit November 2009 Member vun der Piratepartei Lëtzebuerg a këmmert sech do virun allem ëm d’Themen Demokratie & Biergerbedeelung an Schutz vun der Privatsphär. Hien ass och Blogger: http://klotiisblog.wordpress.com/
Bei deene Grénge gesäit et do däitlech besser aus, an dat läit och dorunner, datt bei hinnen d’Fraen net nëmmen zu (bal) 50 % op der Lëscht stinn, mä se och regelmëisseg an d’Effentlechkeet gestallt ginn. Zäitweis hat ee souguer duerch d’Regierungsparticipatioun eng paritéitesch besate Fraktioun an der Chamber. Direkt gewielt waren allerdéngs och bei deene Grénge just 2 Fraen, allebëid als Zweetgewielten op hirer Lëscht. An der Regierung hunn dann awer och si just 1 vu 4 Poste mat enger Fra besat, an dat obwuel se gläich 3 Posten an ‚hirem‘ Ressort, dem Ëmweltschutz an der Nohaltegkeet zougeschwat kruten. Grad an deem Beräich hunn déi Gréng eigentlech genuch kompetent Fraen, wisou sech dat dann net an der Regierung weist, läit wahrscheinlech dorunner, datt och bei hinnen d’Männer eng méi dominant Roll spillen.
Dat féiert insgesamt zu där eigentlech kuriéiser Situatioun datt de relative Fraenundeel vun der DP an der Chamber + Regierung trotz just 15 Kandidatinnen op de Lëschten an trotz dem Ernenne vum Pierre Gramegna, deen op kenger Lëscht stoung, zum Finanzminister méi héich ass ewéi dee vun de Gréngen (31,5 % vs 30 %).
Et kann een also net dovunner ausgoen, datt wann een eng gesetzlech Quot fir Kandidatelëschten aféiert automatesch méi Frae gewielt ginn. Vill méi dréit de Mix aus charakterstaarke Fraen an d’Visibilitéit vun dësen dozou bäi. An alleng de Fakt, datt méi Fraen op enger Lëscht sinn wäert d’Parteien och net dozou bréngen se méi an déi breet Ëffentlechkeet ze stellen.
Dozou missten d’Parteie vill méi iwwerzeegt si vun hire Fraen. Déi Iwwerzeegung kann een awer just vun engem gewannen, wann een hinnen iergendwou – a wann et just parteiintern ass – eng Chance gëtt sech ze beweisen. Grad dowéinst verstinn ech bis haut net wisou eng Organisatioun wéi d’CNFL net éischter Quoten an de Parteigremien fuerdert. Op déi Fro krut ech vun der CNFL a Persoun vun hirer Chargée de direction Anik Raskin folgend Äntwert: „D’gesetzlech Quot ass nëmmen en Instrument, en Deel vun enger allgemenger Aktioun. Se ass wichteg a néideg, mee se muss vun anere Mesure begleet ginn. Natierlech wier et wichteg datt d’Strukturen am Allgemengen d’Pariteit géinge respektéieren. Als Instrument hëlleft di gesetzlech Quot allerdéngs dëse Wandel ze promouvéieren.“ Wisou ech eben net gleewen, datt d’Quot alleng op der Kandidatelëscht duergoe wäert fir dëse Wandel anzelauden, hunn ech virdru beschriwwen.
Och d’Argument, datt d’Kandidatelëschten d’Gesellschaft representéiere sollten, halen ech fir falsch. Dës Lëschte sollen d’Parteie representéieren. Wann
also an enger Partei méi Männer Member sinn an aktiv matschaffen, da soll sech dat och erëmspigelen. Genausou bei jonke Persounen oder Leit aus engem ganz spezifeschen Interessensgebitt. Als historescht Beispill kann een do d’Partei vun den Zwangsrekrutéierten nennen.
A wann dat Argument géing stëmmen, da misst ee selbstverständlech och Quote fir all déi aner Kategorien aféieren, déi aktuell ënnerrepresentéiert sinn, wéi z. B. fir déi méi jonk an och al Altersklassen, oder awer fir verschidde Beruffer. Dat gëtt awer net gemaach. Déi eenzeg Partei vun där een erwaarden dierft, datt se all dës Kritären erfëllt ass d’CSV, well se sech selwer als ‚Vollékspartei‘ duerstellt.
Mir gesinn also, datt déi gesetzlech gefuerderte Paritéit op de Kandidatelëschte souwuel d’Demokratie aschränke kann, genausou wéi se och net onbedéngt dozou bäidréit, datt Fraen an de Parteie méi eescht geholl an ënnerstëtzt ginn.
P.S.: Nom Schreiwe vun dësem Bäitrag sinn ech zur Opfaassung komm, datt et der Piratepartei, wou ech Member sinn, gutt doe géing, eng Fraequot bei sech an de Gremien anzeféieren. ♦
1 Disclaimer: Ech géing gär e puer Saache kloerstellen. 1) Ech perséinlech definéiere mech als Feminist an éch setze mech fir eng gesellschaftlech Gläichbehandlung vun alle Geschlechter an a wiere mech géint all Form vu Sexismus. 2) An dësem Beitrag geet et ausschliisslech ëm déi sougenannte Geschlechterquot op de Kandidatelëschte fir politesch Walen. 3) Meng Positioun zu dëser Quot an de Conseils d’administration vu staatlechen a privaten Entreprises ass eng aner.
Lydia Mutsch, Ministesch fir Chancégläichheet – © Nicholas Bouvy, SIP 2014
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!