Firwat muss ech an d’Schoul?

Bildungsziler an der Curriculumentwécklung zu Lëtzebuerg

Tatsächlech ass Schoul Flicht. Schoulflicht eeben. Am selwechte Gesetzestext, op deen d’Eltere sech beruffe kënnen, wann d’Kanner moies net wëllen opstoen, steet och eppes zu de Missioune vun der Schoul. Also zur Schoul hirer Flicht géigeniwwer vum Jonken a vun der Gesellschaft. Déi besteet nämlech – fräi iwwersat – doran, de jonke Mënsch ze forméieren, wat säi Wëssen a seng Fäegkeeten ube­laangt, en ze sozialiséieren a fir seng perséin­lech Entwécklung ze suergen. E soll sech kënnen entfalen, an a seng Fäegkeete vertraue léieren. Dat Ganzt, andeem en eng Allgemengbildung mat op de Wee kritt a virbereet gëtt, fir um Liewen als Bierger deelzehuelen.1 D’Schoul huet also den Optrag, dofir ze suergen, dass engersäits d’Gesellschaft weiderbe­steet a sech gläichzäiteg am Interêt vun eis all a vun den zukünftege Generatioune weiderentwéckele kann. Deemno geet et net duer, rengt Wëssen ze vermëttelen, mee och Wäerter, Haltungen, Fäegkeeten – jee, alles, wat de Mënsch brauch, fir am Liewen eens ze ginn a säin Ëmfeld matzegestalten.

Am Secondaire hunn déi Jonk mëttlerweil e grousse Choix u Sektioune, souwuel am Classique ewéi och am Général. All jonke Mënsch kann en Ofschloss maachen, dee sengen Interessen an Talenter entsprécht, sou dass seng Chance op Wuelbefannen, ob mat oder ouni Diplom, méi héich sinn, wéi wann en duerch en eenheetleche System geschleist géif. De Jonke gëtt do ofgeholl, wou en ass. Fir däitlech ze maachen, wou en duerno higefouert gëtt a fir ze weisen, dass trotz der Diversitéit all Offer am Sënn vun der Studéierfäegkeet gläichgestallt ass, huet all Sektioun, an och all Discipline innerhalb vun der Sektioun eng Finalitéit. Ob et sech em d’Sektioun A3D, G, SE oder och A handelt, d’Finalitéit ass den Text, dee beschreift, wat dës Sektioun oder Discipline ausmécht, wat hir Plaz an der Missioun vun der Schoul ass, an hir Roll an der Formatioun, Sozialisatioun a perséinlecher Entwécklung vum jonke Mënsch. Un dës Finalitéit alignéieren sech d’Programmer, sou dass d’Sektioun hirer Finalitéit entsprécht. 

De Schoulprogramm als Aarbechtsgeschier vum Léierpersonal

De Programm am Secondaire ass en Dokument, wat all Joer nei publizéiert gëtt a wat déi grouss a kleng Linne vum Unterrecht virgëtt. E setzt sech zesummen aus verschiddene Niveauen: vun der Finalitéit vun der Discipline iwwer d’Kompetenzen, déi sollen entwéckelt ginn, de Methoden, op wéi eng Aart a Weis dës Entwécklung soll geschéien, bis hin zum Material, wat op dës Ufuerderunge passt. Eng Léierpersoun kann op de Programm zeréckgräife fir hir Stonnen ze preparéieren an den Unterrecht differenzéiert un d’Besoine vun de Schülerinnen a Schüler unzepassen. Sou ass garantéiert, dass all Kand a Jonken, deen an engem bestëmmte Joer ageschriwwen ass, dat selwecht Léierzil viséiert an d’Chance kritt, déi selwecht Kompetenzen ze entwéckelen. Och d’Evaluatiounsmethode sinn hei definéiert, sou dass Fairness am System besteet, wann dat sou ëmgesat gëtt. De Programm gëtt traditionell vun de Commissions nationales de l’enseignement secondaire (kuerz CNES) an hiren Aarbechtsgruppen ausgeschafft, dem Ministère proposéiert a vum Minister vali­déiert. Dës Aarbechtsgruppe gi vun der Divisioun fir Curriculumentwécklung um SCRIPT begleet a kréien d’Outile fir e Programm ze schreiwen, deen dem Jonke senger Entwécklung Rechnung dréit. Dëser Abteilung am SCRIPT hir Missioune sinn et, de CNES hir Aarbecht ze kadréieren, sou dass d’Programmer fir d’Schülerinnen a Schüler den Uspréch entspriechen, déi d’Schoul am Sënn vum Jonke senger beschtméiglecher Entfalung muss erfëllen.

Dat ass eng Aarbecht, déi viraussetzt, dass d’Leit, déi e Programm ausschaffen, net nëmmen en zolidd pedagogescht Verständnis vun hirem Fach hunn, mee och dovun, wat d’Roll vun hirer Spezialisatioun am Kontext vun der Schoul hirer Missioun ass. Wéi droen hiert Fach an hire Programm am Kontext vun enger Sektioun a nieft anere Programmen dozou bäi, dass der Schoul hir Flicht vis-à-vis vum jonke Mënsch erfëllt gëtt? An wouru kënne si sech orientéieren, fir dass hir Aarbecht der Missioun vun der Schoul Rechnung dréit?

Iwwergeuerdent Bildungsziler als Kompass fir de Programm

Fir kënnen e Schoulprogramm ze schreiwen, brauch een eng Upak, en iwwerge­uerdente Kader, un deem ee sech orientéiere kann an deen d’Fro beäntwert: Wou wëlle mir dee jonke Mënsch hiféieren, wann mir en do ofgeholl hunn, wou e steet? Zu Lëtzebuerg ass dat d’Gesetz, vun deem virdru rieds war, deklinéiert op d’Finalitéit. E verbindlechen, iwwerge­uerdente Kader gëtt et op ville Plazen an der Welt awer och. E bekannt Beispill ass de Neiséilännesche Curriculum, en natio­naalt Dokument, wat eng Richtung fir d’Léiere virgëtt. Dëst Dokument besteet aus enger Visioun vum jonke Mënsch, Valeure, Schlësselkompetenze, Léierberäicher, Objektiver a gemeinsame Prinzippien. Et ass an engem participative Prozess mat der neiséilännescher Bevëlkerung ausgeschafft ginn. Soumat ass et en Dokument, mat deem d’Neiséilänner sech identifizéieren, a wat e gemeinsaamt Verständnis vu Schoul an hirer Missioun spigelt. Lokal Schoulen orientéiere sech un dësem Curriculum an de Bildungsziler, déi e virgëtt, fir hir Léierpläng, also hir op d’Besoine vun de jeeweilege Schülerinnen a Schüler adaptéiert Programmer ze schreiwen an unzewenden.

En anert vu ville Beispiller fir e Kader, deen dem Léiere gesat gëtt, ass de Learning Compass 2030 vun der Organisation for Economic Co-operation and Development (kuerz OECD). Obwuel deen och Kompetenzen, Valeuren, Haltungen an Änleches beschreift, ass et kee Curriculum, mee eng Zukunftsvisioun vum Léieren, bannent wéi baussent der Schoul. Hei gëtt drop higewisen, dass wéinst der Ongewëssheet, déi op eis a virun allem op déi nächst Generatiounen duerkënnt, d’Agency vum Jonke muss gefërdert ginn. Agency heescht, dass déi Jonk an hirem Léieren eng Stëmm hunn, Initiativ huelen a mat entscheeden, wéi hiert Léiere geschéie soll, sou dass se zum Sujet vun hirem Handele ginn a bleiwen. D’Léierpersoun ass domat net nëmmen den Didaktiker, mee och de Coach an engem Prozess, deen haaptsächlech vum Jonken ugedriwwe gëtt. Fir dass dat klappt, brauche béid e Kompass, un deem se sech orientéiere kënnen an dee kloer Elementer virgëtt. D’Kärzil an d’Visioun vun der Zukunft, déi dëst Dokument ustrieft, sinn déi vun engem individuellen a kollektive Wuelbefannen, dat och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Bedeitung kritt. 

Bildungsziler an der lëtzebuergescher Programmentwécklungsprozedur

D’Bewosstsinn, dass en iwwergeuerdente Kader néideg ass, fir e kohärenten a qualitativ héichwäertege Programm als Garantie fir d’nohalteg Erfëllung vun der Schoul hire Missiounen opzebauen, ass bei villen Acteuren an der Bildung zu Lëtzebuerg present. Aus der Zesummenaarbecht mat de CNES huet d’Divisioun fir Curriculum­entwécklung geléiert, dass, obwuel et bis elo keen nationale Curriculum gëtt, wichteg Schlësselkompetenzen an eng gemeinsam Visioun vum jonke Mënsch néideg sinn, fir dass déi Villzuel u Gruppen, déi Programmer ausschaffen, um selwechte Strang zéien an de Jonken ëmmer am Mëttelpunkt vun hire Beméiunge bleift.

D’Visioun vum Jonken, déi d’Divisioun virgëtt als Diskussiounsgrondlag fir d’Aarbecht un der Finalitéit vun enger Sektioun an Disziplin, dréint sech em fënnef Schwéierpunkten: De jonke Mënsch ass selbstbewosst, vernetzt, virwëtzeg, en ass kreativ an en ass Bierger. Dës Siicht op de Mënsch, deen am Zentrum vun der Missioun vun der Schoul steet, hëlleft, fir eng intern Kohärenz an d’Programmer ze kréien, andeems een d’Fro stellt: „Firwat soll ech dat do ënnerriichten?“ Et geet also och drëm, d’Sënnhaftegkeet vun Disziplinnen, Inhalter, Themen a Methode reegelméisseg kritesch ze hannerfroen. Dës Elementer sollen am Zesummespill funktionéieren, fir dass de Jonke sech an d’Richtung vun der Visioun entwéckele kann.

D’Schlësselkompetenzen, déi d’Divisioun ausgeschafft huet a säit 2020 virgëtt, erginn sech aus den eenzele bestoende Programmer a Finalitéiten a sinn d’Äntwert op d’Fro, wéi eng iwwerge­uerdent Ziler ons Programmer verfollegen. All Sektioun an Disziplin soll sech un hinnen alignéiere: D’Multiliteracy-Kompetenz bezitt sech drop, effektiv op Outilen zréckgräifen ze kënnen, déi d’Beräicher vun der Lies- a Schreiffäegkeet, Mathematik an den digitalen Technologië bidden. D’Zil ass et, dass de Jonke Sprooch, Mathe oder digital Outile benotze kann, fir konstruktiv mat sengem Ëmfeld ze interagéieren, Problemer ze léisen, neit Wëssen ze schafen a säi Potenzial auszeschöpfen.

D’Selbstkompetenz bezitt sech op d’Fäegkeet, säi Verhalen, Handelen a seng Entscheedungen op Situatiounen zouzeschneiden an dobäi autonom a verantwortungsvoll virzegoen. Heizou gehéiert d’kognitiv Fäegkeet, Situatiounen op der Metaebenen ze reflektéieren, fir fundéiert Entscheedunge kënnen ze treffen, perséin­lech Projete realistesch anzeschätzen a mat Bezuch op anerer ze verfollegen an ze gestalten. Dat setzt e Bewosstsinn fir seng Rechter a Flichte, souwéi d’Erkenne vu Grenze viraus an ëmfaasst Resilienz, Upassungsfäegkeet an d’Fäegkeet zur Eegemotivatioun.

Sozialkompetent ass een, wann ee fäeg ass, verantwortungsvoll mat senger Ëmwelt ze interagéieren. Dozou gehéiert, a Bezéiung ze goen, ze kollaboréieren, ze verhandelen a Konflikter ze léisen. Dëst setzt eng ethesch Grondastellung viraus, souwéi respekt- a verantwortungsvollt Handelen a Verhale géigeniwwer aneren an der natierlecher Ëmwelt.

D’Denkkompetenz ass d’Fäegkeet, passend an effizient kognitiv Operatiounen ofzeruffen an adaptéiert anzesetze, fir bestëmmte Situatiounen ze bewältegen a Problemer ze léisen oder Entscheedungen ze treffen. Dat setzt e Saz divers Fäegkeeten, Usätz a Strategië viraus. Doriwwer eraus bezitt se sech op d’Fäegkeet, d’Wierksamkeet vu Resultater ze reflektéieren an ze bewäerten, souwéi an onkloren an onséchere Situatioune méiglech Alternativen ze denken.

Déi transformativ Kompetenz ëmfaasst d’Fäegkeet, den eegene kognitiven a net-kognitive Repertoire, awer och extern Ressourcen ze aktivéieren an ze benotzen, dëst fir Situatiounen ze bewäerten, aktiv a verantwortungsbewosst, innovéierend a kreativ un der Gemeinschaft deelzehuelen a esou en Bäitrag zur nohalteger Entwécklung vun der Gesellschaft ze leeschten.

Dës Elementer si keng Idealbeschreiwung vun enger Gesellschaft oder engem jonke Mënsch, hunn also keen normativen Usproch. Et ass e richtungsweisende Kader an der Curriculumentwécklung, déi virun den Defie vum 21. Joerhonnert steet. De SCRIPT an d’Aarbechtsgruppe benotzen se säit dem Schouljoer 2020/21 als Hëllef bei der Programmaarbecht. E Programm schreiwe bedeit also, dofir ze suergen, dass déi Jonk zu reegelméissege Momenter d’Geleeënheet hunn, dës Kompetenzen am Laf vun hirer Schoulzäit ze entwéckelen. Den Impakt weist sech an der horizontaler souwéi an der vertikaler Kohärenz vun de Schoulprogrammer. Dobäi kënnt, dass se eng Garantie kënne bidden, dass d’Programmer vun den Disziplinnen net iwwerluede si mat Elementer, vun deenen ee kéint mengen, dass „déi Jonk dat jo awer nach misste wëssen“, obwuel se zu kenger weiderer Kompetenzentwécklung an och kenger Finalitéit bäidroen. 

Dëse curriculare Kader erliichtert eng verstänneg Ausernanersetzung an eng reflek­téiert Diskussioun iwwer d’Sënnhaftegkeet vun eenzelen Elementer, déi ënnerriicht ginn, an erméiglecht et den Enseignanten an hire Begleeder um SCRIPT, informéiert Entscheedungen am Intérêt vum jonke Mënsch ze treffen. D’Phas, an där dës Outile sinn, stellt eng éischt Etapp duer an der eventueller Entwécklung vun engem curriculare Kader fir eise Kontext, deen och den Observatoire national de la qualité scolaire (ONQS) a sengem Rapport vun 2021 recommandéiert.4 D’Äntwert op d’Fro, firwat muss ech an d’Schoul, läit nämlech nach ëmmer am ofgewandelten Zitat vum Seneca: „Non scholae sed vitae discimus“ – Mir léiere fir d’Liewen, net fir d’Schoul. 

  1. Loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire, Art. 3.
  2. https://nzcurriculum.tki.org.nz/The-New-Zealand-Curriculum (leschten Opruff: 17. August 2021).
  3. https://www.oecd.org/education/2030-project/teaching-and-learning/learning/learning-compass-2030 (leschten Opruff: 17. August 2021).
  4. Observatoire national de la qualité scolaire, Rapport thématique; Le rôle de l’éducation dans la préparation des jeunes aux défis du 21e siècle, Mäerz 2021.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code