Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter huet mat Interessi an der Dagespress gelies, dass d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg eng Erklärung zur Aarbechtslosegkeet erausgin huet. Leider as allerdéngs de Bistum eng vun de raren Instanzen zu Lëtzebuerg, di ët nët fir néideg fënnt, de ‚forum‘ zu hire Pressekonferenzen z’invitéieren an systematesch hir Dokumentatioun ze schécken. Dofir war ët dem Koschter nët mi méiglech, nach viru Redaktiounsschluss den Text z’analyséieren. De Koschter as awer gespaant ze liesen, ob d’kierchlech Hierarchi éischter den LCGB mat sénger Fuederung no enger 35-Stonne-Woch ënnerstëtzt oder sech ob d’Säit vum LW-Chefredakter stellt, dee jo nët midd gët, wéinst genee där Fuederung op de Jospin ze klappe fir den LCGB ze schloen. Ët as jo nët fir d’éischt, dass d’Bistumszeitung sech op d’Säit vum Patronat stellt, mee ween erënnert sech scho nach un de 9. Oktober 1973?

m.p.

De Koschter as scho neess eng Ongerechtegkeet aus dem Steiergesetz gewuer gin. Bis elo wosst de Koschter, dass Akommes wi Scholden, di e Mann oder enger Fra virum Bestiednis haten, an der Communauté légale jidderengem eenzel säin Eegentum bleiwen. A wee wollt sécher sin, konnt e Contrat de mariage ofschléissen, deen eng Séparation des biens virgesäit. Mä am Steiergesetz gëlt dat nët. Fir d’Steierverwaltung as de Mann fir séng Fra an d’Fra fir hire Mann haftbar, och fir Scholden aus der Zäit virum Bestiednis. Si zëit also z. B. enger Fra, där hire Mann nach aus der Zäit virum Bestiednis Steiere schëlleg as an sech dowéinst eventuell duerch d’Bascht gemaach huet, déi Schold of. Ët gët héich Zäit, dass d’Fraeministesch sech där Saach unhëllt, well an der Regel dierften ët wuel d’Frae sin, di dorënner ze leiden hun. An déi Fäll si méi heefeg, wi de Koschter dat bis elo gemengt hat.

m.p.

Zu Diddeléng gouf den 8. November 1997 e Monument ageweit fir Lëtzebuerger Spueniekämpfer. Dat kënnt ee Monument ënnert Honnerte sin, di an den Dierfera Stied stin a kaum nach beuecht gin. Dëst as allerdéngs ëmmerhin vum Lucien Wercollier. Méi interessant as awer, dass bei där Geleënheet och d’Geschichtsschreiwung ëmgeschriwwe gouf. Nët nëmmen de President vum Organisatiounscomité Paul Cerf schreift vun de Spueniekämpfer, di 1936 hiert d’Liewen op d’Spill gesat hu, fir géint de Franco an fir d’Republik ze kämpfen, ët wären di éischt Resistenzler gewiescht, déi bis elo nach ni als sollech unerkannt gi sin a Merci gesot krit hun, obschons all gudden Dag en anere Resistenzler eng Medaille kritt oder an engem Zeitungsartikel geéiert gët. Och de Staatsminister Jean-Claude Juncker schreift an der Broschür: «Les volontaires luxembourgeois et étrangers qui s’étaient établis chez nous ont accompli une oeuvre importante en montrant la voie à ceux qui allaient bientôt les suivre dans le combat pour la liberté.» Jhust an der LW-Redaktioun schéngen se dee Changement an der historescher Interpretatioun nach nët matkritt ze hun, wann ee gesäit wi niewebäi di Feierlechkeeten ofgefäerdegt goufen. Wat demols vun der Rietsregirung verbuede gouf, well ët kommunistesch inspiréiert war, ka jo nët gudd haut als Heldentat gefeiert gin. Oder dach?

m.p.

D’Denkmalschützer an der Stad Lëtzebuerg sin emol neess ugeschmiert gin. Wi virum engem Joer um Krautmaart d’Archäologen d’Fundamenter vun der Nikloaskierch fräigeluegt hun, hate Stad a Bauteministär versprach, de Grondrëss am Pavé ze markéieren. Di deier Steng, di elo do leien, fir dass se nët ze schnell ënnert dem Gewiicht vun de Fousgänger briechen, loosse keng Markéierung vum Kierchegrondrëss erkennen.

m.p..

forum

Herausgeber: forum a.s.b.l.
Ständige Mitarbeiter: Raymond Klein,
Ina Nottrot, Michel Pauly
Koordination: Jürgen Stoldt
Druck: rapidpress, Luxemburg
Titelillustration: Luc Rod

Preise für ein Jahresabonnement
(8 Nummern): 1050 F,
Studenten und Arbeitslose 850 F,
Geschenkabonnement: 850 F,
(Ausland zuzüglich 500F Porto),
zu überweisen auf das Postscheckkonto
61154-44 von forum, Luxemburg
mit dem Vermerk Abo ab Nr…

forum erscheint seit 1976 achtmal im
Jahr. Durchschnittliche Auflage 1996:
1850. Der Nachdruck von forum-
Beiträgen ist erwünscht, wenn die Quelle
angegeben wird. Unterzeichnete Artikel
geben nicht unbedingt die Meinung der
Redaktion wieder.

An alle unsere Leser:

Einladung zur
offenen Redaktionssitzung
am Montag,
den 15. Dezember 1997, 20 Uhr,
Kritik an der vorliegenden forum-
Ausgabe und Besprechung der
kommenden Nummern und Dossiers:
Bücher in Luxemburg
Was kommt nach den Hochöfen?
Sozialarbeit

1, place Ste Cunégonde
L-1367 Luxembourg
Tel.: 42 44 88 Fax: 42 44 99
Bürozeiten: Montag bis Freitag 9-12

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code