De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper

Wat denken d’Nolauschtrer:innen?

De lëtzebuergesch-sproochege Méi wéi Sex-Podcast, deen een all zwou Woche bei Radio Ara op der Antenn an dono op alle gewinnte Podcast-Plattforme lauschtere kann, gëtt et säit dem Hierscht 2018. Säitdeem ass beispillsweis bei Spotify 14.037 Mol op de Play-Button gedréckt ginn. Mëttlerweil existéiren 54 hallefstënneg Follgen, an deenen an der Reegel zwou Persounen iwwer perséinlech Experienze schwätzen, déi mat Sex a Sexualitéit souwéi affektiver a sexueller Gesondheet ze dinn hunn.

Dobäi geet et ni just ëm privat Geschichten, mee och ëm gesellschaftlech Debatten, déi mat bestëmmten Themen zesummenhänken. De Podcast gëtt vum Cesas finanzéiert a riicht sech an éischter Linn un e jonke Public. D’Team hannert dem Mikro besteet aus engem Sexolog, enger Sexualpedagogin, enger Theaterpedagogin an zwee Journalist:innen. Mir hunn d’Nolauschter:innen am Kader vun engem Opruff gebieden, eis ze verroden, wat hinne gefält a wat net. A wat een:t besser kéint maachen.

Et ass wouer, datt an eiser Gesellschaft net genuch iwwer Sex geschwat gëtt, mee et wier falsch ze soen, datt mer net um Wee zur Besserung sinn: Podcasts iwwer Sex ginn et wéi Sand um Mier, an dat ass och richteg sou. Datt ech trotz dëser masseger Auswiel awer am léifste „Méi wéi Sex“ lauschteren, läit virun allem dorun, datt ech d’Konzept an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg zimmlech couragéiert a scho bal e bësse revolutionär fannen. Et ass awer och den Ëmgang vum Anne, Joël a Kelly mam Tabuthema Sex, dee mer sou gutt gefält: Ëmmer mat enger klenger Prise Humor an awer opklärend an informativ, eng locker Gespréichsstëmmung, eng villfälteg Themenauswiel, di mech oft selwer iwwerrascht an zum Nodenken ureegt. Besonnesch wichteg ass mir och déi sensibel Sprooch, déi all Geschlechtsidentitéiten a sexuell Orientéierunge matabezitt a weist, datt Sexualitéit immens divers ass. Elisa (23)

Et ass ganz wichteg hautdesdaags, dass et e Podcast wéi „Méi wéi Sex“ gëtt, grad well et an enger Welt vun ëmmer méi Distanz tëscht de Mënschen (trotz digitaler Kommunikatioun oder ebe grad dowéinst) wichteg ass, sech rëm kierperlech méi no ze kommen. Och wann dës Sendung net fir all Zilgrupp geduecht an de Stil vun der Sendung net fir jiddereen ass, sou sinn ech weiderhin e Frënd a Fan vun der éischter Stonn. An der 2. Staffel goufe well méi Gäscht gefrot fir och a verschiddene Sendungen zu speziellen Themen opzetrieden, wat och gutt ass, well a mengen Aen dräi Stammspriecher sécher net all Thema vollends beschwätze kënnen an si och haaptsächlech opgrond vun hire perséinlechen Erfarungen a Meenunge kommentéieren. De joviale Kader an d’Aart a Weis, wéi d’Sendung opgebaut ass, maach sech méi u jonk Leit an der Pubertéit a kuerz dono adresséieren, mee ech fannen et gutt, dass och méi extrem oder just liicht mat Sexualitéit verwannt Themen direkt an oppe beschwat gi. Den oppenen Ëmgang mat Sexualitéit an eiser tabuiséierter a moralesch vereelster Gesellschaft ass wichteg a progressiv a wäert och weiderhi mäin Ouer a meng Ënnerstëtzung fannen. Ben (37)

Ech hunn mat 15 Joer ugefaangen, de „Méi wéi Sex“-Podcast ze lauschteren, deemools nach déi éischt Staffel. De Podcast huet mir gehollef, déi deemools nach oft abstrakte Virstellung vu Sex a Sexualitéit a mengem Kapp ze formen, an huet mir vill iwwer Konsens a verschidde Liewensphilosophië bäibruecht, wat och definitiv zu menger feministescher Entwécklung bäigedroen huet. De Podcast weist mir, deemools wei haut, ëmmer rëm, wéi wichteg an normal et ass an iwwerall sollt sinn, iwwer Sex a Sexualitéit ze schwätzen, an dass dat keen Tabuthema ass oder eppes, fir wat een*t sech schumme sollt. Och huet et mir oft en Abléck a mir bis dohin éischter onbekannte „Welten“ (zum Beispill Sexpartyen) an eng Virstellung dovu gi, wat baussent vun eiser heteronormativer, monogamer Gesellschaft louch. Fir d’Zukunft hoffen ech op nach méi Geschichten aus de Podcaster*innen hire Liewen a géif mir geleeëntlech nach méi Folge wei #54 (Net-Kannerwonsch) wënschen, déi méi philosophesch sinn an nach méi déi breet gesellschaftlech Normen an Erwaardungen a Fro stellen. En plus denken ech, dass een*t nach méi Léit erreeche kéint, wann een*t et hikréie géif, de Podcast iergendwéi a méi Sproochen unzebidden, obwuel et natierlech scho flott ass, e lëtzebuergesche Podcast ze hunn. Ech begréissen och, dass et an der 2. Staffel e méi grousst an diverst Team gëtt, well et nach méi Erfarungen an Andréck mat erabréngt. Zohra (17)

Prinzipiell finde ich das Konzept gut. Aber in der Folge über den „Nicht-Kinderwunsch“ kam keine Diskussion auf. Es war ein Erfahrungsaustausch unter Gleichgesinnten. Das Gespräch war mir zu persönlich. Ich habe mich als Zuhörerin nicht wirklich eingebunden gefühlt. Ich habe mich beim Zuhören dauernd gefragt, ob ich nicht zu alt für solche Formate bin, da ich einen ganz anderen Umgang mit meinem Privatleben pflege, als die jüngere Generation. Angelika (58)

De Podcast kann een:t och op sexpodcast.ara.lu lauschteren.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code