Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
De Koschter huet schon dax an der Lëtzebuerger Press gelies, dass dës Organisatioun oder déi Vereenegung marxistesch ënnerwandert oder vu Moskau ferngelenkt wär. Nach nie hat en dat awer vum Lëtzebuerger Mëttelstand gemengt. An dach heescht ët am leschte Saatz vum Editorial an deem senger Zäitschrëft "Echo" (Nr. 86/29.10.83) wuertwiertlech: "Der Krieg war bisher eine weitgeschichtliche Notwendigkeit, ohne ihn wäre ein wirtschaftliches Aufschwung nicht möglich gewesen. Und gegen die Geschichte kann man nicht ankämpfen." De Saatz kënnt direkt aus dem Karl Marx sängem "Kommunistesche Manifest" stamen. Mä, an do lafen engem dach d’Schudderen de Réck erof, den Editorialist schängt dat positiv ze fannen (während de Marx doweinst e.a. de Kapitalismus wollt ofschafen). Ween zweiwelt nach drun, dass och Lëtzebuerger Wirtschaftskreiser Interessi un Oprüstung a Krich hun, wann s’et selwer sou offen zougin?
g.
Wéi am Hierscht 1973 di deemoleg Jugendpor beim Protestmarsch vum Militärputsch am Chile mat Honnerte vun demokratesch gesënnte Lëtzebuerger manifestéiert huet, as och en CSV-Députéierte matgaang, deem doropshin vu senger Fraktioun e béise Fanger gemaach krit huet. 10 Joer mi spéit schängt d’Meenungsfräiheet an där Partei nach nët méi grouss. Well och hien säi Numm ënnernt d’"Wort unter Brüdern" (vgl. "forum" 68) gesat hat, gouf e CSV-Member, deem dem Koschter schon an der Synod duerch seng éierlech a sachlech Interventionen opgefall as, bei de Parteipräsident bestallt a gefrot, ob e wierklech keng Loscht mi hätt als Kandidat mat an di next Walen ze goen … De Koschter fuerdert de Parteipräsident eraus ëm ze soen, wat an deem Friddensbréif nët vun engem CSV-Mann ka guddgeheescht gin! Dee betreffende Kandidat brauch sech iwregens nët eleng ze spieren: an enger Por am Minette huet an aktuellen CSV-Deputéierten un der Verbreedung vum "Wort unter Brüdern" aktiv matgehollef. An bei enger Entrevue mat der "Aktioun fir de Fridden" soten zwee CSV-Offizieller ausserdeem, bei hinne wär d’Friddendsdiskussioun eréischt ugelaf. De Koschter gesäit ëmmer méi schwaarz: 1. Am November 1983 huet d’CSV nach keng definitiv Meenung zur Rüstungsproblematik, obschon ët muer scho vläicht ze spéit as. 2. Trotzdeem krit ee Kandidat wéinst senger Meenung vum Präsident op d’Fangere geklappt. A vive di pluralistesch Vollékspartei!?
De Koschter hat sech gëiirt. D’Friddensmass no der Manifestatioun vum 22.10.83 wor dach am LW ugesënnegt gin: an engem ganz kuerze Kommuniqué vun de kathoulesche Fraen a Mammen. De Koschter entschëllegt sech also bei de "Fraen a Mammen" … a seet hinne gläichzäiteg seng Solidaritéit, dass se wéinst dësem onschëllege Kommuniqué der LW-Direktioun hir Roserei hu missen iwert sech ergoe loossen. De Kommuniqué war nämlech an d’Zeitung stoe komm, well de "Fraen a Mammen" hir Texter bis elo nach nët hu misse systematesch virdrun an der Chefétage passéieren. Den Direkter huet doropshin awer nët nëmmen dee Redakter zu rieds gestallt, mä och de "Fraen a Mammen" d’Levite geblosen, wat si geng ugoen, hir Memberen an eng Friddensmass an d’Kathedral z’invitéieren … Souwäit si mer (oder hien)!
D’Tënt vun der viereger Notiz wor nach nët drechen, wi de Koschter gewuer gin as, dass neess e ganze Grupp dichteg Leit aus der Lëtzebuerger Kierch der LW-Direktioun hir Stir ze gesi kruten. Op Initiativ vum "Centre de pastorale en milieu ouvrier" haten eng ganz Rei Paschtéier aus dem Minette e Solidaritéitsschreiwes mat den Aarbechtslosen an denen, di hir Aarbecht muer wäerte verléieren, un d’LW geschéckt. Dass ët eréischt Samschdes, den 10.12.83, jhust als Lieserbréif do gedréckt gouf, as anscheinend nach nëmmen op dem Diddelénger Paschtouer säin Asatz zréckzeféieren, dee bis bei de Generalvikar an de Bëschof huet misse lafe fir …
De Koschter huet bis elo jo nach ëmmer "Le Monde" als méi éierlech a pluralistesch ageschat wi d’"LW", an dach mat klore Grenzen a Richtung Rietsextremismus. Dass en elo d’LW nogemaach a sängersäits eng Reklam vun enger Véierelssäit fir dee brasilianesche Fascisteclub "Tradition, Famille, Propriété" ofgedréckt huet (Le Monde, 10/12/83), gereecht em nët zur Eier, egal wéi grouss seng finanziell Problemer sin.
Der "Aktioun fir de Fridden" hun DP-Parlamentarier versprach, sech ze wieren, wa no Pershing II a Cruise Missiles nach nei NATO-Atomrakéiten sollten agefouert gin. Eng Kéier misst jo Schluss sin. Dat wor den 30. November. Hätten si hir eegen Zeitung, de "Journal" vum 18.11. gelies, hätten si kënne mi konkret gin. Do stong schon ze liesen, de General J. Wickham, US-Stabschef vun der Landarméi, géif no modernen takteschen Atomwaffe verlaangen. Wetten, dass d’NATO muer och eng "nei" russesch Waff fënnt fir dës nei "No"-rüstung können ze justifizéieren. Mä déi Kéier huet se sech geiert. Da gin suguer d’DP-Deputéiert géint hire Krichsminister mat op d’Strooss. Well eng Kéier muss jo Schluss sin mat där Rüstungscourse. Firwat nët elo, haut? M.C.
D’LW hat fir d’Joresenn eng Rei Stadtlëtzebuerger iwert hir Suerge fir d’Joer 1984 gefrot. De Scheffe Pierre Frieden (CSV) huet geäntwert, fir hie wären d’Auslännerkanner an der Schoul dee gréisste Problem, 83 wi 84. Wuertwiertlech: "Das Problem der Integration ist grösstenteils nur dadurch zu lösen, dass die Zahl der Luxemburger Kinder zunimmt." Wann dat d’Lësung as, dierfte wuel onse Kanner hir Kanner nach drop waarden. De Koschter muss do un den Erzéiungsminister F. Boden denken, dee mol gemengt huet, ët wär ze wënschen, dass di ausländesch Kanner kënnte lëtzebuergesch schwetzen ir s’an d’Spillschoul kommen. Di zwee Politiker – di jo nët grad ouni Verantwortung fir d’Erzéiung sin – schéngen en immenst Vertrauen an d’Natur an an d’Genetik ze hun; dat as allerdéngs méi liicht, wi d’Schoul de Realitéiten unzapsassen.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!