Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Säit dräi Joer get et nieft der ‚Journée de Commémoration nationale‘, di all Joer am Oktober gefeiert get, am Februar eng ‚Journée nationale de la Résistance‘. Ob dat wierklech néideg as, doriwwer däerf ee streiden. Dass e Journalist vu Radio RTL di zwou Feiere nët auserneen hält, kann ee nach verstoen. Dass d’Journaliste vun Télé-RTL jhust e puer belangos Biller weisen, wi e Kranz beim Hinzerter Kräiz néier geluecht get, well di Zeremoni all Joers e bëssche méi langweilt, ass awer e griffe journalistesche Feeler, well grad dëst Joer war ët anescht! Di Escher Theatergrupp Namasté, di ëmmerhin vru kuereem dem Oppenheimer-Präis kritt huet fir hiert Engagement géint Rassismus a Friemenhaass, huet nämlech an enger soberer Inszenéierung e puer egräifend Texter virgedroen. Doriwwer huet RTL-Télé awer kee Pippcheswuert (a -bild) verluer! Jhust aus Liddregkeet? oder waren et Biller vun zejoert?

An engem Artikel an dëser Nummer iergert sech de Guy Thewes, dass leider a populäre Geschichtsbicher, och Schoulbicher fir de Primär, nach ëmmer de Begrëff vun der ‚Friemherrschaft‘ fir d’Lëtzebuerger Geschicht vum 16. bis d’18. Jorhonnert gebraucht gett, obschon d’Historiker dee Begrëff längst als falsch entlarvt hun. Leider schéng, och di der Ausseministeschnëmmte ‚Bundes dessinées‘ oder Primärschoulbicher gelies ze hun, wu se hir Ried zur Lëtzebuerger Aussepolitik (14.3.2000) virbreed huet. Do sot nämlech: ‚L’époque d’occupation étrangère qui suivit [la naissance de Charles Quint] ne fut pas favorable à la constitution d’une identité propre.‘ Am Saz virdrun huet se gesot, de Karel V. wär viru 500 Joer gefuer gin an hätt bei der Gebuert den Titel Herzog vu Lëtzebuerg kritt: wéi kann een da vun enger ‚occupation étrangère‘ schwetzee, wann en deen Titel rechtméisseg gedroen huet? An dass déi Period d’Opkomme vun enger Lëtzebuerger Identitéit verhënnert hätt, hun Historiker wéi de Gilbert Trausch spéistens säit 1989 sech all Méi gin als lertum nozweisen, well e Lëtzebuerger Partikularismus duerchaus scho Jorhonnerte virun 1839 z’erkennen as. Ët gouf just deemools keng nationalistesch Ideologië. Vläicht fëelt et och just un engem Historiker ënnert der Ministesch hire Ghostwriter.

Allkéiers wann den Här Professer Robert Mackel aus New York op Lëtzebuerg kennt, fir eng Sëtzung vum ‚Conseil national de l’enseignement supérieur‘ ze presidéieren, hällt en eng Pressekonferenz an d’Proffen an de Lëtzebuerger Héichschoulen fänken un ze zidderen, well se scho wëssen, dass e neess mat Virwerf op se geheit. Déi Kéier sot e, wann de Koschter dem tageblatt vum 24.3.2000 ka gleewen, di Lëtzebuerger Proffe wären dergéint, hire Coure vun de Studente bewerten ze loosse, wéi dat op amerikaneschen Unien üblech as. Ofgesin dervun, dass dat och do net iwerall zu positive Resultater féiert, as dee Virwerf einfach falsch, well op d’mannst d’Proffen um Centre Universitaire nach net zu deem Thema Stellung geholl hun. An ët gin der do esouguer, di ouni op den Här Mackel ze waarde, vu sech aus d’Studenten ëm hir positiv a negativ Kritik um Cours bieden. Firwat se dann all an der Öffentlechkeet erof man? Och deen zweete Virwerf vum Professer Mackel, um Centre Universitaire géifen iwwert 50% vun de Studenten duerchfalen, as op d’mannst eng lerféierung, di just erreeche wëllt, dass manner Studenten do solle studéieren, well di Zuel as guer nët beluegt: Sin dat 50% vun deene Leit, di sech am Hierscht ageschriwwen haten oder 50% vun deenen, di um Enn vum Joer fir en Examen ugetruede sin? A wee kennt nët di franséisch an däitsch Unien, wou am éischte Joer 70% erausgesifft gin, well fir si souwisou keng Plaz an den Hörsäll fir d’zweet Joer as. (An deenen Exame get keng absolut Punktezuel festgeluegt, di ee muss erreechen, mä di 30% bescht gi geholl.) Grad dofir hu jo eng Rëtsch Couren zu Lëtzebuerg esou vill Zoulaf, well do d’Sélectioun nët grad su streng as an een direkt an d’zweet Joer am Ausland ka kommen.

Dräi Lëtzebuerger Europa-Deputéiert hu sech bei der Ofstëmmung géint de renge Schokela blaméiert an de Koschter kann RTL nëmme félicitéieren, dass en hiren Absenteismus zu Stroossbuerg respektiv hir enk Verbindunge mat de Schoklasmultiën an der Gentechnologie alle Lëtzebuerger virun Aë gefouert huet. D’Ëntschëllegung vun der Colette Flesch, bei den Ofstëmmunge géng et emmer su séier goen, mecht d’Blamage net mi kleng, well da muss ee jo unhuelen, dass si et bei anere Voten och net méi genau hëllt. An engem Communiqué, deen de Koschter zwar leider net zougestallt krut, freet sech Transfair-Minka mat Recht, wat da nach Entwécklungshëllf bedeit, wann Europa op deem Wee ronn 11 Milliounen Afrikaner hir Existenzbasis zerstéiert, just fir dass den agroalimentäre Secteur bei eis nach méi déck Gewënner ka man, well ‚t get op deem Wee mol keng Aarbechtsplaz bei eis geschaf. De Lëtzebuerger Wieler as elo gewarnt: d’Deputéerte Flesch (DP), Goebbels (LSAP) a Santer (CSV) hätten d’Méiglechkeet gehat, an engem Vote, wou et op dräi Stëmmen ukoum, gentransforméiert Fetter am Schokla ze verhënneren, mä di zwee éischt hu fir esou Fetter gestëmmt an deen drëtten huet léiwer de Sall verlooss. Ween esou Députéierten erëmwiellt, as selwer Schold, wann de Schokla him net mi schmaacht. (Am iwwrege louch an dëser Saach och den LW-Korrespondent Gerd Werle (16.3.2000), dee nët nëmme behaapt huet, alle sechs Lëtzebuerger Députéiert hätte géint di Schoklas-Direktiv gestëmmt, mä mol nach nët mat kritt huet, dass de Ben Fayot nët méi am Europaparlament sëtzt.)

m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code