Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Den Erziungsministär mecht an der lescht vill Reklam fir ‚life-long-learning‘. De Koschter huet sech och iwerzeege gelooss an as op eng ’séance d’information‘ fir Owescourën an de Lycée technique des Arts et Métiers gaangen, di am Ministär senger Broschür ugekennegt wor. Do huet sech dunn awer erausgestallt, dass de Cours bal ausgebucht war, ir ët ugong (e gouf dunn allerdings verduebelt), an dass een huet missen stante pede 1000 Frang bezuelen, soss hat ee keng Chance mi, dëst Joer nach dee Cours matzeman. De Koschter freet sech, firwat nët schon am Ministär senger Broschür iwwert d’Owescourë gesot gët, wéini a wou di eenzel Courë sin, wat se kaschten a wéini ee muss bezuelen. Oder kennen se do den Ënnerscheed tëscht ‚information‘ an ‚inscription‘ nët.

JM

D’Formel-1-Fuerer si gehetzte Leit. Zu Lëtzebuerg hate Schumacher, Irving asw. emol keng Zäit, fir um Findel oder och nëmme um Glacis aus dem Helikopter an eng Ferrari ëmzeklammen. Dat wär ze wäit vun der Groussgaass eweg gewiescht. Hiren Helikopter huet missen am Stadpark op der grousser Wiss landen: dat wor mi no. De Sportsminister an d’Stader Buergermeeschtesch hun se och do begréisst. De Koschter weess elo, firwat d’Stader Buergermeeschtesch dem Helikopter vun der Air-Rescue d’Erlaabnis, am Park ze landen, nët gët. Stellt Iech vir, si misst all Kranken, dee per Helikopter an d’Clinique Sainte-Elisabeth bruecht gët, am Stadpark begréissen. A Kranker si jo och nët su presséiert wi Schummi a Konsorten.

m.p.

Dass d’Steiergesetz suguer fir Schrëftgeléierter e Buch mat siwe Siggelen as, weess de Koschter nët eréischt säit gëscht. Dat iergert en nët nëmme, well e selwer sech enger onkontrolléierbarer Administratioun ausgeliwwert fillt, mä och well e sech freet, wéi Leit mat manner Studien dann do sölle zu hirem Recht kommen. Dës lescht as e neess op e neit Geheimnis vum Steierrecht gestouss: D’Käschte vun enger Assurance, z. B. enger Liewensversécherung oder enger Autoshaftpflicht, däerf nët den Assuré vun de Steieren ofsetzen, och nët deen, deen d’Primmen tatsächlech a noweisbar bezillt, mä de Prenner d’assurance, d. h. déi Persoun, di aus iergendengem Grond eng Kéier de Vetrag ënnerschriwwen huet an dono awer ënner Ëmstänn kee Su mi derfir ausgët. Wee kann dem Koschter déi Steierlogik erklären?

m.p.

Binnenansichten

Die forum-Leser entdecken mit dieser Nummer eine neue Architektur-Beilage, die in Zukunft in jedem zweiten forum-Heft erscheinen wird. Durch Vermittlung unserer Mitarbeiterin Ina Nottrot, die auch für die Redaktion verantwortlich zeichnet, ist die ‚Fondation de l’architecture et de l’ingénierie‘ an die Redaktion herangetreten, weil wir bis dahin fast die einzige Zeitschrift waren, die sich kritisch mit Architektur in Luxemburg auseinandersetzte, um uns den Vorschlag zu machen, regelmäßig ihre Beilage aus der Luxemburger Architektenzeitschrift zu übernehmen. Die Fondation möchte auf diese Weise ein Nicht-Fachpublikum erreichen, während forum sich freut zu einer wichtigen kulturpolitischen Debatte beitragen zu können.

m.p.

forum

Herausgeber: forum a.s.b.l.

Ständige Mitarbeiter: Raymond Klein, Ina Nottrot, Michel Pauly

Koordination: Jürgen Stoldt
Druck rapidpress, Luxbg.

Orginalphotos in dieser Nummer: Conny Scheel

Preise für ein Jahresabonnement (8 Nummern): 1050 F,

Studenten und Arbeitslose 850 F, Geschenkabonnement: 850 F,

(Ausland zuzüglich 500F Porto), zu überweisen auf das Postscheckkonto 61154-44 von forum, Luxemburg mit dem Vermerk Abo ab Nr…

forum erscheint seit 1976 achtmal im Jahr. Durchschnittliche Auflage 1996: 1850. Der Nachdruck von forum-

Beiträgen ist erwünscht, wenn die Quelle angegeben wird. Unterzeichnete Artikel geben nicht unbedingt die Meinung der Redaktion wieder.

1, place Ste Cunégonde
L-1367 Luxembourg

Tel.: 42 44 88 Fax: 42 44 99

Bürozeiten: Montag bis Freitag 9-12

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code