- forum+, Gesellschaft, Parteien, Politik
Den neie Wieler als gesellschaftlech Erausfuerderung?
(Tommy Klein)

Fir wéi eng Partei oder wéi eng Kandidate wäert Dir stëmmen? Dës Fro ass wuel mat déi populäersten a gläichzäiteg schwieregste Fro an der Walfuerschung. Iwwert d’Zäit gesinn, erschéngen d’Resultater op dës Fro esou volatil wéi nach ni. Wat oft als Virworf un der Walfuerschung verstane gëtt, ass éischter eng Ofbildung vum Wielerverhalen, dat sech ëmmer méi vun dem Schema vum klassesche Stammwieler distanzéiert. Donieft ass et en Ofdrock vun enger, op d’mannst wat d’Politik als Institutioun ugeet, opreegender Zäit. Mir erliewen eng zerspléckte politesch Landschaft mat ëmmer méi Parteien a gläichzäiteg si mir an dem leschte Joerzéngt Zeie vun engem tendenziellen Zerfall vun de klassesche Volleksparteien. Dës Entwécklunge kënnen zum Deel och duerch en „neit” Wielerverhalen erkläert ginn. Den duerchschnëttleche Wieler huet sech geännert, säi Verhalen, säin Intressi an och säin Entscheedungsprozess. Vill Etuden zu Lëtzebuerg deiten dorops hin, dass et virun allem an den neie Generatiounen zu engem Wiessel kënnt, zu engem „neie” Wieler.
Den neie Wieler ass am Verglach zum klassesche Stammwieler vu fréier pragmatesch an doduerch manner ideologesch gebonnen. Anescht formuléiert, verléiert d’Politik graduell u Wichtegkeet an hirer Roll als Referenz vun den aktuell populäre Valeuren an der Gesellschaft. Eng zu Lëtzebuerg realiséierten Etude am Joer 2022 huet gewisen, dass nëmmen nach eng kleng Minoritéit d’Politik als ganz wichtege Kompass fir déi eege Wäertvirstellunge wouer hëlt. D’Famill, d’Fräizäitaktivitéiten an och d’Aarbecht hunn d’Politik hei iwwerholl. Politesch Etudë vun der ILRES weisen och, dass, wat de Wieler méi jonk ass, wat d’Identifikatioun mat enger Partei an d’Wichtegkeet vun de Kandidaten op enger Lëscht méi staark ofhëlt.
Allgemeng Richtlinne wéi chrëschtlech, liberal oder sozialistesch Wäertvirstellungen si bei Wäitem net méi esou iwwerzeegend wéi an der Vergaangenheet. Eng post-elektoral Studie vun der Uni Lëtzebuerg huet z.B. gewisen, dass nëmmen en Drëttel vun de Wieler vun 2 grousse Volleksparteien hir Partei nach opgrond vun hiren ideologesche Basisprinzippie gewielt huet. Wéi sollt et och anescht ausgesinn? D’Konzept vun der Partei, déi alles a jidderee representéiert, ass enger moderner Gesellschaft net méi würdeg. Et ginn nei gesellschaftlech Milieuen, d’Ënnerscheeder tëschent Gesellschaftsschichte gi méi grouss an d’Realitéiten, an deenen d’Wieler liewen, ware seelen esou differenzéiert a komplex. Wéi ass et soss ze erklären, dass bei enger representativer Wielerstéchprouf zu Lëtzebuerg d’Hallschent seet, dass et an onser Gesellschaft gerecht zougeet, an déi aner Hallschent eng komplett konträr Vue huet? Mir liewen a Parallelwelten. An dëser Realitéit gi vun de Wieler kloer Positioune par Rapport zu alldeegleche Problematiken a Léisungsvirschléi gesicht, déi der perséinlecher Virstellung vun der Gesellschaft am nooste kommen.
Doduerch entsti ganz komplex a verschidde Wielerprofiller, déi eben net méi op klassesch politesch ideologesch Theoremen ze reduzéiere sinn. Ënnerstëtzt gëtt dës Thees och duerch Analysen, déi opweisen, dass et Parteien op einfach Aart a Weis geléngt, Wieler aus allen ideologesche Richtungen ze rekrutéieren. Anescht formuléiert ginn et ëmmer manner Barrièrë, wat potentiell Wielerwanderunge betrëfft. D’Popularitéit vun Outile wéi „smartwielen” sinn e weideren Indicateur fir de méi pragmatesch orientéierte Wieler. An enger gespléckter politescher Landschaft wielen ech mir genau déi Partei aus, wou et déi gréisste programmatesch Iwwerteneestëmmung gëtt. Esou kënnt et dann och net seele vir, dass Leit hei encouragéiert ginn, eng Partei oder Kandidaten ze wielen, déi se virdrun nach net op hirer perséinlecher Lëscht haten. Natierlech kann een aus der Perspektiv vun de Parteien argumentéieren, dass hier Ideologien sech an de politesche Positiounen a Proposen erëmfannen. Hei geet et awer ëm de Wieler sëlwer. De neie Wieler evaluéiert d’Mesuren an d’Positiounen onofhängeg vun der Geschicht an de Grënnungsprinzipie vun enger Partei. D’Rezept zu enger erfollegräicher Walcampagne gesäit also haaptsächlech en Erkennen an och Benenne vun den Theme vir, déi d’Wieler an allgemeng d’Awunner zu Lëtzebuerg beweegen.
Duerch déi méi pragmatesch Approche ass de neie Wieler och manner um klassesche politeschen Debat interesséiert. E politeschen Debat entsprécht oft enger Mëschung vu verschiddenen ideologeschen Usätz, Grondsazdiskussiounen, historesche Beschreiwunge vun enger Problematik an der Diskussioun vu méigleche Léisungen. Dat Ganzt gëtt cadréiert vu verschidde Riedemodeller, Motiounen, Avisen a weidere formellen Elementer, déi den Debat an der Chamber begleeden. Dëst steet am Géigesaz zu dem méi pragmateschen a léisungsorientéierte Wieler, dee méi empiresch a manner philosophesch ass. D’Diskussiounskultur an déi klassesch Froen, déi en politeschen Debat ausmaachen, ginn ersat duerch en ganz pragmateschen Usaz, deen sech op konkret Solutioune limitéiert.
E Grond dofir ass och en mangelnd Intressi säitens de Wieler, virun allem der jonker Generatioun. An enger representativer Ëmfro hunn am November 2021 66 % vun de Wieler tëschent 18 a 24 Joer zouginn, dass se déi deemoleg Ried zur Lag vun der Natioun weder gekuckt nach iergendeppes dozou gelies oder héieren hunn. Dat sinn 2 op 3 jonk Wieler, déi bei enger vun de wichtegste politeschen Debatten am Lëtzebuerger Kalenner net wëssen, ëm wat et gaangen ass.
D’Entwécklunge betreffend der Wierkung vu politescher Kommunikatioun sinn de Parteiverantwortleche längst bewosst a gi jee no Support och entspriechend dësen neie Critèrë berécksiichtegt. De geschriwwene Programm vun enger Partei bleift en Hellegtum, wou sech d’Unhänger vun der méi klassescher politescher Kommunikatioun austobe kënnen. Deem entgéintgesat ginn awer souwuel d’digital Kommunikatioun als och d’ëffentlech Affichen zu moderne kommunikatiounstechneschen Erausfuerderungen. Wëll een dem neie Wieler seng Gonscht gewannen, muss een an der Konzeptioun vun den Inhalter gefillt méi kommunikatiounstechnesch ewéi politesch Froe beäntwerten. Fir den Erwaardunge gerecht ze ginn, setzen d’Parteien ëmmer méi oft op eng Mëschung aus flottem Visuell an enger Propose, déi einfach ze vermëttelen a verständlech formuléiert ass. Beispiller sinn et schonns bei der Campagne am Oktober 2018 ginn: „Logement = 10€/m2” oder „free Wi-Fi – Internet fir jiddereen”. Aus dëser Transitioun hin zu enger méi marketingsorientéierter Strategie erginn sech da fir d’Politik och ganz nei Erausfuerderungen, wéi z.B. déi vun enger koherenter Multikanal-Strategie. Et brauch dee richtegen Inhalt fir déi richteg Plattform an déi richteg Plattform fir de richtege Public. Kee Wonner, dass sech Parteien ëmmer méi an dëse Froe vu Kommunikatiounsagence berode loossen. Wéi ech de Wieler mat dem proposéierten Inhalt erreechen, dat sinn elo Froen, déi sech ëmmer méi oft vun Kommunikatiounsexperten a manner vu Politiker gestalt ginn.
E weidert Beispill vu politescher Kommunikatioun, déi de Critèrë vun enger méi simplifiéierter Aart entsprécht, ass d’Manéier wéi d’ Politiker an d’Parteien an de soziale Medie kommunizéieren. Sief et duerch en Erkenne vun de gesellschaftlechen Tendenzen oder duerch technesch Limitéierunge vu Plattforme wéi z.B. den 280 Zeeche pro Tweet – d’politesch Kommunikatioun an der digitaler Welt ënnerscheet sech däitlech vun dem klassesche politeschen Debat. D’Informatioune sinn einfach a pointéiert formuléiert a passen zum pragmateschen neie Wieler. D’Ried zur Lag vun der Natioun am Oktober 2022, vu méi wéi 100 Minutten, ass esou op Twitter vum Xavier Bettel an 8 Tweets mat passende Biller a pointéiert Messagen zesummegefaasst ginn.

Nieft dëse beschriwwenen Entwécklunge gëtt et eng drëtt Tendenz, déi e laangfristeg richtege Pronostic vum nächste Walresultat héich onwarscheinlech mécht: De neie Wieler ass esou onentschloss wéi ni virdrun a steet am Géigesaz zu dem klassesche Stammwieler, dee schonns 5 Joer am Viraus weess, wéi en seng Stëmme wäert verdeelen. Laut der Uni Lëtzebuerg hunn 2018 4 vun 10 Wieler zu Lëtzebuerg sech innerhalb vun der leschter Woch virun de Wale fir hire Choix decidéiert. Anescht formuléiert heescht dat, dass 40 % vun de Stëmmen zu Lëtzebuerg eng Woch virun de Walen nach ze vergi waren. 2013 waren et nach ëm déi 32 %, déi sech kuerzfristeg entscheet hunn. Och dës elektoral Verhalensweis wiesselt mat de Generatiounen: Wat den Alter vun de Wieler méi héich ass, wat een am Duerchschnëtt méi laang am Viraus weess, fir wien oder wéi eng Partei e stëmme wäert. Am Kontext vun den hei duergestallten Tendenze verwonnert et net, dass den ideologesch onofhängegen, méi pragmateschen a manner detail-intresséierte Wieler sech kuerz virun de Wale mam Programm befaasst an sech da fir déi gréissten Iwwerteneestëmmung mat den eegene Virstellungen entscheet. Och wann de Fokus op dem Inhalt läit, brauch et natierlech och Leit, déi dës Inhalter iwwerzeegend a verständlech eriwwerbréngen. Dëst ass awer wéi gesot éischter eng kommunikatiounstechnesch Erausfuerderung. Anescht formuléiert schéngt et bei der jonker Wielergeneratioun esou, dass der Kommunikatioun mindestens genau esou vill Wichtegkeet zoukënnt wéi der Verkierperung vun deem, wat een als Politiker inhaltlech versprécht.
Positiv formuléiert, ass de neie Wieler wéi hei beschriwwen also pragmatesch, léisungsorientéiert a spontan. D’Parteien, d’Verantwortlecher an och d’Chamber als Institutioun sinn dobäi, sech dëse markanten Ännerungen unzepassen. Et ass e schläichende Prozess, bei deem et dorëms geet, de Spagat ze meeschteren tëschent dem klassesche Stammwieler an der beschriwwener neier Wielergeneratioun. Dëst erfuerdert e konstante Suivi vum moderne Wielerwëllen, also dem Wieler senge Präferenzen, sengen alldeegleche Problematiken an Erwaardungen. Heibäi steet net nëmmen déi politesch Zukunft vun de Parteien an hire Representanten um Spill, et geet dorëms, déi nei Wielergeneratioun an d’Politik als Institutioun an onser Gesellschaft erëm méi no beieneen ze bréngen.
Den Tommy Klein huet Soziologie a Philosophie studéiert an ass zënter 2021 Direkter vun ILRES.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
