Ech hu kee Grond, haut eppes ze kafen, also kafen ech haut och näischt.
Et ass dach verréckt, all Dag an de Shopping Center Mirabilis ze fueren, fir eppes ze kafen, och wann ech kee Grond hunn, eppes ze kafen.
Dee Reflex, all Dag automatesch an de Shopping Center Mirabilis ze fueren, ouni mech ze froen, ob ech e Grond hunn, eppes ze kafen, féiert fatalerweis dozou, datt ech mer guer net méi bewosst sinn, wéi séier ech ouni Grond eppes kafen.
Haut bleiwen ech doheem a kafen näischt.
Zwar hunn ech mer fest virgeholl, haut net an de Shopping Center Mirabilis ze fueren, mee wann ech doheem bleiwen, gesäit kee Mënsch, datt ech haut näischt kafen.
Wat bréngt et, haut näischt ze kafen, wa kee wäert gewuer ginn, datt ech haut näischt kaaft hunn?
Ass et net onsozial an egoistesch, meng Entscheedung, haut näischt ze kafen, einfach fir mech ze behalen?
Ech fueren also wéi all Dag an de Shopping Center Mirabilis, awer net, fir eppes ze kafen, dat kënnt guer net a Fro, mee fir op der Plaz kloer an däitlech ze manifestéiere géint déi fatal Obsessioun, all Dag an de Shopping Center Mirabilis ze fueren, wou nees Dausende Mënschen drop an derwidder akafen, wéi wann dat ganzt Vollek nëmmen eng eenzeg Ambitioun hätt, an zwar blannemännches anzekafen, ouni sech d’Fro ze stellen, wat dee permanenten Akafsmarathon eigentlech bréngt.
Mäi Kolleg Miller seet: Wann s du gär aktiv protestéiers géint dee ganze Konsumfimmel, da komm an de Café Nada.
Do treffe sech all déi opgekläerte Leit, déi bewosst näischt kafe wëllen. Neierdéngs ass de Café Nada all Dag iwwerfëllt, well ëmmer méi Leit es sat sinn, duerch de Shopping Center Mirabilis ze lafen, fir weider näischt ronnzekréien, wéi ee Regal nom aneren eidel ze kafen.
De Café Nada fënns du matzen am Shopping Center Mirabilis, du gesäis e scho vu Wäitem, strategesch gekuckt läit en ideal.
Natierlech ass de Café Nada mir scho méi wéi eng Kéier opgefall, ech hunn ëmmer geduecht: Wat dreiwen all déi komesch Leit an deem Bistro, stonnelaang sëtze si do mat hire verbruete Fiseminnen, si pechen op hire Still a schëdden ee Cappuccino nom aneren a sech eran, si denken net drun, hiren Hënneschten ze hiewen, fir mol ze kucken, wat et ronderëm am Shopping Center Mirabilis alles ze kafe gëtt, si verpassen alles, wat hinnen hei gebuede gëtt, firwat bleiwe si net einfach doheem, si mussen dach hir katastrophal Akafsapathie net och nach demonstrativ affichéieren.
Ech hat jo keng Anung, datt de Café Nada d’Zentral vun den Akafsdissidenten ass.
Vun haut u gesinn ech dat anescht, an zwar vu bannen eraus, ech sëtzen am Café Nada an denken: Wat dreiwen all déi komesch Leit an deem Shopping Center Mirabilis, wéi Hénger ouni Käpp tierkele si vun enger Boutique an déi aner, si kréien hir Caddien net séier genuch vollgestoppt, bestëmmt dreeme si nuets vu gepanzerten Akafsweenercher mat laange Stoussstaangen, vläicht kéinte si mat e bësse Geschéck och Maschinnegewierer op de Caddie schrauwen, et wëllt ee jo geriicht si fir dee wéischten Akafskrich.
Mäi Kolleg Miller huet schonn op mech gewaart, hien ass zanter Laangem am Café Nada doheem.
Probéier mol de Cappuccino Boykott, seet hien, dee Kaffi kënnt aus autonome latäinamerikanesche Cooperativen, déi sech géint déi international Kaffismafia stäipen, du gleefs net, wéi sensationell e schmaacht.
Bal alleguer d’Gäscht vum Café Nada schwieren op de Cappuccino Boykott, si drénke mat Genoss eng Taass no där anerer, du wäerts gesinn, spéitstens no där fënnefter Taass ass däi Kapp gebotzt an däin Häerz vibréiert vu lauter Solidaritéitsgefiller.
De Barista staamt iwwregens aus de peruanesche Rebellegebitter, hien huet säin Handwierk an de successive Biergerkricher geléiert, et ass en echte Glécksfall, datt hien hei am Shopping Center Mirabilis eng nei Heemecht fonnt huet.
Pablo, bréng eis nach zwee Cappuccino Boykott, por favor. Venceremos!, laacht de Pablo.
Däin T-Shirt fannen ech wierklech prächteg, soen ech zu mengem Kolleg Miller.
Alleguer d’Gäscht heibannen hu sou en T-Shirt un, seet de Miller. Mir wëlle jo all zesummen en Zeeche setzen.
Du hues et bestëmmt gemierkt, all T-Shirt huet eng aner Faarf, dat ass normal, mir wëlle jo net an enger Uniform optrieden, jidderee vun eis soll seng Individualitéit behalen.
Mee op all T-Shirt steet dee selwechte Sproch: Ech kafen näischt! Déi déck, klakeg rout Schrëft gëtt mat der Hand op den T-Shirt gestéckt, net einfach impriméiert, et ass keng Fabriksaarbecht, mee populär artisanal Konscht, Honnerten Néieschen aus dem Bangladesch maache sech eng Éier draus, déi Kleedungsstécker mat Léift an Engagement aus gëftfräiem Kotteng zesummenzebitzen, all T-Shirt ass en Unikat, dat muss ech wuel net extra betounen.
Et versteet sech vum selwen, datt keng Kanner un der Produktioun bedeelegt sinn. Kanneraarbecht verdame mir kategoresch, am Bangladesch an och hei.
Ech kafen näischt! ass e perfekte Slogan, fannen ech.
Kuerz a riichteraus, eppes wéi e grafesche Fauschtschlag, wien déi dräi Wierder liest, ass gläich am Bild: Hei gi keng Kompromësser gemaach, hei marschéieren déi Haart an déi Konsequent, déi absolut näischt kafe wëllen. Basta!
Sprang bis eran an d’Galeries la Manif, seet de Miller, do kanns du dir sou en T-Shirt kafen.
Erféier net iwwert de Präis, en ass scho bal exorbitant, fir et mol frëndlech auszedrécken, awer dat huet säi Grond, hei gëtt jo nëmmen héichwäertegt Material verschafft, an du weess jo, wien Ech kafen näischt! op der Broscht stoen huet, ënnerstëtzt implizit d’Kombativitéit vun deene couragéierten Néieschen aus dem Bangladesch, dat kann ee sech roueg eppes kaschte loossen.
An de Galeries la Manif ass e schéint Gewulls, ech muss struewelen, fir duerch d’Leit ze kommen.
Ass et net verwonnerlech, datt ech bis haut ëmmer laanscht dat Geschäft gelaf sinn, wéi wann et guer net existéiere géif?
Ech war jo zanter éiweg en Dauergaascht am Shopping Center Mirabilis, bestëmmt stinn ech ganz uewen op der Lëscht vun den treiste Keefer, awer ech muss zouginn, datt ech a menger laanger Konsumentekarriär ni e Fouss an d’Galeries la Manif gesat hunn.
Et huet mer näischt gesot, oder besser: Ech wollt mech guer net mat deem Buttek beschäftegen, do verkéieren dach nëmme lauter komesch Kauzen, hunn ech geduecht, et ass net grad eng genial Iddi, sou e Commerce hei iwwerhaapt zouzeloossen, et mécht ee jo och keng Frittebud op nieft engem Dräi-Stäre-Restaurant.
Elo sinn ech paff.
D’Sortiment vun de Galeries la Manif ass fir mech eng eenzeg Entdeckung. Mäin T-Shirt mam Sproch Ech kafen näischt!, giel Schrëft op schwaarzem Fong, hunn ech mer aus dem Regal gefëscht, nodeems ech bal eng Véierelstonn gedëlleg an der Schlaang vun den T-Shirt-Amateure stoung.
Dot Dir e gläich un?, freet d’Vendeuse. Déi meescht Leit bestinn drop, hiren neien T-Shirt gläich unzedoen, gitt einfach eriwwer an d’Kabinn, do hutt Dir e grousse Spigel, ech paken Iech Äert Hiem an Äre Paltong an eng Tut.
Déi Tut huet en enormt Format, bal ee Meter op ee Meter, op deenen zwou Säite steet Ech kafen näischt!, genee d’selwecht wéi um T-Shirt.
Et ass eng fluoreszent Faarf, seet d’Vendeuse. Déi Schrëft liicht an der Däischtert, wann Dir nuets mat Ärer Tut spadséiere gitt, kann all Mënsch aus honnert Meter Distanz de Message erkennen: Ech kafen näischt!
Hunn ech Iech scho gesot, datt déi Tuten aus 100 % chlorfräiem Pabeier vun Hand gepecht ginn an engem autogeréierten Atelier, wou all d’Mataarbechter fräiwëlleg eng antikapitalistesch Charta ënnerschriwwen hunn?
Är Tut ass deemno eppes wéi e Manifest, Dir kritt se haut zu engem staark reduzéierte Präis, 50 Euro d’Stéck, dat ass scho bal geschenkt.
Vun de Galeries la Manif bis hannescht an de Café Nada sinn et knapp fofzeg Meter, op där kuerzer Streck begéinen ech eng Hellewull Leit mat Ech kafen näischt!-T-Shirten.
War ech bis elo blann? Firwat ass dat mer soss ni opgefall? Souguer d’Butzen an de Buggien hunn alleguer hire klengen Ech kafen näischt!-T-Shirt un. Mir kafen näischt!, soen d’Mammen zu hire Kënnercher, gelldu, Butzi, mir kafen näischt!, da rulle si mat de Buggien eran an den Top Model Clothing Paradise.
Am Shopping Center Mirabilis hunn ech scho laang net méi sou vill Geld ausgi wéi haut.
Mee dat Geld ass gutt investéiert, et steet jo elo um Kont vun deenen, déi mir hëllefen, kee Geld méi auszeginn, ech sinn elo en Deel vun enger wichteger Bewegung, e Militant, dee sech säin Engagement eppes kaschte léisst, ech hu guer näischt dergéint, mäi klengt Kapital unzezapen, fir deem grousse Kapital de Krich unzekënnegen: Ech kafen näischt!
Du kanns iwwregens e Mëttwoch op eis Manif kommen, seet de Miller.
Wéi all Woch versammele mir eis ëm 10 Auer virun der Entrée vum Shopping Center Mirabilis, dann zéie mir zesummen duerch d’Geschäfter, du wäerts gesinn, et ass eng fantastesch Prëzessioun vun elauter kriteschen Ech kafen näischt!-Demonstranten.
Eis traditionell Mëttwochsmanif ass ganz beléift, de Shopping Center Mirabilis bascht bal vu Leit, vun iwwerall hier kommen déi Virwëtzeg, déi eise Korteesch net verpasse wëllen.
D’Direktioun vum Shopping Center Mirabilis behandelt eis mat grousser Frëndlechkeet, si stellt Bänken a Still op an der Mall, fir datt och déi eeler Konsumenten eisen Ech kafen näischt!-Opmarsch voll genéisse kënnen.
All Woch ass de Mëttwoch fir eis e memorabelen Dag, seet den Direkter vum Shopping Center Mirabilis, wéinst där wonnerbarer Ech kafen näischt!-Aktioun klëmmt eisen Ëmsaz enorm, maacht awer kee Gebrauch vun där vertraulecher Informatioun.
Aus Sympathie hunn ech elo selwer och eng Dosen där expressiver T-Shirte kaaft, fir mech a meng Famill, deemnächst maachen ech dann eng grouss Commande fir mäi ganzt Personal, meng Leit si richteg schaarf drop, déi dynamesch Ech kafen näischt!-Initiativ mat Häerz a Séil ze ënnerstëtzen.
Mat Kakaospolver moolt de Pablo e perfekt Motiv op de Schaum vu mengem sechste Cappuccino Boykott.
Geballte Faust, seet hien. Bueno, soen ech. Et ass elo net de Moment, fir dem Pablo eng Lëtzebuergesch-Lektioun ze ginn. Faust oder Fauscht, wat spillt dat fir eng Roll? Ech fänken awer net un, ausgerechent am Café Nada Hoer ze splécken.
You had a good shopping?, freet de Pablo. Ech hat Chance, äntweren ech. Wann ech mech net bäigemaach hätt an de Galeries la Manif, hätt en anere Client mir deen allerleschten T-Shirt mat gieler Schrëft op schwaarzem Fong virun der Nues ewechgebotzt.
Mat der Zongespëtzt splécken ech virsiichteg dem Pablo seng geballte Faust um Cappuccinoschaum.
Vergiess herno deng Ech kafen näischt!-Tut net, seet de Miller.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
