Bluttsëffer
vum Jemp Schuster, Lëtzebuerg, Imprimerie Centrale, 2020, 448 S., € 25,-
De Jemp Schuster huet sech bis ewell als Auteur a Regisseur vun Theaterstécker, mat eegene Cabaretsprogrammer a Kuerzprosa en Numm gemaach. Bluttsëffer ass säin éischte Roman.
D’Handlung spillt an de Joren 1905–1951 an der fiktiver ruraler Uertschaft Grozeg a si stellt dräi Familljen iwwer méi Generatiounen an de Mëttelpunkt: d’Trini Maltes an de Fraunz Seidel mat de Kanner Elise a Méchel, de Pir Gerber an d’Anna Renker mat de Kanner Aloyse, Gust, Camille an Néckel an, als drëtt, de Sammy Birnbaum mat senger Fra Lisa Rosenstock an den Duechtere Rosa a Judith. Si sinn Handwierker*innen, Baueren- oder Butteksleit a keng Vertrieder vun der Uewerschicht – an dat huet och säi Grond: „All eenzel Famill ass wichteg. Aus wat besteet dann d’Weltgeschicht? Sinn dat nëmmen déi grouss Schluechten, déi berühmt Kinneken, déi korrupt Peepst? Sinn dat blank Datumer? Ass dat Crécy, Waterloo a Stalingrad? Oder ass et d’Liewe vun de klenge Leit, aus deenen déi grouss Weltgeschicht zesummegesat ass? Ween huet d’Pyramiden an Egypte gebaut? Ween huet déi Chinesesch Mauer opgeriicht? Dat war kee Pharao a kee Keeser. Er waren Dausende vu Männer a Fraen, deenen hir Nimm a kengem Geschichtsbuch stinn.“ De Personnagen hiert Liewen, dat Stéck Weltgeschicht, dat vermëttelt gëtt, ass staark vun Tragik a Brutalitéit gepräägt. Verloscht, Trauer, Angscht an Hoffnungslosegkeet sinn un der Dagesuerdnung a méi wéi eng Kéier kritt een als Lieser*in déi mënschlech Ofgrënn virun Ae geféiert.
Erzielt gëtt zwar chronologesch, mä net kontinuéierlech. Vill méi gi just déi wierklech bedeitend Momenter an Aschnëtter a mondgerechte Kapitelen zerwéiert. Sou bleift d’Spannung konstant um Héichpunkt. Eng weider Charakteristik vun der Struktur si Kaderzielungen. Eng dovu féiert an d’Joren 2004 an 2005 bei d’Fanny, d’Enkelin vum Elise. Hatt notéiert alles, wat et vun an iwwer seng Virfare gewuer gëtt, a seng blo Brouillonshefter. Déi Hefter kommen an engem zweete Recit-Kader dann an de Besëtz vun engem Ech-Erzieler mam Optrag, se ze publizéieren…
Als Lieser*in kritt ee mat der Zäit Zweifel un der Glafwierdegkeet vun de Geschichten, well et méi narrativ Niveaue ginn an déi eenzel Erzieler*innen och nach onzouverlässeg schéngen. Opfälleg ass zum Beispill eng heefeg Beanträchtegung vun de Sënner. De Camille huet just nach een Ouer, d’Elise eng duerch e geplatztent Trommelfell verursaacht Synästhesie an d’Fanny, dat eigentlech Julie heescht, leit ënner enger Krankheet, déi munchmol eng Zort Halluzinatiounen ausléist: „Wann d’Fanny dann och eng Synästhetin war, wann hatt hatt, [sic] unhand vu Biller a vun Datumer Geschichte konnt gesinn! Wann déi Leit op deene Fotoen da lieweg gi sinn, net richteg, awer viru sengem ënneren A. Wann hatt, mat deenen zesummen, hiert Liewen erlieft huet, dann huet et en Ausléiser gebraucht. An dat war seng Histaminose. Also huet et nëmme missen eng Kris provozéieren, fir déi Biller lieweg ze maachen. Mat Cremant ass dat wonnerbar gaang. Wéi en Junckie mat sengen Drogen, huet den Alkohol säi Bewosstsinn erweidert.“
Déi vill Erzielniveauen an d’Onzouverlässegkeet vun den Erzieler*inne sinn e literarescht Spill, dat déi dacks däischter Handlungssträng oplackert. En änlecht Spill gëtt mat de Gattunge bedriwwen: Historesch Evenementer glidderen sech an eng fiktiv Geschicht an, déi historesch Familljechronik gëtt an der Kadererzielung zum Géigewaartsroman, mattendra verstoppt sech souguer e klenge Krimi. An och mat der Sprooch gëtt, schonn am Titel, gespillt: Bluttsëffer gi fir medezinesch Zwecker agesat, gemengt ass domat awer och, wien, wéi d’Vampiren, aneren zu sengem eegene Virdeel schuet…
Apropos Sprooch: D’Qualitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch mat Ausdréck, déi, wéi „Munneng“, deels op al Bräich verweisen, verréit ëmmer nees déi minutiéis Recherche hannert dem Wierk. Doduerch entsteet eng androcksvoll Authentizitéit, déi geschéckt mat den oft jorelaange Splécken tëscht den erzielten Anekdote kombinéiert gëtt. Sou ertappt ee sech beim Liesen dobäi, wéi een déi Lächer mat de Geschichte vu sengen eegene (Grouss-)Eltere fëllt. Et stellt een Iwwerschneidunge mat hiren Erënnerunge fest, déi eng emotional Betraffenheet fërderen, sou dass et engem bal sou ergeet wéi dem Fanny: „Et huet seng ganz Energie an déi Familljechronik gestach, fir dran opzegoen an ze versompen. Et huet mat senge Virfuere gelidden a gelaacht, et huet jidderengem säi Misär a seng Freed um eegene Läif gespuert. Dat huet et physesch a psychesch iwwerfuerdert a futti gemeet. Et konnt einfach net ophalen, et huet déi Drog gebraucht, obschonn et wousst datt s’et géif ëmbréngen.“
Trotz de Splécke gëtt et um Enn kee wierkleche Cliffhanger. An dat ass och gutt esou. E Roman wéi de Bluttsëffer huet déi Taktik guer net néideg. Och esou erwaart ee mat Virfreed an Ongedold Ouereschlëffer, d’Fortsetzung vun engem Roman, dee ganz onforcéiert ënnerhält, beweegt a matrappt.
Christine Mandy
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
