Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Ennert déne ville Noriichten di am Zesummenhank mat der Afghanistankris ënnergang sin, wëllt de Koschter eng awer ervirhiewen. Den US-Präsident Carter huet décidéiert, Indien neess ugeräicherten Uran ze liwweren. D’Vereenegt Staten hate mat dëse Liwwerungen opgehalen, wu klor gi wor, daß Indien den Uran nët nëmme fir d’Energiezentrale gebraucht huet, mä och fir eng Atombomm ze bauen. Di logesch Konsequenz aus dem Carter senger Décisioun ka jo nëmmen heeschen: d’USA hu näischt mi dergëint, wann Indien och mat der Atombomm spillt. Grad elo wu di international Bezëiungen an däer Géigend vun der Welt ëmmer méi ugespaant gin … D’USA – nach ëmmer eng Garantie fir de Fridden op der Welt?

csst

An der Mee-Nummer vun der "Kathoulescher Aktioun" huet de Koschter am "Tagebuch eines Landpfarrers" gelies, daß "forum" Blaspémie verbreet. De Koschter fillt sech un den Hd.-Vierworf erënnert, mir wären "Totengräber des Christentums". Schlëmm as virun allem, daß den Auteur, deen op "forum" abonnéiert as, seng Uschëllegungen nët un d’Zäitschrëft selwer schéckt. Well hieren Titel as am Géigesaatz zu muenchen anere Kathoulesche Presseorganer wuertwiertlech gemengt. De Koschter publizéiert all Zouschrëft an as bereet iwert all Vierworf zu schwetzen. – De "Landpfarrer" iergert sech iwregens am selwechten Otemzug driwer, daß 6 Küng-Bicher an der Ausstellung vum "Centre chrétien d’éducation des adultes" ze kafe woren a säint nët. De Koschter muß déi Behaptung als glat Lige bezeechnen: Kee Buch vum Küng wor dëst Joer ausgestallt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code