D’Shoah op Lëtzebuergesch

En Essay iwwert dem Jemp Schuster an dem Guy Koenig hir rezent fiktional Approche vun der Shoah zu Lëtzebuerg

Datt géint Enn 2020 gläichzäiteg zwee Bicher erauskoumen, eng „méi wéi eng Familljechronik“ an eng „Geschicht aus dem Krich“, déi ëm d’Shoah zu Lëtzebuerg kreesen, déi allen zwee op Lëtzebuergesch geschriwwe goufe vun zwee Auteuren, déi allen zwee 1948 gebuer sinn, déi allebéid, jiddereen op seng Aart a Weis, aktiv Begleeder, Beobachter a Kenner waren a si vun deem, wat sech zënter iwwer 50 Joer an och virdrun zu Lëtze­buerg gedoen huet, ass alles, mee keng Koinzidenz. A relevant dofir, wéi d’Lëtzebuerg vum 20. a vum ugoenden 21. Joerhonnert erzielt ka ginn. 

Well vill huet sech an de leschte Jore gedoen an der historescher Forschung iwwert d’Implikatioun vu Lëtzebuerger Institutiounen a Bierger an der Shoah. Dem Paul Cerf seng Recherchen vun de 70er an 80er Jore bloufe leider nach ouni déifgräifend Konsequenzen. D’Historiker hu gären e Bou ëm d’Thematik gemaach. An d’Schrëftsteller hu se nëmme marginal erwäänt, wéi de Roger Manderscheid a sengem epochale Schacko Klak vun 1988. D’Regierung huet se esou gutt se konnt gemidden, bis den Drock vu baussen, notamment vun den USA, ze staark gouf. Dat Verschweige wor dunn 1996 mat der Polemik iwwert d’Lëtzebuerger am Reserve-Polizeibataillon 101 no der Publikatioun vum Christoph Browning sengem Ordinary Men an de Lieserbréiwer vu Membere vun dësem Batailloun net méi oprecht ze erhalen. Du koumen d’Aarbechte vum Lucien Blau, Denis Scuto, Vincent Artuso, Renée Wagener, Claude Wey a Mil Lorang, fir just déi ze zitéieren, déi d’Ausmooss vun der Verstréckung vu Lëtzebuerger als Täter oder wëlleg Handlanger an d’Shoah ugefaang hunn ze ergrënnen. Domat as d’Wëssenslag hautzedags eng geséchert an dokumen­téiert aner. 

Dat eent Wierk ass dem Jemp Schuster säin 1.000 Säite laange Familljenepos an zwee Bänn mat den Titele Blutsëffer – zënter September 2020 um Maart a schonns an der 3. Oplo – an Ouereschlëffer vum Mäerz 2021. Dat anert ass dem Guy (genannt Siggy) Koenig seng Geschicht Zakopane. Dem Jemp Schuster säin Epos ëmfaasst d’Zäitperiod vum Enn vum 19. Joerhonnert bis an äis Géigewaart. Dem Siggy Koenig seng Geschicht spillt sech of tëscht dem 22. Abrëll 1939, dem Dag vum historesche Cortège, deen als Héichpunkt vun de Feiere vum Centenaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet gëllt, an dem November 1941, mat e puer wichtege Réckblécker op d’Zäit vum 1. Weltkrich u bis an d’30er Joren.

Zakopane: d’Shoah am Mëttelpunkt

Datt d’Shoah am Mëttelpunkt vum Siggy Koenig sengem Buch steet, läit op der Hand. Et ass d’Geschicht vum Lucien Ackermann, engem déifkathouleschen a schwéier kranke Gendaarm a Wittmann, Joergank 1882, dee bei der Sûreté schafft. No zwee Morden u jiddesche Fraen am Garer Quartier an un engem Bouf aus enger lëtzebuergescher a kathoulescher Famill zu Bouneweg kënnt hie lues a lues dem Alpis Birkes, engem jonken, iwwergewiichtege Mammejong aus enger gudder Stater Famill, op d’Spuer, deen am Lëtzebuerger Virkrichsnazimilieu ver­kéiert. Dëse kann sech dem Zougrëff vun dem Enquêteur entzéien, well en Insider aus der Gendarmerie d’Nazien offensichtlech gewarnt huet, an hie gëtt doropshin an Däitschland exfiltréiert. Mat dem Amarsch vun de Nazie vum 10. Mee 1940 an der Gläichschaltung vu Verwaltung a Sécherheetsorganer gëtt et dem Ackermann kloer, datt de Birkes ongestrooft dovukéim, wann hien näischt ënnerhuele géif. Deen hunn d’Nazien, wéi hie gewuer gëtt, fir hir Zwecker als nëtzleche Blutthond erkannt an an engem Polizeibattailloun fir Sondereinsätz a Polen ausgebilt, wou en un Aktiounen deelhëlt, déi mir hautdesdaags als „shoah par balles“ kennen. Och ass zënter den 90er Jore gewosst, datt Lëtzebuerger sech aktiv dru bedee­legt hunn. Den Ackermann beschléi­sst, op eege Fauscht ze handelen. De Wee féiert hien iwwert Zamość an Ostpolen op Zakopane an de polnesche Karpaten, eng beléift touristesch Destinatioun net wäit vu Krakau, awer och net wäit vun Auschwitz ewech. Do kënnt et dann zu engem reegelrechte Showdown.

Blutsëffer an Ouereschlëffer: d’Shoah, Doud, Verrot an e „secret de famille“

Beim Jemp Schuster läit d’Behaaptung, och säi Wierk géif sech ëm d’Shoah dréien, net esou direkt op der Hand. Am Mëttelpunkt steet d’Geschicht vu véier Familljen aus dem Duerf Grozeg, déi iwwert fënnef Generatiounen um Enn an enger Famill, de Gerberen, verschmëlzen. Et gëtt eng Onmass Handlungssträng a Personnagen. 40 kommen eleng op dem all Band bäigefüügte Stammbam vir. Deen ass awer net vum Auteur opgestallt, mee vun engem vun de Personnagen, enger jonker Fra aus der 5. Generatioun vun dem Clan, ëm deen d’Buch dréit: d’Fanny, gebuer 1981.

Eng vun deene véier op dem bäigefüügte Stammbam opgeféierte Familljen ass d’jiddesch Famill Birnbaum. Bei den Elteren an hiren zwee Meedercher stinn d’Doudesdatumer 1941 an 1942. Bei deem eenzege Member vun dëser Famill aus der 3. Generatioun steet keen Doudesdatum, mee d’Gebuertsjoer 1940. Awer da kommen d’Anomalien: De Patronym vum Netty – Grimmer – ass weder de Birnbaums nach de Gerberen hiren, wou dat Kand nach eng Kéier an der 3. Generatioun opgeféiert gëtt. Aus Birnbaums hirem Stammbam kann een drop schléissen, datt dem Netty Grimmer säi Papp de Camille Gerber ass, 1910 gebuer. An dat selwecht Netty gëtt dann awer och an der Gerberfamill opgeféiert, an zwar an där selwechter Generatioun wéi säi „Papp“. Bref, dat ass op dem Stammbam, generationell gesinn, alles, mee net kloer, obschonns dëse Stammbam vum Fanny kënnt, deem d’Wourecht, déi hannert dëser Konfusioun stécht, grad esou bekannt ass wéi dem Lieser, deen d’Schicksal vum Netty Grimmer ganz klassesch an zäitlech doséiert quasi linear erzielt kritt. 

Datt de Stammbam a Saachen Origine net kloër ass, ass en Indiz dofir, datt d’Geschicht ëm d’Netty Grimmer bis 1977, wou hatt seng Kosengen a Kusinnen an d’Geheimnis vu senger Ofstamung aweit, de bestëmmende „secret de famille“ ass, d’Läich am Keller, de Katalysator vun den zentrale familiäre Konflikter a Stéi­erunge bei hire Memberen, dat grousst schwaarzt Lach, dat se no an no alleguer erfaasst, wéi een et beim Liesen duerch dem Schuster seng romanesk Versioun vum lëtzebuergesche Joerhonnert lues a lues gewuer gëtt.1

D’Gebuert vum Netty Grimmer

An d’Geschicht vum Netty Grimmer huet et a sech. Hatt ass aus enger kuerzer Be­zéiung tëscht dem Bauerejong a Medezin­student Camille Gerber an dem Judith Birnbaum (*1918) ufanks 1940 gebuer. Vun Ufank u wëllt de Camille awer näischt mat der Vaterschaft vum Judith sengem Kand ze dinn hunn. Säi Brudder Gust, deen zënter senger Kandheet an dat gläichaltregt Judith verléift ass, versteet no dem Amarsch vun de Preise ganz séier, wat fir enger Gefor déi jonk Fra ausgesat ass. Am November 1940 zwéngen d’Nazie Birnbaums, hiert Haus ze verloossen, a komme se ofhuelen. Grad dee Moment ass d’Judith um Punkt, säi Kand ze kréien. Hat leeft an Drauwesch, den Haff vun de Gerberen, a bréngt do säi Kand op d’Welt mat der widderwëlleger Hëllef vum Nachmedezinstudent Camille. De Gust gëtt vu senger Mamm, déi domat de Rot vun hirem Brudder, dem Geeschtlechen Hippolithe, befollegt, beoptraagt, dat neigebuerent Meedchen an engem Nonnenheem ofzeginn. 

Dat mécht de Gust net. Hie gouf als Kand vum lokale Paschtouer mëssbraucht, konnt dat kengem soen a follegt dofir net esou gär senger bigotter Mamm, eng Matriarchin, déi hie spéider eng „Leetkou“ nennt, an dem Monni Hippolithe, dee scho laang d’Plaz vum Papp als Autoritéitspersoun nieft senger Schwester ageholl huet. Hie gëtt d’Kand bei Frënn, de Grimmeren, of, déi grad e Fréiche verluer hunn, wouvu keen eppes weess. D’SS, déi d’Judith net fonnt hun, erschéngen no enger Denunziatioun um Haff an de Camille verréit hatt aus lauter Angscht, ëmbruecht ze ginn. En huet als der Mamm hire Beschten, déi ganz ënnert der Emprise vun hirem geeschtleche Brudder lieft, eng opportun Muttergottes-vu-Fatima-Visioun a rifft: „Helleg Muttergottes, hëllef mer! Ech verspriechen Der, wann ech lieweg hei erauskommen, da ginn ech Paschtouer. E Geeschtlechen, wéi de Monni Hippolithe.“ De Camille gëtt domat all Ambitioun op, Dokter ze ginn, a geet voll am ongeschriwwene Familljegesetz op, deem seng lescht Instanz d’Matriarchin an de Monnonk Geeschtleche sinn, déi sech am marianesche Mammekult spigelen an e System vu psychologeschen Zwäng an Ofhängegkeeten opbauen, an deem déi ganz jonk Generatioun gefaangen ass an onglécklech gëtt. 

De Gust oder de Broch mam Familljegesetz

D’Judith, esou gi mer et an den Episoden nom Krich gewuer, kënnt zu Auschwitz ëm. Säi Meedchen ass awer gerett a wiisst ënnert dem Numm Netty als legitimt Kand vun de Grimmeren op. Den Antagonissem tëscht den zwee Bridder Camille a Gust steigert sech nom Krich. De Gust wëllt sech net un déi ongeschriwwe Gesetzer vu sengem Clan halen, mee e wëllt, änlech wéi den Ackermann beim Siggy Koenig, e „Gudde“ sinn. Dofir freet seng Mamm hien eng Kéier treffend, „firwat hien ëmmer misst aus der Rei danzen“. Hie verléisst dofir definitiv d’Géigend a schléit sech als „lonely wolf“ am urbane Lëtzebuerg gutt duerch. Hie gëtt domat dee Personnage, deen am meeschte Verännerungen a Konfrontatiounen an der Famill ausléist, well e mam „secret de famille“ anescht ëmgeet wéi déi aner. Allerdéngs intervenéiert hie jore­laang ewéi en invasiven a possessive Schutz­engel am Liewen an an der Erzéiung vum Netty, dat als Kand ni esou richteg versteet, firwat et de Gust a sengem Liewe gëtt a wat säi familiäre Statut ass. De Camille bréngt et 1972 bis zum Bëschof, 1985 bis zum Äerzbëschof. D’Netty leet eng Karriär als Nottärsgreffière hin a leit ënnert enger Zwangsstéierung. Eréischt mat 33 Joer gëtt hatt no dem Doud vu sengen Elteren, bei deenen et geaant huet, datt si net seng richteg Eltere wieren, vum Gust gewuer, datt hien net säi Papp ass, wie seng Mamm war a wéi eent säin Elterenhaus war, dat de Gust entretemps kaaft huet an him schenkt. An eréischt 1976 seet de Gust him, wie säi Papp ass, datt hatt also eng „fille d’évêque“ ass, wéi et sech da selwer nennt.

D’Klimax zu Auschwitz: e Malaise

D’Ëffentlechkeet kritt dovun näischt mat, och wann d’Netty seng Kosengen a Kusinnen 1977 aweit. Dat ass allerdéngs net besonnesch plausibel, och net am Lëtzebuerg vun de 70er Joren. 1986 kënnt et dann zu enger Klimax tëscht Papp an Duechter op kenger anerer Plaz wéi zu Auschwitz. Do treffen déi zwee duerch Zoufall openaner. De Camille, ëmmerhi Chef vun der Lëtzebuerger kathoulescher Kierch, erleit dobäi e Schlag a stierft op der Plaz. Trotzdeem gëtt d’Ëffentlechkeet näischt gewuer vun den Hannergrënn vun dësem vu Symbolik nëmmen esou iwwerluedene Virfall. An d’Netty, dat sech trotz enger kuerzer Therapie kaum Froen zu senger Judeitéit stellt, ass just „traumati­séiert, well et e schlechten Dag zu Auschwitz erlieft hat“, a muss dofir en halleft Joer duerno „aus dem Papp sengem Schiet eraustrieden, wann et net wollt dran erkalen“. Also firwat esou en Opwand? Firwat verleeft sech dat ganzt dann am Näischt? Firwat gëtt net emol dës Verdrängung thematiséiert?

Dat huet mam Jemp Schuster senger Erzielweis ze dinn. Hien ass den Auteur vun enger grousser Monographie iwwert Groussbus. Hie revendiquéiert ëmmer erëm seng Sozialiséierung am Baueremilieu, erkläert ëmmer erëm an Interviewen, datt en a sengem Epos d’Sprooch aus där Welt agesat huet, aus där e staamt, an datt e verleeë wier, wann en z. B. misst op d’Sprooch aus dem Minett zréckgräifen. Seng Sprooch soll wéi ongebrach vun der Long op d’Zong eriwwerkommen. Dës der Oralitéit verpflichte Konschtsprooch gëtt sech ondistanzéiert, ganz kierperlech, a well vill gelidde gëtt, dacks barock-doloristesch wéi an där kathoulescher Billerwelt, déi zugläich ëmmer erëm opdaucht an dach virulent ofgeleent gëtt, woufir duebel gelidde gëtt. De Bünemënsch a Regisseur vu Fräliichtspektakele Schuster offenbaart sech nieft der verfaasster Oralitéit am Text besonnesch beim Opbau vum Duerf Grozeg als detailléierten Dekor, dee sech stänneg verännert, an an der klanglecher, physesch-deskriptiver Gestaltung vun de groussen Zeene mat ville Personnagen, an zuläscht duerch seng grouss Maîtrise vun deenen hiren Asätz an dësen Zenen.  

Deem géigeniwwer bleiwen de Staat, d’Stad an de Minett, vun deenen dat geschriwwent Gesetz, déi méi aggressiv Modernitéit an d’Industrialiséierung ausginn, fir de Schuster schematesch Raim oder Quelle vun Auswierkungen, an deene seng Personnagen nëmme selten a wéi deplacéiert evoluéieren an dofir trotz berufflecher Verplanzung do keng richteg Wuerzele schloen. Mat der Geschicht hëlt de Jemp Schuster sech munchmol Fräiheeten. D’EU, déi eemol mam Conseil de l’Europe verwiesselt gëtt, dréit hien net a sengem Erzielerhäerz a sou munches, wéi d’Referenden iwwert Monarchie a Republik 1919 oder d’Maulkuerfsgesetz 1937, hannerléisst am Duerf keng erzielte Spue­ren. Esou Ausspuerunge soen näischt anescht aus, wéi datt d’Politik, déi eppes Urbanes ass, fir d’Duerf eppes grondsätzlech Schlechtes a Korruptes ass an dat, wat schonns am Duerf schlecht a korrumpéiert ass, nach méi schlëmm mécht. Den Erzieler erzielt an der selwechter oral bestëmmter Konschtsprooch, an där e seng Personnagen aus dem Baueremilieu schwätzen an denke léisst. De Schuster als Erzieler an seng Personnagë verschmëlzen a senger Beméiung ëm Authentizitéit dacks esouwäit, datt si am Magma vum Fluchen, Leiden, Haassen a Jäizen net méi ze trenne sinn. Dat fusionellt aalt Lëtze­buerg, wou keen aus der Rei soll danzen, dat erdréckt an d’Loft ofwiergt, léisst gréissen.

Dorauser ergëtt sech eng ganz plebeejesch Tonalitéit mat populisteschen Tëschen­téin, déi a senge Limitatiounen an Exzesser och den erzielereschen Ëmgang beréiert vun deenen Handlungssträng, déi eppes mat der Shoah ze dinn hun. Dat Ganzt liest sech schëtzeg, awer wann nach e bëssen e kritesche Geescht beim lauter Matgerapptginn iwwregbleift, kënnt dach bei der Aart a Weis, wéi de Jemp Schuster d’Famill Birnbaum behandelt, oder bei der Episod, an där Auschwitz esou instrumentaliséiert gëtt, datt een net soe kann, ob et sech hei ëm e Melodrama, grousse Kino wéi an enger Netflix-Serie, kosmesch-geschichtleche Welttheater, eng Tragi-Comédie oder Klamauk handelt, e grousse Malaise op. Dëse Malaise kënnt bei der Famill Birnbaum op, well déi, zwar duerchaus als positive kollektive Personnage behandelt, awer wéi eng am Duerf gelante Monad duergestallt gëtt, ouni Bezéi­ung zu hirer Kommunitéit oder Relioun oder zu dem Milieu vum Landjuddentum, dat bis virum 2. Weltkrich eng grouss Roll an den intermediäre Beruffer an de ländleche Géigende gespillt huet. De Malaise kënnt och an der Episode selwer op, well se bei all deem symboleschen Opwand um Enn am Eidele verleeft, esougutt côté Bëschof, deen ouni datt säi Ruff tangéiert géif, begruewe gëtt, ewéi côté Netty, dat säin Eenzelschicksal mat deem vun all den Opfer vun der Shoah opweit a sech weder mat sengem Eenzelschicksal nach mat senger Judeitéit weider beschäftege wëllt.

En änleche Malaise kënnt och op bei der Geschicht vun deem eenzegen anere Judd an dem Epos, de Finkelstein, deen d’Schicksal vun den deportéierte Judde vum Enn vum Krich un intensiv recherchéiert huet. Hie gëtt als eng éischter komplotistesch zwilichteg a rücksichtslos Gestalt duergestallt, déi et mat der Wourecht net esou genau hëlt, a kënnt de facto eriwwer wéi e Reliquat aus enger aler judeophober Billerwelt. A wann een da weider op dat Geliesent zréckbléckt, da fält op, datt d’Judith als Kand dach am léifsten am kathoulesche Reliounsunterrecht souz an esou gären d’Kommunioun gemaach hätt, ouni datt seng Elteren dobäi eppes gesot hätten, an datt et als jonk Fra mat senge wëlle schwaarzen Hoer a senger sexueller Aura d’Gerberschjongen onwidderstéilech unzitt a sech deem eelsten a Villverspriechendsten higëtt. D’Judith entsprécht, sou wéi et duergestallt gëtt, dem Archetypus vun der „belle Juive“, dësem „fantasme de l’Autre“2, mat deem de Jemp Schuster zimmlech onsouverän bis anungslos hantéiert a vun deem hie grad esou iwwerfuerdert ass wéi seng Personnagë Camille a Gust. Dat ass wuel och de Grond, firwat d’Netty dann als Jiddin vum Erzieler normaliséiert gëtt, assimi­léiert bis zur Ophiewung vu senger Judeitéit, déi keng hallef ass, well wien eng jiddesch Mamm huet, ass no der Halacha net hallef, wéi vill Netjudden et mengen, mee ganz Judd oder Jiddin. De Jemp Schuster, deen a sengem Buch ze dacks einfach drop lass erzielt, deen en net genuch infor­méiert Schreiwen iwwert en zentrale Brennpunkt vun der kollektiver Verdrängung entfaalt an deen den handlungsméisseg dacks spannende Shoah-Strang vu senger Familljegeschicht symbolesch iwwerlueden huet, fiert domat dëse wichtegen Deel vu sengem Epos inhaltlech widder eng Mauer.

Klassescht informéiert Schreiwen

De Guy Koenig geet ganz anescht mam Thema ëm. De Stater mat biergerlech-liberalem Hannergrond bedéngt sech enger Sprooch an Erzielweis, déi spierbar bewosst klassesch, präzis, progressiv an zréckhalend ass. Hien zeechent méi wéi datt e géif mat grousse Faarwen opdroen, ausser zum Schluss. Dobäi huet de Lucien Ackermann eppes vum Hans Bärlach, dem Kommissär am Dürrenmatt senge Krimien Der Richter und sein Henker an Der Verdacht, oder dem Major Grau aus dem Anatole Litvak sengem Film The Night of the Generals (1967), zwee Personnagen, deenen et primordial dorëms geet, datt d’Gerechtegkeet sech duerchsetzt, och extralegal, wann et muss sinn, wann d’Gesetzer net méi duerginn oder net méi am Aklang si mat engem quasi trans­zendenten Imperativ vu Gerechtegkeet. Dem Guy Koenig seng narrativ Approch setzt méi op d’Warscheinlechkeet ewéi op d’Authentizitéit, wéi beim Schuster. 

Dem Koenig seng Beschreiwung vun de Stater Quartieren ëm 1939/41 ass eng sober, präzis dokumentéiert Rekonstitutioun vun enger beklemmender Atmosphär vun Angscht an Opportunismus kuerz virum Amarsch vun de Preisen an dann, nom Amarsch, vum ëmmer méi invasiven Alldagsklengterror vun de Nazien an engem Kontext vun ënnerlecher Kapitulatioun, offener Kollaboratioun an Depressioun bei deenen, déi d’Okkupatioun net akzeptéieren. Och geet hie mat vill Empathie op d’Biographie vun de jiddesche Flüchtlingen an an hie gëtt e puer Ablécker an hiert kommuni­täert Liewen. Oder anescht gesot: Seng jiddesch Personnagë si keng Monade wéi déi vum Jemp Schuster. 

Grad esou sober an novollzéibar gëtt dem Ackermann seng Entwécklung duergestallt. Aus déifster Iwwerzeegung, datt „muer nëmme nach Schlëmmes passéiere“ kann, well d’Leit zënter iwwer sechs Joer der „brutaler Onmëschlechkeet“, déi „an Italien, Däitschland a Spuenien iwwerhand geholl huet“, näischt entgéintgestallt hunn, féiert hie seng Enquête mat Akribie a stellt sech ouni Virurteel de Fakten. Nodeems den Ackermann de Birkes identifizéiert huet a verhafte loosse wollt, spiert hien de Widderstand vun der Hierarchie. Dee verschwënnt nëmmen iwwerflächlech, wéi de Birkes e Bouf aus enger kathoulescher Famill ëmbréngt. Awer e weist sech erëm an der Warnung aus der Sûreté, déi d’Flucht vum Birkes erméiglecht. 

No dem Amarsch vun den Nazie gesäit den Ackermann séier an, datt en och mat Kompromësser net dru laanschtkënnt, Kompliz vun der brutaler Onmënschlechkeet ze ginn, déi hie grondsätzlech ofleent. Hie geréit un d’Grenz vun deem, wat e fir säi wirtschaftlech Iwwerliewe bereet ass ze maachen, wéi en op d’Gare geschéckt gëtt, wou e Wuecht muss hale bei der éischter Deportatioun vu Judden. Den Declic, auszesteigen, kënnt, wéi hien, de Wittmann, ënnert den Deportéierten de Wittmann vun enger vun de Fraen er­bléckt, déi de Birkes ëmbruecht huet. Hie léisst sech en Zertifikat ausstellen, fir kënnen an d’Pensioun ze goen. Doheem an duerch seng Visitte bei dem Birkes senger Mamm geléngt et him mat vill Gedold, erauszefannen, wou e sech ophält, an hie mécht sech, als „Hellege Georg“, wéi e sech selwer gesäit, mat gefälschtem Optrag a falsche Pabeieren op de Wee a Richtung Polen, fir „deen Draach futti ze schloën“. 

De Guy Koenig erzielt seng Geschicht allerdéngs och aus der Perspektiv vum Alois Birkes. Wéi de Camille Gerber beim Schuster, deem säi Verrot zum Doud vum Judith féiert, ass hien och e Mammejong. Säi Papp ass schonns dout. D’Schold gëtt hien engem franséische jiddesche Geschäftspartner, dee säi Papp soll ruinéiert hunn. Dëse Ressentiment ass den individuellen Ausgangspunkt vu sengem Antisemitismus. A well seng Mamm de Schäi vun enger gehuewener Biergerlechkeet nëmmen doduerch oprechterhale kann, datt se virsichteg un der Ierfschaft ziert, mengt si, all Gest vun hirem Fils kontrolléiere ze mussen. Dowéinst weess de Birkes net esou richteg, wat seng Plaz an der Gesellschaft ass. En ass schlecht an der Schoul, e frësst sech aus lauter Frust esou voll, datt aus him „e Flantes mat enger enormer Panz“ gëtt, „en Dëlpes, en décken Topert, dee mat de Kierf an den Hänn hannert senger Mamm getrëppelt as“, mat deem kaum een eppes ze di wëllt hunn.3 Bis datt en sech an dem Antisemitismus vun de Lëtzebuerger Nazien opgehuewe fillt, engem Sammelbecke vu gescheiterten Existenzen, dat hien aus senger Abulie erausrappt a säi „passage à l’acte“ beschleunegt. 

Esou stolz de Birkes op sech selwer ass no de Morden zu Lëtzebuerg, esou schwéier deet en sech mat senger Roll bei de Sondereinsätz, deenen hir Beschreiwung sech no un der Aart a Weis orientéiert, wéi z. B. 1996 de Lëtzebuerger Jean Heinen, deen am PB 101 véier Joer matgemaach huet, d’Massemorde vun 1943 zu Majdanek, Trawniki a Poniatowa beschriwwen huet. De Birkes trëfft dann am spéiden Hierscht 1941 an engem Moment vu besonnescher Niddergeschloenheet zu Zamosc op keen anere wéi den Odilo Globocnik, deen ë. a. de Leeder ass vun der „Aktion Reinhardt“ an an der Regioun Zamosc grad säin Onwiesen dreift.4 Dee schéckt den Alois, an deem e sengesgläichen erkennt, an en Erhuelungsheem fir d’SS bei Zakopane.

Och beim Siggy Koenig ass rieds vun Auschwitz, awer indirekt, iwwert d’Schilderung vun där zweedeiteg morbider Atmosphär an deem Heem, wou déi vun hiren egenen dagtägleche Gewaltdoten destabiliséiert a somatiséierend Nazien sech engem krepuskulare Feieren higinn. Dat kann den Ackermann dann notzen, fir den Alois Birkes ze stellen a mat Handschellen u säi Bett ze fixéieren. Den Alois, den „Draach“, dee sech befreie wëllt, stéisst e Känki ëm a léist domat e Feier a sengem Zëmmer aus. Den „Draach“ verbrennt lieweg an den eegene Flamen. Um Enn kuckt sech de biedere Lampertsbierger Gendaarm als apokalypteschen Doudesengel, als „Hellege Georg“ säi Wierk un, an eng Emotioun iwwerkënnt en, vun där mer net wëssen, ob en se iwwerlieft. 

Wéi beim Schuster stellt d’Klimax vun Zakopane den Doud vum „Béisen“ als eng symbolschwanger Bestrofung duer. Anescht wéi beim Schuster ass se esou, wéi se sech aus der Geschicht selwer eraus entwéckelt, méi plausibel. Méi explizit wéi beim Schuster gewënnt beim Koenig de „Gudden“, deen domat nees zu sech selwer fënnt, wärend beim Schuster d’Konfusioun nom Doud vum Bëschof Camille am Familljenëmfeld vun de Gerberen net méi kleng gëtt. Relevant ass och: Déi zwee Protagonisten, déi déi „Gutt“ si wëllen, de Gust beim Schuster, den Ackermann beim Koenig, bleiwen ouni biologesch Posteritéit – eng literaresch Aart a Weis ze soen, datt hire Wee just hire Wee war, deen anerer net esu huele kéinnten, also keen exemplaresche Wee. 

En neie literaresche Moment

Bei aller Kritik, déi ee bei béide Bicher ka formuléieren, stellen dës en neie Moment an der Lëtzebuerger narrativer Literatur duer. Andeems se d’Shoah direkt an epesch uginn, betriede se e literarescht Neigebitt an deem Sënn, dass se a Lëtzebuerger Sprooch dofir mussen eng Welt rekonstituéieren an e sproochlecht Instrumentarium entwéckelen, dat sech iwwert déi flaach Oralitéit erhieft, an där dat geschwatent erzielend Lëtzebuergesch sech allze gäre mat Schluddregkeeten, Floskelen a Redundanze verrennt. 

Dem Schuster seng Aart a Weis, Lëtze­buerg ze erzielen, ass eng, déi sech als direkt versteet. Hie schreift wëll drop lass, defouléiert sech ferm. Esou staark seng Kenntnis ass vun dem Baueremilieu, esou schwaach ass hien, wann et doriwwer eraus geet a Gebidder a Milieuen, iwwert déi en net esou vill recherchéiert huet. D’Alteritéit esou ëmgoe wéi hien et bei der Geschicht vum Netty mat deem senger Judeitéit mécht, féiert dowéinst säi Wierk an eng partiell Sakgaass. An dach: Hien huet e Buch vun enger grousser Aggressivitéit a Roserei produzéiert, wéi wann e se laang zréckgehalen hätt5, an ass domat gréisser Risiken agaang, wat an der Lëtzebuerger Literatur op Lëtzebuergesch eng gutt Saach ass, och wann e mat deem engen oder aneren Erzielstrang gescheitert ass. 

Dem Jemp Schuster säi partiellt Scheiteren ass vläicht en onvermeidleche Passage no de komplizéierte Konstruktioune vum neie Lëtzebuerger Roman, vun deem sengen Themen hien esou munches erëm opgeholl huet.6 Mat sengem Epos iwwerwënnt en awer déi dacks ze vill konstruéiert Personnagë vum neie Lëtzebuerger Roman. Dem Jemp Schuster seng Leeschtung ass et, datt e mat de Mëttele vum der populärer Cliffhanger-Belletristik zum Deel staark Personnagë geschaf huet, déi sech méi wéi déi vum Manderscheid, Rewenig an Helminger dozou eegnen, sech an d’Bewosstsi vun de Lieser anzegruewen. Säin Text liest sech flësseg a wär nach besser ginn, wann e sech d’Erkenntnisser, d’Wësse vun senger Zäit iwwert dat, wat en un him méi Friemem opgegraff huet, ugëeegent, berécksiichtegt a mat sengem Stil verschafft hätt.

Dem Guy Koenig säin Text huet dat gemaach. E stellt eng literaresch fiktiv Ausenanersetzung mat der Memoire duer, déi besser dokumentéiert ass. Zakopane ass allerdéngs literaresch manner risikobereet. An dach: Mat senger atmosphärescher Densitéit, sengem Sech-Aloossen op d’Subjektivitéit vu senge Personnagen, déi awer och guer net seng kéint sinn, mat dem Ergrënne vun dëser Alteritéit op Schratt an Tratt mat enger Sprooch, déi sech nach sicht, mat senger breeder Rekonstruktioun vun enger vergaangener Welt betrëtt och de Siggy Koenig ee fir d’Lëtzebuerger Sprooch narratiivt Neigebitt.

Datt d’Shoah den thematesche Katalysator ass vun dësem duebele Schrack no vir an der Lëtzebuerger erzielender Literatur kann net verwonneren. Eréischt wa literaresch Produktiounen déi wierklech Geheimnisser a Verdrängunge vun enger Gesellschaft pertinent a Sprooch an a lieweg Personnagen ëmsetzen, gi se wierk­lech relevant, spannend, maachen se hongreg op méi. 

Eréischt da gi se e gemeinsaamt Gutt, da kann et zu engem Austausch iwwert se kommen, an dee kann duerchaus och en Ausléiser gi vun neie weiderféierende Produktiounen.

Guy Koenig, Zakopane. Eng Geschicht aus dem Krich, Éilereng, Op der Lay, 2020, 214 S., € 16,90.

Jemp Schuster, Bluttsëffer. All Fra dréit hire Päckelchen, Lëtzebuerg, Edition Imprimerie Centrale, 2020, 448 S., € 25,-.

Jemp Schuster, Ouereschlëffer. Et geet esou laang, bis et duergeet…, Lëtzebuerg, Edition Imprimerie Centrale, 2021, 560 S., € 25,-.

Datt d’Fanny, dat wéi hir Bomi Elise Seidel synästheetesch veranlagt ass, un enger liichter Schizophrenie leit an sech selwer an der Familljegenealogie net mat sengem richtege Numm, Julie, mee mat dem Numm „Fanny“ an en vue vun sengem geplangte Selbstmord mam eegenen Doudesjoer vermierkt huet an domat dës Konfusioun am Stammbam vun de Gerbere weiderféiert, ass dorops zréckzeféieren, datt hatt am Schiet vun engem zweete „secret de famille“ opgewuess ass. Seng Mamm, d’Anita, déi als Duechter vum Aloyse Gerber an dem Elise Seidel vermierkt ass, ass a Wierklechkeet aus enger iwwert Joerzéngte laanger Bezéiung vun der Groussmamm Elise mat engem anere Mann, dem Hubert, ervirgaang. Allerdéngs: Wéi d’Fanny/Julie der Fro vun der Hierkonft vun der eegener Mamm op d’Schléch koum, gëtt de Lieser net direkt gewuer. D’Françoise Dolto léisst hei gréisse mat hirer Thees, datt et dräi Generatioune brauch, fir e Psychotiker ervirzebréngen. 

Guy Koenig, Zakopane. Eng Geschicht aus dem Krich, Éilereng, Op der Lay, 2020, 214 S., € 16,90.

Jemp Schuster, Bluttsëffer. All Fra dréit hire Päckelchen, Lëtzebuerg, Edition Imprimerie Centrale, 2020, 448 S., € 25,-.

Jemp Schuster, Ouereschlëffer. Et geet esou laang, bis et duergeet…, Lëtzebuerg, Edition Imprimerie Centrale, 2021, 560 S., € 25,-.

  1. Datt d’Fanny, dat wéi hir Bomi Elise Seidel synästheetesch veranlagt ass, un enger liichter Schizophrenie leit an sech selwer an der Familljegenealogie net mat sengem richtege Numm, Julie, mee mat dem Numm „Fanny“ an en vue vun sengem geplangte Selbstmord mam eegenen Doudesjoer vermierkt huet an domat dës Konfusioun am Stammbam vun de Gerbere weiderféiert, ass dorops zréckzeféieren, datt hatt am Schiet vun engem zweete „secret de famille“ opgewuess ass. Seng Mamm, d’Anita, déi als Duechter vum Aloyse Gerber an dem Elise Seidel vermierkt ass, ass a Wierklechkeet aus enger iwwert Joerzéngte laanger Bezéiung vun der Groussmamm Elise mat engem anere Mann, dem Hubert, ervirgaang. Allerdéngs: Wéi d’Fanny/Julie der Fro vun der Hierkonft vun der eegener Mamm op d’Schléch koum, gëtt de Lieser net direkt gewuer. D’Françoise Dolto léisst hei gréisse mat hirer Thees, datt et dräi Generatioune brauch, fir e Psychotiker ervirzebréngen. 
  2. https://laviedesidees.fr/La-belle-Juive-l-imaginaire-oriental-au-feminin.html (Leschten Zougrëff: 28. Juni 2021).
  3. Och hei gëtt et eng Aart Dürrenmatt-Reminiszenz: Et gëtt Parallellen tëscht dem Alois Birkes an dem Albertchen Schrott, dem Mäerder aus dem Roman Das Versprechen.  
  4. Den Odilo Globocnik spillt als literaresche Personnage ë. a. och eng Roll an dem Robert Harris sengem bekannten dystopesche Roman Fatherland vun 1992 an am Jonathan Littel sengem Wälzer Les Bienveillantes, deen de Goncourt 2006 kritt huet. Erëm e clin d’œil vum Guy Koenig a Richtung vun där Intertextualitéit, aus där hien offensichtlech fir seng eegen Erzielung schöpft.
  5. Den Ënnertitel vun Ouereschlëffer laut jo och: Et geet esou laang, bis et duergeet.
  6. Esou z. B. d’Geschicht vun de Citéen, déi an den Dierfer entstinn, déi op eng aner Aart a Weis a „Gemëschte Chouer“ vum Guy Rewenig aus dem Joer 1987 erzielt gëtt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code