„Wann an Europa ee Reflex antrëtt, deen dora besteet, dass ee sech just selwer op den eegenen Nuebel kuckt a fäert, et géif ee sech ze vill plakeg gesinn, wann een een aneren ukuckt, da geet et schif.“
De Jean-Claude Juncker am „Background am Gespréich: Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn iwwer
de Rietsruck an Europa“ op RTL, de 6. Juli 2024
–
„Hei hu mer zu Lëtzebuerg een décke Problem, well mer eigentlech eng Kultur vun der Verantwortungslosegkeet hu bei de Verwaltungsréit […]. Op där enger Säit si vill Nominatiounen einfach politesch, op där anerer Säit ass et ee Karussell, dat heescht, du kënns bei mech an de Verwaltungsrot, dofir kommen ech da bei dech […] ‚man kennt sich‘, géif een op Däitsch soen, an ech denken net, dass d’Politik do wierklech wëll drugoen.“
De Gérard Schockmel kommentéiert de „Caritas-Skandal“ am „Invité vun der Redaktioun“
op RTL, den 20. August 2024
–
„Wann de Cocktail 50 % mei bëlleg ass an d’Kannerspiller grad mol 2 Euro manner deier sinn, dann ass Familljendag op der Fouer.“
De Marc Ruppert op Twitter/X, den 28. August 2024
–
Carine Lemmer: „Ee Kritikpunkt ass jo och un Iech, Här Hecker, dass Dir mat Ärem Ausgesinn als Tatta Tom keng Stereotyppen opléist, mä Stereotyppe schaaft. Schwul oder lesbesch Bekannte wiere ganz normal an hätte keng blo Hoer, seet den Här Weidig.“
Tom Hecker: „Tatta Tom ass och eng Konschtfigur. Also ech géif Tatta Tom ganz gär wëllen an d’Rei setzen vun enger Prinzessin, enger Hex, engem Champignon, dee schwätzt […]. Et ass eng Märchefigur, se huet een Hirschgewei. Ech mengen, et ass méi onwarscheinlech, ee Mënsch ze gesi mat engem Hirschgewei wéi mat bloen Hoer.“
Den Tom Hecker am „Face-à-Face: Tom Weidig (ADR) vs Tom Hecker alias Tatta Tom“
op RTL, den 18. Juni 2024
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
