Kultur – urbi et orbi?

Si Konscht a Kultur wierklech op fir all oder dach gentrifizéiert Festung vun enger globaliséierter Elite?

First things first

Di éischt Versich fir dësen Artikel ze schreiwen, si grondsätzlech am Gesouers ausgeaart. Mee genau dat ass esou dacks de Problem vun allem Iwwel: mer reegen eis op, bekloen eis iwwert dat wat net funktionéiert a bleiwen esou wat mer (wëlle) sinn: e ruraalt Bauerevollek mat enger wannabe Groussstad-Haltung (an Architektur), déi sech awer ni wäert kënne moossen, well si (d’Stad/d’Stied) a mir (hir autochthon Awunner) gréisstendeels resistent dem wierkleche Changement sinn. Op dëser Plaz – gestrach – am Text eng Opzielung vu Saachen di net funktionéieren, mee, wéi gesot: gestrach. Stop complaining! Let’s do it! Ech well deemno e puer Reflektiounen ustellen, déi, esou hoffen ech, uspornen (jo, och mech selwer), sech wierklech opzemaachen, „to embrace the opportunities“ an eis net dermadden zefridde ze ginn, dass mir (gentrifizéiert, global Elite, di dës Zäitschrëft liest) zwar alles mécht fir sech selwer immens „global“ ze fillen, mee et vill méi Leit gëtt, di sech dat esou vläit net kënnen (a verschiddener och net wëllen) erlaben – yes, di vill diskutéiert Zurückgelassenen. Mer mussen eis kloer sinn, dass eng Fête des Migrations oder e méisproochegt Stéck Theater, e World Music an e Street Art Festival net duerginn, fir e Land ewéi mir eent kinnten hunn. Mer sollen eis net domadder zefridde ginn. Dat sollt eis net duergoen. Gëtt dat heiten elo en Opruff? Let’s see what happens.

Ier ech op d’Uni gaange sinn, hunn ech mengen Eltere matgedeelt, dass ech sécher géing zu London bleiwen. Mäi Papp sot dorops hin, ech sollt Lëtzebuerg net esou kleng maachen, et wier e Land mat enorme Méiglechkeeten (déi zwar net necessairement géinge genotzt ginn, mee d’Basis wier do). Ech hu gelaacht. No 3 Joer London, hunn ech di Méiglechkeeten och gesinn. Ech koum heem. Maachen elo dat, wat ech wollt maachen: Theater inzenéieren. Zu London géing ech dat och vläit maachen, mee bal sécher mat vill méi Ëmstand. Ech hätt mat gréisster Wahrscheinlechkeet missten en Niewenjob an enger Bar unhuelen a géing zimlech sécher manner Narrefräiheit genéissen, ewéi dat hei de Fall ass.

Lëtzebuerg huet extrem Virdeeler: duerch seng kleng Gréisst sollt sech automatesch eng (op mannst geographesch) Accessibilitéit erginn. Déi Proximitéit kombinéiert mat der demographesch ongleeflecher Mixitéit huet enormt Potential fir Begéinungen. Begéinungen heeschen Neits, heeschen Kreatioun vun Neiem – an dat net nëmmen am kënschtleresche Sënn, mee am grouss-kulturellen: sozial, mënschlech, geographesch. All dat heescht gesteigert Opportunitéit fir Changement. Dat ass a mengen An, zu Lëtzebuerg di gréisste Chance, awer och di gréissten Hürd, gesellschaftlech, kulturell a politesch. Ech behandelen di dräi Elementer gären als Ganzt, well se fir mech net auserneen ze denke sinn, an hoffen e puer Gedanke am Hibléck op d’Gemengewahlen op de Wee ze ginn.

Kreatioun duerch Bewegung Interaktioun a Verännerung

Virun e puer Wochen huet eng Madamm, mat där ech op enger Terrass an d’Gespréich koum, gesot: „Eise fonds de Commerce ass de Changement“. Ech si vill zu Fouss a mam Bus ënnerwee, trëppelen duerch de Park, kucke lauschteren a richen (tendeziell inspiréiert vun den internationale Situationisten). Ronderëm mech gëtt do knapps bis guer kee Lëtzebuergesch geschwat. Net well mir um Ausstierwe sinn, mee well mer léiwer mam Auto (déi, di sech erlaben an der Stad ze wunnen, vläit och mam Scooter oder mam Vëlo) vun eiser Festung doheem an d’Festung vun der Aarbecht an dann nach eventuell an d’Akafskëscht oder nach an eng aner Këscht, wou dann eventuell nach e bëssi Konscht consomméiert gëtt, fueren. Festzestellen ass, dass an deene verschiddene „Këschten“, an deene mer eis ophalen, mer zwar mat Leit interagéieren, awer dach quasi nëmme mat deene vun der eegener Zuucht. Ass jo och normal, d’Déiere maachen et jo och esou. Ma ebe grad: wann eise gréissten Ënnerscheed zu den Déieren deen ass, dass mer eis vun den Déieren ofsetzen duerch Kultur (an alles wat dat beinhalt) da musse mer mat Leit interagéieren, déi eis net ähnlech sinn, a Situatiounen, déi mer net kennen. Dat gëllt fir all Sparten: d’Kulturinstitutiounen, d’Politik, dat Sozialt. Changement, Migratioun an d’sech opmaachen si keng Anomalie, mee en opbauenden, strukturéierende Fait. An deem Sënn huet de Politolog François Gemenne Ugangs Juni dem Paperjam an engem Interview zum Sujet vun de Migratiouen geäntwert:

«Je pense qu’il faut d’abord considérer les migrations comme un fait structurel. Nous restons bloqués, aujourd’hui, dans ce que j’appelle le ‘paradigme de l’immobilité’, c’est-à-dire l’idée que les migrations constituent une anomalie qui n’existerait pas dans un monde idéal. C’est cela qui explique que nous les voyions systématiquement comme un problème à résoudre, ou une crise à gérer. Il faut sortir de cette approche, et accepter qu’elles soient un élément structurel d’un monde de plus en plus globalisé.»

Begéinungen, mee wou?

Wou geet den Zougewanderten hi fir en aneren ze begéinen? Am politesch ëffentleche Raum fillt e sech kaum wuel, do ass keng Plaz, well deen ass vun den Autochthone besat, a wie gëtt gären dat wat en huet schonn hir? An de konkreten ëffentleche Raum kinnt e jo goen, mee deen ass mat Ausnam vun de Parken entweder esou steril, dass een och do kaum wëllt sinn oder net wierklech gefleegt: jo, et läit net onbedéngt an eiser Kultur eis dobaussen an der Ëffentlechkeet opzehalen – mee vläit kinnte mer eis jo bei deene villen Zougezunnenen e Stéck Oppenheet ofschneiden a mëttes an de Park picknicken goen oder mat Frieme Leit Petanque spillen.

An d’Kulturhaiser? Sinn déi ëffentleche Raum? Se sollten et sinn, och wann dat wat dra passéiert, dacks méi no Geheimveranstaltung fir eng eenzeg elitär Zilgrupp ausgesäit, ewéi di groussaarteg Endroits de recontre et de créativité, déi se (oder mir, ech gehéiere jo och derzou) wëlle sinn. De Problem ass net e spezifesch lëtzebuergeschen, mee e sollt eis ganz akut concernéieren, well mer eis als Gesellschaft esou extrem (kënne) veränneren, dass mer déi Chance net sollte verpassen.

“Culture is born out of human interaction; it therefore cannot exist without people around to enjoy, evaluate, remix, and participate in it. So why do our cultural centers so often turn inward, away from the street, onto an internal space that is only nominally for gathering, and is mainly used for passing through? Why do these cultural centers physically remove culture from the public realm and plop it on a curated, often ‘visionary’ pedestal instead of providing a venue for promoting more interaction among the people who create it?” schreiwen d’Auteuren vun Project for Public Spaces zu Perth.

De Carl Grodach, australeschen Urban Planning Professer reflectéiert: “cultural institution architecture has moved from neoclassical temples of art and brutalist fortresses to spectacular and iconic buildings designed by renowned architects. Yet, many of the most impressive cultural buildings (…) actually work poorly as integrated public spaces. They may offer grand views and remarkable architecture, but remain isolated monuments disconnected from the surrounding city.

These cultural complexes have nonetheless become fundamental to city redevelopment strategies the world over. This is less to bring art and creativity into the lives of a city’s diverse publics than to impress global investors, attract tourists, and enhance centre city property values. Cities (…) collect their major cultural institutions in highly visible and centralised districts rather than integrating them throughout the city where they might amplify local street life and encourage people to explore different places.”

Rings a bell, oder? Mee all di vläicht offensichtlech Feststellunge sollen net zur Verzweiwlung oder nach méi Immobilitéit féieren. Au contraire, no aler Marketing Technik, kann d’Analyse vum Ist-Zoustand, mat senge Stäerkten a Schwächten zum Soll-Zoustand féieren. A wann ech éierlech sinn, gesinn ech méi Opportunities ewéi Weaknesses a wa mer wëllen de Changement, d’Beweegung, d’Interaktioun, d’Kreativitéit a vrun allem den ëffentleche Raum als beweeglechen an interaktive soziale, politeschen, a kulturelle Raum fuerderen, an och ëmgedréit, d’Kultur an d’Politik zum ëffentleche Raum fir jidderee maachen, huet Lëtzebuerg optimal Viraussetzungen, wann et da wëll.

Den ëffentleche Raum kulturell maachen an d’Kultur ëffentlech

Sech banne baussen dréinen, a säi Rôle als espace public iwwerdenken:

“Institutions in the US as different as Lincoln Center for the Performing Arts and the Columbus Museum of Art in Ohio have redesigned their facilities to create more open, permeable connections to their surroundings. New designs go beyond formal plazas to provide better access and smaller public spaces that allow more casual use. They incorporate ‘cinematic facades’ into their buildings that offer expansive views between the street and gallery and performance spaces inside. Libraries have gone from reticent community reading rooms to mixed use, multipurpose spaces that catalyse social interaction. They are no longer just spaces to consume literature but foundries for cultural production.” (Carl Grodach)

Anerer redefinéieren de Raum ronderëm an ausserhalb als Extensioun vun dem zouene Kulturraum u sech. Déi Reflektioun kinnt een esouguer esou wäit dreiwen, dass all Raum tëscht zwee verschidde Kulturhaiser méigleche kreative Raum ka sinn, dass also permanent an iwwerall tëscht de Kulturraim permanent begéint, interchangéiert an domadder och kreéiert gëtt. Dofir muss genau deen Espace dertëscht opgewäert a belieft ginn. D’Beispill vu Perth ass do sécher eng excellent Inspiratioun, Fokus vun den eenzele Kulturkëschten ze huelen an en op den Espace dertëschent ze redirigéi-
eren an di eenzel Kulturinstituter net als eenzel Atomer ze gesinn, mee als ee Moleküll a permanenter Beweegung:

“Their vision was to connect the 23 institutions within the Perth Cultural Centre (PCC) to each other by improving the public spaces that surrounded and connected them, and to extend the precinct past its formal edges, with cultural activity reaching out into the surrounding area like an octopus. The PCC is a cluster of institutions located at the hinge point between the city’s central business district and one of its burgeoning nightlife districts. The centre features a mix of historic buildings from the 1800s and Brutalist structures built in the 1960s and 70s, and includes art museums, theaters, a history museum, a major library, and a compact college campus.

Perth’s Metropolitan Redevelopment Authority got involved in 2008 by buying and renovating a number of storefronts along a major shopping corridor on the edge of the PCC precinct, and then carefully managing the selection of tenants. The MRA’s understanding of the importance of careful management and cohesive vision proved to be key to developing a Lighter, Quicker, Cheaper (LQC) plan that’s completely changed the public’s perception of the space in a very short period of time.(…)The LQC plan included a working orchard on top of a parking deck, a wetland and play space focused on nature-based discovery, a large screen for projecting movies and digital art, seating, food vendors, etc.”

Et geet ëm Engagement, Participatioun, Leit, sozial Interaktioun an honnerte Saachen ze maachen. Ee vun de Responsabel completéiert: “maybe nobody wins a design award for it, but that diversification of uses is a really big deal for the people who use that place, and for their local culture.”

Esou ee Konzept ewéi dat vu Perth ass net ze maachen ouni dräi wichteg Saachen: Risk-taking op de Säite vu alle Players, der Gemeng, de Kulturschafenden an -haiser, dem Staat an och den Zuschauer. Da brauch et eng Form vu sozio-kulturelle Scouten, déi déi Atomer, déi Plaze, wou potentiell kann eppes vibréiere, fannen a se mat Urbanisten, Politiker, Soziologen, de Leit vun der Plaz an de Kulturschafenden un esou en oppent Spannennetz ubannen. An zu gudder Läscht eng Gemengepolitik, déi de Courage huet den Immobiliëmarché ëmzekrämpelen, well et ginn esou flott Plazen a se sinn eidel oder dout, ouni Liewen, ouni Häerz an ouni Séil. Nei Kulturtempele brauche mer net, mee mer wëllen eis Kultur do maache, wou d’Leit sinn.

Things to do. Let’s do them.

 

Grodach, Karl: Cultural Institutions and the challenge of public space, ënner: https://www.qpac.com.au/the-creatory/people-places/cultural-institutions-and-the-challenge-of-public-space/(ofgeruff den 12.06.2017)

Creativity & Placemaking: Building Inspiring Centers of Culture by Project for Public Spaces, ënner: https://www.pps.org/reference/creativity-placemaking-building-inspiring-centers-of-culture/(ofgeruff den 12.06.2017)

Buck, Frédérique am Interview mam Gemenne, François: Les migrations posent la question de notre rapport à l’autre, http://services.paperjam.lu/news/les-migrations-posent-la-question-de-notre-rapport-a-lautre (ofgeruff den 03.06.2017)

D’ANNE SIMON, schafft als fräiberufflech Theaterregisseurin zu Lëtzebuerg, an Däitschland, Eisterräich, Spuenien, Groussbritannien an an de Vereenegte Staaten.

 

 

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code